Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Artikel/Wéi änneren ech en Artikel

Vu Wikipedia
Hutt keng Angscht, op den Änneren-Knäppchen ze klicken!
(Video op Englesch mat Lëtzebuerger Ënnertitelen)

Wikipedia gëtt mat senger eegener Sprooch formatéiert, dem Wiki-Markup, och nach Wikitext genannt. Et ass zimmlech einfach, d'Grondlagen ze léieren.

Dir hutt d'Wiel tëscht engem vun zwéin Tools; den „Quelltext-Editeur“ benotzt Wikitext. Alternativ kënnt Dir de „VisualEditor“ benotzen, en aneren Editeur-Interface, déi méi wéi en WYSIWYG „What You See Is What You Get“ (englesch fir „Wat Dir gesitt, ass [dat] wat Dir kritt“) funktionéiert. De VisualEditor ass e bësse méi einfach ze benotzen, awer de Quelltext-Editeur ass méi effektiv fir verschidden Aufgaben an en ass deen eenzegen, deen op Diskussiounssäite benotzt ka ginn. Soss anzwousch kënnt Dir einfach mam Bläistëft-Symbol tëscht den zwou Methode wiesselen.

Fir eng Säit am Wikitext ze kucken an z'änneren, klickt uewen op der Säit op Änneren oder Quelltext änneren. Dëst erlaabt Iech, Text derbäizesetzen, Ännerungen ze maachen, Text ze formatéieren an aner Elementer wéi Biller an Tabellen derbäizesetzen, déi méi spéit an dësem Tutorial erkläert ginn.

Ännere mam VisualEditor oder am Quelltext?

Nodeems Dir am Artikel op de Quelltext Änneren-Knäppche geklickt hutt, sidd Dir an der „Editéier-Zon“, enger Fënster an där Dir d'Ännerunge maache kënnt.

De Quelltext kann Iech ufanks vläicht intimidéieren, awer et brauch een tatsächlech just e puer Funktioune fir en ze verstoen an ze benotzen. Dës Funktioune sinn uewen an der Beaarbechtungs-Läischt vum Quelltext-Editeur opgezielt, an Dir gewinnt Iech séier drun! Dir kënnt ëmmer nei Techniken an der Sandkaul ausprobéieren.

Editéier-Zon am Quelltext

Ännert alles wat néideg ass. Dir gesitt speziell Codë wéi z. B. '', ''', [[, ]] asw. Këmmert Iech an enger éischter Linn emol net dorëms a setzt är Ännerungen dran.

Wann Dir en Text als neien Abschnitt bäisetze wëllt, loosst eng Zeil virun Ärem Text eidel.

Wann Dir mat den Ännerunge fäerdeg sidd, gitt uewen op d'Säit a klickt op Ännerunge publizéieren. Da geet eng nei Fënster „Ännerunge späicheren“ op. Do kënnt Dir:

  • mat Kuckt Är Ännerungen no nach eng Kéier kucken, wat Dir alles gemaach hutt (Dir kënnt wielen ob der d'Ännerungen am Wikitext oder am Visuelle gewise kritt),
  • mam Knäppchen Kucken ouni ofzespäicheren iwwerpréiwe wéi den Artikel am Live ausgesi géif (mä opgepasst, déi nei Versioun ass nach net gespäichert.)
  • e Resümmee aginn, wat g'ännert gouf (wann et just eng Klengegkeet war, klickt an d'Këschtche viru „Dëst ass eng kleng Ännerung“).

Ännert sou laang bis Dir zefridde mat ärem Artikel sidd a klickt duerno op Ännerunge publizéieren. Domat hutt Dir ären éischte Bäitrag fir d'Wikipedia geschriwwen!

Wann Dir aus iergend engem Grond Är Ännerungen awer net späichere wëllt, gitt uewen lénks an den Eck a Klickt op Säit fir den Editéier-Modus ze verloossen an an de Lies-Modus hannescht ze kommen. De System freet Iech duerno ob der sécher sidd, datt Der dat maache wëllt. Klickt op Ännerunge publizéieren wann dat de Fall ass.

VisualEditor

[Quelltext änneren]

De VisualEditor ass eng Alternativ zum Quelltext-Editeur an ass méi einfach ze léieren. En ass awer net iwwerall disponibel, z. B. net op den Diskussiounssäiten. Dir kënnt de VisualEditor benotzen, andeems Dir op den Änneren-Knäppchen uewen op der Säit klickt.

An der „Editéier-Zon“ vum VisualEditor gesäit den Text bal esou aus wéi en am Lies-Modus ass. Dir kënnt einfach op eng Plaz tippe wou der eppes ännere wëllt a lassleeë fir Är Ännerungen ze maachen.

Editéier-Modus am VisualEditor

Ännert alles wat néideg ass. Wann Dir en Text als neien Abschnitt bäisetze wëllt, loosst eng Zeil virun Ärem Text eidel.

Wann Dir mat den Ännerunge fäerdeg sidd, gitt uewen op d'Säit a klickt op Ännerunge publizéieren. Da geet eng nei Fënster „Ännerunge späicheren“ op. Do kënnt Dir:

  • mat Kuckt Är Ännerungen no nach eng Kéier kucken, wat Dir alles gemaach hutt (Dir kënnt wielen ob der d'Ännerungen am Wikitext oder am Visuelle gewise kritt),
  • e Resümmee aginn, wat g'ännert gouf (wann et just eng Klengegkeet war, klickt an d'Këschtche viru „Dëst ass eng kleng Ännerung“).

Ännert sou laang bis Dir zefridde mat ärem Artikel sidd a klickt duerno op Ännerunge publizéieren. Domat hutt Dir ären éischte Bäitrag fir d'Wikipedia geschriwwen!

Wann Dir aus iergend engem Grond Är Ännerungen awer net späichere wëllt, gitt uewen lénks an den Eck a Klickt op Säit fir den Editéier-Modus ze verloossen an an de Lies-Modus hannescht ze kommen. De System freet Iech duerno ob der sécher sidd, datt Der dat maache wëllt. Klickt op Ännerunge publizéieren wann dat de Fall ass.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  • D'Screenshotten op dëser Säit sinn op der Benotzeruewerfläch Vector 2010 (Legacy) opgeholl ginn. Wann Dir an Ären Astellungen eng aner Benotzeruewerfläch agestallt hutt (z. B. Vector 2022), sinn déi eenzel Knäppercher a Funktiounen eventuell op enger anerer Plaz ze fannen.