Weier (Uertschaft)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Weier
Panorama Weyer 01.jpg
Vue op Weier (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Weyer
de: Weier
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Coat of arms fischbach luxbrg.png Fëschbech
Buergermeeschter Fränk Daems
Awunner 30 (16.05.2006)
Fläch 262,6524 ha[1]
Koordinaten 49° 43’ 33’’ N
06° 11’ 56’’ O


Weier ass eng Uertschaft an der Gemeng Fëschbech.

Se ass duerch den CR101 un de Verkéier ugebonn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst schrëftlech Quell, an där Weier als Wiwere ernimmt gëtt, ass vun 960. Enger Legend no huet de Gerard von Schwarzenberg zu Weier 1612 eng Kapell opriichte gelooss, nodeems seng Sëschter an engem Weier e Bild mat der Muttergottes fonnt hätt. Eng aner Quell erzielt vu Baueren aus dem Duerf, déi do eng zimmlech schappeg Statu vun der Muttergottes aus dem Waasser gefëscht hätten. No an no hu sech aner Bauere ronderëm d'Kapell néiergelooss.[2]

Bis haut sinn, nieft der Kapell, 3 Bauerenhäff aus dem 18. a fréien 19. Joerhonnert erhalen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brosius, L., L. Karier & R. Miny, 2014. 100 Joer Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech. 294 S. Dréckerei Faber, Miersch. ISBN 978-99959-0-051-9. (Weier: S. 274-290).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.145.