Wikipedia:De Staminee/Archiv 2015/Oktober-Dezember

Vu Wikipedia

Only one week left for Individual Engagement Grant proposals![Quelltext änneren]

(Apologies for using English below, please help translate if you are able.)

There is still one week left to submit Individual Engagement Grant (IEG) proposals before the September 29th deadline. If you have ideas for new tools, community-building processes, and other experimental projects that enhance the work of Wikimedia volunteers, start your proposal today! Please encourage others who have great ideas to apply as well. Support is available if you want help turning your idea into a grant request.

I JethroBT (WMF), Community Resources 21:01, 22. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Reimagining WMF grants report[Quelltext änneren]

(My apologies for using English here, please help translate if you are able.)

Last month, we asked for community feedback on a proposal to change the structure of WMF grant programs. Thanks to the 200+ people who participated! A report on what we learned and changed based on this consultation is now available.

Come read about the findings and next steps as WMF’s Community Resources team begins to implement changes based on your feedback. Your questions and comments are welcome on the outcomes discussion page.

With thanks, I JethroBT (WMF) 16:56, 28. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]


Als nogekuckt markéiert[Quelltext änneren]

Gudden Owend,

Et ass mir an der Lescht en etlechmol an och nees haut opgefall, datt verschidden Artikelen als nogekuckt markéiert goufen ouni datt en hallwe Paff dru verbessert gouf. Léiw Kollegen dat hëlleft ons net vill weider, a verbessert näischt un der Qualitéit. --Les Meloures (Diskussioun) 19:40, 21. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien, "nogekuckt markéiert" ass dat net eppes dat just Admine gesinn? Oder feelt bei mir eng Astellung? --Jwh (Diskussioun) 22:09, 21. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Moie Jwh, et ass eng Markéierung déi just Adminne gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:21, 22. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Kënnt déi Markéirung nogekuckt net automatesch, och wann een deen eppes verbessert just e Komma réckelt an de Rescht vum Artikel net mol ukuckt? --Otets 12:19, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Neen et muss e schonn op de Link, Dës Säit als nogekuckt markéieren, klicken. --Les Meloures (Diskussioun) 12:30, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

VisualEditor News #5—2015[Quelltext änneren]

Elitre (WMF), 18:19, 30. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Verlinken op Artikelen op wort.lu[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Zenter kuerzem ass jo op wort.lu net méi all Artikel fir jiddereen ze liesen, et muss ee fir verschidden Artikelen en Abonnement hunn. Wéi gi mir heimatter ëm?

Haut ass z.B. e flotten Artikel („Generationen wechseln, Geschichten bleiben: zu Besuch in Limpertsberg“) iwwer de Lampertsbierg online, dee gutt op d'Säit Lampertsbierg passe géif. Mä mécht e Sënn op en Wort-Artikel ze verweisen, deen net vu jidderengem ka gelies ginn? --GilPe (Diskussioun) 10:30, 31. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Déi meescht Artikele vu Wort-Plus, also déi wou een en Abonnement brauch, stinn och an der gedréckter Zeidung. Deen Artikel iwwer de Lampertsbierg z.B. steet haut op der Säit 36-37. Dat bescht wier also menger Meenung no, d'Referenz dorop ze maachen. --MMFE (Diskussioun) 11:32, 31. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Do hëlleft just, dat Wichtegst am Artikel hei op d'mannst z'ernimmen. Ech proposéieren, trotz ageschränkter Liesméiglechkeet e Link ze setzen an zousätzlech d'Referenz, wan een déi huet, op den Artikel an der gedréckter Zeitung. Sou huet een, dee wierklech um Sujet intresséiert ass, zwou Méiglechkeeten, un den Text ze kommen. Vläit ginn déi wort-plus Artikele jo enges daags (no enger Schounfrist) fräigeschalt, z.B: als Konterpartie fir d'Pressehëllef, déi se vun der Allgemengheet bezuelt kréien... Ass net en neit Archivgesetz an der Maach? Kennt keen een, deen ee kennt. deen déi Iddi kinnt ënnerjubbelen? --Zinneke (Diskussioun) 11:45, 31. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Wann d'Wort net wëll datt jiddereen hir Artikele liese kann, da musse mär hinnen net och nach nei Abonnenten zouschousteren. Mer sollten net vun der fräier Wiki op net fir d'Allgemengheet disponibel Contenue verlinken (dat ass bal wi eise Benotzer e "bäh bäh du kommst hier nicht rein" ze zerwéieren). Et kéint ee sou e Link jo onsichtbar am Quelltext verstoppe fir datt en net verluer ass, an aktivéiert kéint gi soubal d'Wort déi forcéier-a-lackel-Iddi opgëtt. --Otets 12:25, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och dem Otets senger Meenung. --Cayambe (Diskussioun) 13:08, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Gëtt et do net eng Méiglechkeet sou Artikelen z'archivéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 13:19, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, net bei Webcite an och net bei archive.today. Ech méngen dat wier ze einfach, an d'Wort ass jo och net déi éischt an eenzeg Zeitung déi sou virgeet. --Jwh (Diskussioun) 20:59, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Well ech och der Meenung war, mir sollten net op Säite verlinken wou ee muss Member si vum www.wort.lu-Club, hat ech de Sujet opgeworf. Op der Säit Lampertsbierg hat ech en emol trotzdem bäi gesat (no den éischte Reaktiounen hei um Staminee) an zousätzlech hunn ech op de PDF verlinkt aus der e-paper Versioun. Dat schéngt och ze klappen wann een net ageloggt ass. Dat wär da vläicht eng besser Alternativ (wann de Link net obeemool no enger gewësser Zäit net méi fonktionnéiert...). Op dem Les Meloures seng Fro zum Archivage weess ech keng Äntwert... --GilPe (Diskussioun) 17:57, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Dat mam PDF ass stoark!! Hoffe mer datt de Bistum net dohanner kënnt... (Du hues just zweemol de PDF verlinkt, also net de Stub op wort.lu) D'Archivéiere vum PDF schéngt awer och net ze fonktionéieren.
Zu allgeménger Diskussioun iwwer d'Verlinken vun der Pabeier-Edition:
Ech gesinn do kee Problem - wort.lu huet jo och soss net all d'Artikelen aus dem gedréckte Wort bruecht a mir hu missen d'Referenz mat Datum a Säit uginn, wee wollt konnt dann an d'Nationalbibliothéik trëppelen fir den Artikel ze liesen. D'Tageblatt an d'Land idem, woubäi d'Land net mol sengen Abonnenten d'Méiglechkeet gëtt déi aktuel Ausgab on-line ze liesen. Loosse mir also de Stub vum wort.lu referenzéieren zesumme mam PDF (soulaang dat nach fonktionnéiert). Vill vun den (eeleren) Lieser op Wikipedia hu jo en Abonnement an déi, déi souwisou kaum eng Zeitung an de Grapp huelen (natirlech nëmme fir e Bam ze retten) kënne jo de "Jetzt testen" uklicken. Wann d'Wort duerno tatsächlech en neien Abonnent fänkt, musse mir just nach mam Bëschof iwwer d'Kommissioun verhandelen. --Jwh (Diskussioun) 22:46, 2. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
De Link op de PDF leet mech net op de PDF, mee op eng Säit, wou ech mech entweder aloggen, meng Benotzerdaten ufuerderen, 7 Deeg testen (duerno iwer et da fir ëmmer eriwwer) oder mech einfach just informéiere soll. --Otets 21:45, 9. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Community Wishlist Survey[Quelltext änneren]

Wikimania 2016 scholarships ambassadors needed[Quelltext änneren]

Hello! Wikimania 2016 scholarships will soon be open; by the end of the week we'll form the committee and we need your help, see Scholarship committee for details.

If you want to carefully review nearly a thousand applications in January, you might be a perfect committee member. Otherwise, you can volunteer as "ambassador": you will observe all the committee activities, ensure that people from your language or project manage to apply for a scholarship, translate scholarship applications written in your language to English and so on. Ambassadors are allowed to ask for a scholarship, unlike committee members.

Wikimania 2016 scholarships subteam 10:47, 10. Nov. 2015 (UTC)

Bonjour. Ech wollt eppes op deser Säit aenneren (ech sin di betreffend Persoun selwer), an hu gelies, dat Aennerungen op deser Säit net méiglech sin. Wirwat as dat esou? Dir koennt mer d'Aentwert och einfach op xxxxxx@xxxxxx.lu schreiwen. Ech wier frou vun Zäit zu Zäit kéinten en update ze machen, zemols elo meng Aktivitéit beim Radio wuel weidergoe waert.

Moien, gewéinlech solle Biographies-Artikelen net vun de betraffene Leit selwer geschriwwe ginn, well do naturgeméiss déi enzyklopesch-motiviéiert Objektivitéit net ginn ass. Schreift einfach a Stéchwierder (mat Link oder Referenz vu Quell, wou dat z'iwwetrpréifen ass) op d'Diskussiounssäit vum Artikel, wat net méi aktuell ass; da këmmert gäer ee sech drëms, dat am Artikel à jour ze setzen.
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 16:11, 13. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]


This is a message from the Wikimedia Foundation. Translations are available.

