Wikipedia:Wéi een en Artikel schreift

Vu Wikipedia

Dës Säite sollen Iech weisen, wéi een en Artikel respektiv eng Säit op der Wikipedia schreift an/oder verännert. Wann Dir awer just en Artikel liesen oder e bëssen an der Wikipedia bliedere wëllt, da kuckt Iech léiwer d'FAQ vum Lieser un.

Jidderee ka jidder Artikel/Säit veränneren ouni sech dofir iergendwéi bannen ze missen. Natierlech encouragéiere mir Iech matzeschaffen, wann Dir zu engem Thema eppes Nëtzleches bäidroe kënnt.

En Artikel änneren
Dës Säiten hëllefen Iech Schrëtt fir Schrëtt ären éischten Artikel ze schreiwen, ob Dir elo Feeler verbessere wëllt oder nei Eenzelheeten drasetzt.
Syntax: kursiv oder fett schreiwen
Dës Säiten erklären Iech, wéi Dir ären Text a Form bréngt, speziell mat Kursivschrëft, Fettdrock a Lëschten.
Reegelen
Dës Säite ginn Iech e puer Reegele mat op de Wee, wéi Dir gutt Artikele schreiwe kënnt.
Artikele matenee verlinken
Dës Säiten erklären Iech, wéi Dir Linken tëscht eenzelen Artikele setze kënnt.
En neien Artikel uleeën
Schreift e ganz neien Artikel, vun Null un.