Wikipedia:De Staminee/Archiv2012/Januar-Mäerz

Vu Wikipedia

Announcing Wikipedia 1.19 beta[Quelltext änneren]

Wikimedia Foundation is getting ready to push out 1.19 to all the WMF-hosted wikis. As we finish wrapping up our code review, you can test the new version right now on beta.wmflabs.org. For more information, please read the release notes or the start of the final announcement.

The following are the areas that you will probably be most interested in:

  • Faster loading of javascript files makes dependency tracking more important.
  • New common*.css files usable by skins instead of having to copy piles of generic styles from MonoBook or Vector's css.
  • The default user signature now contains a talk link in addition to the user link.
  • Searching blocked usernames in block log is now clearer.
  • Better timezone recognition in user preferences.
  • Improved diff readability for colorblind people.
  • The interwiki links table can now be accessed also when the interwiki cache is used (used in the API and the Interwiki extension).
  • More gender support (for instance in logs and user lists).
  • Language converter improved, e.g. it now works depending on the page content language.
  • Time and number-formatting magic words also now depend on the page content language.
  • Bidirectional support further improved after 1.18.

Report any problems on the labs beta wiki and we'll work to address them before they software is released to the production wikis.

Note that this cluster does have SUL but it is not integrated with SUL in production, so you'll need to create another account. You should avoid using the same password as you use here. — Global message delivery 16:21, 15. Jan. 2012 (UTC)

18. Januar 2012: en-Wikipedia zou[Quelltext änneren]

Info: no enger Ofstëmmung gouf d'en-Wikipedia haut vun der Wikimedia Fondatioun fir 24 Stonnen 'blacked out', dat als Protest géint eng Gesetzespropos an den USA, e Gesetz dat kéint eng Gefor fir dee fräien Internet sinn. Fir e Link op méi Info kuckt d'Haaptsäit vun der en_Wiki. --Cayambe 11:21, 18. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Language support group for Luxembourgish[Quelltext änneren]

The Wikimedia Foundation has brought together a new team of developers who are dedicated to language support. This team is to support all the languages and consequently it is not realistic to expect that the team members can provide proper support for your language. It is for this reason that we are looking for volunteers who will make up a language support team.

This language support team will be asked to provide us with information about their language. Such information may need to be provided either to us or on a website that we will indicate to you. Another activity will be to test software that will likely have an effect on the running of the MediaWiki software. We are looking for people who clearly identify their ability. Formal knowledge is definitely appreciated.

As much of the activity will be concentrated on translatewiki.net, it will be a plus when team members know how to localise at translatewiki.net.
Thanks, Gmeijssen 10:14, 20. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Wäin a Riefzorten[Quelltext änneren]

Moien,

Wier et net besser fir d'Riefzort an de Wäin strikt ze trennen. Esou dat een zum Beispill en Artikel "Pinot noir" (als Riefzort) huet an en aneren "Pinot noir vun der Lëtzebuerger Musel" (e Wäin aus engem bestëmmte Wäibaugebitt). Déi Andeelung a wäiss, gro, rout, schwaarz ... Riefzorte schéngt mir net esou eendéiteg ze sinn, wann ech mir ukucke wéi se je no Wiki-Sprooch an de Kategorien opgedeelt sinn. Soll een déi verschidde Riefzorten duerfir net all an d'Kategorie "Riefzorte" setzen a fäerdeg? --Fliedermaus 18:18, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, ganz d'accord: Net wéineg Wäiner si jo aus verschiddene Cépagë gemeëscht. An d'Faarf ass sekudär, wann net esouguer arbiträr. --Zinneke 18:50, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
Wann d'Riefzort an de Wäin iwwerenee stëmmen, wat bei ville Wäiner de Fall ass (besonnesch bei Wäissen), fannen ech et net noutwenneg fir den Artikel zweemol unzeleeën. Bei deenen aneren ass et selbstverständlech datt beim Wäin d'Riefzorte sollen opgezielt ginn déi een do erëmfënnt a bei de Riefzorten soll ernimmt ginn a waterenge Wäiner se virkënnt.
Wat d'Andeelung vun de Riefzorten ugeet, do ass de Larousse du Vin eng zimmlech gutt Basis --Les Meloures 19:42, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech schléisse mech der Meenung vum Fliedermaus an Zinneke un. Eng Rief ass eng Planz an de Wäin ass e Liewensmëttel, also verschidde puer Schung. Eechenholz an de Kicheschaf si jo och zwou verschidde Saachen.

