Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Februar

Vu Wikipedia

Wéi ass dann är Meenung zu deene "Mohammed"-Karikaturen? Dat hëlt jo mëttlerweil Moossen un, déi kee konnt virausgesinn. Mecht mer e bëssi Angscht. Myriam 22:05, 2 Februar 2006 (UTC)

Mär sinn all Dänen! --Otets 22:34, 2 Februar 2006 (UTC)

Harmlos Fro. "déi kee konnt virausgesinn": do hunn ech awer eng ganz aner Meenung. --Cornischong 22:17, 2 Februar 2006 (UTC)

Ma da so mer mol wéi eng:-) Myriam 22:25, 2 Februar 2006 (UTC)

Vum Saarlänneschen Auteur Arnfried Astel: "Die Kirche läßt mich kalt, sie verbrennt mich nicht mehr." --Cornischong 22:50, 2 Februar 2006 (UTC)
Firwat schreifs de dann elo nees "hëllt"? Gleefs de mer näischt méi? --Cornischong 22:31, 2 Februar 2006 (UTC)

"Hëllt": ups nee dat as wéi ëmmer erem dat "Onlëtzebuergescht" wat mat mer duerch geet. (Wëll heeschen: ech ka net anstänneg schreiwen). Myriam 22:40, 2 Februar 2006 (UTC)

Fir keen dronken ze maachen: et ass "Häls de wuel op mat hëlls!": ech huelen , du hëls, hien hëlt. An de "Conditionel": ech héil, du héils, hien héil, mir héilen, dir héilt, si héilen. An de Prt. p. ass geholl.:-)) --Cornischong 22:40, 2 Februar 2006 (UTC)
Reegel: kuck am Infinitiv, ass et do verduebelt da gëtt et och fir de Rescht esou gemat. "Huelen" huet een "l", also ass et och "hëlt". --Otets 22:57, 2 Februar 2006 (UTC)



E klenge Rappell un all Nei-Artikel-Schreiwerten[Quelltext änneren]

Merci un all, dass, wann s'en neien Artikel geschriwwen hunn, s'och e Link op déi engleschsproocheg Wiki sëtzen (natierlech nëmme, wann et do en Artikel gëtt), an dann do een op d'lb-wiki maachen (an an engems déi reschtlech Sproochversiounen eriwwerkopéieren).

--Zinneke 00:45, 28 Januar 2006 (UTC)

Ech probéieren drunn ze denken:-) Wéi ass et iwwerhaapt mat de Kategories-Säiten? Soll een do d'interwiki och drasetzen? Ech hu gesinn, dass dat heinsdo gemacht gëtt. --Alexandra 08:22, 28 Januar 2006 (UTC)

Bei allgemengen Themen, déi bei eis nach e bëse "schwaach op der Broscht" sinn, wier dat duerchaus eng fei Saach. Allerdéngs mussen déi anersproocheg Kategorien dann och änlech strukturéiert si wi eis. --Zinneke 11:25, 28 Januar 2006 (UTC)

E MEMO: Wéi war dat schonns méi mat der geographesche Kategorien?[Quelltext änneren]

Ech géif virschloen dëse MEMO op der Säit Wikipedia:Kategorien anzebannen! --Robby 22:10, 13 Februar 2006 (UTC)
Merci Robby, gutt Idee, gëtt gemaach!

--Zinneke 22:14, 13 Februar 2006 (UTC)

Schreifweis[Quelltext änneren]

Iergendeppes verstinn ech ëmmer nach net: ech hu Problemer vir mer déi hei Wieder richteg ze mierken: ass (a net "as"), vun (a net "vunn", mee awer: "dovunner"), un (a net "unn"), an (a net "ann"), asw. Gëtt et do eng Reegel? Ech muss dat ëmmer erem nokucken. Myriam 23:20, 1 Februar 2006 (UTC)

Ausser datt sech bäi verschiddenen um preisesche Schrëftbild orientéiert gëtt, fält mer elo keng Reegel an. Ech verhale mer d'Saach esou: bäi de Verben "ass, sinn, hunn" oder "opgefall, etc." gëtt verduebelt a bäi all de klengen Déngens wéi "an, un, vun" net. Déi gréissten Onlogik fënnt een awer bäi "mat", well sou wéi et do geschriwwe gëtt kënnt et am Dialekt vum Süden dauernd zu Verwiesselunge mam Wuert "maachen". --Otets 10:33, 2 Februar 2006 (UTC)

"Oe" oder "Ö"?[Quelltext änneren]

Wéi schreiwe mer dann elo? Den Ödipus steet z.B. mol mat Oe a mol mat Ö dran (-425, Sphinx, Mikis Theodorakis, Griichesch Mythologie). Myriam 09:38, 3 Februar 2006 (UTC)

De Laut "ö" (KUERZ, zou a BETOUNT) gëtt am Prinzip "ë" (Dëppen) geschriwwen (awer net:presséiert!). AWER: Ausname sinn:dem, den, em, en, es,et an d'Negatiounswuert net. Den däitsche laangen "ö" hale mer bäi bei Wierder, déi mer onverännert iwwerholl hunn: blöd, e Föhn, seriös. Dem Stravinsky säin Oper-Oratorium heescht "Oedipus Rex", dat ass e Wierknumm a bleift. Eisen "Ödipus" ass en "nom propre" a gëtt nom Däitschen "Ödipus" geschriwwen. Net "ë", well en net kuerz betount ass. Wat mam Theodorakis ass, weess ech net, well ech keng Loscht hunn, e säitelaangen Artikel duerchzebliederen. An deem Fall wier eng kloer Fro nawell net schlecht gewiescht. --Cornischong 10:23, 3 Februar 2006 (UTC)

An deene Linken déi ech hei zitéiert hunn steet den Ödipus mat Oe dran, dofir. Mee du hues mer awer gäntwert, well dem Theodorakis säi Wierk Oedipus Tyrannos jo dann och sou stoe bleift. Myriam 10:34, 3 Februar 2006 (UTC)

Eng Wiki ouni Bureaucrat...[Quelltext änneren]

...déi steet bäi engem massive Vandalenugrëff schlecht do. Wéi scho virun engem Mount ugekënnegt (wat dee Moment awer keng eng Reaktioun ervirgeruff huet), hu mer haut d'Funktioun vum Bureaucrat nei ausgeschriwwen. Kandidat kann all Sysop sinn, Wieler kann all User sinn dee schonn eng Zäitschen derbäi ass. Dat Ganzt spillt sech op der Kandidaturssäit of. --Otets 11:42, 3 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn elo just d'Zäit kritt, iwwert des Diskussioun/Ofstëmmung ze liesen an hu fir d'éischt emol probéiert, erauszefannen, wat et iwwerhaapt genee heescht, Bureaucrat ze sinn. Der en:wiki no ass dat e Sysop, deen d'technesch Méiglechkeet huet, anere Wikipedianer (nodeems se gewielt goufen) de Status vu Sysop ze iwwerdroen. Wat dat direkt mat Vandalenugrëffer ze dinn huet, verstinn ech awer net richteg, héchstens, dass een duerch déi Ernennungen zu méi ass, an esou d'Chance vu Spëtzbouwen (oder -meedercher), ongesinn hei alles zum Onwee ze maachen, méi kleng wier.
Ween allerdéngs "technesch" en aneren zu Bureaucrat mécht, ass och op der en:Wiki net kloer. Ween dréckt doop e Knäppchen?
Ech weess net, ob ee probéiert hat, d'Briséis ze kontaktéieren, mee aus Héiflechkeet wier et schon net schlecht, him d'Geleeenheet ze ginn, sech dozou z'äusseren, falls et dat da wënscht. Dass et wichteg ass, dass een Aneren/t déi Roll iwwerhuele giff, deen sech hei méi dacks weist, steet ausser Zweifel, dofir fannen ech dem Otets seng Initiativ gutt. Just eng kleng Remarque, Otets: fir doriwwer méi breed am viraus ze diskutéieren, wier dës Säit hei vläit besser gewiescht wéi eng perséinlech Diskussiounssäit (déi vum Cornischong), wou d'Chance grouss ass, dass Anerer dat net matkréien (ech zB hu meeschtens keng Zäit, all eenzel Tête-à-têten nozeliesen, an hat deng éischt Postingen och net gesinn).
--Zinneke 23:34, 3 Februar 2006 (UTC)

Genee, esou wéi ech et verstanen hunn ass e Bureaucrat e Sysop deen als eenzeg weider Funktioun aner User zu Sysope maache kann (mee hinnen dee Status net ewechhuele kann). Vu datt en dat net eegemächteg maache soll mee just no enger demokratescher Wahl, ass en eigentlech just en techneschen Handlanger oder, wéi den Numm et scho seet, e Bürokrat. Fir datt e Sysop zum Bureaucrat ka gi muss en no senger Wahl vun engem anere lokale Bureaucrat oder engem Meta-Steward säi Status an deem Sënn geännert kréien. Wat elo e Bureaucrat direkt mat Vandalenugrëffer ze dinn huet, do wëll ech un d'Affär vum Pingo-Vandal erënneren: wann eng Wiki massivem an extrem laangwieregem Vandalismus ausgesat ass (dat kënnt seele vir, mee et kënnt vir, wéi mer scho selwer mierken hu missen), da muss d'Äntwert och grad esou massiv sinn an an deem Moment ass d'Zuel vun dräi Sysopen, déi an normalen Zäiten op enger klenger Wiki vëllegen duergeet, ënner Ëmstänn net grouss genuch fir eng effektiv 24 Stonne Permanence ouni Lacunen z'organiséiren. Well een an esou enger Situatioun net nach deeglaang woarde kann op e Steward sech dann endlech bequeme wëll fir d'Zuel vun de Sysope fir den Zäitraum vum Ugrëff ponktuell unzehiewen, ass et net onwichteg e lokale Bureaucrat ze hunn deen direkt z'erreechen ass fir do ze hëllefen. Fir de Rescht sorry, mee ech war effektiv dovunner ausgaangen datt s de dem Cornischong seng Dikussiounssäiten op d'mannst zäitweis matverfollegs. Ass awer, nieft engem Iwwerrumpelungseffekt dee mer effektiv Leed deet, kee Problem, well wann s de nach deng Kandidatur stelle wëlls da kanns de nach ëmmer maachen, da fänke mer einfach mat de Stëmmen nees frësch un. Dem Briséis hunn ech iwregends elo och per Email Bescheed ginn, obwuel ech net mengen datt no sechs Méint vun totaler Abstinenz nach vill ze hoffen ass. --Otets 05:47, 4 Februar 2006 (UTC)

Kee Problem, net dass de mengs, ech wier beleidegt, iwwergaange ginn ze sinn ;-) Ech loosse gär aneren de Virtrëtt, einfach, well ech wiertes daagsiwwer (wann d'Schoulkanner Paus hunn oder e fräien Nomëtteg) wierklech ganz knapps dru sinn, hei laangscht ze kucken. Leit mat méi Flexi-time-horairen (wann dat kee schéinen Neologismus ass ;-) sinn do an enger besserer Positioun. Dofir ënnerstëtzen ech gär deng Kandidatur (oder och soss engem seng, deen/dat méiglechst vill en A op eise Projet hale kann).

--Zinneke 15:43, 4 Februar 2006 (UTC)

L'art pour l'art oder Millionärskënnercher ënner sech[Quelltext änneren]

Fir déijéineg pensionéiert Schoulmeeschteren a Millionärskanner ënnert eis déi dee rezenten Débat am Lëtzebuerger Land net sollte matkrut hunn: [1] Mir perséinlech gi bei deem Ënnertoun dronken ellen aus ... Kaffi 23:01, 3 Februar 2006 (UTC)

Dem Jérôme Lulling säin Artikel am Land vum 23. Dezember 2005 ass hei [2] ze fannen. Reaktiounen op dem J. Lulling säin Artikel am Grenzgaenger [3] an eng Reaktioun vu Mettlach aus dem "Journal" vum 25. Januar 2006 [4]. Ech hu just net verstanen op wat déi Madame Schmitz erauswëll, an ech wéisst emol gär wien dat ass. --Cornischong 23:25, 3 Februar 2006 (UTC)

Mat hirer Kritik un der vëlleger Inkonsequenz, resp. Inexistenz vu Sprooch(e)"poltik" zu Lëtzebuerg (wat d'Sprooch(en)erzéiung an der Schoul mat abegräife giff) huet d'Madame Schmitz sécherlech recht. Mee 't ass schued, dass se mengt, d'Kand gläich mat der Bidden ausschëdden ze missen, mengt de --Zinneke 23:53, 3 Februar 2006 (UTC) , dee wëdder e pensonéierte Millionär nach e Schoulmeeschteschkand ass - oder wéi war dat nach?

Wat d'Kritik un der Schmitz hirem Artikel ugeet do ginn ech dem Zinneke absolut Recht. De Lulling fir säin Deel iwwerrascht am Land mat enger sensationeller Découverte ("Dës Aspekter hunn ech am Detail a menger Dokterthèse ... analyséiert ... an dobäi ass mer opgefall, datt et fir e Spellchecker vun immensem Virdeel wier, wann den Utilisateur d'Wierderlëscht kéint selwer personaliséieren."), déi ech deem Mann ni zougetrout hätt. Wa se am Grenzgänger eng virbildlech Ëmsetzung vun der Äifeler Reegel an Zesummenhang mat engem "risegen Textkorpus" schwätzen, da wëll ech just drop hiweisen, datt esouguer e klenge Kniwwler wéi ech esou eng virbildlech Programméirungsëmsetzung scho virun elo bal engem Joer ouni gréisser Problemer fäerdegbruecht hunn, mee datt ech mer agestanen hu fir mech op e klengen Textkorpus ze limitéiren, aus dem einfache Grond datt ech mer net zoutrauen an enger räsonabler Zäit de gesamte Weltatlas an all d'Telephonsbicher aus alle Länner vun der Welt ofzetippen. An den Daniel Becker kritt vu mär e Kranz als Unerkennung fir den Ufank vu sengem Lieserbréif. --Otets 06:22, 4 Februar 2006 (UTC)

Dëst ass d'Mailing-Lëscht vun der lëtzebuergescher Wikipedia.[Quelltext änneren]

Ech liesen eppes vu "Plaz verbëtzen": Wat mécht déi Mailing-Lëscht (un deeër zënter Hallef-Éiwegkeete kee Mësch intresséiert ass) op enger Plaz stoen, op deër déi eigentlech meeschtgebrauchte Säiten opgezielt sinn? Ech weess, do stoungen och nach bis viru kuerzem "Donatiounen", mat deene mer zimmlech laang "plaz verbëtzt" hunn. Mer hunn eis 6 Méint mat enger Läich erëmgebalegt, kënne mer net emol Verschiddenes entsuergen? --Cornischong 13:26, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech donge mech ëmmer esou schwéier mat eppes ewechgeheien. D'Donatiounen hu mer jo nach lénks an der Navigatiounslëscht, do ass mer dat méi liicht gefall. Eng Mailinglëscht kéint u sech eng gutt Saach sinn, z.B. fir Invitatiounen iwwert d'Wikifriess erauszeschécken etc. Mee vu datt d'Brisés do als eenzegt Admin ass an hatt verschwonnen ass, dierft et méi schwéier si fir dat nei opliewen ze loossen an et dann ze geréiren. Mer missten eng Zort Musée hu fir esou Dinosaurier... --Otets 13:49, 5 Februar 2006 (UTC)

Bureaucrat an Admin Wahlen. Meng Propositioun[Quelltext änneren]

Diskussioun op d'Säit wikipedia:Adminkandidaturen geplënnert. --Zinneke 11:21, 8 Februar 2006 (UTC)

Komesch Saachen[Quelltext änneren]

De Moien hunn ech mer Informatiounen op der englescher Wiki gesicht an op eemol krut ech gesot ech hätt e neie Message. Firwëtzeg wéi mer dann emol sinn hunn ech mer en dann och ugekuckt. Du krut ech vun engem gesot ech soll mol ophalen Topegkeeten op hiere wiki ze setzen, dat wier Vandalismus, asw. Ech hu fir d'éischt iwwerhaapt näischt verstan an hun dann och zréckgäntwert ech géif keng Ännerunge bei hinne maachen, ausser villäicht mol en interwiki bäizesetzen. Du krut ech kuerz drop de Beweis: effektiv war do ee Saz (deen iwwregens wierklech komplette Quatsch war) an engem Artikel bäigefléckt ginn, an dat mat menger IP-Adress. Ech si mer op alle Fall secher dat ech et net war.

Wéi kann dat da méiglech sinn? Hat ee vun iech dat och scho mol? Myriam 12:53, 6 Februar 2006 (UTC)

Dat ass, well s'd'ënnert enger IP-Nummer an net engem Usernumm (recommandéiert) do hantéiers: IP-Adresse sinn déi vunn "Access-Provideren" (d.h. déi Firma, iwwert déi s de an den Internet gees). Do hänke gewéinlech méi Leit un enger Nummer, sou dass de Message net un dech perséinlech, mee un een, deen eng Kéier iwwert dee selwechte Provider gefuer ass, geriicht ass.

--Zinneke 08:58, 7 Februar 2006 (UTC)

A wat froe mer dann elo fir eng Säit megalophasesch Reklamm?[Quelltext änneren]

Haut daucht hei en neie User op, deen agebilt genuch ass fir ze téinen "déi lëtzebuergesch Fraen-Zäitschrëft "Barrière" liest, dann ass mäin Numm Iech wuel nët onbekannt". Ofgesinn dovunn datt agebilte Leit mer op de Sak ginn, mengen ech , mer sollten esou Megalophasen "direkt" op de Fouss huelen. Sinn ech ze streng? --Cornischong 16:02, 7 Februar 2006 (UTC)

Nujee, kléngt schonn e bëssen agebilt. Mee ech sinn dofir fir em ech Chance ze ginn. 't war jo vläicht guer net sou gemengt.:-) Myriam 16:04, 7 Februar 2006 (UTC)
In dubio... Gëff deem emol eng Chance. D'Haaptsaach hei sinn d'Artikelen. Eng Meenung maache solle mer eis iwwert si. De Spréchelchen op der Usersäit ass dobäi relativ onwichteg, et sief dann, 't kéim soss näischt no.

