Wikipedia:Automatesch confirméiert Benotzer

En automatesch confirméierte Benotzer (autoconfirmed) ass e Benotzer, deem säi Benotzerkont gewësse Mindestviraussetzungen erfëllt an deen doropshin eng Rei zousätzlech Rechter kritt, wéi z. B. Säiten ze réckelen, Fichieren eropzelueden oder hallef-protegéiert Säiten z'änneren. Op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt e Benotzer automatesch an dës Benotzergrupp derbäigesat, wa säi Benotzerkont mindestens véier Deeg al ass an e mindestens 10 Ännerunge gemaach huet[1]. Eng Ausnam heivunner si Benotzer, déi iwwer d'Tor-Netzwierk op d'Wikipedia zougräifen: An deem Fall muss de Benotzerkont mindestens 90 Deeg al sinn an op d'mannst 100 Ännerunge gemaach hunn[2].
E confirméierte Benotzer huet déi selwecht Rechter wéi en automatesch confirméierte Benotzer, mam Ënnerscheed, datt e manuell vun engem Bürokrat a seng Benotzergrupp derbäigesat gouf.
Hei fannt Dir[3]:
Kuckt och
[Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Op https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt liest ee Stand 17.04.2026 ënner
wgAutoConfirmAge'default' => 4 * 3600 * 24ouni Iwwerschreiwung fir lbwiki, souwéi ënnerwgAutoConfirmCount'lbwiki' => 10, // T423102. T423102 ass de Phabricator-Ticket, mat deem dës Konfiguratioun op Basis vun der entspriechender Ofstëmmung um Stamminee ugefrot gouf. - ↑ Op https://noc.wikimedia.org/conf/InitialiseSettings.php.txt liest ee Stand 17.04.2026 ënner
wgTorAutoConfirmAge'default' => 90 * 86400ouni Iwwerschreiwung fir lbwiki, souwéi ënnerwgTorAutoConfirmCount'default' => 100ouni Iwwerschreiwung fir lbwiki. - ↑ Fir d'Benoztergrupp
autoconfirmedgëtt et keng Lëscht vun de Membere fir déi jeeweileg lokal Wiki.