Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Abrëll

Vu Wikipedia

Eesazartikelen[Quelltext änneren]

Just eng kloer Fro dozou: Ass et dat wat mer wëllen?

Eng Prise de Position vun alle seriöse Mataarbechter wënschen ech mer.

Wann se sollt mat Jo beäntwert ginn, verflichten ech mech während zwou Wochen der all Dag honnert deeër Artikelen op d'Wiki ze setzen, natierlech wéi et sech an der Lescht gehéiert ouni Kategorie an ouni Interwikilink. Les Meloures 19:12, 6. Abr 2008 (UTC)

Wa mäi Kalenner vu Calpam mer keng kréckelt, dann ass haut Vollmound. Wann an der de-Wiki een en Artikel mat engem eenzege Saz ugefaangen huet, dann hu sech der mat der Zäit fonnt, déi op dat eppes opgebaut hunn, an dat ass nach haut esou. An enger Wikipedia, an dat ass déi lëtzebuergesch, an där et all Dag méi seele gëtt, datt Artikele mat méi wéi, looss mer mol soen, siwe Sätz ugefaange ginn, soll elo kee sech opspillen, wéi wa mer mat grousse Bätz ufänken. Haut huet eng Persoun e puer gellech lëtzebuergesch Wierder hei erabruecht. Echgesinn dat am Prinzip positiv, well dat gëtt et net all Dag. Wéi et mär virkënnt, stëmmt all Eenzelheet a där hire Sätz. Datt déi Persoun der elo op d'Nues kritt, well se sech erlaabt huet, e puer Saachen, déi stëmmen (!!) eranzesetzen, fannen ech, looss mer mol soen, "komesch". Well dat Ganzt jo en ëffentleche Forum ass, wäert deen een oder deen anere matkréien, wéi den Empfank hei ass, an ech ka mech net driwwer freeën. Wann hei Haaptstied mat engem Saz Text dragesat ginn, dann ass dat net grad terribel, mee dat ass och positiv an enger "Enzyklopedie", déi, fir ee Beispill ze huelen, dat mär opfält, deene ronn 200 Länner nach keen Ënnerdaach ginn huet. All Saz, deen eppes zum "Inhalt" bäidréit ass positiv! Datt Säite voll getalkt gëtt, fir oder géint dem Keeser säi Baart - dat ass den eigentleche Problem. Do stellt een d'Fro, ob mär "Eesazartikele" wëllen! Wierklech? "zwou Wochen der all Dag honnert deeër Artikelen op d'Wiki ze setzen" Ech hunn och eng Fro: Wëlle mer all Dag 500 nei Artikelen, déi all iwwer 120 Sätz hunn? Jo? Da si mer gerett. Wëlle mer nach méi eng schlecht Stëmmung hei? Jo? Da weider esou. --Cornischong 21:24, 6. Abr 2008 (UTC)

Et geet manner em d'1-Sätz-Artikelen, als sollech, mee d'Ëmstänn, wéi s'ënstinn: Et sinn der, déi sech froen, op se sech dat mussen undoen, stonnelaang hannert aneren "hannendrubotzen" ze goen, déi e Saz hei, e Saz do, dohiplättelen, ouni sech e Pup em de minimalen Zesummenhang mam "grousse Rescht" (ech schwätze vun esou Klengegkeete wéi Interwikilinken, Kategorien, asw.) ze këmmeren, obwuel ee beim beschte Wëllen net behaapte kann, se wéissten net, wéi eng Säit auszegesin huet. Et ass eng Saach vun Héiflechkeet vis-à-vis vun deenen anere Matraarbechter, esou einfaqch ass et. An dass elo erëm Troll-Diskussiounen iwwer Sock-pupette gefouert ginn, ass nëmmen traureg. Éier elo säitelaang diskutéiert gëtt, wéivill Niewesätz an engem 1-Saz-Artikel dierf stinn, fir dass et nach als 1-Saz-Artikel gezielt ka ginn, seet deen hei: Nuecht fir haut. --Zinneke 21:44, 6. Abr 2008 (UTC)

A well déi eng sech net mat den Niewesächlechkeeten ofginn wéi Kategorien a.s.w kréien déi aner déi sech d'Méi maachen fir se dann no an no dranzesetzen nach Bemierkungen iwwer Kategoriegetriwwels ze héieren. Les Meloures 23:43, 6. Abr 2008 (UTC)
Ech geet wierklech net drëms, dass nei Artikelen net wëllkomm wieren, ech denken och net dass een eppes dogéint huet. Et ass wéi den Zinneke an de Les Meloures hei uewendriwwer scho gesot hunn. Et geet ëm dat stonnelaang hannert aneren "hannendrubotzen" an dann nach Bemierkungen gemacht ze kréien, well ee keng Nei Artikelen mëcht a sëch mat Niewesächlekeeten ofgëtt. Nëmmen E-Saz-Artiklen dohinn ze knätschen an denen aneren Botzaarbechten ze hannerlossen fir kënnen ze soen et hätt ee vill Artikelen geschriwwen an di aner giffen näischt oder just Dommhete machen, ass einfach erbäermlech. --Alexandra 07:48, 7. Abr 2008 (UTC)
Moien,
Ausser datt ech blann wier, stellen ech bei dëser Diskussion dann no e puer Deeg fest datt deen däitsche System, wéi en hei uewendriwwer beschriwwe gëtt, op der lb:Wiki net sou richteg fonktionnéiert, an an deenen zwee Joer déi ech elo hei matschaffen an 99% vun de Fäll nach ni fonktionnéiert huet. Et brauch een nëmme kucken ze goen, wie vun de 1490 Mataarbechter, an dësen Artikelen eppes gefléckt huet. An den Diskussiounen huet den Artikelschreiwer sech selwer nach net zu Wuert gemellt.
Solle mer wierklech nach ëmmer hoffen datt et bei ons esou soll fonktionnéieren, wéi an der de.Wiki, oder solle mer ons net awer vläicht bewosst ginn datt vun un datt et d'Wiki an der Lëtzebuerger Sprooch gëtt, an der Moyenne ni méi wéi aacht stänneg Mataarbechter zu Verfügung stoungen. Wann déi all Aarmut musse verbessere goen, da brauch ee sech net ze wonneren datt déi Leit, déi amstand sinn en ordentlechen Artikel mat méi wéi dräi Sätz kënne ze schreiwen, an dat och maache wëllen, einfach net méi dozou kommen. Les Meloures 10:47, 9. Abr 2008 (UTC)

E komesche Link[Quelltext änneren]

Am Artikel Tau Ceti huet eng IP iergend e komesche Link beigesat. Weess ee fir wat de gutt ass ? --Fliedermaus 07:39, 9. Abr 2008 (UTC)

Moien
Dat hat mer schonns e puer mol. De Link soll ons uweisen datt an der de:Wiki deen Artikel als Famous article klasséiert ass. Dat miist bei ons mat engem giele Stärchen oder sou änlech an der Sproocheläischt lénks nieft Däitsch ugewise ginn. Dat schéngt awer bei ons net ze fonktionnéieren.
Ech kucken emol den nowend zesumme mat dem Robby wéi mer dat un d'Lafe kréien.
Les Meloures 07:55, 9. Abr 2008 (UTC)


Salut,

Merci fir d'Änwert. Ech hat scho geduecht dat de Link näischt mat Wikipedia ze dinn hätt.--Fliedermaus 08:07, 9. Abr 2008 (UTC)

Rio oder net?[Quelltext änneren]

Moien,

well et der nach net vill ginn, léiwer d'Fro elo: Sollen déi südamerikanesch Flëss besser mat oder ouni "Rio" lemmatiséert ginn? Rio heescht bekanntlech "Floss", an dat schéngt mer e bësse glungen; mer lemmatiséieren jo och net als "Floss Uelzecht". Natierlech ginn et do Aussname bei Nimm mat Possessivpronomen ("Rio de..." -> Rio de Janeiro), mee generell ass do keng Eenheetlechkeet an aneschtsproochege Wikien (déi eng hunn de Rio Paranapanema mat, déi aner ouni "Rio". Wat mengt d'Vollek? --Zinneke 09:15, 9. Abr 2008 (UTC)

Perséinlech giff ech de Rio ewech loossen wann en net zum Numm gehéiert. Wéis du gesot hues, mir setze jo och net Floss virun eis Flëss. Et sief dann et giff sech och nach em eng Homonymie handelen. Beim Paranapanema hunn ech gesinn, gëtt et och nach eng Uertschaft déi esou heescht, dofir steet warscheinlech de Rio op denen anere Wikie vidrun. Mä esouwäit ech wees hu mir do dann all Kéiers (Floss) hannendru geschriwwen. --Alexandra 09:21, 9. Abr 2008 (UTC)
Ech war op den offizielle Site vum Transport Minsitère vu Brasilie kuken, wéi et ausgesäit, heescht an dem do Fall de Floss mam ganzen Numm Rio Paranapanema --Alexandra 09:32, 9. Abr 2008 (UTC)


Moien et gëtt der nach eng sëllechen där. Als Beispill de Rio Lima gëtt bei de Portugisen ënner deem Lemma gefouert, a bei de Spuener ënner Río Limia well en do offiziell an der Sprooch vu Galicien esou heescht. Déi däitsch soe Lima (Fluss) weidergeleet vu Rio Lima. Et stellt sech d'Fro ob mer en elo solle Rio Lima nennen wéi en an de Wikië vun deene Länner heescht wou en doheem ass, oder Lima (Floss), wat u sech Speck a Schwéngsfleesch ass.
Domatter sinn ech alt erëm bei der Fro ukomm hale mer de Genus vun de Flëss wéi e bei sech doheem ass oder net. Am Fall hei wier et jo D'Lima wa mer se weiblech maachen, wéi déi meescht bei ons sinn. Wa mer Rio Lima huelen wéi ass det dann?
Ech kommen dann och op déi hollännesch zréck. Ech krut vum Hollännesch-Prof gesot datt am Prinzip d'Flëss an Holland weiblech sinn, bis op e puer Ausnahmen déi een dann ebe kenne misst. Domatter war ech bal esou wäit wéi virdrun. Do muss dann een ordentlecht Buch bei Hand leien. Ech hunn en nämlech gefrot beim Geer deen an der Belsch le Geer heescht an an Holland de Jeker, ob deen dann elo männlech oder weiblech wier, an e konnt mer net drop äntwerten.
Ech huelen emol e Sazbeispill fir ze weisen wéi onsécher dat och am Lëtzebuergeschen ass.
D'Sauer ass e Floss zu Lëtzebuerg. Wann ech mech am nächste Saz op d'Sauer bezéien, da schreiwen ech: Si leeft, oder si huet. Wann ech mech op de Floss bezéien schreiwen ech: E leeft oder en huet. Oder leien ech do falsch? Les Meloures 10:09, 9. Abr 2008 (UTC)
Dat do ass jo eppes "ganz aneschters": Wann ech schreiwen: Dee Mann ass e Kallef. An duerno "Hatt huet eng getëppelt Krawatt un" :-)))) --Cornischong 10:49, 9. Abr 2008 (UTC)
Ech denken et soll ee sech op dat bezéien wéi et an deem jenege Land ass. Soss mache mir eis jo nach geckeg. Nee, falsch ass et net. D'Sauer - si leeft. De Floss - e leeft. Vlaicht kann ee sech dann emol drop eenegen, dass en dann an engem Artikel bei engem Genus bleiwt. Wann di zwee méiglech sinn, wéi bei der Sauer, wier et dann net egal watfireen een hëllt, esoulaang et eenheetlech ass am ganzen Artikel? --Alexandra 10:28, 9. Abr 2008 (UTC)
Vergiesst de "Rio Grande" net. --Cornischong 10:44, 9. Abr 2008 (UTC)

Just zuur Informatioun. Den Artikel vum Christen ass beim WP:de en Läschuntraag gestalt ginn. Ech mengen et géif Zeit ginn dat e puer Leit vun hei sech do zu Wuert mellen... :-D 78.141.147.180 10:18, 9. Abr 2008 (UTC)

En oppene Schwier[Quelltext änneren]

Ech schloe vir, den Artikel Mariette Leuck komplett ze läschen. Den Artikel spillt zënter Laangem d'Roll vun engem Koup Sch..... , et fléie vun Ufank u just Schäissmécke ronderëm, an eng Relevanz liicht mer net an. Huet een eppes dogéint? --Cornischong 09:15, 13. Abr 2008 (UTC)

Uertschaften a Gemengen zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Infobox Uertschaft Lëtzebuerg Wéi dir vlaicht gemierkt hutt, ass eng nei Schabloun entstanen: Schabloun:Uertschaft Lëtzebuerg. Si soll déi zwou Schablounen (Schabloun:UertschaftLux a Schabloun:GemengLux) ersetzen. Si ass vereinfacht ginn andems aus zwou Schablounen eng gemacht ginn ass. Ausserdem bestinn d'Formelen an der If-Fonktioun: d.h. datt wann eng Rei net ausgefëllt gëtt, dës och net herno an der Këscht ze gesinn ass mat engem eidele Feld. Di drëtt Ännerung ass, dass d'Faarf e bësse méi lëtzebuergesch gemacht ginn ass. Heizou wollt ech gäer äer Meenung wëssen a wann dëst esou Ok ass, wier e bessen Hëllef beim Ersetze vun de Këschte wëllkomm. Merci --Alexandra 11:45, 15. Abr 2008 (UTC)

Moien Alexandra, merci fir deng Beméiungen. Dat mat der "If-Funktioun" ka secherlech vun Notze sinn, wann zB. Awunner vun eenzelen Uertschaften net gewosst sinn. Mat däer routwäissbloer Entête ass dat esou eng Affaire de goût: Mär persénlech ass dat e bessen ze vill "jäizeg", mam klenge Fändel drënner a "Lëtzebuerg" donierft misst kloer genuch sinn, wat gemengt ass.

Mee vläit fannen anerer dat flott, a wann ech sollt iwwerstëmmt ginn - so be it. Ech paken och gär eng Hand mat un, wann et drëms geet, dat ze iwwerdroen.

--Zinneke 12:33, 15. Abr 2008 (UTC)

Merci fir deng Äentwert. Zum Rout-wäiss-blo vlaicht nach eng kleng Info: dat rout a blot soll och nach e besse méi schmuel gemacht ginn. Bis elo hunn ech dat nach net erausfonnt wéi en dat kéint machen. Vlaicht wees soss een dat? --Alexandra 12:49, 15. Abr 2008 (UTC)
Den duebele Punkt misst een iwwerall wéi hanner "Land:" direkt un d'Wuert dru setzen. --Otets ♣ 14:08, 15. Abr 2008 (UTC)
Ok, dat ginn ech änneren--Alexandra 17:14, 15. Abr 2008 (UTC)
Merci! Ech hu versicht, déi zwee Punkte beim Land grad esou fett ze kréie wéi beim Rescht, ech mengen dat huet awer net geklappt bäi mär. --Otets ♣ 23:06, 15. Abr 2008 (UTC)
Ok, ginn dat nach kuken. --Alexandra 06:41, 16. Abr 2008 (UTC)
Dach, et hat geklappt :-) --Alexandra 06:43, 16. Abr 2008 (UTC)
Merci! --Otets ♣ 10:09, 16. Abr 2008 (UTC)

Moien,

Et ass schéin dat d'Alexandra sech esou vill Méi mecht fir eng nei Schabloun ze entwerfen. Ech hunn dozou dës Bemierkungen:

  • De grousse Fändel mam Numm vun der Uertschaft/Gemeng: beim lëtzebuergesche Fändel, deen horizontal gegliddert ass mat wäiss an der Mëtt, kann een den Text ouni Problem an d'Mëtt vum Fändel setzen, bei anere Natiounen ass dat esou net méiglech. Wier et net besser den Text vum Fändel ze trennen, fir datt een méi eng eenheetlech Présentatioun fir all Natioune ka kréien?
  • Déi kléng Photo an der Uertschaftskëscht géif ech op der Säit loossen. Dat géif et erméiglechen fir d'Photo méi flexibel an der Géisst unzepassen.

--Fliedermaus 17:50, 15. Abr 2008 (UTC)

Gudde Moien. Merci fir déng Umierkungen.
Eigentlech hat ech nach net dru geduecht fir dat bei all Land mam Fändel esou ze machen. Well dat éischtens terribel vill Aarbecht wäert ginn an wéis du ganz richteg gesot hues et esou mat dem do System net ka bei all Land klappen. Wa giff décidéiert ginn, dass mir dat bei all Land esou machen, kann ech mir do och eng afale loossen an et dementspriechend ëmänneren. Dat ass jo esou flott un dem System mat de Schablounen. Et brauch een net an all Artikel alles erëm änneren ze goen wann e just um Kader eppes ännert.
Dat mat der Photo ass esou eng Saach wou ech scho mat engem aneren User ëmmer driwwer rieds hat; bei de Schabloune mat den Déieren a Planzen. Ech krut allerdéngs nie eng Äentwert op meng Fro. Mä bon dat ass eng aner Geschicht. Ech perséinlech fanne Photoen ëmmer flott an de Këschten. Awer ech ka se gäer eraus huele wann dat esou gewollt ass. Dat ass kee Problem. Ech kéint do dann erëm de Wopen oder soss eppes dra setzen. Dat iwwerloossen ech der Gemeinschaft.
--Alexandra 06:41, 16. Abr 2008 (UTC)
Bei Artikele mat bal kengem Text ass esou eng Foto besser an der Këscht, well soss gëtt et enk op der Säit. A bei den Artikele mat Text fannen ech et eng gutt Gewunnecht. --Otets ♣ 10:09, 16. Abr 2008 (UTC)
"wou ech scho mat engem aneren User ëmmer driwwer rieds hat": Wann ech dat sollt gewiescht sinn, da wier et besser en Numm unzeginn. Op déi Manéier wéisste mer all, wien dat ass. "Ech krut allerdéngs nie eng Äentwert op meng Fro": Wann ech domat sollt gemengt sinn, da fir déi x-ste Kéier meng Meenung: Wann ee mengt, datt "Këschten" eppes Wiesentleches bei en Artikel bäidroen, da loossen ech deem gär seng Meenung. Bis elo hunn ech meeschtens gemierkt, datt se méi hënneren, wéi eppes abréngen. Huet schonns een d'"Këschten" an der Britannica gezielt?? Huet emol ee gekuckt, wéi an der Encyclopaedia Universalis mat de Këschtercher gespillt gëtt?? Huet schonns ee gekuckt, wéivill Këschten am Meyers Enzyklopädisches Lexikon sinn?? Wéi et schéngt, net! E gutt Beispill ass d'Kierchekëscht, déi vun Informatioun iwwerhaapt näischt bréngt, mee vill dru bedeelegt ass, datt den Artikel net gutt kann illustréiert ginn. Wann awer ee sech et zur Liewensaufgab gemaach huet, d'Wiki mat Këschten ze beglécken, da läit et sécher net a menger Intentioun, deem de Sënn vum Liewen ze klauen. Lo zu de Fotoen an de Këschten: D'Fliedermaus seet dat ganz léif hei uewendriwwer " Déi kléng Photo an der Uertschaftskëscht géif ech op der Säit loossen. Dat géif et erméiglechen fir d'Photo méi flexibel an der Géisst unzepassen." Et geet genee dorëms! Bei enger Krätzfoto, op där ee souwisou näischt erkenne kann, ass et eigentlech egal, wéi grouss se ass. Et ginn awer Fotoen, déi "méi grouss" musse sinn, well soss de Sënn, firwat se dra sinn, u sech verluergeet. Wat ech mech déi ganzen Zäit gefrot hunn: Firwat ass een esou äifreg, fir onbedéngt eng Foto an déi Këscht wëllen ze setzen? All Foto huet, a gewëssem Sënn, eng Idealgréisst. An déi variéiert vu Bild zu Bild. Eleng d'Format vu Fotoen ass esou flexibel, datt déi 08/15 4:3 Billercher sech selwer iwwerlieft hunn. Firwat d'Bild an en triviaalt Format setzen, nëmmen datt et an déi Këscht soll passen.

Fir weiderzekommen: Firwat net Këschten, op där enger Säit, a Fotoen onofhängeg dovun? Da kënnen der sou vill an den Artikel gesat ginn, wéi néideg, gesat ginn, wou se am beschte verdeelt sinn, an esou grouss wéi néideg. Mam "nie eng Äntwert"-Kréien ass dat esou eng Saach. Äntwerte koume wuel, mee vläicht drécken ech mech net däitlech genuch aus. Nach eng Kéier: Këschten: dajee alt. Biller:net an d'Këschten, mer wäerte schonns eng Plaz dofir fannen. --Cornischong 16:53, 16. Abr 2008 (UTC)

Merci fir deng Äentwert. Genau dat wollt ech wëssen: Këschten: dajee alt. Biller:net an d'Këschten. Wéi a wou a wat a wéini een eng Äentwert kruet oder net, wëll ech elo net hei breedtrëppelen. Dat huet éischtens näischt hei bei dem Thema verluer, an zweetens ass dat eng Saach tëscht eis zwee. Dofir hat ech och keen Numm genannt.
Op elo Biller an eng Këscht oder soss eppes, mengen ech, ass och net un eis zwee aleng ze décidéieren. Dofir ginn et nach eng Rei Mataarbechter déi och hire Päfferkäer dozou kënne bäidroen.
Am Moment geet et mir allerdéngs ëm di d'Uertschaftskëscht Lëtzebuerg ob mir déi nei huelen an ersetzen oder net. Dat war meng Fro zu dësem Thema. Wéi ech matkritt hunn sinn déi meescht net ofgeneigt mat der neier Schabloun ze fueren. Ech probéieren och ëmmer jidderengem seng Meenung ze respektéieren an dat esou ëmzesetzen. Schliesslech soll et jidderengem gefaalen. Vlaicht kéint ee mat enger Ofstëmmung fueren.
Wen dofir ass a wen net. An dann natierlech op mat Foto oder net.--Alexandra 07:15, 17. Abr 2008 (UTC)
Gudde Moien,
Ech hu wéinst de lëtzebuergeschen Uertschaftkëschten, dem Alexandra gefléift gehat, fir datt hat ons eng Këscht am If-System mécht fir datt emol iwwerall déi eidel Reien net do sinn, wa mer eng Informatioun net hunn, an datt mer och nëmme mat enger Këscht brauchen ze hantéieren.
Well ech selwer schonns viru laangem wëlles hat eng Entête rout, wäiss, blo, ze maachen, hunn ech et gefrot op dat méiglech wier. Do besteet just am Ament de Problem, datt d'Nationalfaarwen e bësselche flappeg sinn, mee ech hoffen datt mer do och eng Léisung fannen. Dat kann zu all Moment geännert ginn, ouni datt d'Këscht muss am Artikel ersat ginn.
Elo zu der Diskussioun mat de Biller. Op e Bild an der Këscht steet oder net hänkt dach net dovunner of, datt d'Këscht d'Méiglechkeet bitt fir e Bild dranzesetzen, mee eenzeg an eleng dovunner ob en eent drasetzt oder net. Et muss e jo kee Bild drasetzen. Dofir verstinn ech déi Diskussioun doriwwwer am Zesummenhank mat der neier Këscht net esou richteg.
Op der aner Säit kënnt mir perséinlech de Wope mat 180 px zimmlech grouss vir. Ech méngen dofir géifen 120px duergoen.
Et besteet d'Méiglechket nach eng Rei Wopen iwwer der Rei Bild bäizsetzen, an deeër een de Wope mat 120 px kann asetzen, an dann an der Rei Bild op d'mannst 250px asetzen, fir am Fall wou awer vläicht ee Bild fälleg wier.
Anegems profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir dem Alexandra Merci ze soen fir déi nei Këschte fir Planzen an Déieren, mat deene mer dat Gebastels mat den Taxoboxe lass sinn. Elo gesäit een an der Schabloun, wou e wat muss hischreiwen. Les Meloures 08:33, 17. Abr 2008 (UTC)


Dann nach eppes zu de Biller an de Këschten. Wann engem e Bild an der Këscht op deeër Plaz net gefällt well e mengt et wier besser am Text, da soll en et op eng Plaz am Text mat méi enger héijer Opleisung hintässelen. Denkt dobäi hust un déi Leit déi net déi selwecht Opléisung an net déi selwecht Schiirmgréisst hunn, wéi dir selwer. Dofir sollen d'Biller wann se sech net sollen iwwerschneiden wa méiglech net vis a vis vunenee stoen, mee wa méiglech op d'mannst eng Bildhéicht vunenee versat sinn. Fir ze gesinn wéi et op méi klenge Schirmer ausgeséit hutt der d'Méiglechkeet fir dat ze gesinn andeems der zwee Biller mat enger Breet vu 400 px nieweneneesetzt, an dann ier Favoriteläischt eso no riets zitt bis der tëscht dem rietsn a lénkse Bord keng fräi Plaz méi hutt. Da gesitt der wéi den Text mat de Biller sech op klenge Schirmer presentéiert. 08:59, 17. Abr 2008 (UTC)

Gudde Moien. Merci fir all d'Äntwerten an d'Uregungen iwwert di lëtzebuergesch Schabloun. Fir dann elo zu engem Enn ze kommen, wier ech frou wa mir kéinten ofstëmmen, wien dofir a wen dogéint ass di nei Këscht ze huelen. Bei Dofir kann ee vlaicht hannendru setzen ob mat oder ouni Foto, mat oder ouni Wopen, oder di zwee. Ech si fir all Méiglechkeet op a kann an der Schabloun nach ouni weideres eppes ännere goen. Wéi gesot, dat mat de Faarwen (roud a blo) méi schmuel ze machen, do si mir nach am gang mat kuken wéi dat kéint fonktionnéieren. Dat kann och nach ëmmer nodréiglech geännert ginn ouni an all Artikel mussen änneren ze goen. --Alexandra 09:43, 18. Abr 2008 (UTC)
Ech sëtze vläicht op der Leitung, mee:ass dat déi op dëser Säit riets ënner der Iwwerschrëft "Uertschaften a Gemengen zu Lëtzebuerg" steet? Genee Froen bréngen nawell gär genee Äntwerte mat. --Cornischong 09:53, 18. Abr 2008 (UTC)
Jo, dat ass déi. Méi genee ze kuken mat Beispiller ënnert Schabloun:Uertschaft Lëtzebuerg

Ech hunn den Duerchbléck nach net mat deem virgeschloene Këschtesystem. Esou ass Steesel engersäits eng Gemeng mat den Uertschaften Steesel, Heeschdref a Mëlleref an anersäits eng Uertschaft mam Numm Steesel. Wéi sollt dat mam neie System ëmgesat ginn?

  • Zwou Këschten am Lemma "Steesel" (eng fir d'Gemeng an eng fir d'Uertschaft) ?
  • Eng kombinéiert Këscht (Gemeng an Uerschaft)?
  • Ee Lemma "Steesel (Gemeng)" an en anere Lemma "Steesel (Uertschaft)".

Et misst menger Meenung no op den éischte Bléck kloer sinn op déi Informatiounen an der Këscht sech op den Territoire vun der Gemeng oder op den Territoire vun der Uertschaft bezéien. (vun der Fliedermaus)

Dat ass eng ganz gutt Fro. Mer haten "an der Zäit" eis scho mat deem ausenanergesat, an eis leider mat deem Kompromëss offonnt, mat deem mer jorelaang "net ganz glécklech" waren. An ech wonnere mech, datt et dës Kéier iwwerhaapt net ernimmt gouf. Esou sinn déi nächste Problemer op d'Schinne gesat. An dobäi ginn et der nach, déi Uertschaft, Gemeng, Kanton a wat nach sinn. Ech ënnerschreiwen der Fliedermaus hir Usiichten a Froe mat véier Hänn. --Cornischong 11:32, 18. Abr 2008 (UTC)

Moien,

Wann dee Kompromëss net glécklech war, woumatter ech am Prinzip d'Accord sinn, wier dann elo vläicht eng Léisung ubruecht.

Meng Propose dann emol mat dem Beispill Steesel:

  • 1) a Gemeng an Uertschaft opdeelen
  • 2) d'Homonymie Steesel uleeën mat Steesel (Gemeng) a Steesel (Uertschaft)
  • 3) am Artikel dee besteet dat wat réng d'Gemeng betrëfft bei der Gemeng stoe lossen an dat wat d'Uertschaft betrëfft an d'Uerschaft tässelen.

An der Reifolleg vun den Aarbechten esou firgoen:

  • 1) en neien Artikel fir d'Gemeng uleeë sief et als Steesel (Gemeng) oder Gemeng Steesel
  • 2) gläichzäiteg en neien Artikel uleeë fir d'Uertschaft Steesel
  • 3) wann dat gemaach ass an d'Informatiounen déi mer hunn eriwwergetässelt sinn, aus dem Artikel Steesel dee besteet d'Homonymie maachen.

Bei deenen Aarbechte kann dann och déi nei Këscht agebaut ginn.

Les Meloures 11:59, 18. Abr 2008 (UTC)

Et war och schonn eng Trennung vun der Fläch an der Schabloun virgesinn: Fläch (Gemeng), Fläch (Uertschaft). Do kann een, falls mir bei engem Artikel bleiwen fir Gemeng an Uertschaft, déi zwou Reien ausfëllen, oder wa mir getrennten Artikele machen, just eng ausfëllen. Do kënnt dann och just jeweils déi ausgefëllte Rei an der Këscht herno zum Virschäin. Falls esou eng Trennung vun Informatiounen tëscht Gemeng an Uertschaft sollt sinn, kann een dat ouni Problem an d'Schabloun mat abannen. Wéi gesot mat dem IF-System stinn engem do vill Méiglechkeeten zur Verfügung. --Alexandra 12:45, 18. Abr 2008 (UTC)

Dofir[Quelltext änneren]

Dogéint[Quelltext änneren]

Vu datt kee sech kloer dergéint ausgeschwat huet, géife mer vum nächste Méinden un lues a lues déi al Këschten ersetzen. Mer missten och kucke fir iwwerall déi nei Wopen anzesetzen, déi mer jo an der Wopelëscht hunn. An der Uertschafts-a Gemengekëscht ass dat mam Wopen och scho geännert. Do fënnt een och elo zwou Reien, eng fir de Wopen an eng fir d'Foto. Wéi gesot, dat mat de Faarwe, fir déi méi schmuel ze machen, muss nach gekukt ginn. Merci fir all déi, déi mathëllefen d'Schabloun an den Artikelen ze ersetzen. --Alexandra 14:26, 30. Abr 2008 (UTC)

Ech si mer es bewosst, datt et warscheinlech ze spéit ass, akzeptéieren dat och, mee wollt awer alt nach e puer Commentaire lass ginn. Ech wier géint dee proposéierte Pak als Ganzes gewiescht. D'Fro op Gemeng an Uertschaft (Dierfer, Stied) auserneen ze hale sinn ass menger Meenung net mat der Affaire vun de Këschten an en Dëppen ze geheien.

Firwat?

  • 3 Lemmata fir Uertschaften (Dierfer, Stied) déi anengems och Gemeng sinn, sinn der menger Meenung no 2 zevill. Ech hunn an dësem Fall meng Zweiwel op dat der Wikipedia a virop deenen déi hei eppes nokucke wëlle vill méi bréngt wéi 2-3x am Plaz eng Kéier mussen ze klicken. Dat Mannt wat do ass géif nëmmen nach méi zerpléckt an opgedeelt ginn. D'Lëtzebuergesch Gemengen an Uertschafte si mer bis op e puer Ausnamen nach zevill kleesper fir all administrativ Ënnerdeelung um Niveau vun de Lemmata matzemaachen. Ech fäerten datt da mat muencher Homonymiessäit schonn alles gesot wier. D'Homonymiessäiten si praktesch a wichteg (Beispill Hueschtert), hei awer vläicht falsch op der Plaz. Datt Steesel eng Gemeng an eng Uertschaft ass, schéngt evident, an den Ënnerscheed wier schonn nëmme mat e puer Zeilen an Iwwerschrëften (==Gemeng==, ==Uertschaft==) relativ einfach esou ze presentéieren, datt dat jidderengem aliichte misst. D'Këschten (jo, nee) sinn an deem Fall zweetrangeg. Just wéinst de Këschte géif ech net opdeelen. (mir hunn iwweregens nach e ganze Koup änlech deeër Affairen; kuck z.B. Diskussioun:Bundesland_Berlin.
  • Ech si fir nei Këschten. Ganz sécher bei de Gemengen, manner wat d'Dierfer ugeet. Wann am ganzen "Artikel" (bei muenchen 1-2 Sätz) net méi steet wéi an der Këscht, bréngt dat och net vill.

Summa summorum hätt ech also dogéint gestëmmt. Et waren u sech jo 2 Ëmfroen. Mee d'Saach geet fir mech och esou an d'Rei. Esou laang et viru geet, kënn et net ganz verkéiert sinn :) Schéin datt d'Alexandra nees do ass! --Kaffi 19:51, 30. Abr 2008 (UTC)

D'Ännerungen[Quelltext änneren]

Wéi vlaicht schonn opgefall ass, hu mir, de Les Meloures an ech, schonn ugefangen d'Këschten an de Gemengen-Artikelen ze ersetzen. An engems ginn d'Kategorien och richteg gesat an di eng oder aner Verbesserunge gemach oder nei Informatioune dragesat. De Les Meloures huet hannen ugefangen (Wuermeldeng) an ech vir (Bäerdref). Fir all déi Leit déi wëllen eng Hand mat upaken, d'Gemengen-Artikelen e bessen opzefrëschen, soen ech schonn am viraus Merci. --Alexandra 07:18, 11. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Studie u.a. zur Wikipedia auf Letzebuergesch[Quelltext änneren]

Hallo, ich würde gerne Autoren dieser Wikipedia für eine kleine Studie befragen. Wer mir helfen möchte, kann mir eine Email über meine Benutzer-Seite schicken. Ich kann leider kein Letzebuergesch (but English of Nederlands).--Ziko 22:19, 17. Abr 2008 (UTC)

Messerwetzerei[Quelltext änneren]

Wat en Zoufall.An der de-Wikipedia si se och amgaangen, hir Messeren ze wetzen! An déi brieche sech d'Auer mat deem quokelengen (!) Thema. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Benutzer_Diskussion:Ralf_Roletschek#Messer ). --Cornischong 18:14, 22. Abr 2008 (UTC)

Ech setzen d'Korrespondenz mam Shanel, dee Stewart bei Wikimedia ss, mol heihin, well ech der Meenung sinn, datt et jidderee misst interesséieren, wat an deem Eck sou "ofgeet". Meng Meenung ass zimmlech kloer, an ech hunn deem Här et däitlech geschriowwen, datt mer eis hei net wëlle vun engem Harlekin veruze loossen. Vläicht wier et gutt, wann deen (ech mengen de Shanel) mol anere Leit hir Meenung dozou liese kéint, soss mengt deen nach, hei wieren nëmme Béiser, déi de Kënnercher hier Rësel wëllen ewechhuelen.
Hello, White Cat has asked me to rename Cool Cat on this wiki (I am a steward). However, I know that you rejected his request when he asked you to, since he is not an active user here with many contributions. In addition, I can't act on wikis where there are active bureaucrats. Would you reconsider his request? Thank you. :)--Shanel Hello Shanel. With all due respect. I find it utmost absurdly ridiculous that this "user" has nothing more serious to do, than to pass his time on the lb-Wikipedia asking for another name. The chance of survival of this Wikipedia with a very restricted number of "active" users simply doesn't allow us to deal with playful harlequinades from people who mistake an encyclopaedia for a nursery. You may easily ask the other administrators their opinion about this distressing matter. Greetings from Luxembourg.--Cornischong

Ei fulli ëgri uiss Kiukamber ;-) --Zinneke
an ech hu mat esou enger Demande absolut kee Problem (wa mir esou eppes mat e puer Klicken maach géifen da bréichte mir dorwwer eise Stamminet net ze fëllen). --Robby 21:42, 24. Abr 2008 (UTC)

Gudde Moien:

Eier ech hei eng Meenung vu mer ginn, wier ech frou wann ee mer géif erklären ëm wat et eigentlech geet.

Dozou hunn ech dann dräi Froen, fir mer meng Lanter méi hell ze maachen:

  • 1) Firwat soll dee Rename gemaach ginn oder firwat net?
  • 2) Ass et vill Aarbecht fir dat ze maachen?
  • 3) Wann de grousse Sytem vu Wikpedia, vun deem mer all Dag profitéieren esou eppes firgesäit, firwat solle mer dann do net matspillen. Les Meloures 05:02, 25. Abr 2008 (UTC)
Moien och.
Ech schléisse mech dem Robby an dem Les Meloures hir Meenungen un. --Pecalux 08:32, 25. Abr 2008 (UTC)

Bonjour. Ech stëmmen net hei mat af, dat kënnen déi maachen, déi hei aktiv matschaffen. Mais eppes muss ech hei lass ginn. Wat ech witzeg fannen. De Les Meloures schreift "Eier ech hei eng Meenung vu mer ginn, ---". Dat heescht, hien huet nach guer keng vu sech ginn. Du schléisst de Pecalux sech dem Les Meloures senger Meenung un, déi dien nach net vu sech ginn huet. Diir sidd ganz Léiwer hei. (- )))) de Muerzel


Moie Muerzel
Et ass léif datts de met mat afstëmmst bei eppes, iwwer dat fir de Moment net afgestëmmt gëtt, dat ass och ganz léif. Les Meloures 09:14, 25. Abr 2008 (UTC)


Et feelen nach d'Meenunge vun e puer net Mataarbechter a Bokemäiler.!!!!!!!!!!! An déi vun der berüchtegter IP déi eng Handysnummer huet an no enger Domina sicht an hanner deeër zu allem Iwwerfloss och nach de Mëlur stécht. Les Meloures 09:19, 25. Abr 2008 (UTC)

"Firwat soll dee Rename gemaach ginn?" war eng gutt Fro. --Cornischong 11:28, 25. Abr 2008 (UTC)

Ech sinn der Meenung datt hei d'Äntwert ze fannen ass firwat dee Rename gefrot ginn ass --Robby 20:50, 25. Abr 2008 (UTC)
Wann elo een op all de Wikipediaen a -mediaen asw. deeselwechten Numm wëll hunn am Kader vun deer neier Méiglechkeet fir e globale Benotzerkont ze féieren, da wier ech dofir fir em säi Wëllen ze don, ausser dono kéime se dann zu Honnerten hei esou un, an dat alles ze ännere géif méi Zäit ewechuele wéi bis ewell an dës Diskussioun gestach gouf. --Otets ♣ 13:15, 29. Abr 2008 (UTC)
" am Kader vun deer neier Méiglechkeet fir e globale Benotzerkont ze féieren, .. " Well ech alt heiansdo eppes schreiwen, kommen ech vläicht net ëmmer derzou, alles ze liesen, wat am Reider hänkt. Da muss ech dat iwwer déi nei Benotzerkonten iwwergaangen hunn. Wou ass dat erklärt? --Cornischong 13:23, 29. Abr 2008 (UTC)
Dat muss de wuel iwwergaangen hunn, et steet hei. --Otets ♣ 15:06, 29. Abr 2008 (UTC)

Regeln auf lb.wipedia[Quelltext änneren]

Hallo,

Ich möchte hier auf einige sichtbare Probleme auf lb.wikipedia hinweisen. Das Regelwerk dieses Projekts beschrenkt sich zurzeit auf eine Seite, namentlich Wikipedia:Reegelen. Ansonsten besteht nur der Hinweis dass diese Regeln auf [en.wikipedia.org en.wikipedia] aufgestellt wurden. Es ist unklar ob im Zweifelsfall dann die Regeln von en.wikipedia appliziert werden oder wie vorgegangen wird.

Der Grund dieser Anfrage ist dass ich letzte Woche eine Konfrontation mit Benotzer:Cornischong hatte in der dieser gegen die auf en.wikipedia übliche Regel en:No personal attack verstoßen hat (siehe [1] (Zit. vill Wand a wéineg Loft, mäi Schoulmeeschter, deen eis sot: "Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee")). Zu Bemerken, dass er meine Antwort darauf zugleich als Beleidigung empfunden hat ([2]), dabei ist zu Bemerken dass ich meine Antwort längst abgeschwächt hatte und dass die von Benotzer:Cornischong zitierte Sätze der alten Version entsprachen. Daraufhin hat Benotzer:Cornischong mich dann für drei Tage gesperrt ([3] Notiz: ich finde hierzu den eigentlichen Eintrag auf der Sperrseite nicht der wenn ich mich recht erinnere leicht unterschiedliche Begründungen angibt.)

Also nochmal kurz, ich habe versucht eine Komplexe Situation auf der Diskussionsseite Diskussioun:Heinrich V. vu Lëtzebuerg zu klären, dabei war mein Wortgebrauch nicht ganz diplomatisch aber ansonsten entsprechend dem üblichen Gebrauch auf Wikipedia Diskussionsseiten. Darauf kam eine beleidigende und in keiner Form dem Artikel dienende Antwort von Benotzer:Cornischong. Diese Antwort verstoß also zweifach den Regeln (en:Wikipedia:No personal attacks und en:Wikipedia:Talk page guidelines. Wie aus der Diskussion hervorgeht hatte ich Benotzer:Cornischong auch auf diese zwei Verstösse hingewiesen. Zu allerletzt dann wurde meine Sperrung durch den gleichen Admin vorgenommen dem ich schon erklärt hatte dass ich gerade die nötigen Schritte gegen ihn überprüfe. Also besteht zusätzlich zu den anderen Problemen ein Machtmissbrauch durch Benotzer:Cornischong.

Zu allerletzt, es scheint ein Problem mit der Sperrvorrichtung hier auf lb.wikipedia vorzuliegen. Ich konnte unter der gesperrten IP keinen Protest auf meiner Diskussionsseite posten und erst als meine IP gewechselt hatte konnte ich dies vornehmen. Es besteht auch scheinbar keine Möglichkeit andere Admins auf die unberechtigte Sperrung oder die technischen Probleme aufmerksam zu machen. Da ich noch nie auf einem der Wikipedia Projekte gesperrt war weiss ich nicht ob dies vielleicht ein allgemeiner Fehler in der Software bezüglich anonymer Mitarbeiter ist oder nur ein lb.wikipedia Problem ist. Aber es ist klar dass ein gesperrter Benutzer das Recht hat auf seiner Diskussionsseite Einspruch einzulegen oder generell zu posten en:Wikipedia:Appealing a block.

Also, auf welche Regeln stützt sich lb.wikipedia welche Sanktionsmöglichkeiten bestehen gegen Nutzer die gegen diese regeln verstoßen. Welche Sicherungen bestehen gegen missbrauch durch Admins. Falls es bei einem oder mehreren dieser Punkte lücken gibt sollten wir diese Schliessen.

Danke im voraus für konstruktive Beiträge.--IP80.90.52.23 13:46, 28. Abr 2008 (UTC)

Lücken hu mer menger Meenung keng, steet alles hei. Wann esou e Fall virläit, versicht d'Communautéit z'arbitréieren an eng gemeinsam Léisung ze fannen a wann dat net sollt gelénge kann ee versichen e Steward als Arbitter ze fannen. --Otets ♣ 15:02, 29. Abr 2008 (UTC)

Englisch Sprach Kenntnisse auf lb.wikipedia[Quelltext änneren]

In Zusammenhang mit der obigen Frage und auf Grund vom folgenden Kommentar Déi Tricke mam Englesche ginn a kenger Wikipedia duerch. Mär hunn hei Leit, déi keen Englesch kënnen, an et ass net ganz fair, fir déi widder de Kapp ze stoussen. [4].

Gibt es hier Benutzer die keine Englisch Kenntnisse haben, ich bin bis jetzt davon ausgegangen dass zumindest Jedermann(frau) Basis Lesekenntniss hat. Falls nicht entschuldige ich mich für meine Edit Summaries der letzten Woche. Ich habe dann auch für den Zweifelsfall ins geläufigere Deutsch gewechselt auch wenn meine eigene Kenntnisse da nicht ideal sind. Der Grund meines Benutzens einer anderen Sprache als Luxemburgisch ist prinzipiell darauf zurückzuleiten dass meine Schreibkenntnisse im Luxemburgischen Gering sind und dass deswegen meine Kommentare scheinbar unverständlich sind. Ich habe auch nicht vor mich deswegen von einigen lokalen Benutzern hänseln zu lassen.--IP80.90.52.23 13:46, 28. Abr 2008 (UTC)

Obwuel sécher jiddereen deen de lëtzebuergesche Schoulsystem bis zum Schluss matgemat huet och Englesch geléiert huet, kann net dovunner ausgaange ginn datt all Wikipedianer deen hei matschafft (a) de lëtzebuergesche Schoulsystem matgemat huet (am Kader vun der Integratioun gëtt Lëtzebuergesch dacks als Friemsprooch geléiert), (b) dee Schoulsystem bis zum Schluss matgemat huet, an (c) sech nach genuch u säi Schoulenglesch erënnert wann dat scho méi laang broochlung. Wann elo ee kee Lëtzebuergesch kann an onbedingt eppes matdeele muss, da geet et eben net anescht wéi an enger Drëttsprooch als Behëllef. Dogéint schreiwen déi méi oder manner reegelméisseg Matoarbechter ënnert sech awer selbstverständlech Lëtzebuergesch, well ouni Lëtzebuergesch ze kënnen (an dozou gehéiert och säi Bescht ze ma fir Schreiffeeler z'evitéieren) si se jo och net amstand eppes zu den Artikele bäizedroen. Einfach eng Saach vu Logik. A fir de Rescht kann ee sech och d'Méi man a richteg Lëtzebuergesch schreiwe léieren, elo net an engem Dag oder enger Woch mee lues a lues bis (bal) zur Perfektioun - et huet wuel keen deen hei ugefaangen huet vun Ufank un alles richteg geschriwwen, dat koum bei jidderengem eréischt mat der Zäit a virun allem mat enger gudder Portioun guddem Wëllen. Ween awer elo dee gudde Wëlle vermësse léisst, dee kann net soe e wier selwer ganz onschëlleg dodrunner wann e gedierengelt gëtt et dach besser ze man (an net da just op enger aner Sprooch auszewäichen). --Otets ♣ 15:02, 29. Abr 2008 (UTC)