Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Artikel/Neien Artikel schreiwen

Vu Wikipedia

Dës Säit erkläert Iech déi verschidde Methoden, wéi Dir en neien Artikel kënnt uleeën.

Dir sidd amgaang en Artikel ze liesen

[Quelltext änneren]
Blo a rout Linken op aner Artikelen

Wann Dir en Artikel liest, gesitt Dir rout a blo Wierder am Text stoen. Déi blo Wierder sinn déi, fir déi et en Artikel op der Wikipedia gëtt. Déi Rout soen iech, datt et deen Artikel nach net gëtt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wikipedia:Artikel/Linken.

„Rout Wuert“

[Quelltext änneren]
  1. Roude Link klicken → Säit uleeën: Wann Dir elo wëllt een Artikel maachen iwwer e Begrëff, deen a Rout do steet (z. B. Akafszentrum), braucht Dir nëmmen op de roude Link ze klicken. Da geet eng nei Fënster op, déi als Titel den Numm huet, op deen Dir geklickt hutt;
Fënster, an där Dir den Artikel Akafszentrum uleeë kënnt
  1. Artikel schreiwen: An där Fënster kënnt Dir elo den Text fir Ären Artikel aginn. Wann Dir domat fäerdeg sidd, gitt uewen op d'Säit a klickt op Ännerunge publizéieren;
  2. Kontrolléieren: Dir kënnt duerno Ären Text iwwerpréiwen, e Resümmee aginn (z. B. „Nei Säit“) asw., sou wéi et am Artikel Wéi änneren ech en Artikel erkläert ass;
  3. Säit späicheren: Wann Dir zefridde mat ärem Artikel sidd, klickt op Ännerunge publizéieren.

Wann Dir dann duerno nach eppes wëllt am Artikel änneren, klickt op Änneren (oder Quelltext änneren), an d'Editiounsfënster geet erëm op.

[Quelltext änneren]

Wann Dir e Wuert an engem Artikel fannt, dat net verlinkt ass (et am Artikel also weeder rout nach blo ass, z. B. Eenzelhandelsetablissement), an Dir wëllt en Artikel doriwwer schreiwen, kënnt Dir dat Wuert verlinken:

  1. Säit editéieren: Dofir musst Dir op Änneren (oder Quelltext änneren) uewen op der Säit klicken;
  2. Wuert verlinken: D'Editiounsfënster geet op. Sicht am Textfeld nom Wuert a verlinkt et: Entweeder mam Chain icon-Knäppchen, iwwer Ctrl + K oder andeems Dir et am Quelltext tëscht eckeg Klamere setzt: [[Eenzelhandelsetablissement]] (fir weider Detailer, kuckt Wikipedia:Artikel/Linken);
  3. Kontrolléieren a späicheren: Sou wéi et op der Säit „Wéi änneren ech en Artikel“ erkläert ass. Wann et nach keen Artikel iwwer dee Begrëff gëtt, dann entsteet e roude Link sou wéi: Eenzelhandelsetablissement;
  4. Roude Link klicken → Säit uleeën: Dir braucht dann nach just op dee roude Link ze klicken an da weiderzefueren, wéi et ënnert „Rout Wuert“ hei uewendriwwer beschriwwen ass.

Dir wëllt den Numm vum Artikel selwer bestëmmen

[Quelltext änneren]

Dir wëllt den Artikel „Eenzelhandelsetablissement“ uleeën, ouni datt Dir dat Wuert an engem Artikel gesinn hutt.

Sicht no „Ärem“ Begrëff.
Fënster „Resultat vum Sichen“.
  1. Begrëff sichen: Tippt de Begrëff an d'Fënsterchen Op Wikipedia sichen a lancéiert d'Sich mat der Lupp oder mat Enter ↵. Da geet d'Fënster „Resultat vum Sichen“ op, wou der de follgenden Text fannt:
    „Leet d'Säit Eenzelhandelsetablissement op dëser Wiki un!“
    (Do drënner fannt Dir iwweregens all d'Artikelen, an deem Äert Wuert dra fonnt gouf.)
  2. Roude Link klicken: klickt op dee roude Link fir d'Säit unzeleeën, a fuert virun, sou wéi et am Kapitel „Rout Wuert“ hei driwwer erkläert ass.

Den Titel vum Artikel

[Quelltext änneren]

Ier Dir en neien Artikel uleet, iwwerleet Iech, wéi der en nenne wëllt. Den Titel vum Artikel (de Lemma) besteet normalerweis einfach aus dem Numm vun der Saach, déi Dir beschreiwe wëllt.

D'Basisreegele fir de Lemma sinn hei resüméiert:

  • Bei Artikelnimm vu Persoune steet de Virnumm vir (dofir heescht e jo och sou) an de Familljennumm hannendrun. Wann et zwou oder méi Persoune gëtt, déi deselwechten Numm hunn, ginn se duerch en Zousaz ënnerscheet, deen a Klamere geschriwwe gëtt. Zum Beispill Claude Meisch (Biolog) a Claude Meisch (Politiker), well et méi Persoune mat deem Numm gëtt.
  • Dat kann och de Fall si bei anere Begrëffer. Et gëtt zum Beispill dräi Uertschaften, déi Ierpeldeng heeschen: Ierpeldeng bei Ettelbréck, Ierpeldeng bei Réimech an Ierpeldeng bei Wolz. Wann Dir an d'Sichfënsterchen Ierpeldeng agitt, kommt Dir op dës Säit: Ierpeldeng. Et ass eng Homonymie-Säit, wou Iech dann erkläert gëtt, wat alles Ierpeldeng' heesche kann, bzw. wéi vill Uertschaften et mat deem Numm gëtt.
  • Wann Dir en Artikel wëllt schreiwen an Dir mierkt, nodeems Dir e mat Hëllef vun der Sichfënsterche fonnt hutt, datt et deen Artikel schonn ënner deem Numm gëtt, iwwerzeegt Iech dovun, datt et ëm dat selwecht Theema geet wéi dat, wat Dir wollt schreiwen. Wann dat net de Fall ass, schreift den Numm nach eng Kéier an d'Sichfënsterchen, mat engem Zousaz tëscht Klameren, an da fuert Der virun, wéi am drëtten Abschnitt hei uewendriwwer beschriwwen.

Remark:
Wann Dir net sécher sidd, wéi Dir Ären Artikel sollt nennen, frot op der Diskussiounssäit vun engem Administrateur no, oder op der Säit: Wikipedia:Ech hunn eng Fro.

Um Enn sief nach gesot, dass een den Titel/d'Lemma einfach ännere kann, andeems een d'Säit „réckelt“. Et ass deemno net schlëmm, wann et net direkt „sëtzt“.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  • D'Screenshotten op dëser Säit sinn op der Benotzeruewerfläch Vector 2010 (Legacy) opgeholl ginn. Wann Dir an Ären Astellungen eng aner Benotzeruewerfläch agestallt hutt (z. B. Vector 2022), sinn déi eenzel Knäppercher a Funktiounen eventuell op enger anerer Plaz ze fannen.