Wiener Staatsoper
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Éisträich |
| Gemeng | Innere Stadt |
| Plaz | Wien |
| Koordinaten | 48°12'12"N, 16°22'9"O |
| Geographesch Héicht | 175 m |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Baustil | Neo-Renaissance |
| Architekt(en) | August Sicard von Sicardsburg, Eduard van der Nüll |
| Datum vum Bau | 25. Mee 1869 |
| Opgaangen | 25. Mee 1869 |
|
| |
D'Wiener Staatsoper ass en Operenhaus an der Wiener Ringstraße, an der éisträichescher Haaptstad Wien. Si gouf 1708 als k. k. Theater nächst dem Kärntnertor gegrënnt. Haut ass et eent vun de gréissten Operenhaiser am däitschsproochege Raum an eent vun de bedeitendste vun der Welt. Dat haitegt Gebai gouf 1861 bis 1869 ënner dem Franz Joseph I. vum August Sicard von Sicardsburg a vum Eduard van der Nüll als k. k. Hofoperntheater am Neorenaissance-Stil gebaut. Et gouf am Zweete Weltkrich beschiedegt, ma dono nees restauréiert. Den Numm Wiener Staatsoper huet et zanter 1955.
D'Wiener Staatsoper huet haut 1.709 Sëtz- a 567 Stéiplazen.
Am Gebai sinn de Wiener Staatsopernorchester (aus deem d'Wiener Philharmoniker hierkommen), e Chouer an e Ballet etabléiert.
Bekannt ass se och, well do all Joers de Wiener Opernball dran ofgehale gëtt.
Zanter 2020 ass de Bogdan Roščić Direkter vun der Wiener Staatsoper.[1]
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]- Bün mam Orchestergruef
- Auditorium
- Teesalon, fréier Hoffestlogensalon
- Trapenhaus
- den Opernball (2014)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wiener Staatsoper – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Wiener Staatsoper, Websäit.