As many of you know, January 15 is Wikipedia’s 15th Birthday!

People around the world are getting involved in the celebration and have started adding their events on Meta Page. While we are celebrating Wikipedia's birthday, we hope that all projects and affiliates will be able to utilize this celebration to raise awareness of our community's efforts.

Haven’t started planning? Don’t worry, there’s lots of ways to get involved. Here are some ideas:

Everything is linked on the Wikipedia 15 Meta page. You’ll find a set of ten data visualization works that you can show at your events, and a list of all the Wikipedia 15 logos that community members have already designed.

If you have any questions, please contact Zachary McCune or Joe Sutherland.

Thanks and Happy nearly Wikipedia 15!
-The Wikimedia Foundation Communications team

Posted by the MediaWiki message delivery, 20:58, 18. Dez. 2015 (UTC)Hëlleft wgl. fir an Är Sprooch z'iwwersetzenHëllef[äntweren]

Merge template ?[Quelltext änneren]

At d:Wikidata:Database reports/identical birth and death dates/1, two pairs from lbwiki came up:

I usually tag them with Template:Merge (d:Q6919004), but there is none in this language. How should I report them? (I can try to read Luxembourgish, but I can't write it - sorry). Jura1 (Diskussioun) 09:22, 21. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Hi Jura1, thanks for pointing out! You can leave messages in english here without any problem. I dealt with Philippe and merged both articles. As for Pierre Gra(a)ch, someone needs to check the correct spelling first. Greetings, --Zinneke (Diskussioun) 10:02, 21. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Nei Biller mat Bezuch op Lëtzebuerg: Vun elo un eng Galerie op Commons[Quelltext änneren]

Moien,

ech hat dëslescht erausfonnt, datt et Botte ginn, déi automatesch all nei Biller op Commons zu enger bestëmmter Kategorie eraussënneren an an eng Galerie tässele kënnen.

Ech hunn dat emol mat der Commonscat "Luxembourg" probéiert (woubäi bestëmmten Ënnerkategorien hu missen ausgesënnert ginn, wéi z.B. "German language", wat eng Ënnerkategoire vu "Languages of Luxemnbourg" ass, a soss all Biller, déi iergendwéis mat däitscher Sprooch ze dinn hätten, do optauche géifen).

D'Resultat ass zanter Kuerzem hei nozekucken.

Intressant deemno fir déi, déi selwer Biller op Commons lueden, fir ze gesinn, wat et soss esou gëtt, an evtl. déi eng oder aner Kategorie verbesseren hëllefe wëllen, oder awer fir Artikelen z'illustréieren, etc.

--Zinneke (Diskussioun) 11:47, 12. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Merci fir d'Informatioun. Eng gutt Saach dat doten. Bei enger ganzer Rei Fotoen ass awer de Lien mat Lëtzebuerg net esou einfach ze erkennen, bei verschiddenen ass en och un den Hoer erbäigezunn. Villäicht kann een do nach un den Astellungen eppes verbesseren. Wann net ass et awer ok. --MMFE (Diskussioun) 15:52, 12. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Salut, eng gutt, ma witzeg Saach dat. Dee Bot geet awer schéin déif buddelen! Vläit misst en op engem gewëssen Niveau gestoppt ginn, fir datt en net all schweedesch Bom, déi iergendwann, iergendwou op enger Eurovisioun geträllert huet, mat Lëtzebuerg verbënnt. Dat doten ass jo lo eng Fotogallerie. Kann dee Bot vläit (hidden) Kategorie maachen, do wieren d'Biller méi einfach dran ze beschaffen. --Jwh (Diskussioun) 19:05, 12. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Effektiv sinn der do, wou den Zesummenhank iwwer 10 Ecker oder nach méi wäit geet. Mee bon, léiwer een zevill wéi net genuch, 't ass jo just, fir d'Saach einfach am A kënnen ze halen. Falls rekurrent falsch Kategorien optauchen, kann dat dem OgreBot gemellt ginn; ech wollt awer emol dermat woarden, an e bësse kucken, wat erauskënnt, ier ech u säi Käfeg rabbele ginn. Identifizéiert Kategorië kënne jo op der Diskussiounssäit vun der Galeriessäit festgehale ginn. --Zinneke (Diskussioun) 16:19, 13. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Harassment consultation[Quelltext änneren]

Hëlleft wgl. fir an Är Sprooch z'iwwersetzen

The Community Advocacy team the Wikimedia Foundation has opened a consultation on the topic of harassment on Meta. The consultation period is intended to run for one month from today, November 16, and end on December 17. Please share your thoughts there on harassment-related issues facing our communities and potential solutions. (Note: this consultation is not intended to evaluate specific cases of harassment, but rather to discuss the problem of harassment itself.)

