Wikipedia:Ech hunn eng Fro

Vu Wikipedia

--

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hanner all dëse Méiglechkeete stinn ausschliisslech fräiwëlleg Mataarbechter.

Froen & Hëllef

Vill Froë goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert.


Archiv



Wat fir Datume gi verlinkt?[Quelltext änneren]

" Er heiratete die 13 Jahre alte Virginia am 16. Mai 1836" (aus dem de:Edgar Allan Poe) - "Am 2. Februar 1837 erkrankte er schwer an Typhus, ..." (aus dem de:Georg Büchner) an esou weider. Déi Datume sinn allebéid net verlinkt. Wouhier dann och, well et zimmlech egal ass, wéini de Poe sech bestuet huet oder de Büchner den Typhus erwëscht huet, an op den Datumssäiten och näischt doriwwer ze fannen ass! Esou ass et an der de-Wikipedia net verlinkt datt de "Nachdem Bach am 24. April 1707 in Mühlhausen vorgespielt hatte, trat er dort an der Kirche Divi Blasii am 1. Juli seinen Dienst als Organist an" An dowéinst fält et kengem an, den Datum ze verlinken. Firwat ech dat froen: Well ech froen, wéi et ass, datt op der lb-Wikipedia Datume verlinkt sinn, déi keng Doudes- oder gebuertsdatume sinn. Dat Beispill, dat mech dozou bruecht huet, dës Fro ze stellen ass dat heit: "Den 21. Juli 1941 gouf hie vun der Gestapo verhaff ..." am Artikel Andrea Pasini gouf den Datum "21. Juli" an "1941" nodréiglech verlinkt. Mee op deene Säite fënnt een näischt vun enger Verhaftung vum Pasini. Am Artikel Luigi Peruzzi ass et nach méi bosseg. E puer Beispiller "Am Februar 1943 gouf hien iwwer Tréier, München an Innsbruck op d’italiéinesch d’Grenz bruecht" Do ass de Mount "Februar" verlinkt!! An d'Joer "1943" Am Beispill "Den 9. September 1942 gouf de Luigi Peruzzi, op e Verrot hin, vun der Gestapo festgeholl ass d'Joer net verlinkt awer den Dag an de Mount; Linken, déi natierlech op den Dag féieren, wou awer näischt doriwwer steet. Dofir meng Fro: Wat fir Datume gi verlinkt? An: Firwat? --Cornischong 10:25, 1. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Firwat gëtt eppes verlinkt? Am Prinzip ass den Zweck vum Link fir op en Artikel ze weisen an deem dat verlinktent Wuert soll erkläert ginn. Wann de Link dat mécht ass seng Missioun erfëllt.
Dat schéngt jo bei den Datumslinken de Fall ze sinn. Wann elo natierlech d'Erklärung am Artikel schlecht ass oder onvollstänneg dann ass et schwéier erauszefannen u wat dat läit. Dat ass natierlech besonnesch de Fall an den Datummsartikelen.
Mee do schéngen ausser e puer Leit wéi den Zinneke, de Les Meloures, d'Fliermaus an de SITCK, der soss net vill Intressi derfir ze weisen. Wann déi Leit bis elo net reegelméisseg ganz vill Zäit dofir opbruecht hätten, stéingen déi Säiten nach all schéi plakeg do.
A bon entendeur Les Meloures 12:12, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


No bal 5 Joer Wiki sollt sech de Grond vun engem Wiki-Link esou lues ronderëmgeschwat hunn: Primär, fir méi iwwer Nimm, Begrëffer, Daten asw, (kuerz: Lemmaen), déi an engem Artikel gebraucht ginn, gewuer ze ginn, oder awer och, fir en Artikel an engem méi groussen Zesummenhank ze situéieren (Heescht en Artikel "Sprangbuer vu Butschebuerg", da sollt am Artikel ë.a. e Link op "Sprangbuer" an op "Butschebuerg" stoen, fir dass ee kann noliesen, 1. wat e Sprangbuer ass a wat et soss nach fir Sprangbuere gëtt, an 2. wat soss nach zu Butschebuerg lass ass) an esou net zulescht (duerch d'Fonctioun "Linken po dës Säit") méi Méiglegkeeen ze ginn, en erëmzefannen. Bei Datumer ass et esou, dass et zu all Joer an Dag eng eege Säit gëtt. Dofir ginn déi gewéinlech och verlinkt. Wéi bei anere Lemmata och soll e Link just déi éischte Kéier gesat ginn, wann dëst Lemma optaucht. Dofir gouf am Beispill heidriwwer 1942 net verlinkt, well dat schon am Kapitel virdrun de Fall war.
Wéi Kategorië fonctionnéieren, kann ech op Ufro och gär explizéieren.--Zinneke 17:05, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Wa scho keen op déi viirregt Fro eng Äntwert gëtt, da vläicht op dës:[Quelltext änneren]

"Ce document est une image/photographie personnelle de {{Utilisateur}} destinée à sa page personnelle. Il n'est pas destiné à être intégré à une version distribuée de Wikipédia et, en tant que tel, ne doit pas être intégré à des articles de l'espace encyclopédique.
Ce document reste la propriété exclusive de son auteur. Toute utilisation ou reproduction est interdite sans l'accord explicite de celui-ci. L'apposition de ce modèle ne dispense pas de renseigner les autres champs de description: identification du sujet représenté et identification de l'auteur. Si vous apposez ce modèle sur un document dont vous n'êtes pas l'auteur ou l'ayant droit, celui-ci sera effacé sans préavis.
Ech hunn déi "Lizenz" op der fr-Wiki ( http://fr.wikipedia.org/wiki/Fichier:Guy_Bedos_19012009.JPG } fonnt, a wonnere mech alt nees emol. Ass dat eppes Neies? Gëtt et dat och hei? Oder gëtt et dat eigentlech iwwerhaapt net? --Cornischong 09:22, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

An ech wonnere mech, firwat s de déi Fro net do stells, wou se higehéiert: Op déi Franséischsproocheg Wiki? --Zinneke 16:22, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Adelstitelen zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Moien,

eng Fro, déi mer am Kontext vum Artiel Robert vu Lëtzebuerg komm ass:

An Däitschland an Éisträich goufe bekanntlech d'Adelstitelen ofgezschaaft, an do ass de "von und zu", hei ans do och d'Wuert "Graf", entweder ewechgelooss (Otto Habsburg) oder einfach eng Partikel vum Numm (kuckt de Politiker Otto Graf Lammsdorf, deen "Otto" mam Virnumm a "Graf Lambsdorf" mam Familljennumm heescht) - och wann d'"Fach"press ewéi d'Goldene Blatt&Co. dat hei ans do 'vergësst'.

Zu Lëtzebuerg hu mer jo d'Prinzip, datt engem säin Numm deen ass, deen am Gebuertsregëster steet (Hat den Officier de l'Etat civil eng am Biz an hat e sech verschriwwen, dann heescht de Jong vum Här 'Schmitt' säi Liewe laang 'Mitt' mam Familljennumm). Hei huelen ech net un, datt deen Här als "vu Lëtzebuerg" agedroe wär, éischter schonn als "de Luxembourg".

Bei Monarchen ass dat aneresäits kloer: déi hu just e Virnumm an dann den Zousaz "vun/de/of/..." deem Land, wou se un der Spëtzt sinn. Mee wéi ass dat bei hirer Famill, déi en Troun ni oder nëmme vu ganz wäitem ze gesi kritt?

An dann nach: der Verfassung no vergëtt de Grand-Duc vu Lëtzebuerg Adelstitelen (Art.40). Wees een, ween a leschter Zäit (oder iwwerhaapt) an dee Genoss komm ass? A wéi ass dat bei senger Famill? Hunn déi dat automatesch?

Kuerzem: Ginn et ausser "Groussherzogs" nach "richteg" Adleger zu Lëtzebuerg, a wa jo, wéi ass deenen hire "richtegen" Nummm?

--Zinneke 10:09, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

De Familljennumm vun der groussherzoglecher Famill ass de Nassau.

De Barong Charles de Waha
Confirmatioun du Titre
D'Famill vum Grof Gaston de Marchant et d'Ansembourg. Hie selwer ass virun engem Joer gestuerwen. --Pecalux 11:09, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
De Barong Hubert de Schorlemer vum Grondhaff. --Pecalux 11:16, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
De Barong Raymond de Waha
Confirmation du Titre
De Fierschter Jean-Marc De Waha huet e Barongstitel. Les Meloures 11:15, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
De Barong Jean de Maleingrau vum Scheedhaff.

Remoien,

Souwäit wéi ech weess hat d'Groussherzogin Charlotte op d'mannst een Adelstitel verdeelt. Ech kommen elo awer net méi op den Numm. Les Meloures 11:36, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Von und zu Alzheim, vläicht? Mä Spaass bei Säit, ët war e Member vun der schweedescher Kinneksfamill, deen duerch säi Bestietnes, dat nët "standesgemäss" war, säin Titel a Schwede verluer hat. Eis Charlotte huet him, deem Bernadotte, deen op der Insel Meinau am Bodensee geliewt huet, en Titel verpasst, fir datt e sech weiderhi mat sengesgläiche kënnt ëremdreiwen an dobäi wuel fillen... Blo

Arbed S.A. „Main Headquarter“ in Esch[Quelltext änneren]

Hallo zusammen, ich suche ein bestimmtes Gebäude des Architekten de:Gottfried Böhm, und zwar die „Hauptverwaltung“ der Arbed Stahl in Esch-sur-Alzette. Ein Bild habe ich hier gefunden. Leider finde ich nirgendwo eine Adresse dazu. Eigentlich suche ich ein Bild unter einer freien Lizenz für diese Liste, aber ich müßte erst mal wissen, wo genau es sich befindet. Kann mir jemand helfen? Vielen Dank! Grüße, --Elya 22:07, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Hallo Elya. Es müsste sich um das Gebäude handeln, das man auf dem Foto im Artikel Schlass Berwart hinter dem Turm versteckt im Hintergrund sieht. Es befindet sich in Esch, in der Luxemburger Strasse. Bei gutem Wetter vielleicht mehr über's Wochenende;-). Gruss, --Zinneke 00:14, 4. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Wikipedia ist toll:-) vielen Dank, ich bin gespannt! --Elya
Hallo nochmal, Bild ist in die Liste eingebaut. Gru3, Z.
Tausend Dank, ich hab's grade gesehehen:-) --Elya 06:48, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat Patheetescht an d'Schreifweis[Quelltext änneren]

"Wikipedia Bréngt Eis Weider Eist gemeinsamt Wëssen.": Firwat gëtt "bréngt", "eis" a "weider" grouss geschriwwen?? A firwat kritt "gemeinsaamt" nëmmen een "a"? Wéi et mam däitsche "Schatz" ass, wäerte mer och nach erkläert kréien. Ass dat net e bësse vill Kabes beieneen? --Cornischong 17:28, 13. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Benotzer Diskussioun - eng Fro[Quelltext änneren]

Beäntwert een eigentlech d'Froen op senger Diskussiounssäit do oder op der Säit vum deem senger deen d'Fro stellt? --Jwh 23:14, 5. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

am léifsten op der Säit wou gefrot gouf. Da bleift d'Diskussioun zesummen. Wann ee wëllt den aneren extra drop opmierksam maachen, deem einfach e Message hannerlossen datts de op denger oder op enger anerer Säit g'äntwert hues. Sou wéi ech et elo bei Dir gemaach hunn. Les Meloures 23:24, 5. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Flott, Merci fir déi schnell Äntwert! --Jwh 23:31, 5. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Gengt Dir mir w.e.g. den Kesseleksbaach op Kesselecksbaach, (Numm beim GIS), réckelen Villmools Merci! --Jwh 02:15, 7. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Ass gemat. --Otets04:48, 7. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci! --Jwh 10:30, 7. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, ech probéiere grad Wikipedia-Harakiri ze maachen. Wikipedia ass zwar e ganz flotte Projet, mä ech mengen ech sinn e bëssi ze faul dofir. Kann ee mer hëllefen? Merci an hoffentlech Äddi – dir maacht är Saach gutt! -- Jean Beurlet

Dir wësst jo, dass Euthanasie lo erlaabt ass, dir kënnt mir also gäre weiderhëllefen. -- Jean Beurlet

Wiki Loves Monuments 2011[Quelltext änneren]

Nachdem im vergangenen Jahr in den Niederlanden im Rahmen der Aktion "Wiki Loves Monuments" der gesamte Bestand der Rijksmonumente für die Wikipedia erschlossen werden konnte und mehr als 12.500 Bilder von denkmalgeschützten Objekten geschossen und hochgeladen wurden, soll der Fotowettbewerb in diesem Jahr europaweit durchgeführt werden.

Die internationale/wikimediaweite Koordination geschieht auf Wikimedia Commons, siehe hier. Es gibt auch einen internationale Mailingliste. Das deutschsprachige (noch nicht besonders weit gediehene) Projekt zu den Kulturdenkmalen in Luxemburg findet sich unter de:Wikipedia:WikiProjekt Denkmalpflege/Luxemburg.

Gibt es auf Seite der luxemburgischen Autoren Interesse, sich an dieser Aktion zu beteiligen? Ich habe gesehen, dass es schon einige sehr schöne und bebilderte Artikel zu den Monuments nationaux, auf die man gut aufbauen kann. -- 79.168.7.130 00:15, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Danke für's Posten. Ich hatte bereits auf Wikipedia:De Staminee (dem "Stammtisch") auf die Aktion aufmerksam gemacht. Interesse besteht sicherlich, aber wie bei so vielem hier ist die gro3e Frage, wie man über die Handvoll Aktive hier hinaus, die ohnehin schon Artikel schreiben, Edits überwachen und verbessern, etc., das "breite Publikum" einbeziehen kann, damit dieses Projekt nicht auf Kosten der restlichen Arbeit geht.
Es gibt einige hundert "Monuments classés". In nächster Zeit werde ich mal sehen, wie man die in eine komplette Liste aufnehmen kann. --Zinneke 09:53, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Vielleicht kann man sich projektübergreifend unterstützen. Es gibt in der de:WP Interesse, die Listen für Luxemburg zu übernehmen. Unter de:Liste der Kulturdenkmale in Bech (Luxemburg) hatte ich schon vor WLM2011 mal exemplarisch eine Liste angelegt. Wenn man da zusammenhilft, kann man schon in vergleichsweise kurzer Zeit auf recht gute Ergebnisse kommen. Wenn die Struktur steht, muss man am Ende ja nur noch ein paar Texte austauschen.
In dem Zusammenhang die Frage: gibt es das Amtsblatt eigentlich auch in Deutsch? Im Moment bediene ich mich dieser Liste in französisch. -- 79.168.7.130 11:40, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Zusammenarbeit würde die Sache sicherlich erleichtern. Die Seite zu Bech ist ein gutes Vorbild, wie die anderen 115 Gemeinden zu behandeln wären. Sicherlich wird es auch ettliche Luxemburger geben, die in der de:WP aktiv sind, und (hoffentlich) dort mitarbeiten. Meine Erfahrung zeigt, dass das jedoch andere User sind, als die, die hier mitarbeiten (aus dem einfachen Grund, dass es hier noch soviel zu tun gibt, dass sich die Aktiven hier es sich nicht "leisten" können, ihre Zeit zusätzlich in anderen WPs zu investieren).
Das Amtsblatt gibt es seit 65 Jahren nur mehr in Französisch.--Zinneke 13:55, 14. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Fortsetzung der Diskussion "Um Stamminee" - hier archiviert. --Zinneke 16:17, 28. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Gëtt et nach d'Méiglechkeet fir en Artikel ze réckelen (z.B vu "Fédération Luxembourgeoise de Tir aux Armes Sportives" op "Fédération luxembourgeoise de tir aux armes sportives") oder muss en den Artikel ënner dem neie Lemma opmaachen an den Text eriwwerkopéieren (mat Verloscht vum Historiquevun de Versiounen)? --Fliedermaus 18:28, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ass geschitt. -- Les Meloures 19:13, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Merci fir deng Aktioun. Ech weess awer net wéi dat gaangen ass.--Fliedermaus 19:20, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Uewen op der Artikelsäit an de Reideren ass tëscht dem Stär an der Sichkëscht e Feil. D'Maus do drop setzen an da geet e Menu op, an deem s de Réckelen fënns. Dann einfach do drop klicken. --Les Meloures 19:47, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Merci,

Elo hunn ech de "Réckelen" fonnt.--Fliedermaus 08:17, 10. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


M an N mam Circonflex[Quelltext änneren]

Ech hunn elo an engem Buch iwwert den administrativen an techneschen Ëmgang mat diakritesch Zeechen (Zeichen setzen für Europa, vum Bernd Kappenber) entdeckt, datt et en M an en N mat Circonflex gëtt an datt dat, scheinbar, exklusiv lëtzebuergesch Bustawe wieren. Ech hu mech elo de ganze Mëtteg domadden ameséiert, mech duerch de Spaweck ze googlen an hun héchstens nach aner Publikatiounen fonnt, wou se als "al lëtzebuergesch Orthographie" gefouert ginn (Letter Database - Louxembourgian). Meng Froen un déi aner Wikipedianer dofir:

  • weess ee vun ierch méi iwwert déi 2 Bustawen?
  • wéi kinnt een iwwert déi Bustawen an der Wiki en Artikel uleeën?

Zum leschte Punkt: et wier jo sëcherlech interessant, dat mol festzehaalen. Allerdéngs gëtt et dës Bustawen a kengem Unicode, sou datt den Artikel da warscheinlech mat engem Artikel zum Bustaw M resp. N zesummegefaasst misst ginn, vu datt den eigentleche Bustaw informatesch nëmmen als Grafik duerzestellen ass. --JimHawk 15:03, 6. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Den m an den n mat Zirkumflex gouf et effektiv an der Bruch-Orthographie (där vum Luxemburger Wörterbuch). Et war geduecht, fir den Nasal auszedrécken, wéi z.B. an Timber oder Chancen. An der haiteger Orthographie (där vun 1999) ass dat ofgeschaaft ginn. Wéi uewe geschriwwen, dierft ee Grond dofir sinn, datt een en net um Computer schreiwe kann. Iwwregens: Kuck der mol nach méi al Schreifweisen un: Do gouf et e Circonflex gläich iwwer zwéi Vokaler ewech, z.B. beim Dicks sengem Op der Juocht (haut wier dat Op der Juegd), dee war iwwer dem u an dem o. --Zinneke 21:49, 6. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Déi eenzeg Méiglechkeet, déi ech kennen, ass <math>\hat m</math> <math>\hat n</math> → woubäi awer nach Formatlierungsproblemer bestinn. --Christian Ries 10:19, 3. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Dës Ännerung gouf nach net nogekuckt[Quelltext änneren]

Zanter haut (26. Mäerz 2011) ass ënner "Rezent Ännerungen" viru verschidde Kontributiounen e rout Ausruffzeechen ( ! ) ze gesinn. Wann de Pointeur drop weist kënnt den Text "Dës Ännerung gouf nach net nogekuckt" derbäi stoen. Meng Fro:

Wat ass Sënn an Zweck vun dësem Zeechen?
Ween ass qualifizéiert fir dës Ännerungen nozekucken?

--Pecalux 06:48, 26. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Dat rout Ausruffzeechen ( ! ) steet virun allen Artikelen déi vun engem Benotzer ugeluecht goufen deen d'Benotzerrecht 'autopatrolled' net huet. Dat Benotzerrecht hunn zur Zäit op der lb-Wikipedia nëmmen Administrateuren a Botten an et gëtt och elo keng technesch Méiglechkeet (déi fräigeschalt ass) fir anere Benotzer dat Recht derbäi ze ginn.
All Benotzer déi d'Recht 'patrol' hunn - zur Zäit nëmmen Administrateuren op der lb-Wikipedia kënnen déi esou mat eng roudem Ausruffzeechen markéiert Artikelen 'nokucken' (patrol) andeem si d'Lëscht vun den neie Säiten opmaachen déi schonn nogekuckte Säiten (déi an de rezenten Ännerungen mam rouden Ausruffzeechen) sinn do giel hannerluecht (dëst awer nëmmen fir Administrateuren) a wann den Administrateur elo vun där Säit op eng vun Säiten déi giel hannerluecht ass geet an do ganz un d'Ënn vun der Säit (just iwwer de Kategorien) riets kuckt dann ass do e Link '[Dës Säit als nogekuckt markéieren]' a wann een dann dorop klickt da gëtt déi Säit als nogekuckt (patrolled) markéiert an de rouden Ausruffzeechen ass dann duerno och net méi an de rezenten Ännerungen ze gesinn.
Fir méi ze wëssen iwwer Benotzerrechter a wie wat däerf kuckt: Spezial:Lëscht_vun_de_Grupperechter
Wat de Sënn vun dëser Markéierung ass? Do huelen ech un datt et dorëm geet fir besser ze gesinn wann net relevant Artikelen ugeluecht ginn. Net ageloggte Benotzer (esougenanten IP-en) gesinn dat roud Ausruffzeechen net.
Ech hoffen dëst hëlleft e bësse weider, mat beschte Gréiss --Robby 07:35, 27. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci, Roobby, fir dës Explicatiounen. Elo ass alles kloer. --Pecalux 09:29, 27. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Die deutschsprachige Wikipedia braucht Hilfe[Quelltext änneren]

In der deutschsprachigen Wikipedia läuft gerade ein wilder Streit über die Ortsnamen in Luxemburg. Bislang sind wir immer davon ausgegangen, dass Luxemburg vollkommen dreisprachig ist und es eher davon abhängt, wer mit wem spricht und nicht davon, aus welcher Gegend des Landes man kommt. Die deutschsprachigen Zeitungen "Wort" und "Tageblatt", auch deutschsprachige Vereine, zum Teil sogar die Gemeinden selbst, verwenden - soweit man sich online einen Überblick verschaffen kann - durchaus die deutschsprachigen Ortsnamen.
Der Versuch, jetzt die letzten verbleibenden Artikel einheitlich auf den deutschsprachigen Ortsnamen zu verschieben und den luxemburgischen und französischen Namen jeweils am Eingang des Artikels zu nennen und per Weiterleitung zugänglich zu machen, wurde heute Nachmittag von einem Benutzer komplett durchkreuzt. Er unterstellt Deutschnationalismus und will die französischsparchigen Ortsnamen durchsetzen.
Nun fällt es mir, der zwar bislang nur zweimal in dem Land Gast sein konnte, arg schwer, die realen Verhältnisse einzuschätzen. Kann deshalb ein oder mehrere Benutzer vor Ort uns deshalb bitte zur Hilfe kommen? Wie ist die Sprachsituation wirklich? Werden die Ortsnamen in allen drei Sprachen verwendet? Wird Deutschnationalismus oder Revanchismus vermutet, wenn ich über einen Ort mit seinem deutschen Namen spreche? Vielleicht könntet Ihr hier oder gleich auf de:Wikipedia_Diskussion:Namenskonventionen#Luxemburg_vollst.C3.A4ndig_deutscher_Sprachraum.3F uns mit einer fundierten Auskunft weiterhelfen. Besten Dank. -- 93.108.203.169 23:22, 28. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Verknüpfung mit OpenStreetMap[Quelltext änneren]

Koordinate oben rechts im Artikel mit „(Karte)“
Artikel mit Karte

In der deutschsprchigen Wikipedia haben wir seit einiger Zeit in unsere Artikel mit Koordinaten Karten aus OpenStreetMap (OSM) standardmäßig eingebunden. In Artikeln zu Orten, Bauwerken, auch Unternehmen, in denen eine Geokoordinate hinterlegt ist, erscheint rechts oben die Koordinate. Dort ist zusätzlich ein Link "Karte" gesetzt, der beim Draufklicken eine OSM-Karte einblendet mit der markierten Position. Positionen in dem Kartenausschnitt, zu denen es bereits Wikipedia-Artikel gibt, sind entsprechend markiert. Der Artikelbestand wird so räumlich visualisiert.
Auch andere Wikipedia-Sprachversionen haben dieses Plugin inzwischen eingebunden, die niederländische, die französische, die polnische, die dänische ...
Ich würde gerne von Euch wissen, ob von Seite der Autoren der luxemburgischen Wikipedia Interesse besteht, dieses Feature auch zu implementieren. Der technische Aufwand dafür hält sich in Grenzen (vgl. de:Hilfe:OpenStreetMap#Installation_in_anderen_Sprachen) und könnte von unserem Projektbetreer de:Benutzer:Kolossos begleitet werden. -- 93.108.203.169 14:41, 3. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Aber sicher besteht bei uns Interesse dieses Feature zu implementieren, da jedoch die Zahl der Benotzer mit grösseren Fachkenntnissen sehr begrenzt ist, gelingt es uns nur selten herauszufinden wleche Möglichkeiten die MediaWiki-Software bietet, welche Erweiteungen standardmässig implementiert sind bzw. wie man welche Gadgets finden und dann auch implementieren kann. Uns ist auch nicht immer klar. was dann zusätzlich zu ändern ist danmit es dann klappt.
Gerne werde ich selber die Aufgaben hierfür erledigen welche nur von Admins erledigt werden können. --Robby (Diskussioun) 17:35, 3. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ich denke solange in prominenten Artikel wie Berlin die Koordinaten noch nicht in einer maschinenlesbaren Form sind, gibt es wohl noch viel zu tuen. Diese Probleme mit den technischen Gadgets haben viele der kleineren Wikipedias. Vielleicht wartet man auch noch 1-1.5 Jahre bis das dann ggf. pber WikiDATA zentral gelöst wird. Man sollte es also nur machen, wenn man Lust dazu hat, ansonsten konzentriert man sich wohl lieber auf die Artikelarbeit. Trotzdem helfe ich bei konkreten Fragen gerne. --Kolossos (Diskussioun) 21:28, 3. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Infobox für Flughäfen[Quelltext änneren]