Well een aus wäissen Drauwen kee roude Wäin ka maachen, awer ëmgedréint schonn, sinn ech der Meenung dass een d'Riefzorten NET als "rout" oder "wäiss" soll kategoriséieren. Ech mengen do misst ee sech emol vu Fachleit berode loossen an et schéngt mer wéi wann ee vun eise Mataarbechter esou e Fachmann wier. --Pecalux 09:14, 26. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Wann de Larousse du vin a verschidden anerer wéi d'Wäiserie vun Hachette, an den Dictionnaire des cépages (Firwat gëtt et deen iwwerhaapt wann et keng verschidden Zorte ginn) Andeelungen a rout, schwaarz, a.s.w. maachen denken ech emol datt et déi och gëtt. Wéi den Drauwejus no der Lies behandelt gëtt, op Jus draus gemaaach gëtt, Rouden, Wäissen oder Rosé, op et duerch eng Spéitlies e mëlle Wäi gëtt, op e gebraucht gëtt fir Cognac, Armamagnac oder och alt nach Esseg ze maachen, oder op a verschiddene Wäiner alt bis zu 13 Zorte vu Riewen ze fanne sinn, huet dach näischt mat der Klassifikatioun vun de Riefzorten ze dinn. --Les Meloures 10:13, 26. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]


Gudde Mëtteg,

ech schléisse mech der Fliedermaus, dem Zinneke an dem Pecalux un, wat d'Kategorien ubelaangt. Dofir hat ech d'Kategorie Riefzorten agefouert, well eng Ënnerscheedung no Faarwen néirens hi féiert. Iwregens och net bei de Wäiner, wéi dëst klengt Beispill aus der franséischer Wiki et demonstréiert:

"Le pinot-noir d'Alsace, ou alsace pinot-noir, est un vin blanc français produit dans le vignoble d'Alsace à partir du cépage pinot noir. Il s'agit d'une dénomination de cépage au sein de l'appellation alsace. Les pinots noirs d'Alsace sont le plus souvent classés comme vins rosés (ou clairet ou Schillerwein), mais il existe aussi des rouges."

An hei an der de-wiki:

"Für die Weinbereitung unterscheidet man zwischen Rotwein- und Weißweinsorten. Jede Traubensorte besitzt charakteristische Aromen. Deshalb haben zwei Weine, auch wenn sie an tausenden von Kilometern voneinander entfernten Orten entstanden sind, sehr viel gemeinsam, sofern sie aus derselben Traube hergestellt wurden. Nicht alle Weine beruhen aber nur auf einer Traubensorte, roter Bordeaux beispielsweise stellt meist einen Verschnitt aus mindestens drei dar. Zudem wird aus roten Trauben nicht notwendigerweise nur Rotwein hergestellt, sondern auch Weißwein, nämlich der Blanc de Noirs. Bei vielen roten Traubensorten ist nämlich nicht das Fruchtfleisch rot, sondern die rote Farbe steckt nur in der Schale. Auch Roséwein stammt von roten Trauben."

An éischter Linn ass den Numm vun enger Riefzort e Begrëff aus der Agronomie an domatter aus der Botanik, zB de Riesling als Riefzort, déi sech duerch spezifesch Mierkmaler vun anere Riefzorten ënnerscheet. E kann awer och doriwwer eraus direkt op säi Produkt iwwerdroe ginn, wann de Wäin ausschliisslech aus däer Riefzort gemaach gouf, zB e Patt Riesling.

Déi däitsch a Franséisch Wikien ënnerscheeden graff déi wäiss a rout Riefzorten a mengen domat nët d'Faarw vum Wäin, mä d'Faarw vun der Schuel vun der Drauw, déi net direkt eppes mat der Faarw vum produit final ze dinn huet.

Fir deene Verwiesselungen aus dem Wee ze goen géng ech proposéieren, fir all Riefzort en Artikel ze ginn, mat dem Zousaz (Riefzort) falls et e Wäi gëtt oder soss eppes mat dem selwechte Lemma. Och soll all Wäin en eegenen Artikel kréien, och wann en d'selwecht heescht wéi d'Reifzort aus däer hie gemaach gëtt. Dann hu mer alles konsistent ausernee gehalen a kënnen dem entspriechend präzis Kategorie verginn.

