Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Abrëll

Vu Wikipedia

D'Säit vum Moritz Ney[Quelltext änneren]

Bonjour alleguer, Wei' versprach hun ech e puer kleng Ännerungen op der Säit vum Moritz Ney gemaach, esou ewéi ech daat mat him besprach hat. Ech wollt elo nach eng Foto vun engem Bild eraschecken. D'Fotorechter leien beim Moritz, do ass also kee Problem, hien huet mer d'Material extra zur Verfügung gestallt. D'Foto ass vum Jochen Herling. Soot mer w.e.g. u WIEN ech se soll schecken. Hei nach eng Keier meng E-Mail: jmbr@pt.lu

De Rob (Brandy) huet jo nodeem ech him Bescheed gesot hun seng Säit nei gemaach. Ech hun am Ablack vill Aarbecht, lues a lues maachen ech daat dann mat nach Könschtler oder soen hinnen, si sollen daat selwer maachen.

Ech gleewe kaum, dass der mat de Könschtler vill Problemer kritt waat dei Saachen ubelaangen iwwert dei der hei diskuteiert ( Urheberrechter weinst engem Bild ... wat soll daat.) Mee bon, diir wesst do vläicht mei ewei ech. D'Welt gött souwisou all Daach mei blöd - ech hun viir eemol d'Neiechkeeten gekuckt an hun d'Nues neess voll viir eng Zäitchen domat. Bescht Greiss un d'ganz Ekipp, Jean-Marie Biwer

(gouf de 16.03.2009 geschriwwen.)

Moien,
dee Message hei schéint iwwersi ginn ze sinn. Huet een dem Här Biwer g'äntwert gehat? --Zinneke 13:20, 16. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Un ons léif Mataarbechter[Quelltext änneren]

Moien

Ech wollt just ganz héiflech froen ob et vläicht eventuell méiglech wier, datt wann der een Artikel geschriwwen huet, just eng Kéier nom Späicheren, séier driwwer ze kucke fir wéinstens déi graffste Feeler erauszehuelen. Et dierft jo net sou schwéier ze sinn, wann der gesitt, wat an ären Artikele verbessert gouf, fir net nach honnert mol duerno de selwechte Feeler erëm ze schreiwen.

Beispiller:

as = ass - sin = sinn - gin = ginn - get = gëtt - hällt = hält a.s.w.

Eng kleng Hëllef dozou ass Hei

Merci am Viraus.

Les Meloures 02:14, 11. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moie vun engem léiwe Mataarbechter, deen deng héiflech Fro "ob et vläicht eventuell méiglech wier asw...." zur Kenntnis an zu Härz gehol huet (e probéiert et emol). Och hien - dee léiwe Matarbechter - as ee vun de sëllechen Awunner vu Lëtzebuerg, déi sech net schummen, hier Sprooch net a vollendeter Form ze beherrschen. Dat as kéng Entschëllegung, mä e Bekenntnës. Ob dat sech eng Kéier ännert oder wéinestens amelioréiert, kann e net garantéiren. Honnisoitquimalypense. Salut

(edit) Du schreiws an enger Verbesserung , dat et am Lëtzebuergëschen keen SZ géif ?? Ech sin elo vläicht e bësse schwéier vu Begrëff, mä wéi schreiws de dann: Disziplin, Akafszenter, Feierstengszalot, Faszinatioun oder Oszillograph ?? Oder haale mier et mat den Eedgenossen a hu vläicht keen "schaarfen Es" an eiser Sprooch? Dofir as de Narziß och vläicht ëmgedeeft gin an huet en SS un de Pelz gehaang kritt :) --Azeton 14:14, 11. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Du hues Recht. Ech hat mech schlecht ausgedréckt, gemengt war de schaarfen Es. SZ fir de schaarfen Es ze soen, ass ee vun den Informatiounsfeeleren, deen ech an der Jugend kruet, an dee mech wéi s de geséis haut nach belaascht. Les Meloures 09:42, 12. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Hei stoungen e puer Sätz vum Azeton. Goufe vum Les Meloures geläscht well se keng Argumentatioun zum Sujet bruecht hunn, an net neutral gehale waren, mee éischter provokativ an agressiv, vis-à-vis vun engem anere Benotzer.

Dovunner afgesinn, passen an den Artikel vun deem riets geet effektiv e puer Saachen net dohinner. Vu datt d'Schantjensschëld drasteet, waarde mer mol léiwer of, wéi e sech weiderentwéckelt. Et wier mol vläicht gutt an anere Wikien ze kucken, wat déi esou doriwwer schreiwen, a sech da Gedanke maachen op een en etlech Behaaptungen net besser huet erauszeloossen.

Les Meloures 09:32, 12. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Här les Meloures[Quelltext änneren]

Wann ech amgaang sin eng Säit unzeleen (Sexualstéierungen) a se als Chantier geezeechent hun, fannen ech komplett doniewend, wann dan egal wien doranner fummele geet an herno méi ewéi d´Hallschent (insgesamt 38 Zeilen), vun deem, wat ech amgaang war dobäi ze setzen, duerch d´Päif as, well do ee gläichzäiteg mat mier amgaang war an sech d´Ofspäicherungen iwerschnidden hun an domat den ongespäicherten Tetxt bei den hellege Geescht geschéckt hun. Wann meng Bäitreeg Iech (Pecalux a Les Meloures) net an de Krom passen, da kuckt emol op deenen aaneren Wikien an inspiréiert Iech e bessen an unerkannte Enzyklopedien. Ofgesin dovun as déi Serie iwer Sexualaitéit nach net färdeg a get am Laaf vun der Entwécklung nach méiglecherweis emgebaut an erweidert. Wann der also sos näischt kënnt, ewéi onreflektéiert Sträichen a Lëschen, da sot mer dat direkt, da brauch ech mer d´Aarbecht net emsoss ze maachen. Da geet och e Link op d´mosaesch Gesetzer, de Katchëssem oder déi entspriechend Suren am Koran duer, fir d´Sexualitéit z´erklären an de Wikilieser déi richteg Moral mat op de Wee ze gin.--Azeton 13:22, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Här Azeton[Quelltext änneren]

Ären Artikel war net als Schantjen gezeechent, Hei hannendrun de Versiounshistorik:


  • 15:36, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (2.001 Byten) (Zrécksetzen | zréck)
  • 15:35, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (1.981 Byten) (k) (zréck)
  • 15:17, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (2.007 Byten) (k) (zréck)
  • 15:04, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (2.014 Byten) (zréck)
  • 14:55, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (2.020 Byten) (Schantje wéinst Reperatiounen) (zréck)
  • 14:36, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (1.995 Byten) (Säit ugeluecht matt: 'Sexualstéierungen sin e Sammelbegrëff fir Dysfonktionnementer oder Beanträchtegungen vum sexuellen Empfannen, vum Sexualliewen, vum ...
Aus deem geet kloer erfir datt ech 14:55 D'Schantjesschëld dragesat hunn, virdru stoung keent dran, soss hätt ech dat respektéiert, an datt et um 15:04 vum Azeton op säin Numm g'ännert gouf.
Do soll kee soen ech géif net bei der Wourecht bleiwen. Les Meloures 13:54, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Nach Froen:

Wat huet de Pecalux an Ären Artikelen zum Onwee gemaach? Ausser Schreiffelerverbesserungen an zwou Läschunge vu Vandalenaktioune, déi jo awer wuel berechtegt sinn, kann ech do näischt fesstellen.

Hunn ech eppes iwwersinn?


Wann der also sos näischt kënnt, ewéi onreflektéiert Sträichen a Lëschen steet hei uewendriwwer.
A waterengem Artikel gouf vum Pecalux oder vum Les Meloures onreflektéiert gestrach oder geläscht?
Ech erwaarden hei eng prezis Äntwert.

Les Meloures 14:20, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Bon, nodeems ech dat hei gelies a nogekuckt hun, kommen ech zu dem Schluss datt mäi Schantgen, deen ech ouni Zweiwel virun Ärem dra gesat hat, ënnert d´Zännrieder vum Server oder der Informatik koum. Ech si secher, dat ech den Thema markéiert hat, well zënter dem Optrëtt vum Sultan e Samschteg sin ech do méi viirsiichteg gin. Des weideren as e Stéck vu mengem Text (deen ech vläicht 20 Minuten duerno bäigesat hat) spurlos verschwonnem, resp. as guer net ofgespäichert gin (dat sin déi Zeilen, vun deenen ech geschriwen hat)Ech hun dat dorop zréckgefuert, well mier zäitweis zu zwee am Thema aktiv waren, an doduerch e Knued an de Programm koum, en Effet deen net ongewéinlech as. Eng aner Erklärung wees ech net - mier sin also allen zwee bei der Wouerecht bliwwen.

Wat den Härr Pecalux (an Iech) unbelangt: (D'Auteuren vum Artikel si gebieden, mol dat hei ze liesen a sech och drunn ze halen. Perséinlech Meenungen a Wertungen sollen an däerfe net an Artikelen erëmgespigelt ginn. --Pecalux 07:10, 12. Abr. 2009 (UTC)) hun ech an der Roserei wuel iwert d´Sträng geschloen, well et jo eigentlech nëmmen de Sultan war. Ech fannen et anerersäits awer bemierkenswert, dat de Pecalux kommentarlos iwert d´Läschaktioune vum Sultan ewech goung an eréischt op déi soitdisant "Nët-Neutralitéit" opmierksam gouf, wéi ech mäin (elo gelëschten) Standpunkt scho laang hei eragesat hat an Dir och no him eréischt gemengt hut, et misst een emol do kucken .... nodeems Der awer schon den Owend virdrun an dem selwechten Artikel ausser engem falschen Interwiki-Link anscheinend näischt ze beanstanden hat.

Wéi de Sultan eegemächteg e puer mol e Block aus dem Text geläascht hat, huet och keen Admin et fir néideg fond, anzegräifen oder e Kommentar ze gin, Dir och net, wéi der e puer Stonnen méi spéid selwer dra ward an unhand vum Listing vun de rezenten Ännerungen feststellen konnt, wat sech do ofgespillt hat.

Dir kennt vläicht verstoen, dat ech ënnert denen Ëmstänn e bësse sauer war.

Bon, vu mier aus kënne mier et dobäi beloossen, et brengt der Wiki näischt, fir hei weider hin an hier ze argumentéiren.--Azeton 18:09, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Vun „http://lb.wikipedia.org/wiki/Diskussioun:Masturbatioun“


Remoien,

Nach just eng kleng Kloerstellung:

  • Adminne sinn net do fir direkt an d'Arena ze sprangen, wann zwéi Benotzer net déselwecht Opfaassung zu engem Sujet hunn, an en Editkrich ufänken. Adminne sollen do nëmmen asprange wann et zevill bont gëtt, a wann ouni valabel Argumenter zevill hin an hirgeläscht a geréckelt gëtt.
  • Datt d'Adminnen net direkt an een Artikel verbessere ginn, huet och näischt dermatter ze dinn ob se mat den Aussoen d'accord sinn oder net. Do kënnen och aner Ursaachen eng Roll spillen, wéi z.B. mol einfach drop waarde wéi den Artikel sech entwéckelt.
  • Datt ech perséinlech nach näischt um Fong vum Artikel Masturbatioun g'ännert hunn, hänkt domatter zesummen.Dat wëll awer beileiwen net heeschen datt ech déi selwecht Vu wéi den Artikelschreiwer hunn, iwwer Aussoen déi sollen an eng Enzyklopedie gehéieren oder net. Meng Bemierkungen dozou komme wann ech et fir néideg fannen, a wann ech gesinn datt den Artikelschreiwer ofgeschloss huet. Sou laang wéi et e Schantjen ass, un deem an deem Zäitraum wéi en an der Schantjesschabloun virgesinn ass, weidergeschafft gëtt, bekëmmeren ech mech net drëm. Wann dann duerno de Schantje fräi ass, ginn eemol an éischter Linn d'Schreiffeler verbessert, an duerno gëtt weidergekuckt. Les Meloures 19:01, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Den Här Azeton wellt dëst diskutéieren: Am Artikel Masturbatioun huet hien ënnert dem Titel "Relioun a Kierch" dësen Abschnitt derbäi gesaat:

"De chrëchtleche Kierchen , ergo och der Kathoulescher Kierch hir Positioun géintiwwer der Sexualítéit an der Prokreatioun am Allgemengen, de Sexualidentitéiten, der Verhiddung (d´Antibaby-Pëll resp. -injektioun, déi soug. Spiral, safer sex duerch Kondomen) an dem individuelle Loschtgewënn duerch aktiv Sexualitéit am Speziellen, ass werteméisseg antiquéiert a vetrëtt moralesch a ethësch Prinzipien, déi engersäits haut net méi als verbëndlech normativ gëllen an aneresäits den empirësche wëssenschaftlechen Erkenntnesser a beluete Fuerschungsresultater an deene meeschte Fäll quasi diametral entgéint stin.

De chrëchtelche Kierchen hire Prinzipien a Moralusiichten am Hibléck op d´Sexualitéit steet de Fait entgéint, datt souwuel d'Masturbatioun, d'Homosexualitéit an aner Geschlechtsidentitéiten, leider och d'pathologesch Pedophilie - also sexuell, resp. sexualpathologesch Praktiken, déi d'chrëchtlech Kierchen oflehnen [Referenzen] - och an den eegene Reie erwisenermoossen praktizéiert goufen/ginn. Dës Fakte weisen ob en instrinsech-mënschlechen Aspekt hin a liweren en Zousatzbewäis, datt d´Libido net duerch Moralverschreiwungen an Dekreter wiirksam an definitiv ënnerdréckt oder ignoréiert ka gin, ouni datt mëttel- a laangfristeg liicht oder schwéier sexuell Stéierungen optrieden."

Den Inhalt huet weder direkt eppes mam Sujet ze dinn ann ass och net wertneutral. Duerfir hunn ech dës Partie gelöscht an den Här Azeton huet e erëm dohinner gestallt. Ech bestinn op d'Löschen vun dësem Abschnitt, well en en effet de Critèren net entsprécht (cf. Neutralitéit) Doriwwer eraus hunn déi 2 Linken op de Spiegel-Artikel och näischt mam Sujet ze dinn. Dofir och Löschen!

Da loose mer mol diskutéieren, Här Azeton. Wat sinn är Argumenter? Bescht Gréiss --Sultan Edijingo 11:00, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Nach mol Bonjour Här Azeton,

Ech hu gesinn, datt den Zinneke de Schanntjen opgehuewen huet an déi 2 Abschnitter, déi ech jo contestéiert hunn, erausgeholl huet. Sou ass et gutt! Et stéiere mech awer nach ëmmer 2 Saachen: déi 2 Linken op de "Spiegel" hu guer näischt mat Masturbatioun ze dinn, ewéi och de Link um Spaweck: do geet iwwer villes riets awer net 1 mol iwwer eise Sujet. Dir hutt wuel eng Spann an engem aneren Eck entdeckt. Ech bieden iech also dëst ze verbesseren. Sollt et no enger Woch nach ëmmer do stoen, da maachen ech et selwer. Bescht Gréiss --Sultan Edijingo 10:31, 16. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Monitor-Opléisung[Quelltext änneren]

Ech hunn en 17"-TFT-Monitor mat enger Opléisung vun 1024 x 768 px. A läschter Zäit begéinen ech ëmmer méi Wiki-Säiten, déi esou ausgesinn (ech mengen d'Iwwerschneide vun de Biller an de Këschten):

Wat kann ech maachen, dass esou Säiten "normal" ugewise ginn:

1. eng aner, méi grouss Opléisung astellen. Dat ass net ideal, well dann alles méi kleng duergestallt gëtt an evt. net méi lieserlech ass.

2. Méi e groussen Ecran (19 oder 20") kafen. Dat ass net ideal well deen alen nach tip-top ass an ech kee Geld well ausginn fir e puer Wiki-Säiten optimal kënnen ze kucken. Schliisslech besteet bei 99% vun de Säite kee Problem.

Ech ka mer virstellen dass nach vill aner User deeselwechte Problem hunn. Oder sinn ech deen eenzegen dee nach mat engem 17"-Bildschierm schafft? Oder bleiwt mer soss näischt iwwreg fir dermatt ze liewen? D'Meenung vun aneren User géng mech intresséieren. --Pecalux 06:16, 20. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Leideleng ass sécher eng schéin Uertschaft, mä mussen déi Biller wierklech sou grouss sinn? E Thumbnail vun 300px oder max 400px géif et wuel och maachen, oder? Ech schloe vir, datt deejéinegen, deem d'Biller op sengem Schierm ze grouss erschéngen, se einfach méi kleng mécht, esou datt de Problem sech net méi stellt.--Sultan Edijingo 06:25, 20. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien,
Et gëtt mol éischtens d'Méiglechtkeet fir d'Bild enzwousch anescht ze setzen, wat ech elo an den zwéin Atikelen op verschidde Manéiere gemaach hunn.
De Problem ass net datt d'Biller ze grouss sinn, mee soulaang wéi net genuch Text do steet fir datt e Bild dat lénks beigesat gëtt, ënner den ënneschte Bord vun der Këscht rutscht, bleift de Problem vun dem Iwwerschneiden, oder wann Bild net grad esou breet ass, dee vun Texter mat engem oder zwee Wierder pro Zeil.
Nodeems datt ech zweemol déi Problemer op der Wiki hei duergeluecht hunn, an ëmmer erëm drop opmierksam gemaach hunn datt Biller, wann net genuch Text do steet, net lénks op der Säit solle gesat ginn, a schonns e puer Dosen där Slalomtexter nogekuckt hunn, an ëmmer erëm Leit mengen, datt et mei flott wier wa mer Zickzack am Text hunn, hunn ech déi Verbesserungen opginn.
Vü datt jiddereen d'Méiglechkeet huet fir dat selwer ze maachen, wann em esou eng Iwwerschneidung opfällt, géif ech soen, datt e vun deem Wikiinstrument soll Gebrauch maachen. E Printscreen sou wéi de Pecalux elo hei uwendriwwer derbäigesat huet mécht d'Saach jo däitlech genuch.
Les Meloures
Gudde Moien,
Dem Les Meloures seng Iddi fir d'Biller op déi riets Säit ze placéieren ass eng gutt Léisung, awer am Fall vu ville Biller och nach net d'Idealléisung. Mee ech kann dermatt liewen.
--Pecalux 09:50, 20. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Kandidature fir d'Chamberwalen[Quelltext änneren]

Moien,

Just eng Fro: Ass d'Wikipedia do fir datt mer elo all d'Kanditure fir d'Chamberwalen opzielen. Ech fäerten da gesi mer geschwënn net méi iwwer de Bierg, an hannenno si mer dann erëm flott geplot fir d'Rektifikatiounen ze maachen op e gewielt gouf oder net. Wie garantéiert éis do e Suivi.

Les Meloures 20:20, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

N'Owend, ech gesi kee grousse Sënn dran, all Kandidat hei opzelëschten a wäert mech och net dru bedeelegen, iergend eng Informatioun an deem Sënn à jour ze halen. Wann awer en anere Loscht huet... vill Spass, Gedold an Ausdauer. An deem Sënn e schéinen Owend. --Sultan Edijingo 20:48, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Wann déi iwwer 450 sech op 60 dekantéiert wäerten hunn (an annerhalwem Mount wësse mer méi) kënnen déi, déi nach keen Artikel hunn, gären ee kréien. Alles anescht wier eng Nummer ze grouss (oder ze kleng, je nodeem).

--Zinneke 21:50, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,
Ech gesinn och keng Relevanz fir 390 Kandidaten, déi net gewielt ginn an duerno warscheinlech nach seelen ernimmt ginn, hei ze veréiwegen. --Pecalux 05:07, 23. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Salut, ech sinn d'accord mat deem wat hei driwwer steet. Also waarde bis no de Walen. --Cayambe 07:18, 23. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]