Weltethos

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Weltethos ass d'Formulatioun vun engem Grondkonsens vun etheschen Normen a Wäerter, déi sech vu reliéisen, kulturellen a philosopheschen Traditiounen ofleeden. Et ass eng Aart a Weis, fir interkulturell Verbindungen ze fuerderen a baséiert op de Grondiddie vun alle Reliounen an alle philosophesch-humanisteschen Usätz. De Projet Weltethos gouf de 4. September 1993 vum Schwäizer Theolog Hans Küng mat senger Erklärung zum Weltethos am Parlament vun de Weltreliounen an d'Welt gesat.

Grondiddien[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir d'Zesummeliewen op der Äerd an an der globaliséierter Welt brauch een e globalen Ethos.
  • Fir Fridden ënnert den Natiounen brauch ee Fridden ënnert de Reliounen.
  • Fir Fridden ënnert de Relioune brauch een en Dialog tëscht de Reliounen.
  • Fir den Dialog tëschent de Reliounen a Kulture muss een d'Grondlage vun dësen erfuerschen.
  • Reliéis an netreliéis Mënsche mussen ee Virstellungswandel, fir ee globalen Ethos, vollzéien.

Gëlle Reegel[änneren | Quelltext änneren]

Ee ganz wichtegt Beispill fir déi gemeinsam Normen, déi een a praktesch alle kulturelle Virstellunge fënnt, ass déi sougenannt Gëlle Reegel: Behandel déi aner sou, wéi s du selwer gäre behandelt wiers.

D'Stëftung Weltethos[änneren | Quelltext änneren]

1995 gouf zu Tübingen an Däitschland d'Stëftung Weltethos vum Hans Küng gegrënnt. Do ass haut hiren Haaptsëtz. Se gouf virun allem vum K. von der Groeben finanzéiert. Hien hat dem Theolog säi Buch "Projekt Weltethos" vun 1990 gelies a war doropshi sou begeeschtert, datt hien en décke Pak Suen gespennt huet.

Den éischte President vun der Stëftung war den Hans Küng. Am Mäerz 2013 huet de President vum Staatsgeriichtshaff vum Land Baden-Württemberg, den Eberhard Stilz, déi Plaz iwwerholl.

Déi gréisst Ziler vun der Stëftung sinn d'Fuerderung vun interkultureller Kompetenz an Dialog tëschent de Reliounen an de Kulturen. Da gëtt d'interkulturell an d'interreliéis Fuerschung gefërdert an duerchgesat. D'Bildungsaarbecht an deene Beräicher gëtt och gefërdert.

Mat all deene Wäerter solle folgend Ziler erreecht ginn:

Ähnlech Weltethos-Beweegunge si mi spéit an der Schwäiz, Éisträich, Tschechien, Mexiko, Kolumbien a Brasilien gegrënnt ginn.

Weltethosschoulen[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun de Projete vun der Stëftung Weltethos am Beräich vun der Schoul an der Bildung ass dee vun de sougenannte Weltethosschoulen[1]. Deen Titel gëtt u Schoule verginn, déi de Prinzip Weltethos aktiv an hiren Alldag integréieren an och schoulintern Projeten zu deem Thema organiséieren. Bis Juli 2018 goufen 18 Schoulen ausgezeechent. Zu Lëtzbeuerg ass de Kolléisch bis elo déi eenzeg Weltethos-Schoul.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Weltethos-Schoulen