Wikipedia-Monument

Vu Wikipedia
Wikipedia-Monument
D'Wikipedia-Monument vum Mihran Hakobyan
Typ Monument,
Skulptur
Land Polen
Koordinaten 52°20'57,5"N, 14°33'37,3"O
Héicht 250 Zentimeter

D'Wikipedia-Monument (pl.: Pomnik Wikipedii) ass eng 2,5 m héich Plastik aus Plastik, a Bronze-Faarf vum Mihran Hakobyan. Et steet zu Słubice a Polen an huet d'Form vun engem oppene Globus als Puzzle, dem Logo vu Wikipedia, dee vun zwou Fraen an zwéi Männer an d'Luucht gehuewe gëtt. D'Figure stinn op engem Sockel aus Bicher, déi d'Wësse symboliséieren[1].

D'Iddi koum vum Krzysztof Wojciechowski, Auteur an Direkter vum Collegium Polonicum, an d'Stad Slubice huet e Subsid ginn. D'Plastik gouf vum Mihran Hakobyan, engem armeenesche Kënschtler an Absolvent vum Collegium Polonicum, geschaf. Si steet op der Plac Frankfurcki a gouf den 22. Oktober 2014 devoiléiert[2]. Et ass dëst dat éischt Monument fir d'Wikipedia.

Um Sockel steet an e puer Sproochen (Iwwersetzung):

MIHRAN HAKOBYAN
Wikipedia


D'Bierger vun der Stad Słubice wëlle mat dësem Monument hiren héije Respekt weisen un Dausende vun anonymmen Auteuren op der ganzer Welt. Hiert benevolt Engagement iwwer politesch, reliéis a kulturell Grenzen ewech huet et eréischt méiglech gemaach, datt Wikipedia dee gréisste vu Mënsche geschafe gemeinsame Projet gouf.
An deem Joer, wou dëst Monument ageweit gouf, gouf et Wikipedia an iwwer 280 Sproochen a se bestoung aus am Ganzen 30 Milliounen Artikelen. D'Stëfter vun dësem Monument sinn dovun iwwerzeegt, datt d'Wëssensgesellschaft, wouvunner d'Wikipedia och eng Sail ass, am Stand wäert sinn, fir eng nohalteg Entwécklung vun eiser Zivilisatioun, sozial Gerechtegkeet a Fridden tëscht de Vëlker ze garantéieren.
22. Oktober 2014

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wikipedia Monument – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die Kulturzeit-Nachrichten: Kulturzeit-News vom Donnerstag, 23. Oktober 2014
  2. Collegium Polonicum: Ablaufplan der Denkmalenthüllung