Wikipedia:FAQ (Diskussiounssäiten)

Vu Wikipedia

F. Wou fënnt een Diskussiounssäiten?[Quelltext änneren]

Ä. All Artikel huet lénks uewen nieft dem Reider "Säit" nach ee mam Titel "Diskussioun". Klickt einfach do drop. Wann den Artikel zu deem Ament nach keng Diskussiounssäit hat, da gëtt duerch Äre Klick fir Iech eng fonkelnotznei opgemaach.

F. Firwat sinn Diskussiounssäite gutt?[Quelltext änneren]

Ä. De Sënn an Zweck vun den Diskussiounssäiten ass et fir de Benotzer eng Plaz ze bidden, wou se am But vun der Verbesserung vun engem Artikel, Bild asw. ënnereneen diskutéiere kënnen. Op den Diskussiounssäite kann ee Froe stellen, Aussoen an engem Artikel mat enger fondéierter Begrënnung bezweifelen oder léisungsorientéiert Virschléi fir Korrekturen oder Ergänzungen un engem Artikel maachen.

F. Ech wëll eng allgemeng Fro stellen oder au contraire e Benotzer direkt uschreiwen. Kann ech dat och op den Diskussiounssäite maachen?[Quelltext änneren]

Ä.: D'Diskussiounssäite vun Artikelen a Biller asw. sinn net fir allgemeng Froen oder méi perséinlech Diskussioune mat anere Benotzer geduecht. D'Communautéit diskutéiert um Staminee, generell Froe gehéieren op d'allgemeng Froesäit, Hëllef bei Iwwersetzungsproblemer gëtt et bei Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? a speziell Froen, déi just un e bestëmmte Benotzer geriicht sinn, stëllt een op deem senger Benotzer-Diskussiounssäit.

F. Wat muss ech beuechten, wann ech op eng Diskussiounssäit schreiwen?[Quelltext änneren]

Ä. Fir all nei Fro soll een eng nei Ënnerdeelung mat engem eegenen Titel opmaachen (== Titel ==), fir sou déi eenzel Diskussiounstheeme propper ze trennen. Nei Theeme soll een ënnen op der Säit bäisetzen. Dann d'Fro riichteraus dohischreiwen an zum Schluss mam Benotzernumm ënnerschreiwen, fir datt och jiddereen déi eenzel Diskussiounbäiträg bannent engem Theema auserneenhale kann. Et versteet sech vum selwen, datt een d'Diskussiounsbäiträg vun anere Benotzer net verännere goe soll, an aner Benotzer sollen och net beleidegt ginn. All Diskussioun huet reng sachlech ze bleiwen a soll mat klore Begrënnungen a jee nodeem Beleeger vu Sourcë gefouert ginn.