Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Januar

Vu Wikipedia

.... a mar déi ganz Welt[Quelltext änneren]

An engem Opruff fir en Don ze maachen huet den Här Jimbo Wales dat heite geschriwwen: "We’re already taking back the Internet. With your help, we can take back the world." (Kuckt dee ganzen Text: http://wikimediafoundation.org/wiki/Personal_Appeal ). Eis däitsch Kollegen kruten sech nach net dozou fir deen Text z'iwwersetzen. --Cornischong 18:59, 2 Januar 2006 (UTC)

Sou wéi ech den Artikel verstanen hunn, solls de Sue ginn, net well den Jimbo konkret versprécht méi Serveren dermat ze kafen, mee well s de esou iergendwéi Afrika hëllefs an iwwerhaapt de Kanner an der Welt. Ass dat net schéin? --Otets 01:38, 3 Januar 2006 (UTC)

Da ass nach e Saz, dee mer net sollten aus den Ae verléieren: "modify, and share freely without asking permission from anyone." Also:Lues op der Zong schmëlze loossen!! --Cornischong 01:50, 3 Januar 2006 (UTC)

Nummraumiwwergräifendes[Quelltext änneren]

De 5. Januar, kuerz virun eelef Auer mécht "en Neien" e Userkont op. Et ass de "Grimp", dee sech op der Usersäit virstellt: "De Grimp ass e Liewewiesen dat an der Stad Lëtzebuerg wunnt Schoulmeeschter a begeeschterten Fotograf ass." De Grimp, deen anscheinend nach net Gewunnecht huet, wéi dat hei leeft, schreift onglécklecherweis "[[Stad]] [[Lëtzebuerg]]" amplaz "Stad Lëtzebuerg". Dat hätt hien awer léiwer net deen Dag sollte maachen, well "wa schonn nummraumiwwergräifend Linken, da keng Homonymieslinke just een Dag nodeems datt ech deer eng 150 Stéck verbessert hunn", krut de Grimp dat erklärt. De Grimp huet et anscheinend bekäppt; deen huet opgehal mat deene Saachen. Ech fannen dat schued, ganz schued. --Cornischong 22:56, 6 Januar 2006 (UTC)

De Kolleg hei drënner huet mech e puer Stonne laang beschäftegt gehat, dann ass een duerno net méi grad ganz esou relax. Fir de Rescht gleewen ech net, datt do wierklech vill méi nokomme sollt, a wann, dann ass jo ëmmer nach Zäit, déi éischte 24 Stonnen-Paus mussen net zwangsleefeg zu enger Grafried féieren. --Otets 03:16, 8 Januar 2006 (UTC)

Interwiki Bot Status[Quelltext änneren]

Hi. I would like to get my interwiki bot YurikBot marked as a bot in your language. The bot is already operating in almost 50 languages, and it would lower the server load and improve the quality of articles if all interwikies are updated at the same time. You can read more or ask questions here. I always run the latest version of the Pywikipediabot (i am also one of the developers of this project). The request for the bot status is here. Please support. Thank you. --Yurik (en) 07:19, 7 Januar 2006 (UTC)

I really shall be grateful if you could finally read the page "Wikipedia bot". All is explained there even in the smallest details. If you would have read it, you would for example know that the Stamminet is not the place to post the above request. But except for this mere formality, there are many more steps to take in order to get through the entire procedure. Ask Quistnix how he did, if for any unknown reason you are unable to visualize the said policy page at yor pc. --Otets 03:16, 8 Januar 2006 (UTC)

John Gruen und Jean Wolf[Quelltext änneren]

Hallo und guten Abend, ich interessiere mich für die Bücher über diese Kraftmenschen. Können Sie mir weiterhelfen? Das Buch von Thorn über John Gruen habe ich bereits. Viele Grüße aus Saarbrücken Ursula Saam tiffani2005@t-online.de

Ech hunn der Fra g'änwert. --Cornischong 03:51, 10 Januar 2006 (UTC)

Hëllef! Ech hu mech e bëssen duerch d'FAQ asw gewullt mee net erausfonnt wéi een e Redirect mecht. Dobaussen ass dach bestëmmt een dee mer hëllefe kann, oder? Myriam 20:20, 8 Januar 2006 (UTC)

Ass dat ENG Fro? --Cornischong 03:35, 10 Januar 2006 (UTC)

Well mär deer ganz Béiser sinn hu mer d'Äntwert op déi dote Fro verstoppt ënnert "Hëllef:Jargon". --Otets 03:28, 10 Januar 2006 (UTC)


Nach eng Fro zum Thema Redirect. Z.B. am Fall vum: "Tiziano Vecellio, genannt Titian", soll ech do de Redirect vun Tiziano Vecellio op Tizian maachen oder ëmgedréit? D.h. wéi ass d'Prinzip; setze mer en Artikel ënnert dem Guebuerts- oder ënnert dem Künstlernumm dran? Ech hätt éischter d'Tendenz zum Künstlernumm well dee méi bekannt ass, oder? Myriam 12:30, 10 Januar 2006 (UTC)

Am Prinzip hu mer besser, mer huelen als Haapttitel deen, deen am meeschte bekannt ass. Besonnesch bei Kënschtler spillt dat eng Roll: Raphael (bei deem weess nach laang net jiddereen, wéi en iwwerhaapt geheescht huet), den Tizian (wéi ernimmt), de Caravaggio an esou weider. --Cornischong 12:48, 10 Januar 2006 (UTC)

D'lëtzebuergesch Belsch[Quelltext änneren]

All Respekt. Lo ass d'Provënz Lëtzebuerg "an der Këscht". Merci un all déi, déi dat iwwer d'Bühn geréckelt hunn. --Cornischong 00:21, 11 Januar 2006 (UTC)

Griichesch Mythologie[Quelltext änneren]

Ech si grad schwéier um kämpfen mat der griichescher Mythologie wéi der jo vläicht matkritt hutt. Ech froë mech op mer d'Nimm vun de Gëtter net alleguer solle ënnert XYZ (Mythologie) verlinke sollen? Bei deene meeschte Nimm gëtt et och nach weider Bedeitungen (oft aus der Astronomie, mee net nëmmen). Myriam 22:23, 11 Januar 2006 (UTC)

Ech kommen net grad mat. Wat fir e Begrëff mengs de? --Cornischong 22:26, 11 Januar 2006 (UTC)

Maja verschidde Nimm vu Gëtter sinn just ënnert dem Numm verlinkt (wéi z.B. Zeus, anerer (wéi z.B. Themis (Mythologie) hu méi Bedeitungen. Wollt lo grad d'Demeter attakéieren (am iwwerdroene Sënn), mee do gëtt et jo z.B. och déi Bio-Produkter vunn der Marque (oder schreift dat sech "Mark"?) Demeter. Soll ech da just eng Homonymie-Säit op Demeter setzen ann e neien Demeter (Mythologie) opmaachen? A wa jo, wouhier weess ech wou d'Demeter schonn iwwerall als link dra steet (OK bei der Mythologie dierft et relativ einfach ze fanne sinn). Komplizéiert ausgedréckt, mee ech hoffen du versteess mech. Myriam 22:42, 11 Januar 2006 (UTC)

Wann eis transmuselanesch Frënn e ganze Rateschwanz vu Begrëffer bei "Hyperion"" hunn, da loosse mär si dat maachen. Op eiser Homonymie-Säit hu mer der zwee. An dat ass och gutt esou, fir den Ufank. Wann nach eppes bäikënnt, setze mer einfach dat derbäi. Wa mer gesinn datt et (am Lëtzebuergeschen (!!) méi Begrëffer gëtt, komme mer awer net derlaanscht eng Homonymie-Säit ze zwaffen. --Cornischong 22:39, 11 Januar 2006 (UTC)
... a fir op deng Fro z'äntwerten, wéi ee wees, wou op en Artikel iwwerall schon e Link steet: einfach lénks an der Geschirkëscht op "Linken op dës Säit" klicken: do hues de s'all beieneen. --Zinneke 22:56, 12 Januar 2006 (UTC)
Ech denke grad u nach eppes: Bei Wierder, wou et ee bekannten Haaptbegrëff gëtt, an dann nach manner bekannter mam selwechten Numm, wou ee scho wäit muss siche goen, fir drunn ze denken (am Fall Demeter z.B. de Freibuerger Bëschof), da gëtt et och d'Méiglechkeet, d' Homonymiesäit "Numm (Homonymie)" ze nennen, an am Haaptartikel an engem klenge Saz am Ufank ("Fir aner Bedeitunge vum Begrëff XY, kuckt: XY (Homonymie)" drop hin ze linken. Da brauch een och déi Linke, wou et scho gëtt, net all ëmz'änneren. -Zinneke 23:04, 12 Januar 2006 (UTC)