--Zinneke 16:22, 7 Februar 2006 (UTC)

Ech hu mäint op seng Diskussiounssäit geschriwwen. Fir de Rescht: gëff der Chance eng Chance, mengt och den Otets 16:41, 7 Februar 2006 (UTC)

Sorry - ech wollt kéngem op d'Zéiwen trëppelen, keng Reklamm maachen an ech verwiesselen dëse Site och nët mat engem Chat (obwuel ech d'Impressioun hat, dass et am Staminet OCH ëm en Austausch vu Meenungen geet). Ech sinn nei hei op deem Site, a muss mech emol nach e bëssen orientéieren. Duecht mer, ech misst mech fir d'éischt emol virstellen, esou wéi ech jo och vun aner Useren gesinn hunn, dat si eppes iwwert sech matdeelen. Hunn ech déi falsch Rubrik duerfir erwëscht? Ech si vir all gudd Rotschléi offen a soe schon am viraus Merci!--Lucy Lux 14:00, 8 Februar 2006 (UTC)

Um Stamminet ginn och Meenungen ausgetosch, mee déi solle sech op Theme bezéien déi mat der Wikipedia ze dinn hunn. Et ass effektiv gutt, fir sech op senger Benotzersäit virzestellen, mee et sollt een do keng Linken op Sitë setzen. --Otets 15:45, 8 Februar 2006 (UTC)

Wiktionnaire[Quelltext änneren]

Wat ass eigentlech mam Wiktionary? Do steet bis elo esougutt wéi guer näischt dran ausser zB sou eppes: Eisekuch Myriam 12:25, 8 Februar 2006 (UTC)

Mer haten alt geduet, mer wiere knapps zu genuch fir d'Wikipedia esou hallef um Rullen ze halen, do wollte mer eis net mat nach anere Projete verzettelen. Soubal mer awer eis Matoarbechterzuel verfënneffacht hunn, kënne mer der e puer vun deenen detachéire fir sech och ëm anere Projete wéi Wikinews, Wiktionary etc. ze këmmeren. --Otets 12:50, 8 Februar 2006 (UTC)

Wéivill Mataarbechter hu mer eigentlech elo (aktiver), ech mengen déi lescht Zäit sinn der eng Rëtsch bäi komm. D'Lëscht vun de Wikipedianer schéngt net komplett ze sinn Wikipedia:Wikipedianer. Myriam 13:13, 8 Februar 2006 (UTC)

D'Lëscht vun de Wikipedianer seet leider näischt doriwwer aus, ween aktiv ass a ween net. Do muss de schonn d'Wikistats kucken (Wikipedians D). Leider sinn déi lescht Wikistats vum 10. Dezember 2005, sou datt ech net mat rezenten Zuelen dinge kann. --Otets 13:24, 8 Februar 2006 (UTC)

SKIN-Ännerungen[Quelltext änneren]

Ech hu versuchsweiss de Skin geännert, a fannen elo keng Méiglechkeet, erëm op den Standard-Skin zeréckzekommen. Wann ech a "Preferenzen" op "Skin" klécken, da passéiert guer näischt. Kann ee mer weiderhëllefen? Merci am viraus! --Lucy Lux 14:25, 8 Februar 2006 (UTC)

A wat fir engem Skin stéchs de dann am Ament? --Otets 15:29, 8 Februar 2006 (UTC)

Weess ech nët méi, wéi dee Modell geheescht huet. "Views", "perséinlech Tools" an "Navigatioun" sinn um lénkse Bord; den Hannergrond ass wäiss. --Lucy Lux 13:05, 10 Februar 2006 (UTC)

Also eppes fannen ech wierklech gutt hei. Ech si jo lo nach net sou laang derbäi, ech mengen ech hu mech am Summer hei ugemellt, mee awer, wéi déi aner och, fir d'éischt nach keng Artikele geschriwwen. Mee d'Ausso vun all deenen déi zënterhier nei hei sinn, an déi ech matkritt hunn, sinn méi oder wéineger déi selwecht (sou wéi meng och waren, an zum Deel haut nach sinn): ech wëll gären hei matmaachen, et mecht mer Spaass, (OK och meeschtens: ech ka kee Letzebuergesch schreiwen, wéi déi meescht, mech ageschloss). Wann dat sou bleift ass dat dach eng gutt Basis fir vill gutt Artikelen ze maachen, oder? OK et gëtt och Leit déi eis (ech betruechte mech schonn als "eis"! erstaunlech) schuede wëllen, mee der ginn et der awer manner. Also: op gutt Zesummenaarbecht! Myriam 23:10, 9 Februar 2006 (UTC)

Diskussioun iwwer d'Erasetzen resp. d'Läsche vun de Mohammed-Karikaturen[Quelltext änneren]

Dem Thorse seng Reaktioun op d'Läsche vun de Mohammed-Karikaturen[Quelltext änneren]

Wat soll data doten, kritt hei jiddereen e Fouss an den Aar*** wa e sech Méi gëtt? Firwat gouf am Artikel iwert d'Mohammed-Karikaturen mäin Text vum Johnny gelescht? A firwat hues du gläich dropp allen zwielef Karikature gelescht? Mengs de dat hätt keng Méi gemaach? Amplaz froen oder esou (dir hutt och eng Leschprozedurssäit) gëtt einfach just deenen aneren hier Aarbecht futtigemaach. A wisou dat ganzt? Ech hu wuel kee Recht dat gewuer ze gin? Ech hun d'Billerreegelen genee gelies, et gëtt keng Reegel géint déi ech verstouss hätt. An datt een an engem Artikel iwer Karikaturen iwer Karikaturen schreift a se och weist as jo wuel normal. Ausser op dëser Wikipedia, wéi motivant, merci awer och. Ech hat mir an der lescht Material gesicht fir nach aner Artikelen unzefänken, mee dat vergiessen ech da wuel léiwer, well wann dat esou eng Meenungsdikatur as an deer d'Leit nët wësse sollen ëm wat et geet, maja dann! --Thorse 20:21, 10 Februar 2006 (UTC)

( http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,399818,00.html ):-) --Cornischong 18:25, 11 Februar 2006 (UTC)

Salut Thorse, ech erlabe mer mol drop ze äntwerten. Also: Éierlech gesot hunn ech mer scho Froe gestallt wou déi ganz Onrouen (loosse mer et mol fein ausdrécken) ugaang sinn, ob mer iwwerhaapt deen Artikel mat dem Scan vun der Zäitschrëft sollen dra loossen, e bëssen ass mer do schonn de Wapp gaang. Haut de moien hun ech och déng Kontributioune gesinn; a wann ech éierlech sinn: et huet mech och intresséiert déi emol ze gesinn. Mee du muss jo awer och zouginn dat mer dat net kënnen hei stoe loossen. Et wier schéin wa mer hei op enger klenger Insel wieren wou soss keen eppes dovu matkritt, mee dofir kanns de den Internet jo net wierklech halen. Duerwéinst sinn ech och der Meenung dat et besser ass wa mer dat läschen. Et muss een d'Leit net nach méi provozéieren wéi et den Ament schonn de Fall ass. Op dat lo richteg ass oder net ass eng aner Fro déi mer warscheinlech ni geléist kréien well déi zwou Säiten sech am Recht fillen. Dowéinst ass d'Leschen a mengen Aen och déi bescht Léisung. Mell dech wanns de domat e Problem hues. Myriam 00:28, 11 Februar 2006 (UTC)

Genau dat denken ech och. Et geet net drëms dass hei einfach Saache geläscht ginn vu Léit déi sech Méi machen fir eppes drop ze setzen. An dat soll och net perséinlech geholl ginn. Et ass einfach en ze kriddelegt (wann net esouguer e geféierlecht) Thema fir daat am Moment esou op d'Tapet ze bréngen. Mir war och net ganz wuel bei der Saach an ech denken dass et besser ass dass di Karikaturen net op der Wiki stinn. --Alexandra 00:38, 11 Februar 2006 (UTC)

Ier ech dorops äntweren, wëll ech mol nach eng hallef Nuecht driwwer schlofen. Ech sinn net der Meenung, et hei mat enger Meenungsdiktatur ze dinn ze hunn. Mär hunn et hei mat engem ganz eeschten Thema ze dinn, dat mer sollten an aller Rou, duerchdiskutéieren. Eise Premierminster huet emol gesot, mer hätte keng "Stäitkultur" hei am Land. Mer kommen och hei net weider mat der Thes "Gëss de mer Recht oder bass du och ee vun deenen Idioten". Mär hate schonns Leit hei, déi beleidegt waren, wann een e gesot huet, do an do hätt ee sech geirt, mat Argumenter a Beweiser. Firwat hu Leit esou eng dënn Haut? Ech hoffen, datt et hei zu enger klorer Diskussioun küennt, an deeër jidderee säi "Standpunkt" duerleet. Gutt Nuecht fir elo. --Cornischong 01:07, 11 Februar 2006 (UTC)

Ech fannen d'Fro déi sech stellt as net déi OB een dës Karikaturen weist oder net, mee WÉI een domat emgeet. Et mecht ee groussen Ennerscheed ob een dës Biller als groussen Triumph vum westlëchen Demokratieverständnis iwwert d'Onuntastbarkeet vun de Religiounen präsentéiert oder ob een d'Bedeitung vun dësen Biller an vun hirer Publikatioun kritesch hannerfreet!

Do derniewent, fannen ech, soll och jiddferee gesin kënne wourëm et bei dëse Biller geet. Ob de Wiki déi richteg Plaatz as fir ze weisen as allerdëngs och rëm eng ganz aner Fro. Am Moment kann een dat als Ueleg op d'Feier geheien bezeechnen. Op lang Dauer gin dës Karikaturen, duerch d'Reaktiounen déi se provozéiert hun allerdëngs zu wichtegen Dokumenter vun der Weltgeschicht!

Voltaire 01:43, 11 Februar 2006 (UTC)


Ech mengen net, datt den Ament an där gespaanter Situatioun et de richtegen Zäitpunkt ass, vir sech mat esou engem Artikel a besonnesch Biller ausenaner ze setzen. Mir wellen et jo net op eppes ukomme loossen. --Tomateus 06:11, 11 Februar 2006 (UTC)


Fir datt mer eng Iddi kréien, ëm wat et hei och geet: D' "Loi du 19 juillet 1997 complétant le code pénal en modifiant l’incrimination du racisme et en portant incrimination du révisionnisme et d’autres agissements fondés sur des discriminations illégales. Am beschte selwer nokucken op ( http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1997/0540708/0540708.pdf?SID=8f1a6f4383291937987c146183aacd22#page=2 ) Ech si kee Jurist, mee wann hei ee Loscht drop huet fir gewuer ze ginn, wéi dat Gesetz ausgeluecht gëtt. da kéint dee sech dat drécken, an an der Groussgaass ausdeelen. Fir op der Wiki de juristesche Märtyrer ze spillen ass den Ament ganz schlecht gewielt well " "da muss e Bureaucrat do sinn deen direkt disponibel ass fir ganz kuerzfristeg agräifen ze kënnen ..". Anscheinend hu mer elo e Bürokrat, mee fir an dësem kruziale Punkt matzedikutéieren ass en zënter enger Zäitchen net "direkt disponibel". Dat héiert sech batter un .... mee et ASS batter. --Cornischong 08:44, 11 Februar 2006 (UTC)

Mir schwätzen hei zu Recht vu Sträitkultur an Dokumenter aus der Zäitgeschicht, mee leider ginn et op dëser Welt och Leit déi net onbedengt an deene Kategorien denken, déi zwar villäicht réimlech wäit ewech sinn, mee mam Internet heescht dat jo näischt méi, an et kann een et net vun der Hand weisen dat déi Leit geféierlech sinn an soulaang wéi déi Gefor net verschwonn ass huet et kee Wert sech "eng sichen ze goen", esou mengen ech musse mer bis op weideres (an dat kann e laangt weideres sinn) drop verzichten dës Biler ze weisen. Momentan kennt daat Weisen, esouguer hei zu Ltz an an där Form ewéi dat hei op der Wiki de Fall war, nach méi als triumphalistesch Provokatioun un ewéi als Dokumentéiere vun der Zäitgeschicht mengt de Marcus 09:01, 11 Februar 2006 (UTC)


Ech sin och der Meenung datt dës Karikaturen nët sollten op äiser Wiki stoen. Jiddefalls elo nach nët, soulaang den Damp sech nach nët verzun huet. Mir versiche jo nëmmen fir eng Enzyklopedie opzestellen. Mir si weder Reporter, nach Journalisten, déi d'Missioun hun hir Matbierger iwwer aktuell Evenementer ze informéieren. Op déier anerer Säit fannen ech et awer onglécklech datt dem Thorse säi Beitrag sou mir näischt dir näischt, ouni Réckfro an ouni Diskussioun vun engem User ouni Admin-Rechter geläscht gouf. --Pecalux 09:30, 11 Februar 2006 (UTC)


"Mir näischt, dir näischt" gëtt hei näischt geläscht! Wier et net besser gewiescht, den Thorse wier sech bewosst gewiescht, ëm wat et geet, an hien hätt mol iwwer d'Eenzelatellung vun de Biller diskutéiert IER hien se "mir näscht, dir näischt" hei erasetzt. Dann hätte mer déi Diskussioun kënne vridru féieren. An deene Fäll ass et un den Adminen fir eppes ze "maachen". Mee nodeems hei vill Schaum geschloe gouf mat deene "sougenannte Walen" huet sech KEEN ëm déi Biller gekëmmert!! Kuckt iech emol un (jo, jo, maacht dat emol!!) wéi déi aner Wikien dat behandelt hunn. Ech hu mech informéiert wien, wat, a wéini an d'Wikien oder an eng Zeitung (Zäitschrëft) gesat huet. An ech hu mech och informéiert wéivill Leit schonns dorënner gelidden hunn. Mär ass dat net egal! Wéi ech gesinn hat, datt d'Eenzelbiller "ouni Réckfro an ouni Diskussioun" eragesat goufen, war ech erschreckt. Well ech awer net hei den Zampano spillen, hunn ech gemengt, et kéime Reaktiounen an et kéim zu enger Diskussioun. Dat war net de Fall. A well der e puer u mech erugeruede sinn (!!!) déi Biller sollen eraus, hunn ech se mol geläscht. Den Thorse iwwerhëlt sécher net d'Verantwortung fir dat wat sech méiglecherweis aus deeër Publikatioun ergëtt. Da kann hien och "déck Bake" maachen, a vu "Meenungsdiktatur" braddelen. Ech fannen dat en dësem Fall zimmlech kannerech, well wéinst deene Karikaturen hu Leit hirt Liewe verluer, hir Aabechtspalz verluer, si fanatiséiert Harien mat den Honnertdausenden op d'Stroosse gaang, hunn Haiser a Brand gestach. An da wëll hei en Anonymen Held, deen anscheinend net wees, wat HEI AM LAND (!!!) juristesch um Spill steet, op d'Barikade klammen a vu Meenungsdiktatur anonym schreiwen. Ech ginn dervun aus, datt den Thorse duerch d'Gnod vun enger spéider Gebuert déi ë.a. Meenungsdkitatur, déi mär hei am Land haten, huet misse materliewen, soss géif en net esou Kannereien vu sech ginn. A wann en ang Anung vun deeër Diktatur hätt, an den Ëm- an Zoustänn vun deeër oder aneren Diktaturen da kéint den Thorse net op esoueng liichtfankeg Manéier hei Ueleg op e Feier schëdden, dat NET aus ass. Esou Provokatiounen, an et ass dat, kënnen nëmme vun engem kommen, dee sech kaum bewosst ass, wat Verantwortung ass. Iwwregens ass et mat dem Thorse senger Dialektik net wäit hier, well wann hie mär an de Kapp gehäit "Firwat gouf am Artikel iwert d'Mohammed-Karikaturen mäin Text vum Johnny gelescht?" da kéint ech virschloen, den Johnny Chicago selwer ze froen. Wat den Johnny Chicag mengt oder mécht, kann dee wuel besser erklären. Sou, hätte mer mol net besser, mer notzen eis Ausdrockfräiheet emol aus a schreiwe weider un engem Projet, deen et hoffentlech net néideg huet fir an Diskussiounen z'ersaufen. Dann nach eng Saach: Den Thorse schreift: "... just deenen aneren hier Aarbecht futtigemaach". Ech hunn Angscht, datt hei esou e Feierkapp mat oniwwerluechten Aktiounen deene Aneren hir Aarbecht futti mécht. An hei schaffe Leit, déi schonns méi Stonnen dru gehaangen hunn, wéi den Thorse sech virstelle kann. Weises gëllt. --Cornischong 11:02, 11 Februar 2006 (UTC)

Fir d'éischt emol géif ech gär dem Thorse e Merci soen, datt hien d' Artikelen zu der Affaire em d'Karikaturen iwwerhaapt, a virun allem och esou schetzeg, hei an d'Wiki gesat huet. Et ass ouni Zweiwel eng Saach déi heihi gehéiert. Wat d'Illustratioun ugeet, géif ech mengen et wier wéi bei allen aneren Artikelen och: wann se hëllefen de Versteesdemech vum Text ze verbessere resp. wann se selwer och Deel vum Contenu sinn, gehéieren se, menger Meenung no dran! Keng Fro also, ob d'Säit 3 vun der Jyllands-Posten do higehéiert oder net. Eng aner Saach ass et awer eng Gallerie fir all déi eenzel Billecher opzemaachen. Dat an d'Vitrine stelle geet fir mech iwwer d'Format vun enger Encyclopedie eraus.

Déi zousätzlech Biller sinn an dësem Kontext nëmme méi eng irrelevant a redundant Informatioun, déi tatsächlech als net neutral resp. politesche Commentaire an domat och als Provokatioun interpretéiert kenne ginn. D'Wikipedia ass nun awer emol keng politesch Publikatioun a brauch dowéinst och keng Campagnen ze lancéieren. Bei esou kriddelege Saachen wéi deenen heiten, déi en plus nach dagespolitesch Aktualitéit hunn, wier ze recommandéieren den Débat an sengen ënnerschiddlechen (deelweils jo absurden) Facetten ze weisen amplaz sech ze positionéieren.

D'Affaire huet eis jo nach eppes anescht gewisen, näämlech datt eis Ried Wee mengt, dee weess näischt mol nach guer net esou verkéiert ass ...

Et wier Schued, Thorse, wann's de wéinst dëser Geschicht elo näischt méi mat der Wiki ze di wéils hunn! Et ass eben eng heikel Saach gewiescht, déi op mannst eng wichteg Diskussioun hei ausgeléist huet. Ech géing net mengen, datt een der es schlecht gewollt huet. Et ass villméi nëmmen nach eent vun dëse Mëssverständnisser em d'Affaire Mohammed-Karikaturen, an et ass jo och an der Rei net zu allem Jo an Amen ze soen, mee heindsdo kenn et net schueden emol nozefroen a sech fir d'éischt ze beroden. Mir hu jo alleguer, "Gott Geschicht sei Dank", e Recht op eng eege Meenung ... Schéine Weekend! Kaffi 12:36, 11 Februar 2006 (UTC)


Moien, ech war gëschter leider net derzou komm, laang op der Wiki ze sinn, a kunnt mer eréischt de Moie fréi zu nuetschlofender Zäit déi Saach méi genee ukucken, ë.a., wéi d'Wikien an anere Sproochen un dee Sujet eru ginn, a wollt dunn eng Kéier driwwer schlofen.