Regards, Community Advocacy, Wikimedia Foundation

Avenuen, Boulevarden a Stroossen an der Stad - a soss zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Salut, flott datt Artikelen iwwer d'Avenuen asw an der Stad ugeluecht ginn. Ech wollt awer op déi 'korreckt' franséisch Schreifweis hiweisen, mat Bindestrécher - och wa gewosst ass, datt s'op de Schëlder an op de Kaarten net respektéiert gëtt: Avenue du X-Septembre, Bvd John-F.-Kennedy, asw. Zum Deel ass dat jo och elo schonn de Fall, z.B. Avenue Émile-Reuter.
Och wéint der Harmoniséierung schloen ech vir, d'Schreifweis mat de Bindestrécher ze benotzen.
Déi franséisch WP benotzt déi korrekt Schreifweis, kuckt fr:Catégorie:Avenue du 12e arrondissement de Paris... dat obschonn och a Frankréich d'Stroosseschëlder dem Trait d'union esou gutt ewéi néierens benotzen :-).
Mir kënne jo déi zwou Zorte Lemmae benotzen, mat jee engem Redirect. Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 10:04, 19. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Sorry, ech gesinn elo op der fr:WP datt d'Strossennimm op de Stroosseschëlder, op d'mannst zu Paräis, ewell mat Trait d'union geschriwwe ginn :-). --Cayambe (Diskussioun) 10:42, 19. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,
Ech erënnere mech, datt mer déi Diskussioun schonn eng Kéier ugefaangen hate fir d'Virnimm an d'Nimm an de Stroosssebezeechnungen mat „trait d'union“ ze schreiwen (z.B. Boulevard Victor-Thorn), obwuel ech perséinlech fannen, datt et zu kengem Méiwäert bäi dréit. Et ass souguer heiandsdo vill méi schwéier ze liesen, absënns wann et méi laang Stroossennimm sinn: „Boulevard Grande-Duchesse-Joséphine-Charlotte“ oder „rue de l'Ordre-de-la-Couronne-de-Chêne“.
D'Fransouse si sech dobäi och net all eens an d'Belsch huelen de Bindestrech iwwerhaapt net an der Odonymie; kuckt dozou z.B. Trait d'union.
Am Guide de rédaction vum Service Information et Presse ginn et eng Rëtsch Säiten (152 ff) déi sech mam Trait d'union beschäftegen, et gëtt awer näischt iwwer Stroossennimm gesot, deemno keen Thema an der Lëtzebuerger Administratioun.
Ech-kann-och-mat-der-Stréch-Léisung liewen, fannen awer déi Belsch Approche méi lieserlech, zëmool wou ech zu Lëtzebuerg nach kee Schëld mat Bindestrécher gesinn hunn. --GilPe (Diskussioun) 21:01, 20. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
Salut, ech verstinn däin Uleies, besonnesch well jo de lëtzebuerger Staat an d'Gemengen d'Schreifweis vun de franséischen noms propres (Stroossen, Schoulen, Instituter, Verwaltungen…) systematesch net applizéieren. An der lëtzebuergescher Press ass dat awer an de leschte Joere meeschtens de Fall.
De Prinzip ass jo deen heiten: den Numm vun enger Strooss gëtt vun der Gemeng festgeluecht, d'Schreifweis awer gëtt vun de Schreifregele régléiert.
Et stëmmt datt och an der Wallonie d'Stroossennimm op de Schëlter systematesch ouni Bindestréch sinn. Op der Säit fr:Catégorie:Voie bruxelloise steet esouguer ausdrécklech driwwer, datt keng Bindestrécher tëschent dem Virnumm an dem Numm erwënscht sinn: En Belgique il n’est pas d’usage…. An allen anere Fäll gëtt awer de Stréch gebraucht: z.B. Fr:Place Sainte-Croix zu Bréissel.
De Bindestréch gëtt et och an der däitscher a lëtzebuerger Schreifweis, z. B. Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes. Mir sinn also dru gewinnt :-)
De Stréch huet och nach en anere Virdeel: de ganzen Numm gëtt alphabetesch ënner dem éischte Wuert gefouert. Also, z.B, Avenue John-F.-Kennedy ënner dem 'J', rue Charles-Quint ënner dem 'C'.
D'Schreifregelen net uwende féiert gären zu engem Duergerneen, nämlech eng Kéier esou an dann erëm anescht. Duerfir hat ech virgeschloen, d'Regele systematesch z’applizéieren. Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 10:49, 22. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Op infolux.uni.lu/infodesk kann een elo Froen iwwer d'Lëtzebuergescht aus de Beräicher Grammaire, Wuertschaz oder Sproochgeschicht stelle, wa mer hei net weider kommen ... --GilPe (Diskussioun) 19:01, 24. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Stoark! Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:23, 24. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]
E Beispill aus der Wikipedia ass gläich ënnert deene puer éischte Fäll ;-) --Zinneke (Diskussioun) 13:50, 25. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

This is a message regarding the proposed 2015 Free Bassel banner. Translations are available.