Moien, ich wollte heute einen Beitrag zum Flughafen "Gan" schreiben. Nach langem suchen fand ich dann aber keine Infobox oder Schablone dafür. Könnte vieleicht jemand so eine Infobox erstellen? Das währe echt super!

Merci


Christian

Kategorie:Schauspiller[Quelltext änneren]

Gudden Owend,

Ech hunn eng Fro, an ech hätt och gären eng Äntwert.

Firwat ginn Enn August all Schauspiller a Schauspillerinnen a Filmschauspiller oder Filmschauspillerinnen ëmgewandelt.

An der däitscher an an der franséischer Wiki sinn et Schauspieler an Acteurs , domat trëfft ee souwuel d'Theater an d'Filmschauspiller.

Déi meescht Schauspiller hunn ausser am Film och am Theater Rollen iwwerholl. Léiwe Melouresbot méchs du elo den Triage a schreifs och all Theaterschauspiller derbäi.

Mä firwat et einfach loossen wéi et war bis Enn August , wann een et och elo komplizéiert ka maachen.

Johnny Chicago (Diskussioun) 23:06, 22. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien Johnny Chicago,

Äntwert op deng éischt Fro:

Firwat ginn Enn August all Schauspiller a Schauspillerinnen a Filmschauspiller oder Filmschauspillerinnen ëmgewandelt.
Et sinn nëmmen déi a Filmschauspiller oder Filmschauspillerinnen ëmgedeeft ginn vun deene bekannt ass datt se a Filmer gespillt hunn a vun deenen ech am Artikel net erausfonnt hunn ob se och Theater gespillt hunn . Deemno net all.


Du sees:An der däitscher an an der franséischer Wiki sinn et Schauspieler an Acteurs

Wanns de natierlech nëmme bei de Fransouse kucks oder bei den Däitschen dann hues de Recht. Wann ee sech e bësselche bei aneren ëmkuckt mierkt een datt et do eng aner Evolutioun gëtt. Et gëtt se ewell an iwwer 30 Wiken (virun dräi Méint waren et der 12. Et mierkt en deemno däitlech den Trend no uewen a wat wichteg ass natierlech d'Upassung un d'Commonskategorien déi no an no richtungsweisend fir all Wikie ginn) ënner anerem déi englesch an déi hollännesch, fir zwou aner grousser ze nennen, déi d'Trennung tëscht Schauspiller am Allgemengen a Filmschauspiller gebrauchen well déi och nach en etlech aner Ënnerkategorien hunn, ëm déi Dosen déi mir natierlech net hunn (firwat eigentlech net, ass do d'Fro).

Du sees:Déi meescht Schauspiller hunn ausser am Film och am Theater Rollen iwwerholl. Du stells dat praktesch als eng Selbsvertändlechkeet duer. An den Artikele kann ech net vill dervu fannen, ausser bei de lëtzebuergeschen, an enger Handvoll Auslänner (eng gutt 2 Dosen, déi meescht vun aneren Artikelschreiwer) bei deenen et ernimmt ass. Dofir stinn déi och nach an der allgemenger Kategorie Schauspiller. Selbsverständlech sollen all déi Leit déi Theater gespillt hunn an enger sonner Kategorie opgefouert ginn, a wann net an där, dann op d'mannst och an der genereller Kategorie Schauspiller stoe bleiwen.

Wéi s de sécher gemierkt hues ass dat Gesënners nach net fäerdeg well et leeft paralell mat de Kategorien:Persounen no Aktivitéit a Persounen no Nationalitéit, déi och all elo mat hirem Gued an anere Wikien an op Commons verlinkt sinn (do bestoung e groussen Defizit). Ech kann der just soen datt dat eng haart Noss war fir dat emol e bësselchen op eng Schinn ze kréien. Gott sei Dank hat mir do den anere Bottekolleg eng Hand ugepaakt, well bis dohin hat sech wéi bei sou ville Kategoriesgeschichte kee Mënsch Suerge gemaach. (Ausser elo bei de Filmschauspiller a virun en etlech Joer bei de Gebuer a Gestuerwe-Kategorien déi awer elo eng Selbsverständlechkeet sinn). Vun den Interwikiupassungen déi a leschter Zäit gemaach goufen schwätzt komescherweis och kee Mënsch, et paakt natierlech och keen eng Hand un ausser de Kolleg Robby a säi Bot.
Ech profitéieren och mol hei vun de Geleeënheet fir dem Robby Merci ze soen fir all déi Iwwersetzungen déi hin am Hannergrond op Translate mécht an déi deemno hei guer net sou opfalen. Et sinn der iwwer 10.000 an de leschten 18 Méint gewiescht.
Déi Iwwersetzunge grad esou wéi d'Upasse vu Kategorien un déi grouss Wikipediaen an u Commonskategorien kënnen nëmme just hëllefen den Informatiounstransport tëscht de Wikie fir de Benotzer méi einfach ze maachen.
Mat beschte Gréiss --Melouresbot (Diskussioun) 09:21, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Nummännerung[Quelltext änneren]

Moien alleguerten,

Ech war tëschent Juni 2009 an Oktober 2010 an der lëtzebuergescher an an aaner Wikien aktiv. Dann ass et mir awer e bessi penibel ginn, ennert dem eegene Numm opzetrieden, wourophinn ech probéiert hunn mäi Konto ze läschen an e neien unzefänken, wat awer leider net geet. Zënterhir si meng Kontributiounen anonym. A läschter Zäit hunn ech mech rem méi staark fir de Projet intresséiert an ech géif lo rem gären als identifizéierbare Benotzer optrieden, wëll awer e Pseudonym unhuelen. Kann ee mir hëllefen?

Merci am Viraus,

Jean Beurlet 13:37, 27. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien,
E Benotzernumm kann nëmme vun engem Bürokrat geännert ginn an där hu mer hei just een, de Benotzer:Robby. Ech hu keng Ahnung wéi komplizéiert dat ass, dat kann hien dann hoffentlech matdeelen. Et ass op alle Fall flott datt mer dann hei nach zousätzlech Verstäerkung kréien. --MMFE (Diskussioun) 15:42, 27. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien. Dir kënnt iech prinzipiell ouni Probleem mat engem neie Pseudonym umellen an den an Zukunft bäibehalen. Wann Der awer wéillt, datt Är fréier Kontributiounen ënner dem Usernumm "Jean Beurlet" deem neie sollten ugerechent ginn, ass et e bësse méi komplizéiert: Da muss een ufroen, datt deen "ale" Usernumm ëmgeännert gëtt. Do kann effektiv just de Robby, dee Bureaukraten-Rechter huet, weiderhëllefen.
An ech schléisse mech dem MMFE un, dat flott ze fannen, datt Der um Ausbau vun der lb-Wiki hëllefe wëllt. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:55, 27. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
D'Ännere vun engem Benotzernumm ka ganz einfach mat e puer Klicke vun engem Bürokrat gemaach ginn. Dee Benotzer muss mir dat just matdeelen an normalerweis maachen ech dat da banne 24 Stonnen. E bësse méi doriwwer fënnt een op en:Wikipedia:Changing username. Wann nach weider Froen zu deem Sujet sinn da kënnt Dir mech och iwwer meng Benotzersäit oder per E-Mail kontaktéieren. Bescht Gréiss Robby (Diskussioun) 22:22, 27. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

An ech si frou zréck ze sinn. Merci un Iech all. NeieBlannen 12:50, 29. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Kategorie - Professor Uni Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Kinnt w.e.g. een dei Kategorie 'Professor op der Uni Lëtzebuerg' schafen. Merci am viraus. --Corto lu (Diskussioun) 15:40, 24. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]

Spamfilter[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Ech wollt an engem Artikel e Link op e PDF Dokument maachen a krut d'Säit net gespäichert, mat dëser Erklärung: „D'Säit déi dir späichere wollt gouf vum Spamfilter gespaart. Dëst warscheinlech duerch en externe Link den op der schwaarzer Lëscht (blacklist) vun den externe Säite steet.“

Wat kann ech do maachen?

Merci am Viraus fir d'Hëllef. --GilPe (Diskussioun) 17:05, 15. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien et wier vläicht gutt unzeginn wateree PDF dat war fir datt ee sech e Bild ka maachen a probéieren ob dat z.B an all Browser sou ass. --Les Meloures (Diskussioun) 17:11, 15. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci Les Meloures, d'Saach ass gekläert, et schéngt wéi wann ech de Link falsch kopéiert hätt, well et geet mëttlerweil; et ass de Link am Artikel vum Charles Marx deen s Du bäigesat hues. Merci. --GilPe (Diskussioun) 18:53, 15. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


Eng Fro zu: Kategorien: Filmer a schwaarz-wäiss-Filmer.[Quelltext änneren]

Nodeems dat bei Le salaire de la peur d’Kategorie franséisch an italieenesch Filmer gestrach ass ginn, well ech dat hei zur Diskussioun stellen.

E franséische schwaarz-wäiss-Film ass nach ëmmer fir d’éischt e franséische Film an duerno fält hien eréischt an d‘Kategorie vun de Schwaarz-Wäiss–Filmer. Wa mir e net an der Kategorie franséisch Filmer opzielen da feelen an der Kategorie franséisch Filmer vill Filmer a mir hunn an der Kategorie franséisch Filmer nëmme nach Faarwfilmer stoen.

D’englesch Wiki féiert d’Filmer och fir d’éischt de Länner oder der Sprooch no op an duerno eréischt an der Kategorie Schwaarz-Wäiss Filmer.

Hei zou géif ech nawell gären d'Meenung vun anere Wikismataarbechter héieren a net nëmmen déi vun deem deen d'Kategorie franséisch an italieenesch Filmer gestrach huet. Merci.

Johnny Chicago (Diskussioun) 22:01, 13. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

lånnerkategorië stoe loossen. --Zinneke (Diskussioun) 22:38, 13. Aug. 2015 (UTC) (z zt ouni richtege computer, dofir kurrz)[äntweren]


Moien och, well ech de Béise sinn deen déi Kategorie erausgeholl hat well ech dann och e puer Wuert derzou soen.
Bis elo hu mer am Prinzip bei der Kategorisatioun hierarchesch an net duebel kategorieséiert, bis vläicht op eng oder zwou Ausnamen déi mir awer elo net direkt afalen. Dat heescht am Kloertext, datt wann eng Kategorie an eng aner eropgeleet ass da stinn déi Artikele jo duerch d'Ënnerkategorie automatesch an där Kategorie. Mir kënnen awer vu mir aus gären alles duebel kategoriséieren. Do si sech och z. B. an dësem Fall déi franséisch an italieenesch net eens mat der englescher Wiki déi hei uewen driwwer alleng ernimmt gëtt (firwat?). D'Fransousen an d'Italieener hunn an der Katorie film français alles an Ënnerkategorie stoen. Bei ons ass dat nach net de Fall, well mer an den Ënnerkategorien nach ganz schwaach op der Broscht sinn.
Déi Wikien hunn awer an deene Kategorien eng spezifesch Informatioun stoen.
D'Fransouse soen:
La présente catégorie ne pratique pas la double-catégorisation. Par application du principe de subsidiarité, chaque film doit, autant que possible, être classé d'une part selon son genre, d'autre part selon son année de sortie.
D'Italieener soen:
La presente è una categoria radice e dovrebbe contenere solo sottocategorie
D'Englänner praktizéieren hei déi duebel Kategorisatioun:
For convenience, all xxxxxx are included in this category. This includes xxxxxxxx that can also be found in the subcategories. Si maachen dat awer och nëmme bei engem ganz schwaache Prozentsaz vun hire Kategorien (ënner engem %).
Dat just zur allgemenger Informatioun. Perséinlech kann ech mat jiddwerenger vun den zwou Méiglechkeete liewen ënner der Konditioun datt mer dee Prinzip entweder iwwerall uwenden (eng Iwerleeung déi bei Filmer richteg ass misst dat jo dann och bei den anere Kategorië sinn, oder awer vläicht net ??) oder datt mer bei all Kategorië genee soen, wéi se ze behandele sinn fir an Zukunft weider Diskussiounen ze vermeiden. Eng Säit Hëllef:Kategorien an där kloer festgehale gëtt wéi mer solle weidefueren, wier an dësem Fall vläicht ubruecht.
Ps. Mer hunn zwar och eng Säit Wikipedia:Kategorien déi awer ganz schappeg ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 14. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Nach eng kleng zousätzlech Fro: Wéi ass et méiglech datt bei engem franséisch-italieenesche Film d'Produktiounsland d'USA sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 13:17, 14. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Wann d'Kategorie "Franséisch Schwaarz-wäiss Filmer" heescht brauch een e menger Meenung no net och nach eng Kéier an d'Kategorie "Franséisch Filmer" ze setzen, (an och net an d'Kategorie "Schwaarz-wäiss Filmer"). Duebelkategoriséierunge sollte mer vermeiden.--MMFE (Diskussioun) 13:25, 14. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Nach eng kleng Erklärung:

Fir et einfach ze maachen hu mir d’Filmer de Länner no agedeelt. Dat ass och ganz verständlech.

Déi Filmer déi no de Länner opgezielt ginn, sinn dann zweetens Faarwfilmer oder Schwaarz-Wäiss-Filmer.

Huele mer als Beispill franséisch Filmer:

An der Kategorie franséisch Filmer wann se eppes daache soll, muss een ënner dëser Kategorie all franséisch Filmer fannen, soss ass déi Kategorie fir d’Katz.

Wa mir déi schwaarz-wäiss Filmer nëmmen an der Kategorie Franséisch schwaarz-wäiss Filmer opféieren da feelen äis an der Kategorie franséische Film vill Filmer. (eng kleng Remarque: viru 1940 waren sou ze soen all Filmer a schwaarz-wäiss).

Ech sinn derfir dat mir ënner der Lännerkategorie all Filmer opzielen déi an engem Land gedréint oder produzéiert goufen. Op de Film elo faarweg oder schwaarz-wäiss (en techneschen Detail vum Film) ass solle mer als Ennerkategorie betruechte wéi mer dat och fir déi aner Kategorien wéi Abenteuerfilmer a Kriminalfilmer maachen.

Eng kleng Remarque: an der lescht hunn ech déi schwaarz-wäiss Filmer schonns ëmmer duebel katalogiséiert (z. B. Jerry Cotton) net nëmmen een oder zweemol) Johnny Chicago (Diskussioun) 16:06, 14. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech mengen et kann een nach laang diskutéieren zu dëser Fro, mä praktesch gesinn ass et wuel dat bescht wann deejéinegen, dee sech am meeschte mat deem Thema beschäftegt, dat esou handhaabt wéi hien et am sënnvollste fënnt. Domat brauchen dann och keng weider Ännerungen un de Kategorie gemaach ze ginn, déi jo souwisou och kaum ee géif maachen.--MMFE (Diskussioun) 08:12, 16. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Perséinlech géif ech mengen mer solle mol endlech d'Säit Hëllef:Kategorien uleeën. An der Diskussioun vun där Säit kéint dann iwwer d'Kategorisatioun am Allgemengen an am Speziellen diskutéiert ginn, an net nëmmen iwwer déi vun engem Thema déi hei vum Haaptanimateur vun deem Thema (mat Recht awer net onbedingt objektiv) aus sengem Eck gesinn gëtt, an dat mat Argumenter déi ech perséinlech net novollzéie kann an déi een och ganz licht aus engem anere Bléckwénkel gesi kann. Et hänkt just ëmmer dervun of op wat een d'Haaptgwiicht soll leeën an dat sollt schonn iwwer eng allgemeng Richtlinn fir d'Kategorisatioun festgeluecht ginn, déi och da vun der Allgemengheet sou akzeptéiert ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:04, 16. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Englesch a lëtzebuergesch Wiki (schwaarz-wäiss Filmer):
Wéi d’Kategorie Schauspiller agedeelt ginn ass a Filmschauspiller an Theaterschauspiller huet de Les Meloures mir gesot bei de Kategorie sollte mir äis esou no wéi méiglech un der englescher Wiki orientéieren.
Hei dann e puer Beispiller aus der engl. Wiki zum Thema schwaarz-wäiss Filmer:
8½ (Fellini) - Kategorien: Italian films |Italian-language films | Black-and-white films
La Dolce Vita (Fellini): - Kategorien: Italian films | Black-and-white films
Manhattan (W. Allen): - Kategorien: American films |1970s romantic comedy films |Black-and-white films
The Kid (Ch. Chaplin): - Kategorien: American films |American silent feature films| Black-and-white films
Intolerance (D. W. Griffith) ; - Kategorien: American films|American epic films|American drama films|Black-and-white films
La Grande Illusion (Jean Renoir): - Kategorien: 1937 films |French films |French drama films |French war films |Black-and-white films
Also ginn an der englescher Wiki d’schwaarz-wäiss Filmer och 2x opgezielt, eemol beim Land an eemol als schwaarz-wäiss Film.
Wat fir déi grouss englesch Wiki gutt ass mengen ech misst och fir déi kleng lëtzebuergesch Wiki gutt sinn.--Johnny Chicago (Diskussioun) 08:52, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Jo, do ginn dann och d'Kategorien no Länner an d'Kategorien nom Filmtyp separat benotzt, wat dann och Sënn mécht, bei eis gi se awer kombinéiert zu "franséisch schwaarz-wäiss Filmer", "italieenesch schwaarz-wäiss Filmer", asw. --MMFE (Diskussioun) 09:24, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Menger Meenung no ass bei dësem Thema dat wichtegst datt mir emol an d'Kategorien dran ze setzen wéi mir kategoriséieren (esou wéi dat an de Beispiller hei driwwer an deenen anere Sprooche gemaach gëtt). Well nëmmen da kann e Benotzer vu Wikipedia (a fir déi maache mir jo d'Wikipedia op lëtzebuergesch) wësse wéi hien/hat eppes an eise Kategorie fanne kann. Dat ass menger bescheidener Meenung no méi wichteg wéi dat ob mir e bestëmmten Artikel elo just an eng ganz präzis Kategorie drasetzen oder a 17 Kategorien fir datt et méi liicht an de Kategorien ze fannen ass. Et kann och duerchaus sinn datt mir dat (esou wéi och aner Sprooche vu Wikipoedia) dat net an alle Beräicher (Film, Sport, Geschicht, Wëssenschaft, ...) op déi selwescht Manéioer maachen esoulaang wéi mir dat an de Kategorien draschreiwen esou datt e Lieser/Benotzer vu Wikipedia da liicht erausfanne kann.--Robby (Diskussioun) 17:42, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Fazit no déck dräi Wochen:
Vill Gediskutéiers fir null Resultat. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 5. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Entshuldiegen Sie bitte, eine Frage über Hindouismus in Luxemburg[Quelltext änneren]