Ech mengen, et huet kee Sënn, elo hei laang a breet iwwer de Sujet Mohammed-Karikaturen u sech ze schwätzen - do ass soss enzwousch bal alles gesot ginn, a leider meeschtens laangschteneen. Beschränke mer eis op d'Fro: Solle mer hei op der lb:Wiki de "corpus delicti" am Detail, dh an 10 eenzelne Biller publizéieren? Ech hat gëschter Owend wéi gesot eng Stonn e Brochdeel vun der Diskussioun op der en:wiki ugekuckt, fir mer e Bild ze maachen, wéi déi Säit wéi se elo do steet, zustane koum, a wat do ronderëm geschitt ass.

Ech fannen, dass d'Léisung déi se do hunn (an an deene meeschten anere Sproochversiounen och, souwäit ech déi kann entzifferen), neemlech den Oflaf vun der "Affär M.-Karkaturen" ze beschreiwen, wéi déi Saach sech entwéckelt huet, asw., an och d'Vuën, déi openeeknätschen (plakativ: déi sekular-opgeklärte vun der Menungsfräiheet géint déi vun der emfontener Beleidegung vu reléise Glawensinhalter), an als Bild e Thumbnail vun der Ofbildung vun der Säit aus der jütlännescher Zeitung vum Oktober, ganz an der Rei ass. Well dass een dëst als Dokument publizéiert, steet fir méch ausser Fro; de Fait, dass een op der klenger Foto net vill gesäit a se uklicke muss, geet duer, fir dass Leit déi mengen, si missten dovunner schockéiert sinn, d'Méiglegkeet hunn, se net ze gesinn. Ech giff esouguer suggeréieren, dee qalitativ schlechte Scan dee mär hei hunn, duerch eng besser Reproductioun vun de Commons z'ersetzen.

Dofir fannen ech et gutt a wichteg, dass mer en Artikel zu dem Thema hunn, a si net mam Thomateus d'accord, dee bezweiwelt, ob mer iwwerhaapt eppes zum Thema hei solle stoen hun.

Eppes anescht ass et, extensiv des Biller am Groussformat hei auszestellen: Wat do de "Méiwäet" soll sinn, liicht mer net an, ausser et willt ee soen: Kuckt, hei, mär maache wat me wëllen, an all déi aner kënnen eis klibberen. A vü, dass am Moment dat eenzegt Verstännegt, wat een an deer deels hysterisiéierter Stëmmung maache kann, ass, ze woarden, bis déi erhëtzte Gemidder sech berouecht hunn, sollte mär net och nach der Däiwel beim Schwanz zéien.

(Ganz dervun ofgesinn, dass déi meescht dovunner zimmlech schlecht sinn, an dat Gedeessems guer net verdingt hunn.)

Elo zur Fro, op et gutt wat, dass de Cornischong se geläscht hat: Perséinlech fannen ech, wier et am Ufank duer gaang, d'Biller wiere just aus der Säit erausgehuoll ginn (also de Link ewech gemeet ginn), fir dann driwwer ze diskutéieren, op se hei hir Plaz sollen hun oder net. Läschen hätt een se nach ëmmer méi spéit kënnen. De Cornischong huet, well no 2 Stonne kee "gwibbelt" hat, d'Noutbrems gezunn, wat ech novollzéie kann. Ëmmerhin ass d'Diskussioun elo endlech do, wann och mat Verzögerung, mee bon: mer hunn emol "e bësse" manner Mataarbechter wéi d'en:wiki, an déi liewen och nach all an der selweschter Zäitzon, an eng ettlech hunn nach aner Preoccupatiounen, wéi Schaff, Famill, asw.. Eng direkt Diskussioun ass eben net ëmmer dran.

--Zinneke 12:51, 11 Februar 2006 (UTC)

Dem Johnny Chicago säi Kommentar iwwer d'Net-Reaktioun vun den Adminen op d'Karikaturen[Quelltext änneren]

Wann et em wichteg Saache (Karikaturen/Thorse) an der Wiki geet, schingen eis Adminen a Bureaucraten, ausser dem Cornischong daaf a blann ze sinn.Johnny Chicago 22:56, 10 Februar 2006 (UTC)


Et gëtt alt Deeg, wou ee vun der Oarbecht hier net emol Zäit kritt fir fënnef Minutte Loft ze huelen an dann owes just nach doud an d'Bett trëllt. Datt dat just grad iwwer déi lescht zwéin Deeg de Fall war, ass en onglécklechen Zoufall, mee mat Clienten am Genéck hätt ech souwisou näischt drun ännere kënnen. Datt dat och aneren Admine mat Zäite virkomm ass (ausser deene pensionéierten), ass bekannt an och vëlleg normal, et setzt ee jo net säi Beruff op d'Spill wéinst engem Hobby.

Wann ech hei vun "eise Bureaucraten" liesen, da wëll ech drop hiweisen datt mer am Ament just ee vun deer Zort hunn an dat ass d'Briséis. Dem JC säin Automatismusvirschlag an Éieren, mee dorunner stéisst sech, zu Recht, net nëmmen den Zinneke mee och d'Meta. An ouni déi leeft bekanntlech näischt, an dofir sinn ech nach jett Stëmme vun deer Funktioun ewech.

Wéi de Cornischong esou schéi seet: "ech si kee Jurist". Ma dat mierkt een och, well deen Text op deen en hei verlinkt huet fënnt op dëse konkrete Fall absolut guer keng Applikatioun. Gottseidank kann ech do och just soen, a Gottseidank ass dat an Dänemark, Norwegen, Däitschland, Frankräich, Éisterräich an am Rescht vun Europa genee d'selwecht. An dofir ka kee géint Jyllands-Posten, RTL, Spiegel oder d'Wikipedia op d'Geriicht goen. Bis elo! herrscht nämlech an Europa nach d'Meenungsfräiheet!

Wann ech gesinn, wéi hei bal unisono en Theaterstéck gespillt gëtt, wat virun enger Zäitchen esouguer grouss Acteure wéi den Daladier an den Chamberlain op enger weltbekannter Bün opgefouert hunn, mat engem Ausgank dee mer all kennen, dann a just da gëtt et mär Angscht. Wéi stoung am Spiegel, "ee bedreeën, eng Millioun verschoteren". Maja, am kusche viru Gewalt si mer hei anscheinend effektiv grouss - wat ëmsou méi erstaunlech ass, vu datt mer (bis elo) nach an engem Rechtsstaat liewen an deem zu Recht Gewalt a schonn eleng d'Gewaltundreeung absolut kriminell an illegal sinn. Wann ech awer liesen datt op dëser Plaz fräie Geeschter déi komplett an der Legalitéit agéire mat Prisong gedreet gëtt, awer fir manifest Banditen a Brigangen déi Leit bedreeën, entféiren, ëmbréngen, Feier leeën, Kontrakter briechen etc. grousst Verständnis obruecht gëtt, dann ass mär wierklech Angscht - awer net virun den Islamisten, mee virun der direkt onheemlecher Gewalttoleranz vu menge Landsleit.

Da mengt de Cornischong "wéinst deene Karikaturen hu Leit hiert Liewe verluer". Dat wosst ech net. Ech duecht, déi Leit wieren ëmbruecht gi wéinst Fanatiker, déi d'Karikaturen ëm déi et hei geet ni gesinn hunn. Deenen au contraire vun hiren Imame gesot gouf, et géif ëm Biller goen, déi de Mohammed als Schwäin, Pedophilen a schwulen Zoophilë weisen. Et ass also net d'Weise vun de Karikaturen, mee d'Net-Weisen wat zum ganze Konflikt gefouert huet. Donieft dierft et mëttlerweil och deem leschte kloer sinn, datt et guer net wierklech ëm d'Karikature geet, fir déi Jyllands-Posten sech souwisou scho laang entschëllegt huet, wat awer keen Iraner, Syrier etc. këmmert, well d'Mullahregimer dee vun hinne kënschtlech erbäigefouerten Opstand brauche fir mat generellen anti-westleche Gefiller (also erëm nix mat Karikaturen ze dinn) vun hirer eegener bannepolitescher desastréiser Situatioun ofzelenken.

Weider schreift de Cornischong "Esou Provokatiounen, an et ass dat,". Wourops ech froen: an? Eréischt gëscht huet de Guy Rewenig um Radio gesot "et gëtt a leschter Zäit esou gemat, wéi wa Provokatiounen eppes negatives wieren. Dat ass awer guer net de Fall. Just duerch Provokatioune bréngt een d'Leit zum diskutéiren an nodenken an et beweegt een eppes um gesellschaftleche Plang". Dat stëmmt an dat ass och gutt esou: an Dänemark sinn duerch d'Provokatioune vun den Islamisten (tiens, lo provozéiren déi och, an zwar nach vill méi) déi chrëschtlech an déi mohammedanesch Däne méi no zesummegeréckelt. Integratioun an Zesummenhalt iwwert d'Konfessiounen ewech ass dach eng gutt Saach, oder ieren net?

Lo seet vläicht een, datt an Europa ee mat Provokatiounen eppes zum Gudde wende kann, mee mam Internet ass d'lb-wiki och an islamistesche Länner ze gesinn an déi sinn nach net esou wäit. Ma, an eisem Mëttelalter hate mär Leit wéi Kopernikus a Galileo, a wann déi an nach anerer net gewiescht wiere géife mer eis wuel nach haut bäi all Donnerwierder a Sonnefinsternis am Keller verstoppen - wënschs de dat de Mohammedaner? Ech net, och déi Leit hu Besseres verdingt. An Internet, naja mär hunn dach scho laang all d'Karikaturen am Klengformat drop, et huet nach keen Islamist dat jee bemierkt. Et ass uerg sech et anzegestoen, mee d'Welt intresséiert sech weder fir Lëtzebuerg (RTL hat d'Karikature jo och gewisen a keen huet et gekëmmert) nach fir d'lb-wiki. Dat kann awer och doru leien datt Iran a Pakistan zwar Internet hunn, mee kee Mënsch ka sech e leeschten. An iwwert d'Internetcaféen ass d'Wikipedia jo liicht ze spären - wat se jo och scho laang gemat hunn.

"Mir näischt, dir näischt gëtt hei näischt geläscht!" sot do een - läit et un de Wierder, wier "Ouni Virwarnung an ouni ëffentlech Dikussioun wéi an der DDR an der Sowjetunioun" méi genehm? Well deng Mailkontakter an Éieren, mee dat ass keng Aart a Weis. Op deer anerer Säit gëtt kritiséiert wann ee "mir näscht, dir näischt eppes hei erasetzt". Dat ass dach eng verkéiert Welt. An eisem Reegelwierk steet, just evidentem Vandalismus kann ouni Ukënnegung op der Säit "Wikipedia:Läschen" geläscht ginn - mee weder si Karikaturen eng evident Saach nach handelt et sech ëm Vandalismus. Weider soen eis Reegelen "Jiddferee kann een Artikel schreiwen oder veränneren" an "zéckt net". Et ass also net datt e Mataarbechter am viraus froe misst, op säi Bäitrag dem Admin genehm ass, mee den Admin muss eng ëffentlech! Diskussioun ufänken ier en eppes läscht wat net evidente Vandalismus ass. Dat gëllt natierlech net nëmme fir Adminen, och d'Läsche vun Text duerch einfach User fält ënnert déi Reegel.

Zu de Karikature selwer: "Mir si weder Reporter, nach Journalisten," mee trotzdeem hu mer d'Missioun "iwwer aktuell Evenementer ze informéieren". D'Wiel vum Poopst Benedikt huet nëmmen e puer Minutten dono zu groussem Änneren a Schreiwe vun Artikele gefouert. Eng Online-Enzyklopedie ass definitiv net statesch, mee duerchaus brandaktuell. Awer, an do kënnt de groussen Awer: Sensatiounsjournalismus huet sécher näischt an enger Wikipedia verluer, an och Provokatiounen eleng ëm der Provokatioune wëllen, sou gutt a wichteg se an der Press, der Literatur an an der Konscht sinn, sinn an enger Enzyklopedie op deer falscher Plaz soulaang et sech net ëm eng - aktuell oder vergaangen - Dokumentatioun iwwer eppes handelt. Elo hunn ech op dëser Wiki d'Karikaturen am Groussformat net gesinn ier se geläscht goufen, dofir kann ech och net uertdeelen op se just Sensatiounsmache waren oder op se éischter dokumentéiert, informéiert an erkläert hunn. Generell gëllt fir dëse Fall an och fir anerer, datt mer näischt duebel brauchen, wëll soe wa mer schonn d'Karikaturen op der Zeitungssäit hunn, da brauche mer se net eng zweeten oder drëtte Kéier am selwechten Artikel - ausser et kommen nei Aspekter dozou, z.B. wann op de Biller den dänschen Text op Lëtzebuergesch iwwersat wier an niewendrun en Textkommentar zu all Bild steet. Dëst ass als Uleedung ze verstoen, wéi ee seriö mat deem Thema ëmgoe kann a soll, ouni a bëlleg Effekthascherei ze verfalen. D'Karikaturen am Groussformat eropzelueden a se an den Artikel ze setzen ass also net per se schlecht, mee et geet ëm d'Aart a Weis vun der Presentatioun, déi reng informativ an dokumentativ ze sinn huet. Op d'mannst op der Textsäit huet do nach munnesches gefeelt fir deen Androck ze ginn. Dofir hätt ech am Cornischong senger Plaz kee Schnellläsche gewot, mee héchstens eng Quarantän, bis datt den Thorse den Text noliwwert deen dat Ganzt zu enger echter Dokumentatioun gi léisst. Fir all Mëssverständnis am viraus ofzenuebelen: Ech wëll dëse leschte Paragraph an deem Sënn verstane wësse wéi et och de Kaffi an den Zinneke duergeluecht an explizéiert hunn.

--Otets 14:24, 11 Februar 2006 (UTC)

"Da mengt de Cornischong "wéinst deene Karikaturen hu Leit hiert Liewe verluer". Dat wosst ech net. Ech duecht, déi Leit wieren ëmbruecht gi wéinst Fanatiker, déi d'Karikaturen ëm déi et hei geet ni gesinn hunn." - Merci fir dat Wuertspill, ouni dat dës Diskussioun méi aarm wier. A Merci och fir eng Informatioun, déi mär bis elo nach net zougänglech war, datt "déi d'Karikaturen ëm déi et hei geet ni gesinn hunn". Schéin, datt och den Otets en Häerz huet fir opgefreakte Muslimen, déi bei enger Demonstratioun virun engem US-Konsulat an Indonesien vu "Warnschëss" ëmbruecht goufen ( http://www.metimes.com/articles/normal.php?StoryID=20060206-081448-7380r ). Well ech déi Leit net kennen, an och net wëssen ob se d'Karikature gesinn hunn, kann ech dat net jugéieren. "Iran a Pakistan zwar Internet hunn, mee kee Mënsch ka sech e leeschten.": dat sinn Infromatiounen, déi mar besser hätten an en Artikel ze schreiwen, well dat ass sécher nach net jidderengem bekannt. Op alle Fall hu mer eis Diskussioun op e Punkt bruecht, wou et anscheinend dorëm geet, wat de Cornischong net sou alles gemengt huet. War et dat, op dat et sollt erauslafen. Et geet hei drëm, ob déi EENZEL Karikaturen (an et geet ëm weider näischt hei!!) an den Artikel solle kommen oder net. Nodeems all déi, déi sech "betraff" gefillt hunn, hir Meenung gesot hunn, dierft et kloer sinn, wie gär wat hätt. Oder solle mer ofstëmmen? - An: Gëtt de Gaassebouwe-Slang elo salonfäerg:"Wat soll data doten, kritt hei jiddereen e Fouss an den Aar*** wa e sech Méi gëtt?" - Natierlech kritt hei jiddereen e Fouss an den Aarsch (sollt dat villäischt sinn,) wa e sech Méi gëtt. Den Otets adresséiert sech jo u mech an net un deen, deen dee ganze Kabes hei ugestiwwelt huet, mee vun enger Majoritéit hei gesot krut, datt dat et an deeër Form (!!!) net war! Wann et deem ëm Informatioun gaange wier, dann hätt en eng seriö Chronologie hei geschriwwen, sou wéi se an der engleschsproocheger Wikipedia ze fannen ass, dofir hunn déi awer keng Eenzelbiller am Artikel hunn. --Cornischong 17:07, 11 Februar 2006 (UTC)

Hittercherspillereien[Quelltext änneren]

"Wéi de Cornischong esou schéi seet: "ech si kee Jurist". Ma dat mierkt een och, well deen Text op deen en hei verlinkt huet fënnt op dëse konkrete Fall absolut guer keng Applikatioun." -- A firwat dann net?
An: Huet schonns ee gemierkt, datt de Spiegel an de Monde déi Billercher guer net publizéiert huet? Och wann d'Falschbehaaptungen mam Eemer ausgeschott ginn (da fale se jo net weider op) gi se dofir net richteg. --Cornischong 01:25, 12 Februar 2006 (UTC)

Genee. Dofir wëlle mer eis mol d'Falschbehaaptunge virknäppen. Wann an der Middle East Times steet "with two demonstrators killed in Afghanistan and Lebanon and warning shots fired outside a US consulate in Indonesia" dann heescht dat datt en afghanesche Stengwerfer vun der Police ofgeschoss an e libaneesesche Brandstëfter am Tumult akkzidentell zu Doud koum, mee absolut kee Bezuch zu de Warnschëss an Indonesien wou guer kee Mënsch virum US-Konsulat ëmkoum. Firwat de Cornischong eist Antidiskriminatiounsgesetz net verstanen huet weess ech net, dat muss de e selwer froen, da kann e vläicht déi Zeilen zitéiren mat deenen e Sprochproblemer huet. "SPIEGEL und Focus hatten Teile der umstrittenen Karikaturen von Mohammed aus Gründen der Dokumentation des Streits abgedruckt" liesen ech am Spiegel - da sinn ech awer frou datt de Cornischong dat besser wëll wësse wéi de Spiegel selwer. Iwwer de Monde hat ech guer näischt gesot, also alt nees eng Falschbehaaptung.
"Op alle Fall hu mer eis Diskussioun op e Punkt bruecht, wou et anscheinend dorëm geet, wat de Cornischong net sou alles gemengt huet." Dee Moment zwar nach net, mee mëttlerweil hues du et effektiv fäerdegbruecht. Wéi s de der Wiki domat notze wolls weess ech zwar net, well zënter dem Kaffi an dem Zinneke hire Kommentaren dierft d'Thema ëm dat et hei eigentlech geet jo eng absolut verstänneg Äntwert fonnt ze hunn. --Otets 04:04, 12 Februar 2006 (UTC)

"well zënter dem Kaffi an dem Zinneke hire Kommentaren dierft d'Thema ëm dat et hei eigentlech geet jo eng absolut verstänneg Äntwert fonnt ze hunn." -- Ob de Kaffi all d'Eenzebiller am Artikel wollt behalen, wäert hien eis sécher och nach eng Kéier verroden, ech hunn dat aus senge Kommentaren net konnten erausliesen. An den Otets wäert eis dat och nach soen, well deen huet eis dat och nach net uvertraut. Wa sech eng Majoritéit dovir fënnt, kënne mer se selbstverständlech nees ouni Lizenz a Copyright als allereenzeg Wikipedia drasetzen, souguer ouni den Thorse. --Cornischong 03:30, 14 Februar 2006 (UTC)

Wee manipuléiert hei wuel gären ee géint deen aneren? Ass et mär elo verbuede mech engem anere senger Meenung unzeschléissen? A meng Meenung zu den Eenzelbiller, déi s du sou hannlëschteg ënnerschéits, steet direkt zweemol um Stamminet: am leschten Abschnitt hei an hei och. --Otets 11:11, 14 Februar 2006 (UTC)

"alt nees eng Falschbehaaptung"[Quelltext änneren]

Wou huet de Spiegel d'Eenzelbiller (..biller; dat sinn der méi!) publizéiert? Lo sinn et op eemol "Teile ..." Ite missa est. --Cornischong 10:07, 12 Februar 2006 (UTC)

Fichier:Spiegel Moh Kar.jpg
Dëst (uewen) ass déi eenzeg Eenzel-Mohammed-Karikatur aus dem Jyllands-Posten, déi de Spiegel publizéiert huet am Heft Nr. 6 vum 6. Februar 2006 op der Säit 90.Op der Säit 89 ass eng kleng Foto vun der ganzer Säit aus der Jyllands-Posten, déi hei net zur Debatt steet. Dat ass dat op dat ECH mech referéieren! Dat fir déi, déi eppes hei sabbele wéi "da sinn ech awer frou datt de Cornischong dat besser wëll wësse wéi de Spiegel selwer" ouni de Spiegel och nëmme gesinn ze hunn. Fir aner Leit fir Topert ze hale geet de "Spon" anscheinend duer, mengt de Cornischong

Ech hunn d'Hardcopy-Versioun net kaaft a referéire mech also just op dat wat de Spon schreift, deem ech awer op d'mannst bis elo vertraue konnt. "Teile" hunn ech esou verstanen datt et e puer Biller sinn, well all Biller wou Stécker dra feelen net logesch klengt. Anescht kann ech mer net erklären wat de Spon gemengt huet a fir mech war déi Meldung éischter kloer formuléiert. Firwat sollt de Spiegel-online falsches iwwer de Spiegel schreiwen? --Otets 15:08, 12 Februar 2006 (UTC)

Dat gesäit sech u wéi wann de "Spon" kee fir en Topert gehalen huet. --Otets 03:03, 14 Februar 2006 (UTC)

Dat gesäit sech just un, wéi wann den Otets déi aner Leit als Toperten an d'Vitrine stellt, well e Saache behaapt, déi net stëmmen, a beim Beweis mat neien Hitterchersspiller ufänkt. --Cornischong 03:37, 14 Februar 2006 (UTC)

objektiven Text wëllen ze zenséieren ass Vandalismus[Quelltext änneren]

" Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten; 05:07 . . Otets (Talk | blockéier) (objektiven Text wëllen ze zenséieren ass Vandalismus)
Soll elo den Johnny Chicago als Vandal dohigestallt ginn?? freet de --Cornischong 10:14, 12 Februar 2006 (UTC)

Dat hunn ech net geschriwwen, grad bäi esou quokelegen Theme passen ech op d'Nuancen op. Objektiven Text express wëllen ze zenséieren - wat vu kengem um Stamminet gefuerdert gouf (au contraire, vill Stëmmen hu beklot datt mer ze wéineg Text hunn) ass Vandalismus. Well ech awer dervun ausginn, datt den Johnny Chicago den Text just iertümlech geläscht huet wéi en déi eidel Billergalerie fortgebotzt huet, mengen ech net datt heen e Vandal ass. Vu datt em dat awer schonn zweemol geschitt ass, an du um Stamminet geschriwwen hues, Saache fir de Johnny Chicago soll een net där (wéi vum Thorse gemat) mee dem Johnny Chicago schreiwen, hunn ech de Johnny Chicago schlussendlech driwwer informéiert wat em do passéiert ass. In dubio pro reo. --Otets 15:08, 12 Februar 2006 (UTC)

"den Johnny Chicago den Text just iertümlech geläscht huet wéi en déi eidel Billergalerie fortgebotzt huet" Eidel Billergalerie?? Fir déi deenen et zevill ass fir nozekucken: Den Text an d'Biller sinn dee selwechte Moment um 14.39 vum Johnny Chicago aus dem Artikel geholl ginn. Otets, du bass net en einfache Ligener, du rëffels dech lo nach laanscht d'Wourecht. A wien "objektiven Text wëllen ze zenséieren ass Vandalismus" geschriwwen huet ka jiddereen nokucken. ("Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten; 05:07 . . Otets (Talk | blockéier) (objektiven Text wëllen ze zenséieren ass Vandalismus) den 12. Februar. Esou bëlleg geet et net laanscht d'Keess. --Cornischong 03:19, 14 Februar 2006 (UTC)

Mech e Ligener ze nennen, do geess de awer definitiv ze wäit. Déi Falschbehaaptungen um Fléissband kanns de an Zukunft fir dech selwer schreiwen, well mech gesäis de hei net méi. Wann s de et net verquësse kanns datt een dech um falsche Fouss erwecht huet, dann ass dat däi Problem, dofir bréichs de net d'ganz Wiki-Kommunautéit deeglaang mat engem Privatkrich op allerënneschtem Niveau ze behellegen.

Den Johnny Chicago huet zweemol deeselwechten Text geläscht. Wéi en et fir d'zweet gemat huet war d'Galerie eidel (kuck hei) a just op déi zweete Kéier vum 23:44, 10 Februar 2006 bezitt sech mäi Kommentar vum 05:16, 12 Februar 2006, wéi een onschwéier dorunner erkenne kann datt ech just op deen zweete Résumé ("Mir machen hei eng Encyclopédie, an do gehéiren déi Karikaturen net dran") a mengem Kommentar aginn.

A just hei driwwer hunn ech geschriwwen "Objektiven Text express wëllen ze zenséieren ... ass Vandalismus", also maach elo net wéi wann ech dat wéilt verstoppen. Am selwechten Abschnitt hei driwwer hunn ech nämlech erkläert wéi ech dat gemengt hunn an dozou stinn ech selbstverständlech.

A fir déi déi nach op der Wiki bleiwe wëlle mat deem Amokleefer: kritiséiert en ni wann en nees eppes diskussiounslos läscht, well soss deckt en iech och iwwer e puer ganzer Deeg ëmmer nees op en Neits mat verbalen Urempeleien a carrément Falschbehaaptungen zou. Adieu. --Otets 11:39, 14 Februar 2006 (UTC)

Diskussioun iwwert déi schlecht Stëmmung[Quelltext änneren]

Sou ech maachen lo mol eppes op wat warscheinlech kengem an de Krom passt. Mee wat mer op de Kichelche geet ass dat zënter de Wahlen deen ee géint deen anere schéisst. A bei aller Léift, mee dat kann et dach net sinn. Wou si mer dann hei? Wikipedia, sou wéi ech et verstinn, ass jo awer demokratesch ugeluecht (wann een dat da kann sou soen), an dat wat den Ament leeft ass ënner aller Klarinett. Also, mir sinn dach ziviliséiert Leit. Da solle mer eis och esou behuelen. Myriam 23:17, 12 Februar 2006 (UTC)

"kengem an de Krom passt"[Quelltext änneren]

Du reegs dech op, mee kee Mënsch kann aus dengem Text erausliesen, ëm wat et geet. Du frees, wou mer hei sinn. Du sees, datt dat wat hei leeft ënner aller Klarinett ass. Du kanns domat nawell Recht hunn. Lies wat hei opgefouert gouf, an do de Bak op!! Mär passt dat wuel an de Krom. Diskutéier léiwer elo. Lo sinn der nach hei fir nozelauschteren. --Cornischong 23:34, 12 Februar 2006 (UTC)

Wierder am Mond verdréit[Quelltext änneren]

Ech wëll elo hei nach eng Kéier ganz däitlech soen, datt ech net géint de berühmten Artikel vun de Karikature sinn, wéi verschidden Administratoren dat méngen. A mengem Text hunn ech kee Wuert verluer, datt ech géint den Artikel wier. Ech war just der Meenung, datt et net de richtegen Ament wier. Ech hu keng Loscht, fir elo hei als de Béisen ze stoen an den eenzechen ze sinn, deen der géint ass (wéi den Otets sech ausgedréckt huet). --Tomateus 18:09, 13 Februar 2006 (UTC)

Du hu mär zwéin da wuel den "Ament" iwwerlies gehat, sorry. --Otets 02:42, 14 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn zwar versprach mech aus deene ganzen Diskussioune mëttlerweil erauszehale well déi mer mëttlerweil méi wei genuch op de Kichelche ginn, mee et ass méi staark wéi ech. Ech muss der Recht ginn. All Mënsch weess jo mëttlerweil dat déi Dénger och kënne no hanne lass goen a mier ass och net ganz wuel fir deen Artikel hei am Detail mat Biller ze hunn. Wéi gesot, mech huet et och intresséiert ze gesinn wat dann déi Karikature waren, asw. Mee ënnert dësen Ëmstänn mengen ech et wier besser do e Schratt zréck ze maachen. Myriam 22:12, 13 Februar 2006 (UTC)


Et ass vill geschriwwe ginn iwwer dem Cornischong säi Läsche vun allen Mohammed-Eenzelkarikaturen an et hu sech eng etlech Leit kloer ausgedréckt, fir déi net oder net zu dësem Zäitpunkt an dües Wikipedia eranzesetzen.
Fir e Begrëff ze kréien, wien déi Biller ELO gär an eis Wikipedia hätt:

Wien ass dofir, fir déi Rëtsch vun alle Mohammed-Eenzelkarikaturen elo an déi lëtzebuergesch Wikipedia ze setzen?[Quelltext änneren]

  • Ech hat mer do wierklech Méi gin an alles ënnen op de Biller op lëtzebuergesch iwersat, suguer dat wat am Original nach ouni Iwersetzung mee just op dänesch war. Dofir géif ech mengen datt och dat mat dem Mehrwert gestëmmt huet. Um Text wollt ech nach weiderschreiwen, mee ech hun leider nët d'Zäit fir alles an engem Dag ze maachen wéi déi aner. Wann awer jiddereen mengt ech misst als éischt den Text an dann spéider Biller eroplueden, dann hun ech domatter och keen Problem. Et as just datt dat nierens bäi de Billerrechter steet an ech dowéinst bass erstaunt war wéi den Dag drop alles fort war a mol kee mir gesot huet wat falsch sollt gewiercht sin. Pardon also, ech hun d'Biller nach gespäichert a ka se dann méi spéit eropbréngen wann dir mer den definitiven ok gëtt. --Thorse 12:46, 16 Februar 2006 (UTC)
"mol kee mir gesot huet": Et wollt een der e Mail schécken, fir dat met der duerchzediskutéieren, mee "Dëse Benotzer huet keng valid Email Adress uginn, oder well keng Email vun anere Wikipedianer kréien." Leider. Et wier villäicht besser, eng Mail Adress unzeginn, well an akute fäll kéint dat eng Hëllef sinn. Zu de Billerrechter )op der "Wikipedia:Biller"-Säit" steet bei Wikipedia-Biller: "gëtt dofir generell recommandéiert, keng Biller ënnert Fair use Lizenz op dës Wikipedia eropzelueden." An ech gin net dovun aus, dat d'Karikaturen ouni Copyright waren. Ech selwer si kee Billerrechter-Freak, mee du hues deen Ausdrock dacks mat an d'Diskussioun bruecht. Dat Wuert "Pardon" hunn ech dach a leschter Zäit hei scho gesinn.:-)) --Cornischong 13:04, 16 Februar 2006 (UTC)

Ech wëllt nët zweemol pardon fir d'Oprouh op déi selwecht Säit setzen, dofir hun ech vun der Betreffzeil profitéiert fir ze weisen datt et mir em d'Mattschaffen geet. Ech hun gefaart et géif ënnergoen, mee ech gouf da wéinstens elo verstanen. Bei deenen dach sensiblen Themen verstees du hoffentlech datt ech nët onbedéngt dropp aus sin fir och nach meng Email ze verëffentlechen. Iwer meng Talksäit sin ech jo och ze erreechen. Op der englescher an der franséischer Wiki huelen se dat Fair use an och hei hun ech dat schon emol gesin, dofir ass et jo just eng Recommandatioun wéi ech verstanen hunn. --Thorse 12:57, 17 Februar 2006 (UTC)

  • .....................
  • .....................
  • .....................
  • .....................
  • .....................


--Cornischong 22:17, 13 Februar 2006 (UTC)

A ween dergéint[Quelltext änneren]

  • Ech ka mer net hëllefen, wee weess schonn op hei zu Lëtzebuerg net och een ass dee getouft dovunn ass (kéint lo nach e ganze Roman schreiwen). Ech sinn dergéint Myriam 22:35, 13 Februar 2006 (UTC)
D'Fro war eng aner. --Cornischong 00:05, 14 Februar 2006 (UTC)
  • Well elo nach net genuch Text do steet fir Eenzelbiller seriö z'enkadréiren an hinnen e Méiwäert par rapport zu deene klengen Timberen ze ginn sinn ech elo dergéint. Mee wa moar oder a fënnef Joer den Artikel op deem Punkt ausgebaut ass an d'Eenzelbiller net méi just als Doublon mee als Illustratioun vun elo nach net beliichtenen Aspekter dingen da jo. En attendant geet et duer fir just drop ze linken (wéi mer dat am Parallelartikel souwisou scho maachen). --Otets 02:42, 14 Februar 2006 (UTC)
  • Ech sin dergéint. --Pecalux 08:53, 14 Februar 2006 (UTC)

Kommunautéit[Quelltext änneren]

Firwat as, wann ech e Kont opmaachen, nach d'Halschent op englesch an d'Halschent op lëtzeboiesch? --Weltbierger 18:34, 15 Februar 2006 (UTC)

Am Text aus mengen Lexikon steet "Orion zog mit Hilfe eines Knaben des Hephaistos ...". Fir mech huet "Knabe" an deem Zesummenhang e sexuelle Bäigeschmaach (d'Griiche ware jo sengerzäit relativ liberal ;-) ). Duerfir froen ech mech op ech dat einfach mat "Jong" iwwersetze soll? Mee eppes anescht fällt mer do och net an. Wéi gesidd dir dat? Myriam 00:06, 23 Februar 2006 (UTC)

Ier mer hei ufänken déi al Griichen als Lustmolchen ze huelen; "Bouf" kéint een do gebrauchen. Da missten "déi eng" wësse wat gemengt ass. --Cornischong 00:15, 23 Februar 2006 (UTC)

Haaptsäit[Quelltext änneren]

Salutti, kann emol ee vun den Adminen e puer Länner bäisetzen op der Haaptsäit (z.B. Italien, Spuenien, Griichenland (villäicht ginn et och nach anerer, mee dat hunn ech elo net gekuckt)? Leider kann ech dat net selwer. Merci am Viraus Myriam 21:18, 25 Februar 2006 (UTC)

Et wonnert mech e bëssi datt hei nach keen en Artikel iwwert den Tolkien oder de "Lord of the Rings" eragesat huet. Ech hunn zwar viru laanger Zäit emol d'Buch gelies, mee do misst ech mech scho relativ laang an déif draknéie fir dat hinzekréien~. Kee Fan hei? Myriam 01:01, 27 Februar 2006 (UTC)

Et ass zevill laang hier, datt ech d'Buch gelies hunn. Fänk emol duuss un, da krauche se villäicht aus de Gullien. --Cornischong 01:29, 27 Februar 2006 (UTC)

Ech sinn drop komm well se lo hei ganz Artikelen iwwert e Spill opmaachen. Mee wann ech dat do uginn, da gëtt dat eng laang Aufgab. Ass also net méi fir haut:-) Myriam 01:34, 27 Februar 2006 (UTC)

Kategoriëwiesen[Quelltext änneren]

Eis Kategorie vun de Lëtzebuerger Auteuren ass eng Ënnerkategorie vun der Kategorie vun den Auteuren, sou datt mer net dee ganze Kategoriesbeemche verlinke mussen. Anescht ausgedréckt: en Artikel gëtt net gläichzäiteg an eng bestëmmte Kategorie an eng vun deer hiren Iwwerkategorië gesat. Direkt ënnert "Auteure" sti just déi, déi (nach) keng eegen Ënnerkategorie hunn. Anert Beispill: d'Uertschaften a Rheinland-Pfalz sinn och gläichzäiteg Däitsch Uertschaften, mee si stinn der besserer Iwwersiicht wéinst ebe grad just an hirer Ënnerkategorie. --Otets 23:31, 27 Februar 2006 (UTC)

Se ginn trotzdeem just an deen ënneschten Tirang ageraumt. All eis Kategorië funktionéieren no deer Logik an op all Wiki ass et och d'nämlecht. Soss misst een och nach iwwerall d'Kategorie "Liewewiesen" beisetzen, well all Auteur ass och e Liewewiesen. Dat mécht kee Sënn. --Otets 23:41, 27 Februar 2006 (UTC)

  • Aus Wikipedia:Kategorien: "Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorie gehéieren oder zu enger Souskategorie vun dëser Haaptkategorie".
  • Aus der de-wiki: "Wird ein Artikel in eine Kategorie eingeordnet, sollte er nicht gleichzeitig in einer ihrer Über- oder Unterkategorien gelistet sein."
  • Aus der fr-wiki: "Les différentes catégories mères d'une page ne doivent pas être situées sur la même chaîne d'inclusion. Dans le cas contraire, il convient de supprimer le ou les marqueurs des catégories redondantes, et ne conserver que celui pointant vers la catégorie la plus proche, c'est-à-dire la catégorie la plus précise ou la plus immédiate ... On notera qu'une page peut dépendre simultanément de plusieurs catégories mères, à condition toutefois que ces catégories ne soient pas situées sur la même chaîne d'inclusion."
  • Aus der en-wiki: "Articles should not usually be in both a category and its subcategory."

Ouni wëllen een ze verkuebelen: et gëtt och e puer Ausnamen zu deer Reegel, mee déi si rar geséit (cf. Reasons for duplication).

--Otets 00:07, 28 Februar 2006 (UTC)