--Christian Ries 14:50, 26. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Wa mer alles gären duebel maachen, well praktesch all Riefzort huet de Wäin matdem selwechten Numm dee vun där Rief kënnt, ech wëll. Ech géif awer och mol kucken, wéi déi aner Wikien dat upaken. Vläicht schloe mer dann och mat Interwikien de Kopplabunz --Les Meloures 15:32, 26. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Gudd Iddi, kuck dat. Ech wollt just den Artikel iwwer den Hünsches schreiwen, well ech bei Literaturaarbecht fir e Projet drop gestouss sinn. Mat engem schéine Bonjour op Léck, --Christian Ries 20:09, 26. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

"Everybody's a historian"[Quelltext änneren]

Moien,

fir déi déi et intresséiert: D'Uni Lëtzebuerg bitt am Kader vun hire Seniore-Studium fir d'Summersemester (dat den 22. Februar ufänkt) eng 24 Coursen un. Een dovunner dréint sech ëm Histoire locale: contextualisation, digitalisation et interaction, dee vum Sonja Kmec a Conny Reichling geleet gëtt.

Auszich aus der Beschreiwung vum Programm: « Everybody a historian »: Internet et notamment Web 2.0 démocratisent non seulement l’accès au savoir, mais aussi la création de savoir. Ce séminaire encourage les étudiants à participer à ces processus, tout en les guidant dans la critique historique, l’interprétation des sources et la contextualisation des découvertes.

Le cours s’adresse explicitement aussi aux auditeurs et auditrices libres, aux historiens « du terrain », qui chercheraient à confronter leur matériel aux critères de la scienticité. Le cours est bilingue (français et allemand) et génère des « produits dérivés » concrets sous forme d’articles et de discussions historiques en ligne.

De komplette Programm fënnt een hei, aschreiwe kann ee sech bis den 10. Februar.

--Zinneke 13:20, 3. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Exzellent Intiativ a Merci Zinneke, fir déi Info hei publizéiert ze hunn. --Christian Ries 17:52, 4. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Wéi d'Liewen esou spillt...[Quelltext änneren]

Et ass scho witzeg: zënter dem Wiessel vu Sonnden op Méinden hënnt steet dës Woch op der Haaptsäit "Le Champion" mam Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz (deen ech am November zejoert erausgesicht hat!), a knapps 12 Stonnen drop gëtt ee neie "Champion" bekannt gemaach. Ech mengen, ech wiesselen de Beruff a gi "Madame Irma" ;-) --Zinneke 14:01, 6. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

MediaWiki 1.19[Quelltext änneren]

(Apologies if this message isn't in your language.) The Wikimedia Foundation is planning to upgrade MediaWiki (the software powering this wiki) to its latest version this month. You can help to test it before it is enabled, to avoid disruption and breakage. More information is available in the full announcement. Thank you for your understanding.

Guillaume Paumier, via the Global message delivery system (wrong page? You can fix it.). 15:09, 12. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]


Historiographie-Cours op der Uni Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Wei d'lescht Joer froen ech och dëst d'Joër, dat d'Studenten a mengem Cours 'Historiographie' hier Hausarbeit (eng Biographie vun engem Historiker) op Wikipedia setzen (hei ee Bilan vum leschten Joer: http://majerus.hypotheses.org/50). Ech encouragéieren se dat op der lëtzebuergescher Wikipedia ze maachen. Sidd leif mat hinnen an hudd Gedold :)

--Benoît

Merci Benoît fir d'Informatioun (an natierlech fir d'Initiativ)! Mir si léif mat hinnen :-) Wichteg: Ech hunn eng Projetssäit ageriicht, wou s Du (oder d'Auteure selwer) d'Artikele kënnen uginn, déi se schreiwen, wou hinne punktuell Informatioune kënnen hannerlooss ginn (z.B. d'Deadline, soss Virgaben, déi s De hinne gemaach hues, asw.) , a wou déi aner Mataarbechter gesinn, wéi dee Projet evoluéiert.
Se ass ze fannen ënner Wikipedia:Historiographen. Gëff hinne w.e.gl. déi Adress un:
http://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Historiographen
Bescht Gréiss
--Zinneke 21:09, 22. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]


"Luxendange" (oder esou)[Quelltext änneren]

Moien,

Dëst Joer animéieren d'Sonja Kmec an d'Conny Reichling e Seminaire op der Uni.lu iwwer Historie Locale. Si hunn de Studenten als Aufgab opginn Recherchen iwwer eng Localitéit zu Lëtzebuerg ze maachen an hir Resultater ënnert der Form vun Artikelen op den Internet ze setzen. D'Studente sollen dat eemol op Wikipedia maachen an op enger Homepage vun der Uni. Bei der Wikisäit geet et och drëms, hinnen e bëssen ze weisen, wéi een mat Wikipedia schafft, sou wéi de Benoît Majerus et och a verschiddene vu sengen Coursen mecht.

