Wendelinskapell um Wuermerbierg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vum Wuermerbierg
Kapell vum Wuermerbierg (2013)
Kapell vum Wuermerbierg (2013)
Uertschaft / Plaz Uewerwuermeldeng
Par Wuermeldeng
Dekanat Gréiwemaacher
Numm / Patréiner Hl. Wendelin
Konsekratioun 1950
Architekt(en) Reuter, Loschetter
Baujoer 1950
Koordinaten 49° 36’ 33.7’’ N
06° 24’ 0.7’’ O
Kierchen - Kapellen
Kapell vum Wuermerbierg (Westsäit)

D'Wendelinskapell vum Wuermerbierg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Wuermeldeng, zum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Gréiwemaacher an zu der Gemeng Wuermeldeng gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Wendelin, deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Kreitzgaass, der Hënneschtgaass, dem Wengertswee an der rue des Vergers. Nieft der Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur Par Wuermeldeng gehéiert ausser der Kapell um Wuermerbierg och nach d'Parkierch vu Wuermeldeng. Op der Wuermer Köppchen steet eng Donatuskapell déi wäithi siichtbar ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1570 gouf et zu Uewerwuermeldeng nach keng Kapell, wéi aus dem Visitationsrapport aus deem Joer ervirgeet.

Am Rapport vun 1738 iwwer d'Kierch vu Lenneng gëtt fir d'éischt och eng Kapell zu Uewerwuermeldeng ernimmt, déi 1734 gebaut gouf. E Kierfecht huet dunn zu Uewerwuermeldeng nach net existéiert, déi Verstuerwe sinn um Kierfecht am Dall begruewe ginn. Eréischt 1808 gëtt fir d'éischt am Stierfregëster e Kierfecht zu Uewerwuermeldeng ernimmt.

1807 koum Uewerwuermeldeng, dat virdrun zur Par Lenneng gehéiert huet, duerch en Dekret vum Bëschof zur Par Wuermeldeng, déi 1718 gegrënnt gouf. 1842 gouf d'Kapell um Bierg vergréissert, 1865 gouf e Kaplounshaus nieft der Kapell gebaut.

1912 gouf zu Uewerwuermer e Wendelinus-Bauveräin gegrënnt, dee sech vir den Ëmbau vun der aler Kapell respektiv en Neibau agesat huet. Aus deemselwechte Joer existéiert en Devis vum Architekt Warken fir eng Vergréisserung vun der Kapell fir 14.500 Frang, deen awer net ausgefouert gouf. 1930 stëmmt de Kiercherot enger Propose vum Bauveräin zou, de Keessestand vu 6000 Frang un d'Gemeng ze bezuelen, déi sech dofir bereet erkläert, en neie Buedembelag, eng Wandtäfelung, eng nei Agankspaart a 6 nei Fënsteren ze iwwerhuelen.

Um Enn vum Zweete Weltkrich gouf beim Réckzuch vun den däitschen Truppen e groussen Deel vun der Uertschaft, souwuel uewen um Bierg wéi och am Dall, zerstéiert. An engem vun den éischten Oktoberdeeg 1944 gouf och d'Wendelinuskapell en Affer vun de Brandbommen.

Wärend där Zäit, wou keng Kapell zur Verfügung stoung, goufen d'Gottesdéngschter an enger Noutkapell am Veräinslokal ofgehalen.

De Bau vun enger neier Kapell gouf vum Gemengerot a senger Sëtzung vum 14. Mäerz 1948 an d'Weeër geleet andeems déi vun den Architekte Reuter a Loschetter entworfe Pläng an Devisen Krediter an enger Héicht vun 258.000 Frang accordéiert kruten. Dobäi waren och d'Käschte fir d'Kaplounswunneng an d'Verleeë vu Griewer abegraff. Eng kontrolléiert Expertise hat virdru fir d'Kapell e Krichsschued vun 137.246 Frang a fir d'Kaplounshaus vun 68.668 Frang unerkannt.

D'Firma Pauly vu Keel krut den Zouschlag fir den Neibau an de 7. Oktober 1948 gouf vum Paschtouer de Grondsteen geseent. De fäerdege Bau gouf de 4. Juli 1950 vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel ageseent an den Altor an déi zwou nei Klacke feierlech konsekréiert.

Fir Kierchemiwwelen, Massgewänner, en Harmonium a vill aner Accessoiren huet d'Kierchefabréck am Ganzen iwwer 217.000 Frang ausginn.

Déi nei Klacken, eng vun 157 kg am Toun Mi an eng vun 101 kg am Toun Sol, goufe vun der Firma Michiels vun Tournai geliwwert. D'Kierchefënstere ware vun der Firma Loudvig aus Lëtzebuerg entworf a gemaach ginn. De Kräizwee aus Keramik gouf vun der Firma Bovagnet vu Paräis geliwwert.

An de Joren 1951 bis 1953 goufe vum Kënschtler Edmond Goergen iwwer dem Altor an am Schëff schéi Freske geschafen.

1958 gouf d'Trap an den Duxall mat Lino beluecht an d'Klacke vun der Firma Schaal vu Miersch elektrifizéiert. 1966 gouf amplaz vum Uewen vun der Firma Helios vu Lëntgen eng Mazout-Heizung installéiert.

Nom 2. Vatikanesche Konzil gouf den Héichaltor ewechgeholl an net versuergt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 250 Jahre Pfarrei Wormeldingen 1718 - 1968, 76 S., Impr. E. Faber, Grevenmacher

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wendelinskapell um Wuermerbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien