Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Mee

Vu Wikipedia

EnCours a Skizzen[Quelltext änneren]

Et wier net vu Mutwell wann emol eng Kéier eng Zäit gesaat géif ginn, wéi laang esou en EnCours Schëld bei engem Artikel ka stoen. Ech weess mir hu schons all Rekorder vun e puer Méint bis zu engem Joer gebrach mat esou engem Schëld, ouni dat eppes an engem Artikel geschitt ass.

Ech mengen wa mer mat EnCours schaffen, da soll at och EnCours sinn, da soll een un deem Artikel bleiwen bis en eng Skizz oder fäerdeg ass, a net dertëschent erem aner Artikelen ufänken.

Ech géif dat heite proposéierenm, wann un engem EnCours Artikel dräi Deeg laang net méi geschafft ass ginn, dann ass den Artikel als Skizz ze betruechten.

Mir mussen dach eng Kéier mat dem Blödsinn ophalen, EnCours iwwert Artikelen ze schreiwen, wann Deeg laang näischt am Artikel geschitt. (déi Kritik ass och fir mech selwer geduecht, net dat erem en Iwerempfindleche mengt et wir just op hie gemënzt)

Johnny Chicago 12:51, 2 Mee 2006 (UTC) . Et wier och net schlecht~, wann een déi Schëlder EnCours a Skizz faarwlech méi geif differenzéiren, si gläichen sich zimmlech staark. Johnny Chicago 12:59, 2 Mee 2006 (UTC)

Wéinst menger kinnt et esouguer nach manner laang sinn: D'Schëld huet jo nëmmen deen Zweck, dass Anerer näischt ännere solle, wärend Een grad dru schafft, fir onnéideg Versiounskonflikter ze verhënneren. Alles anescht gëtt duerch "Skizz" méi wéi genuch ofgedeckt. Mee ech sinn do beileiwen net dogmatesch. Allerdéngs huet den Johnny Chicago heimatter déi méi allgemeng Fro ugestouss, wat mer mat deeër Abberzuel "Skizzen"-Artikele maachen. Ech proposéiereen, wa mer eis Zingdausender-Marque bis iwwerschratt hunn, di mer eis emol zeriö zesummen a kucken, wat do ze man ass: hoffen, dass enges Daags "ee" laangscht kënnt, an da wéi e Wonner den Artikel op 15.000 Wierder ausbreedt, gee menger Erfarung no net duer...
--Zinneke 13:12, 2 Mee 2006 (UTC)

{{Skizz}} {{EnCours|Benotzernumm}}

1) Zu de Message selwer, ech fannen déi zwee si verschiddene genuch, an de fette roude Bord huet nëmmen d'Encours-Schëld. Mir musse jo och net ëmmer an all Faarwe vum Reebou an en Artikel papen.

2) Ech ginn den JohnnyChicago Recht, dass sech déi EnCours Saachen ëmmer méi ausbreeden, an deelweis Artikelen op "EnCours" stinn, wou de leschte Komma virun zwee Méint geréckelt ginn ass. Den Delai mat den dräi Deeg fannen ech gudd, evtl. kéint een dee suguer bis max. eng Woch strecken (et wees ee jo ni, wann de Stroumkabel de Geescht opgëtt oder een aus anere Grënn net kann no der Frist do sinn, awer zum Beispill den Artikel parat am Word huet, deen nëmmen drop waart heihinner ze kommen).

3) Zinneke deng Iddi ass wonnerbar, dat ass genau sou wéi mat den 10.000 Skizzen. Ech sinn engersäits och kee Frënd vun esouvill Skizzen, heiandso hunn se awer hire Sënn...Als Beispill d'Länner oder d'Stied (an déi grouss Haaptstied sinn nach net all do): déi Artikele funktionéieren no engem bestëmmte Schema, souwéi och d'Kinneksartikelen mat der Këscht nierwendrun etc. Net ëmmer mee heiandso hunn ech léiwer, ee vun "eis" dee wees wéi den Hues leeft huet de Kader schon dohinner gesat, wéi dass muar ee kënnt, an 10 Lännerartikelen opmécht, déi nees ganz mussen iwwerschafft ginn, well se net dem "Stil" entspriechen. Bei anere Saache verstinn ech heiandso d'Skizze selwer net, zemol wann d'Material do ass. Da gëtt sech zum Beispill en däitschen Artikel iwwert Gëttin XYZ geholl, deen an der däitscher Versioun zimmlech grouss a gudd illustréiert ass, mee amplaz en da ganz z'iwwersetzen (dat verbidd jo keen, dat hunn ech mam Geoffrey Chaucer och gemaach, stoung bei hinnen als exzellent dran) ginn nëmmen déi 3-4 éischt Zeile geholl, an da war et dat. Dann hunn ech léiwer 10 Gëtter manner, mee dofir der 5 anstänneg...

Affaire à suivre --Briséisβρισεισ 14:15, 2 Mee 2006 (UTC)


"Mir mussen dach eng Kéier mat dem Blödsinn ophalen, EnCours iwwert Artikelen ze schreiwen, wann Deeg laang näischt am Artikel geschitt." Tja, sou laang wéi jidderee sech dru gehalen huet, huet keen eppes drun auszesetze gehat. Et huet villäicht net jiddereen Zäit fir all Dag stonnelaang un engem Artikel weiderzeschaffen! Et hunn der jo scho vill mat dem Blödsinn opgehal, a schreiwen einfach een oder zwéi Sätz-Artikelen. Op déi Manéier spuere se sech den EnCours. --Cornischong 18:15, 2 Mee 2006 (UTC)
Zitat Cornischong: Et huet villäicht net jiddereen Zäit fir all Dag stonnelaang un engem Artikel weiderzeschaffen! => richteg, dat verlaangt jo och keen, mee wann een en Artikel zB 3-4 Méint "blockéiert" mat engem EnCours wou keen sech sou richteg traut dann drun zegoen (ëmmerhin ass e jo EnCours) kann dat och net d'Léisung sinn. Da léiwer als Skizz fräiginn, fir déi aner. --Briséisβρισεισ 20:48, 2 Mee 2006 (UTC)

Altruistesches a Lächerleches[Quelltext änneren]

"oder kontaktéiert de Benotzer (Benotzernumm), dee grad dru schafft." : Wann ee sech net méi sollt packen fir un engem vu mär (an dem Fall, deen d'Flillekererabbels ausgeléist huet, waren et 5 Deeg!!!!, datt mer dat emol net an de Vergiess komme loossen!) "blockéierten" Artikel kënnen ze schaffen, da kéint e jo mol froen. Wann ee frëndlech freet, loossen ech gär mat mer schwätzen. Wéi berouegend, datt sech elo schonns zerrappt gëtt, fir däerfen un engem Artikel weider ze schaffen.

"Da léiwer als Skizz fräiginn, fir déi aner.": Et wäerte nach sou eng 4.000 Skizze fräi sinn, wiem dat net duergeet, däerf noutfalls eng nei ufänken, e puer vun Dausende Joreschronologie garnéieren oder e puer Orthogaffen erausgrujelen. Ech hunn nach e puer Skizze fräiginn, ..... fir déi Aner. Ech hat zwar nach wëlles, un der Kierch Steebrécken ze schreiwen, mee, wéi hat d'Myriam am Walkramp geschriwwen: et soll och emol eng Kéier un deenen anere sinn. D'Myriam huet absolut Recht! Just wou sinn déi Aner? P.S. An der däitscher Wikipedia gëtt et zënter enger Zäitche keng Skizze (Stubs, bei hinnen) méi. --Cornischong 01:37, 4 Mee 2006 (UTC)

D'Gare vu Méchela[Quelltext änneren]

Gare vu Méchela ass eng kléng Gare zu Méchela am Eislëck Gare vu Méchela ass eng Haltestell
Et ass eigentlech net deen debilen Text, dee mech stéiert (deen hätt scho laang kéinte geläscht ginn!), mee deen Text driwwer: "Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn." An domat bleift dat Déngen da stoen. Wann e Mënsch deen "Artikel" do gesäit, an e liest och nach "Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf." da muss e schonns e staarkt Gemitt hunn. Hei gëtt sech gewonnert, datt esouvill Skizzen hei stinn, mee dat Gesabbels kritt och nach eng Fletsch un.
Solle mer lo auslousen, wie mar op Méchela fiert, fir eng Foto vun der Haltestellgare ze maachen, an duerno bei der Eisebunn urifft, fir en Dossier dovun ze kréien?? Oder waarde mer, bis datt een aus der de-Wiki en Artikel doriwwer schreift, an hei een déi zwéin éischt Sätz dovun iwwersetzt? --Cornischong 17:52, 2 Mee 2006 (UTC)

"Dat Gesabbels" kritt keng Fletsch opgedréckt, mee dat ass e System no deem déi aner Wikien och fueren. Amplaz en Neien direkt ze vergraule, well säin Text net wiki-gerecht war, an direkt alles ze läschen (ausser bei manifestem Kabes), hunn ech dach léiwer entweder a) et mécht een aus den zwou Zeilen eng Wikigerecht Skizz oder b) well ee grad keng Zäit huet, paapt ee séier den "Iwwerschaffen" driwwer. --Briséisβρισεισ 20:46, 2 Mee 2006 (UTC)

A wat fir eng Schreifweis wier Iech da gefälleg?[Quelltext änneren]

Am "Talk:Boukelserbaach" kritt en "äifrege Sysop (fir e net ze nennen)" Virwërf an de Kapp gehäit, "dee bekannt ass datt en fir all Artikel gär d'Quell genannt hätt, huet meng Boukelzerbaach op eng Boukelserbaach geréckelt." Da soen ech dat elo mol "op Lëtzebuergesch": Ech hunn es sat, fir all gudden Dag vun engem anere Beleidegten Virwërf gemaach ze kréien, well ech mech un "eis Schreiweis" halen an Artikele mat "senge" Baachen. Et wäert sech bestëmmt en Anere fannen, dee sech ëm d'Schreifweis-Verbesserunge këmmere wëll. Ech hunn dem Reklamant schonns de Virschlag gemaach, an deene Fäll dem Josy Braun ze telefonéieren. Dem Lex Roth säi steet am Telefonsbuch.--Cornischong 12:01, 4 Mee 2006 (UTC)

Meng Äntwert:
Ech, de "Reklamant", war a sinn net beleidegt an hun och keng "Virwërf an de Kapp geheit", waat ee vum Cornischong net soe kann. An engem Punkt huet e Recht: "Et wäert sech bestëmmt en Anere fannen, dee sech ëm d'Schreifweis-Verbesserunge këmmere wëll" an et wäert sech bestëmmt och en Anere fannen deen an Zukunft a menger Plaatz Artikelen an d'Wiki setzt. -- Pecalux 15:37, 4 Mee 2006 (UTC)

... Fakt ass, esouguer eis Sproochexperten sinn sech selwer net ëmmer eenz (an och net ëmmer gring)...mat e puer läppege Redirecte sinn dach esou Problemer aus der Welt geschaf... --Briséisβρισεισ 16:05, 4 Mee 2006 (UTC)

Ouni hei engem wellen ze no ze trieden: waat verschidden lokal Nimm ugeet sou ass mer scho méi oft opgefall, dass tëscht dem "offizielle" Numm an deem deen d'Leit op der Plaaz benotzen heiansdo net ganz op di selwecht Manéier geschriwe gëtt. Wann daat de Fall ass, da soll doriwer diskutéiert ginn a eng Léisung waerte mer scho fannen (am Noutfall kenne jo di zwou festgehaale ginn). --Jangli 08:52, 5 Mee 2006 (UTC)


Zitat Jangli: am Noutfall kenne jo di zwou festgehaale ginn => genee. D'Leit vu Biereldeng soen och Biereldeng...offiziell heesche mir awer Bäreldeng. An domat si mir nach harmlos wann ee sech verschidden éislécker Näschter ukuckt. Einfach den "offiziellen" Numm als Haaptartikel a vun dem aneren e Redirect drop, da kënnt jiddfereen op der richteger Plaz eraus. --Briséisβρισεισ 22:28, 5 Mee 2006 (UTC)
Wat d'Leit iergenwou SOEN, intresséiert eis hei iwwerhaapt net. Et geet hei ëm d' SCHREIFweis. Wéini kéinte mer eis mol dorops eenegen? Ech hale mech villäicht drun, awer et geet ëm dat, wat an der offizieller Schreifweis steet! Wa mer eis net kënnen drop eenegen, fir déi eng Schreifweis ze gebrauchen, da wäerte mer gläich kënne ophalen. Haut huet nach e Gescheiten aus eiser "Gittar" eng "Guitar" gemaach! Wat soll een deem dann erklären? De Pecalux jummt hei d'Dier, well dee gär hätt datt mer d'Kadaster-Schreifweis sollen iwwerhuelen. Iwwregens kritt Plaz just een a, a wat och, an dat aus engem logesche Grond. Mee dat ass dach schonns alles honnert mol duerch d'Mille gedréit ginn!! --Cornischong 22:48, 5 Mee 2006 (UTC)
Ass waat am Kadaster steet ieren net offiziell? D'Diskussioun fänkt mat Géigenden un an hällt mat der ganzer Grammatik op. Fier hei Leit ze vernennen well se net wessen op ee Gittar oder Guitar op Lëtzebuergesch schreift huet näischt mat Boukelserbaach oder Boukelzerbaach ze din. Meng Meenung (a Propose): Grammatik sou wéi se offiziell festgehaal ass (a vu kengen bis elo widersprach gouf), an Dierfer, deen offiziellen Numm (op Lëtzebuergescg) sou wéi eventuel lokal Nimm als Redirect! --Jangli 17:11, 9 Mee 2006 (UTC)

De "Bau" vum Bockfiels[Quelltext änneren]

Kann emol ee mat engem mëllen Häerz no deem interessanten "Artikel" kucken. Wann ech dat debillt Gesabbels läschen, wäerten nees Kloen eragereecht ginn. --Cornischong 11:00, 9 Mee 2006 (UTC)

Lokalneiegkeeten[Quelltext änneren]

Brauche mär dat? Wëlle mär dat? Gëtt dat e Sënn? Nodeems déi Persoun anscheinend net op Uschreiwe reagéiert, hunn ech e fir een Dag gespaart. Mar leeft d'Spär of. (Meng Meenung: total iwwerflësseg! Nëmme Flillekegerabbels! 117 eidel Artikelen!) --Cornischong 22:29, 14 Mee 2006 (UTC)

Ma ech wollt genee elo genau soueppes heihinner schreiwen. Ech gesinn de Sënn doranner net wierklech, d'Wikipedia ass eng Enzyklopädie, a kee Lokalt Bliedchen an deem steet wéivill Gromperen de Bauer Jhempi gëschter ausgebuddelt huet. Ech si fir konsequent läsche vun all denen Artikelen. --Briséisβρισεισ 22:40, 14 Mee 2006 (UTC)

Ech hunn et geläscht, soss stéing et mar nach do!! Ech haassen dee Krätz! Deen nächsten Idiot mat esou Debillitéiten gëtt gestengegt, kastréiert a garottéiert. (Komm elo kee mer zielen, datt ech nees esou ontolerant wier!) --Cornischong 23:35, 14 Mee 2006 (UTC)

Lo maach de Leit net esou Angscht hei :) --Briséisβρισεισ 07:43, 15 Mee 2006 (UTC)

Du hues Recht, mer loossen d'Stengegen ewech. --Cornischong 07:54, 15 Mee 2006 (UTC)

ech hun ennen mang Meenung an der Rubrik Muechtmessbrauch dozou gesaat. Aaner Wikipediagemeinschaften sin do ganz aanerer Meenung wei dier, déi Deitsch huet zum Beispill ganz vill Lokalneiegkeeten dran. Mee ech mierke schon un aerer Ausdrocksweis dat daat heiten mech schon aleng vum Niveau hier net méi weider usprecht. (Dat ech net op Uschreiwe reagéiert hu huet domat ze din dat Dier meng IP Adresse gespaart haat ier ech daat konnt man! - Dier hut Iech och net als Administrator ze erkenne gin! / Dat d'ARtikelen nach eidel waren leit dorunner dat ech knaps 2 Stonnen amgaang war, an dat et nun mol leider e puer Gemengen zu Lëtzebuerg get. Eng kleng Chance (2-3 Deeg Startzait) hät der mer scho musse gin. Mee et schengt es wéi wann hei 2 Leit alleng geifen entscheeden waat richteg a waat falsch ass. Also eng richteg "Frai" Enzyclopédie) Zum Oofschloss nach eng remark un de Cornischong, d'Tatsach dat der hei vu menger Iddi schwaetzt wéi wann se den Uersprong vun allem Iwel wier, an dat der nach e puer Minute vierdrun mier ee perseinleche Message gescheckt hat wou der mech fier meng Iddi gelueft hut, kommentéieren ech net. Mee Dier kruut jo waat der sou gaeren maat, Dier konnt nees een vun deenen "Idioten" wéi Dier se ze nennen pflegt, spären. Gratulatioun!

Historesch Massakeren[Quelltext änneren]

cf. Lëscht vun historesche Massakeren an Talk:Lëscht vun historesche Massakeren. --Briséisβρισεισ 09:45, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech hu schonns e Problem mat der Definitioun. Wat d'Wuert "historesch" bedeite soll, hunn ech och net richteg verstanen. Fir de Rescht verstinn ech net richteg, op wat d'Briséis erauswëll. Klärt mech op. --Cornischong 10:02, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech wëll dorobber eraus, datt et verschidden (traureg awer wouer) grouss historesch Massakere ginn, zB Barthélémy an sou Gedeessems. An datt ech e Problem domat hunn, e Massaker mat engem Terroruschlag gläichzesetzen. An déi zwee awer an der selwechter Lëscht geland sinn. Ech ginn do éischter e separaten Artikel fir Terroruschléi maachen, well a menger Opfaassung ass dat nawell net dat selwecht. Bon an "historesch" kéint een evtl aus dem Numm eraushuelen. --Briséisβρισεισ 10:10, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech vermëssen den Ausdrock "Attentat" an der Diskussioun. Dat Geterrors ass zevill onkloer; et gëtt a gouf genuch "Terror", dee vu Staaten ausgaangen ass. Hautesdaags lafen der zimmlech vill doruechter, déi gëscht "Terroriste" waren an haut Staatsleit, déi Anerer "Terroristen" nennen. An: Wéi ass et mat enger Definitioun? (Attentat; Terrorismus; Massaker ...) Wat mengt d'Vollek? --Cornischong 10:36, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech ging dräi Lëschte maachen: - Massaker - Terroruschléi (Al-Qaida a sou Tricker) - Attentater (ob e Kinnek, ob e Poopst, ob e Popstar...kuerz ob iergendeng wichteg Persoun, déi probéiert ginn ass ëmzebréngen).

Wanns de zB bei de Fransousen oder Englänner kucks, déi och eng Massakerlëscht hunn, do ass keen Terroristeschen Uschlag dran.

De Kannermuerd vu Bethlehem als anert Beispill: dat ass vir mech e Massaker, a keen Terroruschlag. An och keen Attentat. Wat mengs du ? (Ech sinn ab e Mëttwoch den Owend bis e Sonden am Land fir Telefonskonferenzen :))

--Briséisβρισεισ 14:04, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech sinn d'accord, fir dräi Lëschten ze maachen, sou wéi de Briséis et proposéiert, an zwar:

  • Massakeren
  • Terroruschléi an
  • Attentater.

Ech ginn dervun aus, dat de Briséis dat an d'Rei brengt. Wann ech dat Wuert "historesch" gebraucht hunn, war dat nëmmen fir déi Fäll, déi sech virum 19. an 20. Jorhonnert ofgespillt hunn, zesummen an enger eenzeger Rubrik zesummenzefaassen. Weem daat net gefällt, ka jo een aneren Ausdrock fir "historesch" wielen. Mier ass dat egal. --ernmuhl 16:46, 16 Mee 2006 (UTC)

Muechtmessbrauch[Quelltext änneren]

Moien, ech hat mech geschter agelogt fier Lokalneiegkeeten beizesetzen. Opgrond vu mengem Beruf hät ech Zougang zu genuch aktuellen Donnéen gehaat fier doraus aktuell an Interessant Rubriken ze man, eng fier all Gemeng. Ouni Vierwarnung kruut ech vun Iech, Här, oder Madame Cornischong einfanch meng IP Adresse gespaart. Dier hat mier vierdrun ee Message gescheckt wou Dier nach soot meng Initiative wier gut, an ech sollt ob d'Eifeler Reegel oppassen. Nodeems ech aeren 2. Message an deems der mech nach ee Mol un des Reegel eroennert hut geleis hat, wollt ech iech aentwerten, mee do war ech scho gespaart. Dier priedegt Diskussioun, mee hut mer keng Geleenheet gin Iech ze aentwerten. Net emol eng E-Mailadresse hut der Hannerloos. Daat schlemst ass awer dat Dier ouni eng oeffentlech Diskussioun meng scho geschriwe Beitraeg all gelecht hut. Ech hat geint keng Reegel vu Wikipedia verstouss. Trotzdem hut Dier meng Beitraeg all gelaescht. Daat ass Vandalismus, an wann der Konsequent sid spaert der Iech elo selwer fier ee Mount pro gelaeschtenem Beitraag, (daat gin da schon e puer Joer). Mee daat erwarden ech guer net vun Iech. Et brauch een sech nemmen d'Statistik unzekucken wéi een Wikipedianer am meeschten aaner Leit spaert an et brauch een sech och nemmen den Niveau vun de Begroennungen unzekucken, da wees ee Bescheed. Ech hun mat aaneren registréierten Useren iwer E-Mail kommunizéiert waehrend ech gespaart war, an déi hu mer all konfirméiert dat se schlecht Erfahrungen mat Iech hun, mee dat se naischt geint Iech maache koennen. Ech bewerten daat net, daat ass mer einfach ze domm. Vielleicht denkt Dier mol selwer doriwer no.

Ech fannen genuch aaner Medien dei mech fier meng Informatiounen bezuelen. Ech wollt daat aus Spaass un der Freed man, an et hät äre Site mat Secherheet beraichert. Mee wann Dier daat net woellt, dann maat aer sougenannten "frai" Enzyklopädie selwer. An engem vu mengen nächsten Zeitungsartikelen waert ech nach op dest Thema zreckkommen. Dier braucht mer net ze aentwerten, Dier wollt jo och net dat ech Iech aentwerten.

Ech soen dann emol eng, zwou Saachen dozou. Jo ech war och fir d'Läsche vun denen Artikelen, well ech eben och net de Sënn an enger Enzyklopedie vun engem Lokalblad gesinn hunn. Deen entgeet mir och elo nach. Ech hunn dat awer emol nach opstoe gelooss, an einfach emol meng Meenung heihinner geschriwwen. Ech wir allerdéngs, muss ech dozou och dir, Här Cornischong soen, net esouwäit gaangen an hätt direkt alles geläscht, mee nach gewaart wat anerer dozou soen (Alexandra, Zinneke, Myriam an esou weider). Dat ass eng Saach.
Déi aner ass, a leider muss ech do schon um anonyme Benotzer sénger Säit stoen, du hues heinsdo en Toun fir mat de Leit ëmzegoen, ech wees et net. Wann een dir eppes schreift ass et direkt Getuddels, Deen nächsten Idiot mat esou Debillitéiten gëtt gestengegt, kastréiert a garottéiert, asw. Wéi soll dann een sech fillen deen nei heihinner kënnt ? Et ass eng Saach dass wann een eng nei Iddi huet, datt déi net ugeholl gëtt, an se virdrun normal diskutéiert gouf. Et ass eng aner, wann dat direkt an enger Aart a Weis diskutéiert gëtt, wéi wann deen deen d'Iddi hat dee leschten Iesel wäer. Dat ass meng Meenung.

--Briséisβρισεισ 22:21, 15 Mee 2006 (UTC)

Ier et an d'Bett geet séier och mÄi Pefferkäer. Ech war och skeptesch, wat déi Lokalneiegkeete gi wieren: héchstens bei eenzelnen Uertschaften e bësse politesch Gestëppels, soss geschitt op den Dierfercher doruechter jo net esouvill Weltbeweegendes, dass een do eng enzyklopedesch "Chronik" hätt kënne féieren. Et ass scho schwéier genuch, bei de JoeressÄiten méi wéi eng hallef Dose Saachen ze fannen, déi zu Lëtzebuerg geschitt sinn, déi et derwäert wäeren, opgezielt ze ginn. Ech fannen allerdéngs och, dass een mam Läschen e bësse méi gemälleg ëmgoe soll - net jiddereen sëtzt um Quivive, direkt op alles ze reagéieren. Hei hätt ee scho kënnen ofwoarden, dass den Anonymus un Hand vun e puer Säiten hätt kinnte weisen, wat e maache wollt an dann nach ëmmer iwwert de Sënn an Onsënn dovunner diskutéieren. Et brennt jo näischt un, wann emol eppes do steet, wat net esou Honnerprozenteg ass.
An dann de "Tounfall": Do muss ech dem Briséis leider zoustëmmen, dass ech mech als No-Lieser vun Diskussiounen heiansdo verwonnert froen, ob ech eppes verpasst hunn, well ech mer soss kee Reim op deen Tounfall maache kann. E bësse méi Retenue wier heiansdo sécher net vu Muttwëll...

--Zinneke 23:25, 15 Mee 2006 (UTC)

Ech si ganz d'Accord mat dem Zinneke senge Bemierkungen. JHarker 23:46, 15 Mee 2006 (UTC)

Eng Fro un all User[Quelltext änneren]

Huet een eng Mail vun dem 217.31.75.234 kritt?[Quelltext änneren]

"Ech hun mat aaneren registréierten Useren iwer E-Mail kommunizéiert waehrend ech gespaart war, an déi hu mer all konfirméiert dat se schlecht Erfahrungen mat Iech hun, mee dat se naischt geint Iech maache koennen." Meng Fro: "mer all konfirméiert" Steet do een dozou, oder féiert deen Amokleefer nëmme Behaaptungen hei spadséieren?? D'Manéier kënnt mer bekannt vir. --Cornischong 21:40, 15 Mee 2006 (UTC)

Bei mär huet kee sech gemellt. --Zinneke 23:27, 15 Mee 2006 (UTC)
Bei mir och net --Briséisβρισεισ 23:37, 15 Mee 2006 (UTC)
Bei mir ass keng Mail ukomm. --Tomateus 06:26, 16 Mee 2006 (UTC)
Negativ, bei mir och näischt Myriam 08:42, 16 Mee 2006 (UTC)
Merci un iech alle véier. Ech wollt et onbedéngt wëssen, mat watfir engem Mënsch mär et hei ze dinn haten. --Cornischong 09:48, 16 Mee 2006 (UTC)

Lokalneiegkeeten-Ëmfro[Quelltext änneren]

Da froe mer mol d'Vollék. Sidd Dir fir oder géint eenzel Lokalneiegkeete-Säiten fir all Gemeng vum Land ?

Pro[Quelltext änneren]

Wéi kënnt da lo meng Ënnerschreft bei "Kontra" stoen?? Dat war dach einfach meng Ënnerschreft fir mäi Virschlag. Ech sinn Pro, well dat 116 Artikelen méi sinn. Da kann den IP mol weisen, wat hee wëll. Dass alles op de Cornischong klappt ass komesch, déi aner Admins sinn bal ni do, sou maachen se och ni eppes falsch. Mat de Mohammetbiller war et och sou. Keen war do ausser de Cornischong, deen se geläscht huet, an dofir gereselt gouf. Herno war awer alles senger Meenong. Les présents ont toujours tort. --Huelen Zant 00:18, 16 Mee 2006 (UTC)

Kontra[Quelltext änneren]

  • Wann ech mer eng Gemeng ukucken, déi ech gutt kennen, an iwwerleeën, wat do an deene leschte 5 Joer geschitt ass, dass et hei der Nowelt misst erhale bleiwen, da fällt mer esou Weltbeweegendes an, wéi dass bei de Gemengewalen en neie Buergermeeschter gewielt gouf, e Kultur- a Fräizäithaus ageweit gouf, en neie Lotissement ugeluecht gouf, de Fussballsveräin aus der drëtter Divisioun mat deem vum Nopeschduerf fusionéiert huet an eng nei Kläranlag gabaut gouf. Ech mengen net, datt iergendeen dat noliese willt, wat esou - oder bal esou - och an engem aneren Duerf geschitt ass. Dofir fannen ech, sollte mer eis op aner Saache ze konzentréieren, iwwer déi et méi Intressantes ze schreiwe gëtt.

--Zinneke.

  • Ech sinn dem Zinneke senger Meenung. Wa wierklech Weltbeweegendes an enger Gemeng oder Uertschaft geschitt soll sinn, da kann een dat ëmmer nach an e puer Sätz zu dem Artikel vun der Gemeng oder Uertschaft schreiwen. --Tomateus 06:37, 16 Mee 2006 (UTC)
Meng Ried :-) Myriam 08:45, 16 Mee 2006 (UTC)

déi aner Admins sinn bal ni do, sou maachen se och ni eppes falsch[Quelltext änneren]

Dozou muss ech dann emol eppes soen...

Dat mam ni do ass jo och net wouer. Si kënne vläicht net 24 op 24 do sinn, an - dat ass lo keng Beschëllegung géing iergendeen - dat kéint dru leien dass verschiddener vun eis an der Schoul/op der Uni/op der Schaff sinn, an eben net dee ganzen Dag op der Wikipedia kënnen hänken, an all 5 Minutte kucke goen, op eppes geännert ginn ass. A villäicht ginn se och einfach an d'Vakanz (Alexandra). Wikipedia ass a mengen Aan nach ëmmer Fräizäit a keng Volldagsbeschäftegung.

Zum alleguer klappen se op de Cornischong: Jein, et geet mir an éischter Linn just ëm den Tounfall, an et ass mir egal ween dat sou geschriwwen hätt, ech hätt zu jiddferengem gesot datt deen Tounfall villäicht liicht iwwerdriwwe war, an een hätt kënne méi diplomatesch virgoen.

--Briséisβρισεισ 06:28, 16 Mee 2006 (UTC)


Merci Briséis, du hëlls mer d'Buschtawen aus dem Clavier (d'Wierder aus dem Mond). Jiddereen ass do, souvill em dat zäitlech méiglech ass. Dass hei eng Rëtsch Leit bal all Dag eng Kéier eraluussen, amplaz sech einfach vun der Tëlee an de Schlof flimmeren ze loossen, ass scho bemierkenswert genuch. Ech si frou, wann der hei sinn, fir och daagsiwwer alles am A ze halen - ech kann nëmmen an der Kaffispaus emol séier eraluussen, a vläit séier en Tippfeeler verbesseren.

Ech wëll och net den Androck ginn, op de Cornischong ze klappen: Mer wëssen all, dass him aussergewéinlech vill un der Wiki läit, an dass hie wuel deen mat der meeschter "Zäitpresenz" hei ass. Mee eng Bemierkung zu deem, wat een engem schreift (a jidderee liese kann) dierf jo nach erlaabt sinn. Grad esou wéi een eppes u mengem Geschreifs aussetze kann, wann e fënnt, eppes drun auszesetzen ze hunn.

Sou, an den Owend giff ech ganz gär emol nees en Artikel schreiwen, ouni amplaz dofir Diskussiounssäiten duerchknaen ze missen. Dat misst dach dra sinn ?! ;-)

--Zinneke 08:19, 16 Mee 2006 (UTC)

Moien. Ginn op der lëtzebuergescher Wiki um Mëtternuecht d' "Trottoiren eropgeklappt"? --Dat Krappegt vu Sëll 22:37, 17 Mee 2006 (UTC)

Dialektesch Spillereien[Quelltext änneren]

Op der "Diskussion:Luxemburgische Sprache"-Säit an der däitschsproocheger Wikipedia huet eng IP 83.99.14.172 e speziellen Optrëtt. Déi Persoun ass zënter enger Zäitchen amgaangen doropshinzeschaffen (an dat mat enger cleverer Systematik), datt den Artikel soll ëmbenannt ginn " Ich schlage daher auch den Titel Luxemburgisch (Dialekt) vor." - Wat hu mär mat deenen ze dinn? - Wann et an der däitscher dozou sollt kommen (wat gutt méiglech ass), da kéinte mer mat enger Reaktioun an de lëtzebuergesche Medie rechnen. An dat wier villäicht net dat, wat mär wéilten. --Cornischong 12:50, 18 Mee 2006 (UTC)

Et ass scho spéit, an ech sëtze warscheinlech op der Leitung: Ge-intrigéiers, Ëmbenennung, Opreegung an de Lieserbréifer vum Wort. Sou wäit, sou logesch. Mee firwat wéilte "mär" (d'lb:Wiki) dat net? Esou debil de Grond ass: Esou kéime mer an d'Gespréich, well jiddereen dann als Beweis vum Contraire d'lb-Wiki kinnt zitéieren. Oder net? --Zinneke 21:25, 18 Mee 2006 (UTC)

Copyright vun de Biller[Quelltext änneren]

Ech well nacheemol all Mësch häerzlech drop hiweisen, dass en, wann e Biller eroplued, nokucke soll, op en dat iwwerhaapt däerf. Net all Biller däerf ee sou ouni weideres benotzen, bei verschiddene Biller geet et duer dass ee beim Auteur uklappt, oder d'Source zitéiert, bei aneren net.

An der Kategorie Biller ouni Lizenz stinn eng Rëtsch Biller wou guer keng Lizenz dra steet. Wann dat net an den nächsten Deeg gekläert gëtt, da ginn des Biller geläscht.

--Briséisβρισεισ 15:31, 18 Mee 2006 (UTC)

Wann dat net an den nächsten Deeg gekläert gëtt, da ginn des Biller geläscht.[Quelltext änneren]

Ech hunn dat schonns den 18. Mee hei gelies. D'Reaktioun war "null". Ech wäert déi garantéiert net läschen. Mär ass déi Solidaritéits-Show mat de Gemengenaktualitéiten an de Mohammed-Biller duergaangen. Duerch anonym £ç&%$ an hir Fans ass hei scho genuch Parzeläin zertrëppelt ginn.--Cornischong 07:28, 23 Mee 2006 (UTC)

D'"Eroplueder" vun deene betraffene Biller si jo net zu hirer vill: Vläit hëlleft e klenge Message (Link heihinner) op hirer Diskussiounssäit? Da kënnen se härno net soen, si wiere vum Läschen iwwerrascht ginn. --Zinneke 10:41, 23 Mee 2006 (UTC)

Nodeems ech mech dann drëm këmmere wollt déi ze läschen, hat ech wéi den Cornischong an d'Alexandra via Mail Bescheed wëssen en technesche Problem. Ech komme vu Paräis nëmmi op d'Wiki (oh a mir hu lo scho villes probéiert, kee wees genau wou de Problem läit, mee ech kommen einfach net drop). Ech weisen déi respektiv Leit lo nacheemol op hirer Diskussiounssäit drop hinn. Wann do keng Reaktioun kënnt, kann dann ee vun den Admins se läschen ? Ech si just bis de Méinden hei, duerno hunn ech dann nees "Wiki-Spär" :-( --Briséisβρισεισ 09:57, 3 Juni 2006 (UTC)

10.231 an de Geheimtrick[Quelltext änneren]

10.231 Artikelen huet déi islännesch Wikipedia am Ament. De Geheimtrick ass jo bekannt; hei ass en [1]) Kengem weiderzielen!!. --Cornischong 00:08, 24 Mee 2006 (UTC)

Alles über Luxemburg[Quelltext änneren]

Wie gär e Bléck an de "Luxemburger Lexikon" gehäit, deen éischte lëtzebuergesche Lexikon iwwerhaapt, dee kann dat hei http://www.editionsguybinsfeld.lu/usersimage/File/Testseiten_A_corr.pdf maachen. D'Buch ass ugekënnegt fir dësen Hierscht. Et ass op Däitsch. --Cornischong 09:07, 24 Mee 2006 (UTC)

Déi hu jo nal nëmme Redirecten ;-) --Zinneke 11:52, 24 Mee 2006 (UTC)

Bild Cannes Affiche[Quelltext änneren]

Bonjour. hunn elo just eng Foto mat der Affich vum Festival vu Cannes 2006 eropgelueden. ech wees net wei daat geet fir se an den Artikel ze setzen, et wier fein, ween en aneren daat kennt fir mech machen. Sorry fir d Feeler am Text, ech setzen net op mengem Computer. MerciMelusina 15:43, 24 Mee 2006 (UTC)

Moien, ech hunn se an den Artikel eragesat. Dat geet ganz einfach: Am Text muss ee just [[Numm_vum_Bild.jpg|thumb|250px| Beschreiwung]] erasetzen - a schon "hänkt" d'Bild do. Mat Preview kann ee kucken, wéi dat ausgesäit, éier een et ofspäichert. Just eng Fro: Du hues vergiess, dohinzeschreiwen, vu weem d'Bild ass. Bass Du den Auteur? Oder wat ass soss d'Quell? Merci, datt s De dat nach an d'Bildbeschreiwung derbäisetz! --22:28, 24 Mee 2006 (UTC)

Ëntschëllegung[Quelltext änneren]

De User Cornischong entschëllegt sech heimatter an aller Form, datt hien wéinst Net-Oppassen an de "Sven Nykvist"-Artikel an der Nuecht vum 28. op den 29. Mee 2006 verbessere gaangen ass, opwuel do en "EnCours"-Schëld stoung. E mécht et ni méi! --Cornischong 10:01, 29 Mee 2006 (UTC)

Et ka jo jiddereen emol en En Cours Schëld iwersinn. Zaroff 10:34, 29 Mee 2006 (UTC)

De Jaak an der däitscher Wiki[Quelltext änneren]

Dach, dach, de "Lycée Aline Mayrisch" huet elo endlech och en Artikel an der Wikipedia. Natierlech net an der lëtzebuergescher, mee an der däitscher. Ausser Exklusivnoriichten iwwer den Direkter, den Här Gaston Ternes "Ausserdem ist er sehr beliebt bei der EX- Bildungsministerin Anne Brasseur und sämtlichen Damen die seinem Charme schnell verfallen." gi mer och Interessantes iwwer de Jaak gewuer: "Jaak ist treuer Vertrauter von Gaston Ternes, er arbeitet momantan an schwierigen Projekten und legt grossen Wert auf DR. SPOSI der ihm mit Rat und Tat zur Seite steht." Selbstverständlech ass am Artikel eng Foto vun der Schoul, vum Direkter an eng vum Jaak dran. --Cornischong 23:57, 30 Mee 2006 (UTC)

De Virwëtz[Quelltext änneren]

an der Rubrik Rezent Ännerungen fënnt en fett gedreckte Ofkirzungen M, NM, top asw. kann mol weg een mech opklären--Melusina 19:57, 31 Mee 2006 (UTC)

Ma dat Geheimnis ass séier gelëft: M steet fir Mineur Ännerung. Dat kënnt dohinner stoen, wann een dat Haischen beim Änneren (nieft dem Commentaires-Feld) ugeklickt huet. Et heescht, dass näischt Substanzielles um Artikel g'ännert gouf, mee just en Tippfeeler verbessert, e Link bäigesat, asw. Beim Duerchkucke vun den Ännerungen gesäit een esou, dass do net vill nozeliesen ass.
N kënnt automatesch dohinner stoen, wann et en Neien Artikel ass. Déi 2 zesumme fënnt een z.B. bei Redirecten: Et ass eng nei Säit, mee d'steet näischt drann.
top ass eng einfach Navigatiounshëllef, fir nees no uewen ze kommen.
E schéinen Owend,
--Zinneke 20:32, 31 Mee 2006 (UTC)