Hi everyone,

This is to inform all Wikimedia contributors that a straw poll seeking your involvement has just been started on Meta-Wiki.

As some of your might be aware, a small group of Wikimedia volunteers have proposed a banner campaign informing Wikipedia readers about the urgent situation of our fellow Wikipedian, open source software developer and Creative Commons activist, Bassel Khartabil. An exemplary banner and an explanatory page have now been prepared, and translated into about half a dozen languages by volunteer translators.

We are seeking your involvement to decide if the global Wikimedia community approves starting a banner campaign asking Wikipedia readers to call on the Syrian government to release Bassel from prison. We understand that a campaign like this would be unprecedented in Wikipedia's history, which is why we're seeking the widest possible consensus among the community.

Given Bassel's urgent situation and the resulting tight schedule, we ask everyone to get involved with the poll and the discussion to the widest possible extent, and to promote it among your communities as soon as possible.

(Apologies for writing in English; please kindly translate this message into your own language.)

Thank you for your participation!

Posted by the MediaWiki message delivery 21:47, 25 November 2015 (UTC) • TranslateGet help

Community Wishlist Survey[Quelltext änneren]

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 14:38, 1. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

New Wikipedia Library Accounts Available Now (December 2015)[Quelltext änneren]


Hello Wikimedians!

The TWL OWL says sign up today!

The Wikipedia Library is announcing signups today for, free, full-access accounts to published research as part of our Publisher Donation Program. You can sign up for new accounts and research materials from:

  • Gale - multidisciplinary periodicals, newspapers, and reference sources - 10 accounts
  • Brill - academic e-books and journals in English, Dutch, and other languages - 25 accounts
  • Finnish Literature Society (in Finnish)
  • Magiran (in Farsi) - scientific journal articles - 100 articles
  • Civilica (in Farsi) - Iranian journal articles, seminars, and conferences - 50 accounts

Many other partnerships with accounts available are listed on our partners page, including EBSCO, DeGruyter, and Newspaperarchive.com. Do better research and help expand the use of high quality references across Wikipedia projects: sign up today!
--The Wikipedia Library Team 01:01, 11 December 2015 (UTC)

Help us a start Wikipedia Library in your language! Email us at wikipedialibrary@wikimedia.org
This message was delivered via the Global Mass Message tool to The Wikipedia Library Global Delivery List.


VisualEditor News #6—2015[Quelltext änneren]

Elitre (WMF), 00:07, 25. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Änlech Artikelen[Quelltext änneren]

Mëtteg,

Ech hunn en neien Artikel (Jasmännchen) geschriwwen a gemierkt, datt elo ënnert dem Artikel automatesch eng Rubrik "Änlech Artikelen" bäi komm ass. Och wann dat eng gutt Iddi ass, gesinn ech net direkt wat déi dräi "änlech" Artikelen (Wikipedia, Lëtzebuergesch a Stengegung) mam Jasmännchen ze dinn hätten...

Wie weess wéi dat mat den "änlechen Artikele" fonktionnéiert a wéi een déi eventuell ännere kann? --GilPe (Diskussioun) 14:58, 27. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien, ass dat lo fort? Bei mir um Schierm ass nàischt sou wat...--Jwh (Diskussioun) 20:44, 27. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, déi änlech Artikelen ass eng esougenannt 'Beta-Funktioun' déi ageloggt Benotzer an hire Benotzerastellungen astelle kënnen. Déi Betafunktiounen fënnt ëen op Spezial:Astellungen#mw-prefsection-betafeatures. Mat beschte Gréiss --Robby (Diskussioun) 21:50, 27. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci Robby! Eng friddlech Hënt! --Jwh (Diskussioun) 00:38, 28. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Jo, effektiv, ech hat net méi dru geduecht, datt ech dës Beta-Funktioun agestallt hat. Se ass wuel nach e bësse verbesserungsbedürfteg... Merci awer. --GilPe (Diskussioun) 09:11, 30. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]