Wikipedia:Administrateuren

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Administrators)

Dës Säit huet als Zil, ierch e bësse méi no ze bréngen, wien d'Administrateure sinn, wat si maachen a wéisou si do sinn. Eng Lëscht vun den Administrateuren oder kuerz Admins kann hei konsultéiert ginn: Admins Lëscht.

Firwat ginn et Admins ?[Quelltext änneren]

Fir e Site wéi d'Wikipedia oprecht ze erhalen, wou all Dag eng Doze Leit un den Artikelen änneren, brauch een eng Rei "Waffe" fir Feeler ze verbesseren, Säiten am schlëmmste Fall ze läschen, an temporär Säiten ze blockéieren oder Vandalen ze ënnerbriechen beim Zerstéiere vun Artikelen.

Aus evidente Sëcherheetsgrënn kënnen dës Aufgaben net vun all x-belibege User benotzt ginn, an dowéinst hu verschidde Benotzer speziell Rechter, an dat sinn d'Administrateuren.

Dëse Statut gëtt deene Benotzer uvertraut, déi schonn eng Zäitche bei Wikipedia dobäi sinn, an d'Vertraue vun deenen anere Benotzer genéissen. An eisem Fall sinn ausser de Grënnungsmembere just nach zwee Memberen zum Admin ernannt ginn, mee wat mir méi grouss ginn, wat nach anerer dobäikomme wäerten.

Wat kann en Admin maachen?[Quelltext änneren]

Admins hu speziell Rechter géintiwwer deenen anere Useren op der Wikipedia. Si kënnen:

  • Säite protegéieren an deprotegéieren, an och protegéiert Säiten änneren (wat normal Benotzer dee Moment net méi kënne maachen).
  • Säite mam Historique komplett läschen. Kuckt dowéinst den Artikel Wikipedia:Läschen.
  • geläschte Säite konsultéieren an noutfalls restauréieren, andeems si Zougrëff op eng Datebank hunn, déi den Admins virbehalen ass.
  • IP Adressen a registréiert Benotzer spären, sou datt dës net méi op d'Wikipedia schreiwe kënnen.
  • d'Systemmessagen änneren iwwer Wikipedia:Espace Mediawiki.

En Admin huet keng weider Informatiounen zu enger IP Adress oder dem Courrier tëscht De Benotzer wéi déi aner Benotzer och.

Rechter a Flichten[Quelltext änneren]

Den Admin huet déi selwecht Rechter a Flichte wéi all normale Wikipedia-Benotzer:

  • un den Artikele matschaffen, déi hien interesséieren;
  • op Froen äntwerten, soufären e kapabel dozou ass;
  • nei Wikipedianer an d'Famill ophuelen;
  • e bësselche raumen (zum Beispill am Staminee);
  • oppassen, datt kee copyrechtlech geschützte Contenu op Wikipedia steet, bei Texter genee wéi bei Biller;
  • Contenu, deen als Vandalismus ugesi gëtt, läschen (andeems d'Säit einfach eidel gemaach gëtt)

Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet. All dës Rechter a Flichten si kee Privileeg vun engem Admin, all Benotzer ka sech dodrëms këmmeren, genee sou wéi en Admin net gezwonge ka ginn, all Woch um Staminee ze raumen.

Wéi gëtt een Admin ?[Quelltext änneren]

Adminskandidaturen kënnen op dëser Säit Wikipedia:Adminkandidaturen agereecht ginn, wou da vun den anere Benotzer ofgestëmmt gëtt.

Konsequenze vun engem Muechtmëssbrauch[Quelltext änneren]

E Muechtmëssbrauch vun engem Admin ass eng onéierbar Benotzung vun de Mëttelen, déi him zur Verfügung stinn, an déi keng Ausnam (cf. heidrënner) duerstellen. Wann iech sou ee Fall virkënnt, schreift e wgl. heihin, mat der Sanktioun déi ärer Meenung no ubruecht ass, a waméiglech enger URL als Beweis fir de Mëssbrauch.

A kengem Fall dierf en Admin:

Ausnamen[Quelltext änneren]

Bei klengem an/oder evidentem Vandalismus (z. B. eng Persoun, déi eng Säit opmécht, fir "Coucou" ze schreiwen) kann den Admin natierlech dës Säit direkt läschen, ouni iwwer d'Wikipedia:Läschen-Säit ze fueren. Dës betrëfft awer nëmmen déi Säiten, wou keng pertinent Informatioun fir d'Enzyklopedie ze fannen ass.