D'Griichen[Quelltext änneren]

Also d'Griichen - hunn och ech mëttlerweil mattkritt -- si jo direkt hannert eis a punkto Artikelzuel. Huet iergendeen eng Ahnung wéivill Memberen déi hunn? Dach bestëmmt méi wéi mier? Leider kann ech kee Griichesch liesen (obwuel ech mech mat der Mythologie befaassen, schonn tragesch) a wann just mat (wéi heescht dat sou schéin op Däitsch) "Ach und Krach". Déi hunn dach bestëmmt manner Artikele pro Kapp wéi mier, oder? Eppes anescht kann ech mer bal net virstellen, déi MUSSEN dach méi Leit hunn déi dru schaffen? Myriam 00:44, 12 Januar 2006 (UTC)

Jo, d'Griichen hu méi Leit wéi mär. A si hu manner Artikele pro Kapp wéi mär. Mär sollten trotzdeem kucken an der Artikelzuel virun hinnen ze bleiwen - schliisslech si mär besser, neen?  ;-) --Otets 01:22, 12 Januar 2006 (UTC)

Hoffentlech. Solle mer se mat Griichescher Mythologie fäerdeg maachen? (War just Ironie, dat schaffen ech eleng souwisou net) Myriam 01:43, 12 Januar 2006 (UTC)

Wochendeeg[Quelltext änneren]

Ech hun en Deel Infomatiounen ann ech weess net wéi ech soll domat emgoën: Neien Thema oder ënner all Thema eppes neits? Myriam 01:13, 14 Januar 2006 (UTC)

Wéi ass et dann mat enger Lëscht vir "Vernennwierder" (dt. Schimpfwörter) wann een dat ka sou soen? Oder solle mer dat aus moralesche Grënn léiwer si loossen)? Myriam 22:52, 14 Januar 2006 (UTC)

Mär sinn hei an enger Wiki, do ka jiddereen déi Artikelen opmaachen, déi hie wëll. Ausser déi, duerch déi e mat engem Aarschbak am Prisong sëtzt. Ech hu bis elo mol nach keng sou eng Säit op enger anerer gesinn (dat w¨ll awer guer näisch theeschen). Ëmmerhi kéint dat e grousse Succès ginn. Iers de mer lo nees sees "jo, mee lo huet nees kee mer op meng Fro g'äntwert dat hei: Wann s du dat maache wëlls, da fuer lass. Et ass manner geféierlech wéi den Tron-Artikel! --Cornischong 23:25, 14 Januar 2006 (UTC)

Ma nee, ech war jo net wierklech beleidegt Cornischong. Awer e grousse Kenne a Vernennwieder (solle mer dat da lo sou nennen?) sinn ech natierlech net ;-) Myriam 23:36, 14 Januar 2006 (UTC)

Ech giff och soen, dass du einfach emol esou een opmëss, an da kommen schon di verschidden Reaktiounen. Richteg schlëmm Wierder kennen ech allerdéngs och net, mä wee wees.-.... am Eifer des Gefechts fällt engem bestëmmt dat eent oder anert an. An ausserdem musse mir jo och net just Artikelen hunn déi et schonn ob anere Wikien gëtt. Ech perséinlech freeë mech ëmmer wann mir eppes vir sinn ;-) --Alexandra 23:42, 14 Januar 2006 (UTC)

A wéi maachen ech dat dann? Einfach e neien Artikel op ann dann d'Kategorie "Lëtzbuergesch Sprooch"? Myriam 23:45, 14 Januar 2006 (UTC)

Jo, einfach esou. Wann mir d'Kat. net gefällt da ginn ech se souwisou erëm änneren.... :-) nee, ech machen de Geck. Lëtzebuerg Sprooch ass ok. Da giff ech den Artikel villeicht och Lëtzebuerger Vernennwierder nennen --Alexandra 23:48, 14 Januar 2006 (UTC)

Mee, geet et ëm en "Artikel" oder ëm eng "Lëscht" ?? freet ganz frëndlech a manéierlech de --Cornischong 23:56, 14 Januar 2006 (UTC)

Gutt Fro, wéi ass et da mat de Sprachwierder? Ech géif soen: maache mer et d'selwecht (weess ech och net wéi dat geschriwwe gëtt) Myriam 00:00, 15 Januar 2006 (UTC)

Wisou kënne mer eigentlech d'Auerzäit net änneren? Wann een a "Rezent Ännerungen" kuckt dann hänke mer jo ëmmer eng Stonn hannendrann. OK, mat der Zäit gewinnt een sech drunn ann dat ass da jo och kee wierkleche Problem. Myriam 00:03, 15 Januar 2006 (UTC)

An de Rezenten Ännerungen ass d'Zäit an der Rei (wann net, da muss de an deng Preferenze kniwwele goen). Op den Diskussiounsäite gesäit et esou aus wéi wa mer eng Stonn hannendra wieren. Dat ass awer kee Feeler, dat läit just dorunner datt wéinst der internationaler Kompatibilitéit d'UTC-Zäit ugi gëtt (an net UTC+1 wéi zu Lëtzebuerg). Et däerf ee jo net eis Mataarbeschter a Rumänien an an den USA vergiessen, déi a ganz aneren Zäitzone leie wéi mär. --Otets 03:02, 15 Januar 2006 (UTC)

Fir all déi, déi et gemierkt hunn, awer näischt wollte soen[Quelltext änneren]

Haut kritt d'Wikipedia 5 Joer!

  • Ech hu mài Glas Schampes op d'Wiki schons gedronk. Prost!!"Johnny Chicago 16:12, 15 Januar 2006 (UTC)
Prost och, awer déi lëtzebuergesch net, oder? Déi ass dach nach relativ frësch. Myriam 17:30, 15 Januar 2006 (UTC)

Prost dann och. D'lb-wiki fir hiren Deel feiert den 21. Juli dëst Joer hiren zweete Gebuertsdag. --Otets 02:28, 16 Januar 2006 (UTC)

Gebuertsdag[Quelltext änneren]

Wéi wier et wa mir giffen erëm eng Kéier giffen zesummen iesse goen, wéi dat lescht Joer. Ech hat mir geduecht, dass villeicht den zweete Gebuertsdag eng gudd Geleenheet wier. Wat haalt dir dovunner ? --Alexandra 13:21, 3 Februar 2006 (UTC)

Jo, mee wee weess elo schonn op en op engem bestëmmtenen Dag 5 Méint méi spéit Zäit huet? Sécher solle mer eppes maachen, mee ech géif virschloen mam Organisatiounsufank vläicht bis Mee oder esou ze woarden. --Otets 20:00, 3 Februar 2006 (UTC)

Jo, dat ass richteg, ech wollt emol just undeiten, dann besteet villeicht d'Méiglechkeet, dass d'Léit sech deen Dag fräi haalen :-) --Alexandra 07:40, 7 Februar 2006 (UTC)

Iwwersetzungen[Quelltext änneren]

Also ech brauch nach e bëssen Hëllef (ween hätt dat geduecht): Gëttinnen wéi d'Artemis an d'Athena ginn als "dt. jungfräulich" bezeechent. Wéi heescht dat dann op Lëtzebuergesch? Myriam 22:46, 16 Januar 2006 (UTC)b

Am "Luxemburger Wörterbuch" steet "nach Meedche sinn". Tjo, bei de Vernennwierder si mer besser drop. --Cornischong 23:10, 16 Januar 2006 (UTC)

Ubidde géing sech jo "jongfralech" mee ech menge net dat et dat gëtt (ass mer op alle Fall net geleefeg). Myriam 23:19, 16 Januar 2006 (UTC)

Dréi de Saz einfach e wéineg ëm a so se wieren nach Jofferen (dat ass och DLW-kompatibel). --Otets 00:10, 17 Januar 2006 (UTC)

OK mee dat mat de Jofferen ass och net wierlech richteg, oder, obwuel eng Joffer d'Iwwersetzung vun enger "Jungfrau" ass, gëtt et dach do Ënnerscheeder?? Myriam 23:53, 17 Januar 2006 (UTC)

Fréier, an deer Zäit wou d'Wuert entstanen ass, net. --Otets 01:44, 18 Januar 2006 (UTC)

Ech ging soen "onberéiert" wier vläicht eng Méiglechkeet fir "jungfräulich" ze iwwersetzen.

Keen dee sech mäin Hermes-Artikel duerchliest? Myriam 23:30, 16 Januar 2006 (UTC)

Wann een esou frëndlech gefrot gëtt, da kann ee jo net nee soen. Ech sinn eng Kéier driwwergeflunn an ech muss soen, ech bewonnere wierklech däin Däitsch, dat ass tiptop. Mee elo am Eescht: ech sinn och kee Wonnerkand, iwwert dengem Artikel souz ech déi ganzen Zäit mam DLW op de Knéien. Eng Investitioun déi sech fir mech gelount huet (an deier ass en och net emol). --Otets 00:57, 17 Januar 2006 (UTC)

Dat heescht du wëlls mer duerch d'Blumm soen: kaf der den DLW a kuck selwer no (woumats de mol nët SOU Onrecht häss)? ;-) Myriam 08:26, 17 Januar 2006 (UTC)

Ween een dat iergendwéi arrangéiere kéint, firwat net, jo. ;-) --Otets 14:40, 17 Januar 2006 (UTC)

Stroossenimm[Quelltext änneren]

Vill vun de bekannte Lëtzebuerger (oder och bekannten Auslänner) hu jo och eng Strooss kritt, resp. eng (oder méi) Strooss(e) ass (sinn) no him (hinne) benannt ginn. Solle mer dat bei d&i eenzel Artikele bäisetzen oder nët? Myriam 23:39, 16 Januar 2006 (UTC)

Bäi allgemeng bekannte Perséinlechkeete géif ech dorobber vläicht verzichten, well datt déi eng oder méi Stroosse mat hirem Numm hu verwonnert sécher keen. Mee bäi manner bekannte Leit kéint een dat awer a Moosse maachen. -Otets 00:57, 17 Januar 2006 (UTC)

Brëll gebraucht[Quelltext änneren]

Also wann ech net schonn e Brëll hätt géif ech ee brauchen. Zënter enger Stonn sinn d'Artikele mikrosopesch kleng ginn. Kann een dat änneren? Myriam 22:53, 17 Januar 2006 (UTC)

Schreiwen, Myriam, schreiwen! Oder mengs de d'Schrëft?? Wann et dat ass, dann hal däi "Ctrl" Knäppche (ganz lénks ënnen) gedréckt an da scrolls de mat dem Riedche vun dénger Maus. Geet et elo? --Cornischong 23:02, 17 Januar 2006 (UTC)

Jo 't geet wierklech em d'Optik. Ech versiche lo mol mat der Maus, muss ech awer lo mol uschléissen. Soen der Bescheed. Myriam 23:05, 17 Januar 2006 (UTC)

Selwecht Fro[Quelltext änneren]

Ëmmer nach déi selwecht Fro: wou huelt der all déi Zäit hier fir all déi Artikelen ze schreiwen? Ech hu krempes fir do matt ze halen. OK heiansdo hunn ech Congé, oder net sou vill Aarbecht, da geet dat, mee wéi ass dat da bei iech? Myriam 21:30, 23 Januar 2006 (UTC)

Dselwecht bäi mär, mat deem Ënnerscheed datt ech keng Kanner hunn. Dat mécht scho vill aus. A fir de Rescht verstinn ech net firwat s de mengs net mathalen ze kënnen, well esou wéi ech d'Saach gesinn dréits du am Moment en net onbedeitenden Deel zum Projet bäi. --Otets 21:48, 23 Januar 2006 (UTC)

OK ass lo villäicht eekelech (ann och net onbedingt grammatesch korrekt), mee fänke mer net unn eis elo schonn auserneenzeliewen? Ech weess net, mier si jo nach net zu esou vill. Oder leien ech falsch? Ann hu just e komescht Gefill? A wäer virun allem schued fir de lêtzebuergesche Wiki Myriam 23:41, 23 Januar 2006 (UTC)

Jidderee kontribuéiert zu deenen Zäit an esou dacks e kann. Dat huet näischt mat auserneeliewen ze dinn. --Otets 00:50, 24 Januar 2006 (UTC)

Mineur Ännerungen[Quelltext änneren]

Wisou war de Mëtten eigentlech d'Optioun "Mineur Ännerungen" fort? Myriam 22:11, 24 Januar 2006 (UTC)

Well s de vergiess has, dech anzeloggen. Da gëtt et déi Optioun net. --Zinneke 22:27, 24 Januar 2006 (UTC)

~~ "dat" oder "datt" == Wéi gëtt DAT da lo geschriwwe? Souguer den Otets huet mer déi ganz "dat" mat "datt" verbessert; obwuel e selwer heiansdo "dat" schreiwt. Ech schwätzen et "dat" aus. Also wéi ass d'Regel? Myriam 00:53, 25 Januar 2006 (UTC)

"dat" AN "datt"!!!

"jenes Kind" heescht "dat Kand" / "ich sehe, dass .." heescht "ech gesinn, datt ...." --Cornischong 01:03, 25 Januar 2006 (UTC)