Op den Inhalt sprangen

Westbalkan

Vu Wikipedia
D'„westbalkanesch“
Staate vun Norden no Süden:
Serbien
Bosnien an Herzegowina
Montenegro
Kosovo
Albanien
Nordmazedonien

De Westbalkan (serbokroatesch: Zapadni Balkan/Западни Балкан, albanesch: Ballkani Perëndimor) ass e politesche Begrëff fir fënnef Nofollgerstaate vu Jugoslawien souwéi Albanien. Déijéineg Staaten, déi der Europäescher Unioun bäigetruede sinn, also Slowenien (2004) a Kroatien (2013), ginn hautdesdaags am Allgemengen net méi zu dësem Begrëff gezielt. De Westbalkan gëtt deelweis als „Bannenhaff“ vun der Europäescher Unioun bezeechent, well en ausschliisslech vun EU-Staaten ëmginn ass.[1][2]
Am Westbalkan liewen op enger Fläch vun 208.000 km² ongeféier 19 Millioune Mënschen.

Ethnesch Gruppen am Westbalkan (2008, englesch Kaart). Zu där Zäit gouf Kroatien nach zum Westbalkan gezielt.

Westbalkanstaaten

[änneren | Quelltext änneren]

De politesche Begrëff „Westbalkan“ ëmfaasst déi Staaten op der Balkanhallefinsel, déi nach keng EU-Membere sinn, also dat fréiert Jugoslawie mat der Ausnam vu Slowenien, Kroatien an Albanien. Déi sechs Staate ginn am Allgemengen (zesumme mat aneren, also z. B. mat Rumänien, Bulgarien, Moldawien a Griicheland) zu Südosteuropa gezielt. De Begrëff „Südosteuropa“ ass historesch manner virbelaascht wéi e Begrëff, an deem d'Wuert „Balkan“ virkënnt, an dofir ginn déi uewe genannt Staate gemenkerhand als „südosteuropäesch“ agestuuft[3][4][5][6].

Gebrauch vum Begrëff

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff gouf als Terminus technicus um EU-Sommet am Dezember 1998 am Sproochgebrauch vun der Europäescher Unioun agefouert. E sollt déi südosteuropäesch Staate bezeechnen, déi nom Bäitrëtt vu Rumänien a Bulgarien dat nächst strategescht Erweiderungszil vun der EU duerstellen[7]. E gëtt weiderhi primär vun den EU-Institutiounen an an der sozialwëssenschaftlecher Fuerschung gebraucht. D'EU wollt e kuerzen, pregnanten an neutrale Begrëff schafen, deen déi Staaten zesummefaasst.

Trotz der ursprénglecher Intentioun vun der EU gëtt et Virurteeler géint dee Begrëff, déi an der deelweis negativer Konnotatioun vum Deelbegrëff Balkan begrënnt sinn.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Der Westbalkan ist Europas Innenhof, Interview mit Michael Roth, 2. Juni 2018 auf Auswaertiges.amt.de, abgerufen am 14. Juli 2024
  2. Michael Martens: Von Verbündeten zu Gegenspielern - Washington arbeitet auf dem Balkan gegen die EU, in: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 31. März 2020
  3. https://www.parlament.gv.at/PAKT/VHG/BR/BRSITZ/BRSITZ_00728/fnameorig_055010.html
  4. Archive copy Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt den 29.03.2025.
  5. Archive copy Archivéiert de 04.10.2006. Gekuckt den 29.03.2025.
  6. http://www.setimes.com/
  7. Camelia E. Ratiu: Balkangovernance, in: Georg Simonis, Helmut Elbers (Hrsg.): Externe EU-Governance. VS Verlag für Sozialwissenschaften, Wiesbaden 2011, ISBN 978-3-531-17941-4, S. 135