Den nächsten Donneschden, 15. Mäerz, vun 10-11:30 kréie si gewisen, wéi si mat Wikipedia schaffe kënnen (a sollen). Dofir gëtt eng Säit vun enger fiktiver Uertschaft ( z.B. Luxendange oder esou) fir d'Dauer vun deem Aféierungscours ugeluecht, fir ze weisen, wéi een editéiert, schreift, asw.

Un d'Adminnen: Gitt dofir w.e.gl. net gläich deen Artikel läschen, wann en donneschdes opdaucht, well en natierlech inhaltlech net wikikonform ass. Ech këmmere mech dann ëm d'Läschen, wann e bis net méi gebraucht gëtt.

Ech hu fir dee Cours och eng kleng Projetssäit ugeluecht: Wikipedia:Lokalgeschicht fir e besseren Iwwerbléck ze behalen. --Zinneke (Diskussioun) 09:43, 12. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Zousaz:D'Testsäit heescht "Luxemdange" an ass ënner Wikipedia:Lokalgeschicht/Luxemdange ze fannen.--Zinneke (Diskussioun) 10:51, 26. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


Wiki Loves Monuments 2012[Quelltext änneren]

Nom grousse Succès zejoert gëtt de Projet dës Kéier nach e Krack méi ambiziéis an deckt potentiell net manner wéi d'ganz Welt of! Ech gouf vum Romaine gefrot, ob ech wéilt och dës Kéier nees derbäi sinn. Ech hunn zougesot, ma reechen d'Fro natierlech un d'lb-Wiki-Communautéit weider, well ech do net alles eleng maache kann/wëll. Hei ass d'Ausgangssäit op Commons, wou Der Iech androe kënnt.

De Gros vun der Aarbecht gouf jo schonns d'lescht Joer gemaach: Iwwer Honnert Säite mat Lëschten uleeën, grad esouvill Commons-Kategorien opstellen an afëllen, asw. Hei ass en Iwwerbléck ze fannen. Eng 90 Monumenter goufen dank dem Concours "bebillert" (an eng ganz Rëtsch méi ware schonn an de Summerméint virum Stéchdatum vum Concours illlustréiert ginn).

Och de Site wikilovesmonuments.be steet a misst just à jour gesat ginn.

Deemno meng Fro: Huet een eppes dergéint, no der selwechter Formule wéi zejoert nees matzemmachen? D.h. andeems Lëtzebuerg a puncto eegene WLM-Site, d'Opsetze vun enger Jury, d'Auswiel vu Fotoen, asw. mat der Belsch zesummen ofgedeckt gëtt?

Fir mech ass d'Ausgangssituatioun - ze wéineg Leit fir eng eegen Organisatioun vu vir bis hannen, keen "Chapter" als dat een optriede kéinnt, asw. - déi selwescht wéi viun engem Joer. Dobäi kënnt datt déi Formule gutt geklappt huet, sou datt fir mech näischt dergéint schwätzt, se dëst Joer virunzeféieren.

Des Weidere stellt sech d'Fro, wourops dëst Joer de Schwéierpunkt geluecht sollt ginn.

Mäi Virschlag wier, den "Challenge" opzestellen, dass den 30. September all Monumenter e Bild sollen hunn; deemno de Schwéierpunkt op déi geluecht soll ginn, wou d'Këschten nach eidel sinn. Well de Kader steet, a mer elo wëssen, wéi et leeft, kann een éischter ufänken, z'iwwerleeën, Kontakter mat Medien an aneren offizielle Plazen ze knäppen, fir d'Aktioun bekannt ze maachen. Méi Geneeës wier dann nach erauszeschaffen.

Wat mengt Der?

--Zinneke (Diskussioun) 10:51, 26. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]