Werner Heisenberg

Vu Wikipedia
Werner Heisenberg
Gebuer 5. Dezember 1901
Würzburg
Gestuerwen 1. Februar 1976
München
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Westdäitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit theoreetesche Physiker
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Akademie der Wissenschaften der DDR, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale dei Lincei, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences

De Werner Karl Heisenberg, gebuer de 5. Dezember 1901 zu Würzburg, a gestuerwen den 1. Februar 1976 zu München, war en däitsche Physiker.

Hie war e Schüler vum Max Born a vum Niels Bohr a gehéiert mat senge grondleeënden Erkenntnesser an der Kärphysik zu de bedeitendsten theoreetesche Physiker.

Zanter 1927 war hie Professer an huet Coursen zu Leiprig a Japan an an Amerika ginn.

Vun 1941 bis 1945 war hien Direkter vum Kaiser Wilhelm-Institut fir Physik zu Berlin an huet sech an enger Féierungspositioun um Uranprojet vum däitschen "Heereswaffenamt" bedeelegt.

1946 gouf hie Leeder vum neigegrënnte "Max-Planck-Institut fir Physik an Astrophysik" zu Göttingen. Vun 1958 bis 1970 huet hien zu München dozéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Werner Heisenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien