Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Mäerz

Vu Wikipedia

NC-ND - Here we go again[Quelltext änneren]

D'gi Wäiner, déi gi besser vu Joer zu Joer, anerer gi just méi sauer. Bei dësem Thema ass de Verglach leider mat deem leschten.

Ech sinn es wierklech midd, alt nees dermat geschäert ze kommen, mee do mengen der, se kinnten et net loossen. Ee fir allemol: NC-ND-Lizenzen hunn a mengen Aen hei näischt verluer well se net fräi sinn. Wee seng Biller wëll kommerzialiséieren oder net wëll, dass een Anere se ka "benotzen", soll se net op d'Wikipedia setzen. Déi Biller, déi an der Zäit ënnert deer Lizenz eropgeluede goufen, solle wegl vun deenen, déi dat gemaach hunn, ëmlizenzéiert ginn. Dat ass zum Deel och gemaach ginn. No jorelaangem Diskutéiere stellen just eng einfach Fro:

Mécht hei jidderee wéi et ëm an de Krom passt, an iwwerhëllt dofir dann d'Verantwortung, oder hale mer eis u Reegele, wéi se op der Wiki allgemeng akzeptéiert sinn, zB wéi se op Commons stinn, a loossen déi Lizenz einfach net zou.

fir d'Ënnerbannen a Läsche vu Biller ënnert net-fräier Lizenz[Quelltext änneren]

@ Playmisty: Vu datts de derfi bass kanns de der emol dës Biller ukucken an éis da matdeelen ob déi solle geläscht ginn oder ob s du se wëlls ëmlizenséieren. Les Meloures 13:57, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Ok, ech hunn d'Biller all ëmlizenséiert. Ass et méiglech fir op der Säit Spezial:Eroplueden am Menü wou een d'Billerlizenz eraussicht de jeweilege Code dobäizesetzen? --PlayMistyForMe 14:47, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Ass gemaach, hunn de Menustext endlech fonnt. Z.

dergéint[Quelltext änneren]

Soss geet dat nach bis Mokuchsdag virun, an do hunn ech keen Nerv méi dozou.

--Zinneke 00:14, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

PS Dat selwescht gëllt fir all déi Biller, déi ënner 'Fair use' stinn, ouni d'Legislatioun zum Fair use ze respektéieren.

Ouni Schaum[Quelltext änneren]

Et geet, wéi een dat an anere Wikie ka matkréien, och ouni Schaum virum Mond!
Nodeems ech stonnelaang(!!!) mat dem Les Meloures doriwwer diskutéiert hat, war ech der Meenung, dat wier kloer. Dat wat ech ë.a. aus deene Gespréicher matkrut war dat hei: An de Commons sinn eng sëllege Fotoe mat nc-Lizenzen!! Nodeems ech d'Foto "Fichier:Schëffleng Vue 2008.jpg" gesinn hunn (vun där hunn ech meng kopéiert), war et fir mech kloer, datt dat an der Rei ass. Dass dat elo als Expressegkeet hei interpretéiert gëtt, wäert wuel op den allgemengen Ëmgangstil zréckzeféiere sinn, dee sech hei agebiergert huet. Ech hu schonns e puermol drop opmierksam gemaach, datt déi Fantasielizenz Schabloun:Bild-Konscht-Architektur kee Kapp a kee Schwanz huet, an ni eng hallef valabel Äntwert drop kritt.
"Mécht hei jidderee wéi et ëm an de Krom passt": Gehéiert dee Sproochstil hei zum Ëmgangstoun?
"zB wéi se op Commons stinn": Ech wäert dat nach mat dem Les Meloures klären, dee mer widerhuelt verséchert huet, datt op de Commons nc-Fotoe stinn, an net nëmmen e puer.
Wann ech hei Fotoe fannen, wéi "Fichier:HinzertTony Krier01.jpg", bei deenen eng Lizenz steet, bei där " Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënnert Fair use." steet, da fält mer op, datt nach ni ee gefrot huet, ob dat eng Foto aas, déi hei an "an niddreger Opléisung" hei presentéiert gëtt. Do geet et ëm eng Foto vum Tony Krier, bei där "Lizenz: Fair Use" steet, bei där bis elo keen en Hoer an der Zopp fonnt huet.
Ech ka mer virstellen, datt mat der Zäit kee méi "den Nerv" dozou huet, sech mat deem Geraaspels erëmzeklappen, an, e puer Beispiller kenne mer jo, iwwerhaapt keng Fotoe méi eropzelueden.
Eng einfach Äntwert op " just eng einfach Fro": Neen, hei mécht net jidderee wat ëm an de Krom passt, awer hei brauch sech och kee fir en expressege Fatzbeidel, deen d'Wikipedia wëll "futti maachen", halen ze loossen!
Wann ech den Nerv sollt hunn, da froen ech och emol bei der Wikimedia, wéi et mat de "Fair use" Biller ass, da geet dat anengems.
Vläicht léisst sech dat Ganzt och ouni Schaum virum Mond klären? Vläicht och mat deene wéinegen, déi sech iwwerhaapt d'Méi ginn, fir Fotoen ze maachen, déi hei kënne gebraucht ginn. Dat wäerte mer nach gesinn.
An nach: Op der en-Wikipedia gëtt sech ganz haart Gedanke gemaach, fir d'GFDL-GNU opzeschafen. Och dat hunn ech laang a breet mat engem Admin duerchdiskutéiert, dee mer gesot huet, hie géif dat Ganzt och net méi verstoen.
Fazit: Kloer Reegelen, déi jiddereen applizéiert, an déi ze begräife sinn. An ouni Schaum! Gutt Nuecht. --Cornischong 01:37, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Fair use[Quelltext änneren]

Op der Eropluedsäit ass am Ausklappmenu eng Lizenz ze fannen, déi "Fair use" heescht, an déi an der de-Wikipedia net "erlaabt" ass, an der en-Wikipedia awer dacks ze fannen ass. Als Text steet dobäi: "Dëst Bild ass duerch Droits d'Auteurs geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënnert Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn. All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Droits d'Auteurs sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni weideres méiglech." Ofgesinn dovun, datt Servere vun der Wikimedia NET alleguer an den USA stinn, ass den Text zimmlech zweedäiteg " ass och net ouni weideres méiglech". No menger Meenung ass dat net seriéis, well wat ass "net ouni weideres méiglech"?

  • "Mech intresséiert d'Fair use"-Lizenz net, well ech keng Fotoen eroplueden".


  • "Ech sinn dofir, datt mer d'Konditiounen, ënner deene déi "Fair use"-Lizenz hei ka gebraucht ginn, mol vun engem Bürokrat oder Admin erkläert kréien"
--Cornischong 01:59, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Nodeems...[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

  • No All deem wat ech bis elo iwwer Lizenzen an egal waterenger Form hei geschriwwen hunn,
  • noddeemes en Admin virun engem Joer Behaaptungen iwwer NC-Lizenzen opgestallt huet déi net stëmmen,
  • nodeems ech festgestallt hunn dat deeselwechten Admin dee behaapt huet NC-Lizenzen dierften net gebraucht ginn an der selwer eropgeluet huet, an zwar ouni eng Lizenz mee mat engem Text deen op net kommerziell hiweist: ze fannen an dëser Kategorie
  • nodeems ech hei um Staminet eng Lëscht hi gesat hat vun den NC-Biller déi op Commons stinn,
  • nodeems ech festgestallt hunn datt Fair-Use-Biller a gréisstméiglechen Opléisungen eropgeluet ginn, ouni sech un déi niddreg Opléisung ze halen, an da méngt d'Welt wier an der Rei,
  • nodeems ech feststellen datt Leit sech net mat hiren eegenen Aktioune konsequent sinn, d.h. op der enger Säit Nc-Biller läschen, an op der aner Säit der erëm eroplueden, (do steet mer wierklech de Verstand),
  • nodeems ech mer d'Fro stellen op ee Japaner deen e Bild bei ons zoppe ka kommen fir et a senger Japanescher Zeitung ze gebrauchen, sech vill Geganken iwwer NC oder soss eppes mécht, an dat méch alt erëm zur Conclusioun bréngt, datt ee Bild soubal wéi et egal wou um Internet steet an egal ënner waterenger Lizenz, praktesch e Vull fir d'Kaz ass,

kann ech just soen datt ech mech nach séier wéineg ëm dee Problem well bekëmmeren. Soll dach ëm Gotteswëllen jiddereen eropluede wéi e wëll. Et si seng Biller an e ka se vernennen a lizenséiere wéi en dat fir gutt fënnt, e soll sech just net wonneren wa wierklech eng Kéier sollt eng Bomm aschloen, an déi Biller all musse geläscht ginn. An deem Fall war vill Aarbecht emsoss, an da kënnen déi, déi Biller ënner deene Lizenzen eropgeluet hunn, sech selwer an de Schwanz bäissen.

Les Meloures 09:32, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Vu fr: inspiréiert Léisung?[Quelltext änneren]

Bon, well hei ausser Ronderem-de-Bräi-Geréiers an Opwierme-vun-Albekanntem (soll net pejorativ gemengt sinn - just falls do ee mengt "Schaum" missen ze gesinn) net vill Konkretes erauskomm ass, an ech och an Zukunft net méi wëll mussen drop zeréckkommen (dofir hunn ech uewe vu "Middegkeet" geschwat, an zwar deer ongeschaimter) proposéieren ech, de Gordesche Knuet esou ze léisen:
1. Aus dem "Dropdown"-Menu op der Eropluedsäit ginn all net fräi Lizenzne erausgeholl (Konkret: d'Fair-use-Lizenz)
2. Op d'Eropluedsäit kënnt e Saz dobäistoen (eng Iwwersetzung vun der franséischsproocheger Wiki), dee seet: "Opgepasst: Wann Dir Ärem Fichier eng aner, net fräi Lizenz wëllt ginn, déi net hei drënner am Menu steet, maacht Der dat ënner Ärer eegener rechtlecher Verantwortung. Et gëtt ausserdeem keng Garantie, datt dëst Bild, respektiv dës Lizenz, an Zukunft op der Wikipedia autoriséiert ass, sou dass et ë.Ë. nees ka geläscht ginn."
Ech hunn en op eng Testsäit gesat, sou dass jidderee sech e Bild maachen a säi Pefferkär bäidroe kann. Wann d'Vollek d'accord ass, änneren ech d'Schabloun iwwer de Weekend.
--Zinneke 16:17, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
D'Schabloun gouf, wéi uewe beschriwwen, verännert, an d'Testsäit duerno geläscht. --Zinneke 23:44, 9. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Wéi wier et mat « SCHLUSS MIT GÜRKCHEN » ?[Quelltext änneren]

Éierlech: et kann een einfach net méi sachlech iwwert dat heite schwätzen, et ass dach laang alles gesot an et geet just nach engem eenzegen User, dem Benotzer Cornischong, dorëms, fir ze stëppelen, ze meckeren, an - obwuel hie selwer joerelaang Admin a Bureaucrat war - bewosst Feeler ze maache fir Iech Adminnen an ons User ze provozéieren (Hien dee zënter wéinstens zwee Joer géint NC-Biller meckert, huet däer viru kuerzem selwer eroplueden).

Léif Adminnen, ech proposéiere Folgendes:

  • Verbitt, wéi de Zinneke et schonns hei uewe virgeschloen huet, all net-fräi Lizenz ausser der "Fair use", mee beschränkt dës op 600px fir déi gréisst Dimensioun, sou dass de Fichier net méi am Printberäich ze benotzen ass (dat ginn exakt 5,1 cm bei 300 dpi). Da behale mir awer nach eng Lizenz fir Logoen a fir Fotoe vu Konschtwierker, etc...
  • D'Kierzele vun de Lizenze sollen nieft deenen eenzelne Lizenzen am Dropdown-Menü bäigesat ginn, sou datt ee besser mat de Kierzelen eens gëtt.
  • Späert de Benotzer Cornischong an da si mir direkt 95% vun alle Problemer op dëser Wiki lass. Wéi ech dat schonns bei menge leschten 3 Späerproposen ugemierkt hunn:
    • kann hie jo viruschaffen, mais ënnert engem neien Numm an da muss hie sech schécken, well soss fiert hie méi séier ewech wéi ewell.
    • komme Leit, déi intensiv gepéngegt goufen a sech joerelaang net gewisen hunn, ob eemol zréck a schaffe rëm mat.

Als Konsequenz wäerten déi reegelméisseg Benotzer méi Zäit behale fir nei Inhalter zesummenzestellen an nei Biller eropzelueden.

--PlayMistyForMe 19:52, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Mistyfax, du fänks un, ze laangweilen. Mat denger gehässeger Mentalitéit misst de sou lues net nëmmen engem hei op den Nerv goen. Mat dem "Schluss mit Gürkchen" misst jidderee kënne gesinn, op wat fir engem Niveau dat ofleeft. Mat Sätz wéi "Hien dee zënter wéinstens zwee Joer géint NC-Biller meckert" weist de, datts de keng Anung hues, ëm wat et hei eigentlech geet. Ech war nach ni géint d'nc-Biller! Mee wiem soen ech dat. Et geet elo duer. D'Wikipedia ass kee Katztrach fir Gëftzwergen. Fir de Rescht, maach hei eppes Konstruktives oder sich der eng aner Sandkaul. --Cornischong 21:42, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

PlayMistyForMe hält op[Quelltext änneren]

Ech halen aus folgende Grënn op, op dëser Wikipedia ze schreiwen:

  1. de Benotzer Cornischong fiert mat Beleidegunge riicht virun;
  2. ech hunn dräi Mol proposéiert, fir dee Benotzer definitiv ze spären;
  3. d'Adminnen hu keng Stellung dozou geholl;
  4. doriwwer eraus mécht de Benotzer Cornischong der Lëtzebuerger Wikipedia dobaussen e schlechten Numm.

Op der däitscher Wiki gouf hien am Kader vun enger fachlecher Diskussioun gebieden, sech erauszehalen a mat "Liebes Gürkchen" tituléiert, dohier den Titel vun dësem Kapitel am Stamminet, mä dat wäerten d'Adminne souwisou all wëssen.

Merci un déi, déi meng Beiträg verbessert hunn a fir munnech interessant Diskussioun, ech hunn eréischt hei geléiert, Lëtzebuergesch ze schreiwen. D'Lëtzebuerger Wikipedia ass dofir déi beschte Schoul. Ech läschen elo meng Benotzersäit a maachen d'Dier definitiv zou. --PlayMistyForMe 07:59, 13. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Den Auteur[Quelltext änneren]

Fir d'moralesch Rechter (Paternitéit) op engem Wierk mat Auteursrechter ze respektéieren, wier et net schlecht wann ee géif virgesinn en Ënnerscheed tëschent dem Auteur vun engem Wierk (de Moler vun engem Tableau) an dem Auteur vun der Foto (déi Persoun déi de gemoolten Tableau fotograféiert huet) ze maachen.--Fliedermaus 16:42, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, an deem Fall hu mer dat bis elo am Text ernimmt; kuck zb: fichier:Lutzenburg.jpg. Mee falls een esou eng Schabloun zwaffe wëll (am beschten op de Commons knäipen) - firwat net. Ech wollt d'Saach op der Eropluedsäit just esou kloer an einfach méiglech halen - 't ass scho komplizéiert genuch... Z.

Moien, leider hunn ech och keng gutt Léisung font. Een deen eng Foto eroplued muss da selwer duerfir suergen datt den Auteur vum fotograféierten Wierk als solchen ernimmt gëtt.--Fliedermaus 09:36, 4. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

nc op der en[Quelltext änneren]

Just en Hiwäis fir Leit, déi sech Gedanken iwwer Lizenze maachen: Am Stamminet vun der engleschsproocheger Wikipedia ass eng Diskussioun am Gaang iwwer "Proposal for introduction of NC licensed photos on Wikipedia" ( http://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Village_pump_(policy)#Proposal_for_introduction_of_NC_licensed_photos_on_Wikipedia ). Da brauch kee Bëlles méi hei ze behaapten, de Cornischong géif schonns "zënter wéinstens zwee Joer géint NC-Biller" meckeren. --Cornischong 23:36, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Du wars derfir, duerno dergéint, an elo nees derfir? Oder och weiderhin alles onkloer?
Meng Positioun fir hiren Deel ass kloer pro NC a FairUse an dat war se nach ëmmer, just ND hunn ech iwwerdriwwen, onnëtz an net wiki-kompatibel fonnt, mee war a si fir Toleranz par rapport zu schonn eropgeluedene Biller ënnert ND. --Otets 01:44, 31. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

wikipedia.lu@CDays 2009[Quelltext änneren]

Och dest Joer organiséiert den Informatiksdepartement aus dem L.T.Ettelbréck nees d'CDays 2009. Mier wollten dest Joer en Atelier maachen, deen wikipedia.lu abënnt. Daat ganzt sollt follgendermoossen ooflaafen, dass Schüler aus all Niveau kënnen op engem Atelier während 2 Deeg (30. an 31. März) Artikelen op wikipedia.lu, .de, .fr an .org schreiwen resp. ergänzen. Domatt verbonnen wier et flott, wann Leit vun wikipedia.lu géingen eng Keier kuurz wikipedia viirstellen (10-15 Minutten) an dono den Kanner iwer d'Schëller kucken fier se unzeleeden. Vun eiser Sait aus géingen Sproochenproffen iwert den atelier waachen, sou dass een sech kéint daat alles fein opdeelen. Als Geigenleeschtung offréiert den LTEtt deene Leit, die kommen moiens Kaffi an Croissant, d'Mëttegiessen, owens eng kleng Champesreceptioun an en groussen Barbeque mat flotten Live Concert'en. Ech wier frou, wann elo e puer Leit sech géingen hiefier interesséiern, d'Alexandra sot mer schons, wikipedia.lu wier generell mat dëser Iddi averstaanen. Ech sichen also elo nach Leit, dei kéinten bei eis esou en atelier haalen, entweder Méindeg (8h00-16h00) an/oder och Dënsdes (8h00-12h00). Elo schons soen ech Merci fier d'Hëllef! --mAcfreAk 20:11, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Viru Jore war ech schonns eng Kéier op engem CDay. Ech kommen e Méindeg, den 30. Mäerz vun 8 bis nomëttes véier. --Cornischong 22:50, 12. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
"wier generell mat dëser Iddi averstaanen": Averstanen ass gutt, mee: Wien ass dann nach e Méindeg do? A wien dënschtes? --Cornischong 00:38, 14. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Allo?? --Cornischong 08:26, 26. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
"wier generell mat dëser Iddi averstaanen": Averstanen ass gutt, mee: Wien ass dann nach e Méindeg do? A wien dënschtes? --Cornischong 07:54, 27. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
"d'Alexandra sot mer schons, wikipedia.lu wier generell mat dëser Iddi averstaanen." Sollt dat alt sinn? --Cornischong 18:01, 29. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
@ Cornichong: Jo, do kanns du däi Kapp a Rou leeën. --Alexandra 06:41, 31. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
@ Alexandra: Wéi berouegend. Déi Honnerte Feeler an de Schülerartikelen, wéi den Ian flemming, wäers du da wuel an den nächste Méint verbesseren. --Cornischong 09:48, 2. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
@ Cornichong: Naja, op ech oder du oder soss iergendeen oder iwwerhaapt keen. Wat soll et. Wa mir dann emol nei Mataarbechter kréie sinn ech frou an hoffen datt se och net erëm direkt vergrault ginn. Et ass nach keen, an domat mengen ech iwwerhaapt keen, Meeschter vum Himmel gefall. --Alexandra 17:41, 2. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Update information about localisaton on translatewiki.net[Quelltext änneren]

Wikimania 2009: Scholarships[Quelltext änneren]

English: Wikimania 2009, this year's global event devoted to Wikimedia projects around the globe, is now accepting applications for scholarships to the conference. This year's conference will be handled from August 26-28 in Buenos Aires, Argentina. The scholarship can be used to help offset the costs of travel and registration. For more information, check the official information page. Please remember that the Call for Participation is still open, please submit your papers! Without submissions, Wikimania would not be nearly as fun!

Lëtzebuergesch: Please translate this message into your language. - Rjd0060 01:28, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech ginn dovun aus, dass/datt mer e Fliger charteren (net am Luxogramm!!). --Cornischong 08:30, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]