Op den Inhalt sprangen

Weess

Vu Wikipedia
Weess
Triticum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Wëssenschaftlechen Numm
Triticum
L., 1753
Broutweess (Triticum aestivum)

Weess ginn eng Rëtsch Aarte vun de Séissgrieser (Poaceae) an der Gattung Triticum L. genannt. Etymologesch kënnt den Numm Weess vu "Wäiss"; d'Faarf vun deem, wat aus dëser Fruuchtzort gemaach gëtt, nämlech wäisst Miel.

Weess ass, wat d'Klima, de Buedem an d'Waasserversuergung ubelaangt, méi kriddeleg wéi aner Fruuchtzorten.

Wanterweess, déi geleefegst Zort zu Lëtzebuerg, gëtt am Hierscht ausgeséit. D'Fruucht ass dat Joer drop zeideg. All Planz huet 2 bis 3 Ieren, an an all Ier si 25 bis 40 Kären. Op engem Quadratmeter kënnen 350 bis 700 Hällem wuessen, soudatt 70 Balle Weesskäre pro Hektar (heiansdo alt bis zu 110 Ballen um ha) eragefuer kënne ginn. Keng aner Fruuchtzort huet sou ee Rendement.

Déi zeideg Käre bestinn zu 60 % aus Steif, zirka 12 % Eewäiss, zirka 2 % Fett an zirka 14 % Waasser.

Summerweess gëtt sou fréi wéi méiglech am Fréijoer geséint. E gëtt manner Käre wéi de Wanterweess, déi hunn awer méi Proteinnen.

Déi verschidde Weessaarte sinn nom Mais déi Zort Fruucht, déi am meeschten op der Welt ugebaut gëtt. A ville Länner ass de Weess fir d'Mënschen eent vun de Grondliewensmëttel (aus sengem Miel gëtt Brout gebak) a spillt och eng wichteg Roll als Déierefudder. Haarde Weess gëtt geholl, fir Deegwueren ze maachen.

Am Joer 2005 goufe weltwäit 629.566.041 Tonne Weess rekoltéiert. 15 Länner produzéiere ronn 80 % dovun.

Déi gréisst Weessproduzenten op der Welt (2005)
 Plaz  Land  Quantitéit 
(an 1000 t)
 Plaz  Land  Quantitéit 
(an 1000 t)
   1 China   96.340   9 Pakistan   21.591
   2 Indonesien   72.000   10 Tierkei   21.000
   3 USA   57.106   11 Ukrain   18.700
   4 Russland   47.608   12 Argentinien   16.000
   5 Frankräich   36.922   13 Vereenegt Kinnekräich   14.950
   6 Kanada   25.547   14 Iran   14.500
   7 Australien   24.067   15 Kasachstan   11.070
   8 Däitschland   23.578   Welt   629.566
  Lëtzebuerg am Verglach70   

Quell: FAO, Faostat, 2006.

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun vu Wanterweess 1990 bei 39.657 Tonnen, 2011 bei bal duebel sou vill: 73.048 Tonnen. Beim Summerweess waren et just 3.854 Tonnen (1990), respektiv 2.274 Tonnen (2011).[1]

Weess-Ier
  • T. aestivum L.
  • T. aestivum subsp. spelta (L.) Thell. (Spelz)
  • T. antiquorum Heer
  • T. baeoticum Boiss.
  • T. compactum Host (Zwergweess)
  • T. compositum L.
  • T. dicoccum Schübler
  • T. turgidum ssp. durum Desf. (Haartweess)
  • T. ispahanicum Heslot
  • T. jakubzineri (Udacz. & Schachm.)
  • T. karamyschevii Nevski
  • T. militinae Zhuk. & Migush.
  • T. monococcum L.
  • T. parvicoccum
  • T. petropavlovskyi Udacz. & Migush.
  • T. polonicum L.
  • T. sinskajae Filat. & Kurk.
  • T. tetraurartu Gandil.
  • T. timonovum Heslot & Ferrary
  • T. timopheevii (Zhuk.) Zhuk.
  • T. turanicum Jakubz.
  • T. turgidum L. (Rauweess)
  • T. urartu Thumanyan ex Gandilyan
  • T. vavilovii (Tum.) Jakubc. in Zhuk.
  • T. zhukovskyi Menabe & Ericzjan

Geschicht vun der Domestizéierung/Ubau

[änneren | Quelltext änneren]

De Weess, dee mer haut kennen, kënnt hir vun enger Kräizung vu verschiddene Fruucht- a Wëllgraszorten.

Déi éischt Zorten waren den Triticum monococcum (de: Einkorn) an den Emmer (Triticum dicoccum). Weess kënnt aus dem Noen Osten. E gëtt op d'mannst zanter 7.800 v. Chr. ugebaut an ass, nom Geescht, déi zweeteelst Aart vu Fruucht. An Europa gouf en awer eréischt zanter dem 11. Joerhonnert populär, wou d'Wäissbrout Moud ginn ass

Zesummesetzung (Mëlle Weess)

[änneren | Quelltext änneren]
Bestanddeeler Mineralstoffer pro 100 g Vitaminnne pro 100 g
Waasser10,42 %Calcium34 mgThiamin (Vitaminn B1)0,41 mg
Eewäiss10,7 %Eisen5,4 mgRiboflavin (Vitaminn B2)0,11 mg
Fett2,0 %Magnesium90 mgNiacin4,77 mg
Kuelenhydraten75,36 %Phosphor402 mgPantothensaier0,85 mg
Ballaststoffer
(Deel vun de Kuelenhydraten)
12,7 %Kalium435 mgVitaminn B60,38 mg
Mineralstoffer1,5 %Natrium2 mgFolsaier0,04 mg
Zénk3,5 mgVitaminn E1,44 mg
Koffer0,43 mg
Mangan3,40 mg

De Brennwert ass 1425 kJ op 100 g.

  • Friedrich J. Zeller, Sai L.K. Hsam: Weizen: Grundstoff für die menschliche Ernährung und für industrielle Erzeugnisse. Naturwissenschaftliche Rundschau 57(8), S. 413–421 (2004), ISSN 0028-1050
  • Elisabeth Schiemann: Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. 1948
 Commons: Triticum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L'agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012., op statistiques.public.lu.