Meine Herren und Damen. Ich schreibe Artikeln in die Wikipedia auf Tatarisch. Jetzt übersetze ich Artikeln über Hindouismus in verschiedene Länder. Gibt es Information über die Tempel, Personen (Wissenschaftler verbindet mit dieses Thema) von Luxembourg? Ich habe zum Beispiel über Hindouismus in Kroatien gefunden, und glaube ich es muss etwas über Hindouismus in Luxembourg sein. Senden Sie bitte mich ob Sie etwas über Hindouismus, Sanskrit Sprache recherchierung in Luxembourg haben. Vielen Dank,--A.Khamidullin (Diskussioun) 13:38, 12. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

See here: http://religion.lu/list/hindu.html --Les Meloures (Diskussioun) 13:52, 12. Mäe. 2018 (UTC) Merci! Super!--A.Khamidullin (Diskussioun) 11:19, 13. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Hier ist ein neu Artikel auf Tatarisch über Hinduismus in Luxemburg (Lëtzebuerg). Vielleicht schreibe ich später etwas mehr. [[1]]--A.Khamidullin (Diskussioun) 16:24, 13. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Merci!--A.Khamidullin (Diskussioun) 09:18, 14. Mäe. 2018 (UTC) Couldn't help not doing a version of this article in our neighbors language - Meadow Mari. [[2]]. Let's see if I didn't make many mistakes there will be also a version of this article in Meadow Mari.--A.Khamidullin (Diskussioun) 21:27, 15. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Moselfränkisch[Quelltext änneren]

Entschuldigt bitte, dass ich auf Deutsch schreibe: Weiß jemand, ob jemand bereits versucht, die luxemburgische Wikipedia zu einer gesamtmoselfränkischen auszubauen? Ähnliches funktioniert ja bereits bei der rheinfränkischen Wikipedia, bei der es ein Texte in Pfälzisch, Hessisch, Südfränkisch (also "Badisch" um Karlsruhe) und im östlichen Lothringer Platt gibt. Ich habe auch schon bei Meta-Wiki geschaut, ob ein Antrag auf eine moselfränkische Wikipedia eingereicht wurde, habe aber leider nichts finden können. --Son-of-my-comfort (Diskussioun) 17:19, 7. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]

Nach Aussage des Linguisten Peter Gilles, veränderte die luxemburgische Varietät des Moselfränkischen, die im 19. Jh. noch unter der Eigenbezeichnung ‚unser Dialekt’ und ‚Luxemburger Deutsch’ auffgeführt wurde, nach und nach ihren soziolinguistischen Status und wird heute als eigene Sprache ‚Luxemburgisch’ (‚Lëtzebuergesch’) als eindeutig vom dem Deutschen (und auch mehr und mehr vom deutschländischen Moselfränkischen) abgegrenzt. Das luxemburgische hat bis heute große strukturelle Ähnlichkeiten mit den mosel-fränkischen Varietäten auf deutscher Seite, doch ist auf sprachstrukturellen Ebenen eine zunehmende Relevanz der Landesgrenze und damit auch ein zunehmendes Aufbrechen des alten dialektalen Kontinuums festzustellen. Basierend auf diesen Sprachstruktur- und Sprachgebrauchsunterschieden ist es sinnvoll zukünftig zwischen 'Letzebuergesch’ in Luxemburg und ‚Moselfränkisch’ in Deutschland zu unterscheiden. Unabhängig von Peter Gilles, ist ein weiteres gewichtiges Argument gegen eine gemeinsame Moselfränkische Wikipedia die Tatsache, dass das luxemburgische eine geschriebene Grammatik hat und damit auch nach linguistischen Kriterien, im Gegensatz zum deutschen Moselfränkisch eine Sprache ist und das Moselfränkische nicht.
Aus meiner Sicht ist eine gemeinsame Moselfränkische Wikipedia, aus den oben genannten Gründen, kontraproduktiv und nicht sinnvoll. Auf weitere Argumente bin ich gespannt. Marko Kafé (Diskussioun) 20:55, 9. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Navigatiounsläischt op mobillen Apparater[Quelltext änneren]

Moien,

Weess vläicht ee firwat Navigatiounsläischten (z.B. {{Navigatioun Ministèren zu Lëtzebuerg}}) op de mobillen Apparater net ugewise ginn? A wat een do eventuell ännere kann? Merci | GilPe (Diskussioun) 11:11, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Just eng Hypothees: Vläit hängt dat dermat zesummen, op se par défaut op- oder zougeklappt sinn (am lescht Fall geséich een se net)?
Fro: Ass dat just bei onsen Artikelen oder och bei deenen an anere Wikien? --Les Meloures (Diskussioun) 14:08, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Ps: Wann ech den Tour de France 2011 op engem mobil kucken da gesinn ech d'Navien. --Les Meloures (Diskussioun) 14:37, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat hei soen d'Englänner: Templates using the classes class=navbox or class=nomobile are not displayed on the mobile web site. --Les Meloures (Diskussioun) 14:41, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Okee, d'Englänner liwwere jo dann d'Erkläerung. Merci. | GilPe (Diskussioun) 16:29, 18. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Linster Säit[Quelltext änneren]

Léif Kolleegen, et gëtt e Problem mat der Lëtzebuerger Linster - Familljennumm Säit. Déi däitsch Säit (https://de.wikipedia.org/wiki/Linster) gëtt net als Sproochversioun vun der Lëtzebuerger Säit ugewisen. Et ass wahrscheinlech e Problem mat Wikidata. Ech wier dankbar fir Hëllef beim léisen vum Problem.--Marko Kafé (Diskussioun) 19:15, 8. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]


Salut: ass geléist --Les Meloures (Diskussioun) 19:43, 8. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]