Wellelängt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wellelängt vun enger Sinusfërmeger Transversalwell

Als Wellelängt, Symbol λ (griichesch: Lambda), gëtt de klengsten Ofstand tëscht zwéi Punkte vun derselwechter Phas vun enger Well bezeechent. Dobäi hunn zwéi Punkten déiselwecht Phas, wa si sech op déiselwecht Aart a Weis begéinen, d. h. wa si am zäitlechen Oflaf déiselwecht Amplitude an déiselwecht Bewegungsrichtung hunn. Bei Waasserwellen ass d'Wellelängt zum Beispill de Ofstand vun zwéi Wellebierger oder Wellendäll niefteneen a gëtt an deem Fall mam Symbol L bezeechent. Si ass de raimlechen Analogon zu der Periodendauer.

Et gëllt

woubäi c d'Ausbreedungsvitesse oder d'Phasevitesse an f d'Frequenz vun der Well ass. D'Ausbreedungsvitesse huet eng wiesentlech Bedeitung beim Zesummenhank vu Wellelängt a Frequenz.

Typesch Gréissten[änneren | Quelltext änneren]

D'Ausbreedungsvitesse vun elektresche Signaler iwwer metallesch Leeder (z. B. Kofferkabel) ass zirka 30 % manner wéi d'Liichtvitesse am fräie Raum. Dat ass net ze verwiessele mat der Fléissvitesse vun den Elektronen, déi nëmmen e Brochdeel vun der Liichtvitesse ass.

Bezeechnung Symbol Bezéiungen
Amplitud
Transversalwell
Longitudinalwell
Wellevektor Ausbreedungsrichtung
Wellenzuel
Wellelängt
(Krees-)frequenz Dispersiounsrelatioun
Frequenz oder
Phasevitesse
Gruppevitesse
Phas

Wellelängte vum siichtbare Liicht: Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

Dat mënschlecht A ass an engem Wellelängteberäich vun ongeféier 800 nm (rout) bis 400 nm (violett) empfindlech. Beie gesinn zum Beispill och Liicht dat kuerz Wellelängten huet, dat sougenannt ultraviolett Liicht, kënnen dofir awer kee rout Liicht gesinn.

Weider Informatiounen zum Faarfempfanne vum A steet am Artikel Faarf.

Wellelängt vun elektromagnéitesche Wellen am Medium[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Wellelängt an engem Medium gëllt:

Wa Liichtwellen oder aner elektromagnéitesch Wellen duerch e Medium ginn, fir dat de Refraktiounsindex bekannt ass, sou reduzéiert sech hir Wellelängt a Funktioun vum Refraktiounsindex, d'Frequenz bleift awer onverännert.

D'Wellelängt am Medium ass woubäi d'Vakuumwellelängt d'Well ass.

Wellelängte vun elektromagnéitescher Stralung ginn normalerweis als Vakuumwellelängt uginn, ouni datt dat ausgedréckt gëtt.

Dat ass d'Ursaach fir Faarfvariante bei optesche Biller, well sech déi ënnerschiddlech Refraktioun (beim Iwwergank vum Liicht an en anert Medium ) fir déi verschidde Wellelängte vum afalende Liicht op d'Brennwäit vun der Lëns iwwerdréit.

De-Broglie-Wellelängt[änneren | Quelltext änneren]

De Louis-Victor de Broglie entdeckt, datt all Deelchen duerch Matièrewelle beschriwwe ka ginn. D´Wellelängt vun sou enger Matièrewell gëtt De-Broglie-Wellelängt genannt an hänkt vum Impuls p vum Deelchen of. Fir e relativisteschen Deelche kann d'Wellelängt mat folgender Equatioun bestëmmt ginn:

Dobäi ass h de Wierkungsquantum vum Planck, c d'Liichtvitesse, m d'Mass a v d´Vitesse vum Deelchen.

Unm Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Wellenlänge – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen