Wikipedia:Ech hunn eng Fro/Archiv

Vu Wikipedia

Griichesch Mythologie, asw.[Quelltext änneren]

De Cornischong huet d'Fro opbruecht gehat fir eventuell d'Këschte bei der griichescher Mythologie ewech ze loosse well se zevill Plaz anhuelen, resp. net méi genuch Plaz fir Fotoe loossen. Wéi ass dann äer Meenung, wéi solle mer dat maachen? Mech stéiert et net se ewech ze loossen; villäicht kënne mer jo och eppes maache wat méi kleng ass an un d'Enn oder den Ufank vum Artikel kënnt? Myriam 00:23, 8 Februar 2006 (UTC)

Huel einfach den {{My...}} um Ufank ewech a fäedeg ass de Lack! Mer hate bei der Literatur och esou "Déngen", déi sinn all geflunn. --Cornischong 00:35, 8 Februar 2006 (UTC)

OK, a punkto: "Waren dat se all" kann ech der net äntwerten. Falls ech nach ee fanne maachen ech en ewech. Mee wéi ass dat da mat deen anere Wikien; déi hunn dach och sou eng Këscht, mee méi eng kleng, villäicht kann een déi jo abauen (obwuel ech och do rëm muss soen d'Kat misst eigentlech duer goen)? Myriam 01:10, 8 Februar 2006 (UTC)

Komm, loosse mer lo dem ale Geräbbis net nach nokräischen! Kuck der d'Biller un a vergläich se mat deenen aus den anere Wikien. Gëss de do net och "gréissewahnsinneg"? --Cornischong 01:17, 8 Februar 2006 (UTC)
Déi oarme Këschten :( --Otets 10:13, 8 Februar 2006 (UTC)


Ech géif nawell gär en Artikel iwwert dem J.L. Austin seng Sprechakttheorie (speech act theory, théorie de l'acte de language) schreiwen, mee wéi heescht dat op ltz ? --Marcus 09:31, 9 Februar 2006 (UTC)

Moie Markus. Du muss net ëmmer op esou eng frëndlech Manéier dorop hiweisen, datt "eist" DLW dat beschte Wierderbuch ass, dat mer hunn:-) All Vollek huet eben déi Wierderbicher, déi et verdéngt. Mär fält "Sproochaktiounstheorie", do si mer net wäit ewech. Den Austin selwer war jo och e Pragmatiker. D'Illokutioune wäerte mer dat och nach an de Grëff kréien. --Cornischong 09:59, 9 Februar 2006 (UTC)


jiddesch, jüddesch, juddesch?[Quelltext änneren]

"eng jiddesch Kolonie" Ech gleewe net gär, datt jiddesch an dësem Zesummenhang richteg ass. Weess ee méi? --Cornischong 09:24, 13 Februar 2006 (UTC)

Et ass jiddesch, krut ech vun eisem "Sproochberoder" confirméiert. --Cornischong 14:35, 18 Februar 2006 (UTC)

Quartieren[Quelltext änneren]

Mer kéinten eis bei Quartieren eenegen: De Lampertsbierg leeft ënner "Lampertsbierg" an Eech ënner "Eech (am "Norbert Jacques"-Artikel). --Cornischong 10:29, 14 Februar 2006 (UTC)

Ech kenne soss kee "Lampertsbierg". Den Zousaz "(Stad Lëtzebuerg)" ass fir d'Homonymie opzeléisen (kuck: Eech - wéi och zB bei "Verluerekascht (Stad Lëtzebuerg)"). "(Stad Lëtzebuerg)" hannert "Lampertsbierg" ze schreiwen ass a mengen Aen dofir net néideg. --Zinneke 11:36, 14 Februar 2006 (UTC)

Du hues Recht. Un de Bam hat ech net geduecht. Ech hunn deen Numm awer schonns héieren :-). Merci. --Cornischong 12:24, 14 Februar 2006 (UTC)

Stat/Staat[Quelltext änneren]

Ass schonn engem opgefall datt mer hei op der Wiki déi zwou Versioune fir dat fr. "Etat" hunn? Bei deene meeschten Artikele gëtt et mat 2 "a" geschriwwen, mee et sinn der och eng ganz Rëtsch wou et nëmme mat engem geschriwwe gëtt. Wéi ass et dann elo richteg? Myriam 12:51, 22 Februar 2006 (UTC)

Den DLW zielt eis, datt déi zwee richteg sinn; an dann zielt en eis op eng bekloppten Aart a Weis och, datt "beim Staat schaffen" mat zwéin "a" geschriwwe gëtt. Fir net dronken ze ginn, hu mer eis drop g'eenegt fir eng Stad an e Staat ze schreiwen. Ech hätt et schonns iergendwuer higeschirwwen, mee wuer? --Cornischong 14:00, 22 Februar 2006 (UTC)

OK, Merci, wann ech da nach e "Stat" begéine verbesseren ech en. Myriam 14:06, 22 Februar 2006 (UTC)

Weess ee vun iech wou dat lëtzebuergescht Wuert "Knetzel" (oder wéi och ëmmer dat geschriwwe gëtt) hierkënnt? Myriam 16:40, 3 Mäerz 2006 (UTC)

Op hollännesch heescht knutselen esou vill wéi "bastelen", wat jo vun eisem Sënn vu knetzelen net wäit ewech ass. Wéi et vun do awer op Knetzel (anenee verdruddelt Hoer) koum: do muss ech passen... --Zinneke 19:34, 3 Mäerz 2006 (UTC)

A. Eng "Knetzel" bezitt sech nët nëmmen op Hoer, mee och op all aner Verdruddeltes.

B. Vir eng Knetzel kann een och nach "Kniwwel" soen, an da si mer nët méi wäit ewech vum hollännesche "knutselen" = bastelen. --Pecalux 07:46, 4 Mäerz 2006 (UTC)

Eng kleng Knetzel gëtt och am iwwerdroëne Sënn gesoot fir ë klengt Meedchen wat ëtt fauschtdëck hannert dën Oueren huet. (Beispill: elo kuck emol déi kleng Knetzel do!) Wou d'Wuert hir kënnt weess ech och nëtt Ladyrosa

Astronomie[Quelltext änneren]

D'Kategorien fir Astronomie fannen ech e bëssen onstrukturéiert, an ech wousst haut och net esou richteg wat fir eng ech sollt huele fir verschidden Artikelen. Do gëtt et: z.B. Himmelskierper, Planéiten, Sonnesystem, Mounden, asw. Wann ech elo en Artikel iwwert e Mound an eisem Sonnesystem schreiwen, ënner wat fir eng Kategorie kënnt deen dann? Astronomie, Himmelskierper, Mounden? Oder einfach alleguer? Myriam 14:43, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Musek oder Musék? Myriam 23:52, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Musek --Cornischong 00:01, 11 Mäerz 2006 (UTC)

OK, der Phonetik no och net wierklech richtegn oder ? Myriam 00:15, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Mir halen eis un den Dictionnaire Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch an da geet alles schons vill méi einfach. Et wir eng gudd Idee, Myriam, wanns der dee géifs uschafen. Johnny Chicago 00:29, 11 Mäerz 2006 (UTC)
Mee mer hunn zënter enger gudder Zäit en Artikel, deen esou heescht!!!!! --Cornischong 00:36, 11 Mäerz 2006 (UTC)

OK, A punkto uschafen hunn ech heiansdo mäi Problem, obwuel et lächerlech kléngt, mee ech sinn heiansdo Frou wann ech net forcéiert ginn eppes ze maache, wat iergendee vu mer verlaangt. Ouni datt ech een elo hei ukloe wëll. Ech hunn einfach heiansdo d'Flemm. Myriam 00:47, 11 Mäerz 2006 (UTC)

Artikelen déi all Wiki sollt hunn[Quelltext änneren]

heescht e Link op der Wikipedia:Communautéitssäit an der "Dëst ass ze maachen"-Rubrik. Wann een drop klickt, wiesselt ganz automatesch d'Sprooch op d'Englescht. Datt do e grousse Monty Python-Fan eng Lëscht gemaach huet, bei där hie mengt, déi lëtzebuergesch Wikipedia soll seng ("I therefore suggest that we make a list") List iwwerhuelen (besonnesch gutt fannen ech de blanne Link op "Edna St. Vincent Millay") , fannen ech op d'mannst "genial". Wat maache mär mat där List? Op de Fouss huelen? S'op Transalpinesch iwwersetzen? Oder d'List selwer op hir eege Säit setzen? --Cornischong 13:28, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Wikipedia:Communautéitssäit[Quelltext änneren]

Da fannen ech e Link " Eis Mailinglëscht". Meng Fro:Funktionéiert dat schonns? Wann net; wat geschitt domat? --Cornischong 13:37, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Metadaten vu Fotoen[Quelltext änneren]

Warscheinlech sinn ech net den éischten deen dës Fro huet: Wéi kann ech meng Fotoen verschaffen dass d'Metadaten, déi meeschtens souwisou net méi richteg sinn, net mat eropgeluede musse ginn? D'Äntwert op dës Fro sténg och gudd op enger FAQ-Säit. -- Pecalux 17:45, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Neen, do bass de net deen Éischten. Et gëtt Fotobeaarbechtungsprogrammen, déi der dat direkt ewechhuele kënnen. De Photoshop a säi klenge Brudder, de Photoshop Elements maachen dat net. Den IrfanView, deen s de kanns gratis eroflueden (ouni Mucken a Macken an ouni Reklammstralala!!) kann der se nodréiglech ewechhuelen. Wann s de nach eng Fro dozou hues, da looss se mol kommen. Mat watfirengem Programm hantéiers de? --Cornischong 18:00, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Nee, ech hu weider keng Fro a probéieren däin Tip emol. Ech schaffe normalerweis mam "Paint Shop Pro" (awer net déi läscht Versioun) a mam "MS Foto 2006 Standart Edition Editor". Den IrfanView kennen ech awer och, muss e just nach installéieren. --Pecalux 18:41, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Haaptsäit[Quelltext änneren]

Mer hunn eng besser Haaptsäit prett. Firwat steet déi al nach do? --Cornischong 13:29, 2 Abrëll 2006 (UTC)

Wat bedeit den (top) deen dann a wann hannert engem Artikel an der Lëscht 'meng Kontributiounen' steet? --Pear 14:08, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Datt et fir deen Artikel dee bis elo aktuellste Bäidrag ass. --Cornischong 14:18, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Wéi schréift een Säure (acid, acide) op Lëtzebuergesch? Viellaicht Säier?--Cacahuete 03:38, 13 Abrëll 2006 (UTC)

eng Saier, vill Saieren. --Cornischong 06:36, 13 Abrëll 2006 (UTC)

Gewënschten Artikelen[Quelltext änneren]

Ech fannen déi automatesch Lëscht mat de gewënschten Artikele net méi erem, oder sinn ech blann? Myriam 10:21, 14 Abrëll 2006 (UTC)

=> Special:Wantedpages. --Briséisβρισεισ 11:41, 14 Abrëll 2006 (UTC)

Ventriloquismus ?[Quelltext änneren]

Wéi kéinte mer en Artikel iwwer "Bauchriedner" iwwerschreiwen? An der de-Wikipedia hu se léiwer "Ventriloquist" gebraucht wéi "Bauchredner". "Déi déi mam Bauch schwätzen" ass e bëssen zweedeiteg :-) --Cornischong 16:59, 14 Abrëll 2006 (UTC)

"Bauchriedner" schéngt mer dee Begrëff ze sinn, deen op lëtzebuergesch am geleefegsten ass. --Pecalux 09:46, 15 Abrëll 2006 (UTC)

Wat maache mer da mat de ganze "Johannes"en? De Jang den Deefer hate mer jo schonn, mee all déi aner, vum Apostel zum Poopst, oder sou, maache mer do och e Jang drauss? Wëll heeschen: de Johannes gëtt e Jang an de Johannes-Paul bleift e Jean-Paul? Myriam 00:50, 21 Abrëll 2006 (UTC)

Am Lëtzebuerger Fändel steet Pantone bei blo a bei rout. 1.) Wat ass dat? Firwar steet et net bei giel? A firwat gëtt do wäiss net opgezielt? --Luftikuss 21:09, 3 Juli 2006 (UTC)

Op der Websäit vun Pantone ( http://www.pantone.de/ ) kriss de eng Iddi, ëm wat et geet. Den Artikel selwer misst nach owwerschafft ginn. --Cornischong 15:53, 11 Juli 2006 (UTC)

Verdréite Kierchtierm[Quelltext änneren]

Kennt een e verdréite Kierchtuerm hei am Land?
Wier den Numm "Kierchtuerm mat verdréitem Daach" (oder Dachstull) besser? --Cornischong 07:53, 15 Juli 2006 (UTC)

De Fliger, de Potto an déi lëtzebuergesch Wikipedia[Quelltext änneren]

"In der Nähe von Dudelange befindet sich ein 285 m hoher Sendeturm für UKW und TV, der als freistehender Stahlfachwerkturm ausgeführt ist. Am 31. Juli 1981 wurde dieser Sendeturm von RTL von einem belgischen Militärflugzeug ungefähr in der Mitte getroffen und brach daraufhin zusammen. Die herabstürzenden Trümmerteile zerschlugen ein in der Nähe stehendes Haus und töteten das in diesem Haus lebende Ehepaar. Der Pilot der Unglücksmaschine starb ebenfalls. Der Sendeturm wurde danach wieder aufgebaut, allerdings nicht mehr ganz so hoch wie vor dem Unglück." liesen ech am "Dudelange"-Artikel. Wou ginn déi Däitsch dat nëmme gewuer?? Bestëmmt net aus der lb-Wiki!! --Cornischong 20:16, 31 Juli 2006 (UTC)

Schreifweis[Quelltext änneren]

Wéi heescht (oder léiwer: wéi schreift een) dat?: z.B. mat "däer", mat "der", mat "deer", mat "deeër"? Wéi gëtt dat gereegelt? Den DLW ass do keng Hëllef. Myriam 21:44, 17 August 2006 (UTC)

Mineur Ännerungen, asw[Quelltext änneren]

Salut, ass et méiglech fir verschidden Ännerungen ze blokéieren? Z.B. wann et just Mineur Ännerunge sinn (interwiki, kat, oder esou eppes)? -- Myriam 21:15, 23 August 2006 (UTC)

blockéieren ass warscheinlech de falschen Ausdrock: besser wier "ausblenden" -- Myriam 21:17, 23 August 2006 (UTC)

Ma da lies mol eng Kéier alles wat op der Säit steet wanns de Rezent Ännerungen opmechst, dann ass deng Fro beäntwert. Les Meloures 21:36, 23 August 2006 (UTC)

An en äddlech Artikele fënnt een dëst Wuert erëm. Waat ass domat gemengt. Et goufen och schons Ausdréck wéi Bankugestellten oder Bankemployé an Artikelen a Banquier ëmgeännert. Ass een deen op enger Bank schafft ee Banquier oder ass dat deen deem d'Bank oder een Deel dervun gehéiert. Waat seet eisen Dico duerzou. Les Meloures 12:43, 21 September 2006 (UTC)

"Ban|ki|er [':], der; s, -s [frz. banquier, zu: banque = 2Bank]: Inhaber od. Vorstandsmitglied einer 2Bank (1 a)." zielt mer den "Duden - Deutsches Universalwörterbuch 2001" . Den DLW schreift "Banker = Banquier". Sou, lo wësse mer alles. --Cornischong 13:02, 21 September 2006 (UTC)

Deen Artikel fannen ech nët. Gëtt et deen nach nët? Steet dee villäicht ënner engem Homonym? --Zweeeeëgen Drilling 00:36, 4 Oktober 2006 (UTC)

Aner Sproochen-Wikipedia[Quelltext änneren]

Wann ech lo wéilt an engem aner Wikipedia en Artikel verfaassen oder änneren, muss ech mer do dann en neien Usernumm froen? Ce 15:38, 20 Oktober 2006 (UTC)

Jo, mee Du kanns deen nämlechten huelen, wéi s De schonns hues - et sief, en Aneren huet dee scho virun Dir "gezoppt". --Zinneke 15:43, 20 Oktober 2006 (UTC)

Gëtt et e Pangramm am Lëtzbuergeschen? --Cornischong 01:49, 30 Oktober 2006 (UTC)

Eau de Javel-Fabrik zu Mamer[Quelltext änneren]

Wees een eppes iwwer déi fréier Eau de Javel-Fabrik zu Mamer? --Cornischong 18:52, 31 Oktober 2006 (UTC)

"Faarweg Bläistëfter"[Quelltext änneren]

Wéi solle mer eisen Artikel nennen iwwer dat wat am Däitschen "Buntstift" oder "Farbstift" heescht an am Hollänneschen ënner "Kleurpotlood" leeft? Den DLW zielt "Faarf", mee dat "geet net" gutt. --Cornischong 23:16, 3 Dezember 2006 (UTC)

Eppes "méi richteges" wéi "Faarweg Bläistëfter" fällt mer net an. (Bei Filzstëfter, Tuschstëfter oder -faarwen ass et méi schwéier, ze soen, wat "méi" richteg ass, do ginn et 3 Méiglechkeeten) --Zinneke 23:37, 3 Dezember 2006 (UTC)

Generol Marcel-Pierre Faure oder Pierre Faure[Quelltext änneren]

Ech sinn am gang een Artikel iwwer de franséischen Generol Marcel-Pierre Faure oder Pierre Faure (net ze verwiessele mat dem Generol Jacques Faure) ze schreiwen. De Marcel-Pierre Faure ass dee Generol, deen als Capitaine den 2.Abrëll 1940 zu Feelen noutgeland war an heemlech vum Dokter Charles Marx iwwert d'franséich Grenz bruecht gouf. _(Kuck Charles Marx) Wee ka mier mat engem Hiwäis op eng Quell fir biographesch Daten hellefen. Am viraus merci.ernmuhl 08:21, 6 Dezember 2006 (UTC)

E puer prezis Froen[Quelltext änneren]

Ech sinn elo e puer Wochen hei dabei an an däer Zäit sinn e puer Froe bei mier opkomm:

  • Wéi steet et an der Lëtzebuerger Rechtschreiwung mat Wieder déi verschidde Leit verschidden ausschwetzen? Gëtt et do Reegele wéi eng Schwetz- an domat Schreifweis "richteg" ass? Oder kann een - su laang wéi ee sech un d'Orthographie hält - schreiwe wéi ee wëll an deem Sënn wéi een och ka schwetze wéi ee wëll. Ee Wuert daat ech oft liesen, an daat mer iewwerhaat net gefällt ass "Foussball". Et héiert een d'Leit jo oft vu "Fussball" oder vu "Futtball" schwetzen, mee "Foussball" hunn ech nach net oft héieren. Ech wëll elo keng Diskussioun iwwert dest prezist Wuert starten, mee éischter e puer Rotschléi kréien doriwwer wéi ech soll schreiwen.
  • Wéi ass déi richteg Reiefolleg vun den Interwiki Linken? Schreift een se der alphabetescher Reiefolleg vun den Ofkierzungen no (z.B. fi vierun fr), oder esou wéi se dono an der Landessprooch alphabetesch do stinn (z.B. eo hannert es)? A wann et déi zweet Méiglechkeet ass, wou kommen déi Sproochen déi mat engem aaneren Alphabet schaffen do eran?

Weider Froe wäerten nach nokommen! Harry-PC 19:28, 14 Dezember 2006 (UTC)

Dat ass e Sport, bei deem de "Ball" mam "Fouss" gerannt gëtt, an net mam Futt oder Foot oder Fuss. Mär ginn eis léiwer net mat der Sproochweis, mee mat der Schreifweis of, well fir d'Sproochweis gëtt et keng "Spillregelen". A well mer genuch Getriwwels hate mat de Varianten vum Ballspill, gabrauche mer de Foussball, an da rullt et.

Déi Saach mat der alphabetescher Reiefolleg vun den Interwiki-Linke loossen ech en anere beäntwerten, well ech mech net och nach domat well ofginn. (Dat Gebastels mat finnish a suomi ass mär duergaangen). --Cornischong 21:29, 14 Dezember 2006 (UTC)

Moien Harry-PC,
Flott, wat s d'a kuerzer Zäit schonns hei un Artikele geschafen hues! Zu de Sproochen: dat einfachst ass, du kopéiers se vun der engleschsproochegr Säit eriwwer, sou wéi se do stinn (a setz bei deer Geleenheet och gläich de Link op däin neien Artikel op der Lëtzebuergescher. Botte (kleng Programmen) këmmere sech dann iergend eng Kéier drëms, de Link op d'lb: och an deenen anere Sproochversiounen ze setzen. --Zinneke 23:20, 14 Dezember 2006 (UTC)

Accounts mergen[Quelltext änneren]

Kann ee mäin Account Kwisatz mat desem Clausekwis mergen w.e.g.? (cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Hilfe:Single-User-Login#H.C3.A4ufig_gestellte_Fragen) Merke, dëst ass mäi Unified Login. --Clausekwis 12:49, 23. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Ugaangs Oktober wäerte mer wuel nees en aktive Bürokrat hunn, wann esou eng Kontefusioun méiglech ass da wäert dee sech dann drëm këmmeren. --Otets 00:26, 24. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Normalnull[Quelltext änneren]

Wat mache mer mat der Normalnull ??

Ech hat alt emol an e Puer Artikelen iwwer Mier gesat wat allgemeng méi richteg war vu datt NN sech nëmmen op Däitschland bezitt an op Kartesystemer déi dem däitschen ugeschloss sinn. Dat gouf da vu Wikifizéierungsspezialisten an NN ëmgedeeft.

Vir de Moment hu e puer Honnert Artikelen déi Frankräich, Spuenien, Éisträich, Italien an och nach eng Heellewull aner Länner betreffen déi ënner NN lafen. Les Meloures 17:17, 19 Dezember 2006 (UTC)

Ech kenne mech do elo net esou aus. Dat heescht NN gëtt just vun den Däitsch gebraucht, wann ech richteg verstanen hunn? Gëtt et da keng Ofkierzung op lëtzebuergesch? Soss giff ech och soen dass iwwert dem Mier oder Mieresspigel am Beschte wier. --Alexandra 17:21, 19 Dezember 2006 (UTC)

Et ass esou NN ass eng däitsch Héichtennorm. Mat grousser Warscheinlechkeet huet Holland déi selwecht a Lëtzebuerg huet och déi selwecht. (NN Pegel Amsterdam). D'Belsch huet eng aner an all déi aner Länner och.
Dat heescht an all éisen Artikelen wou NN dra steet an déi net an deenen dräi Länner sinn ass de Link NN falsch. Ass dat jidderengem egal. Soss gëtt bei Klengegkeeten um leschten i-Tëppelche geridden. Dat hei ass menger Meenung no keng Klengegkeet an ausser dem Alexandra dat awer mol wéinstens Intérêt gewisen schéngt d'Maintenance vum Site kéngem sou um Häerz ze leien. Les Meloures 14:03, 22 Dezember 2006 (UTC)
Ech probéieren, de Probleem ze verstoen: Et gi sëllechen Artikelen, bei deenen d'Héicht an "NN" ausgedréckt ass. Ech huelen un, d'Donnéeë vun deenen Artikelen, sinn aus enger Sprooch iwwersat ginn, wou och "NN" steet. Wann ech uewe liesen, dass des "Norm" (?) an Däitschland an a Lëtzebuerg gëllt, wat wier da falsch drunn, ze schreiwen, d'Stad XY läit n "Meter iwwer NN"?
--Zinneke 14:43, 22 Dezember 2006 (UTC)

Tjo falsch ass z.B. wa mer daat an Artikelen an deenen aanere Länner wéi Lëtzebuerg Holland oder Däitschland gebrauchen Les Meloures 15:02, 22 Dezember 2006 (UTC)

NHN - DHHN92 - NN - HN - DHHN85 - Meter über Adria[Quelltext änneren]

"Et ass esou NN ass eng däitsch Héichtennorm" liesen ech hei (e puer Zeilen no uewen). - -"Das Normalnull (NN) war die amtliche deutsche Bezugsfläche für Höhen über dem Meeresspiegel im 20. Jahrhundert." liesen ech an der de-Wiki am Artikel "Normalnull". Nodeems ech virun e puer Deeg e puer Stonnen (!) iwwer dat Thema hin an hier gelies hunn, hunn ech elo endlech d'Gewëssheet, datt ech doriwwer guer näischt weess. An deenen europäesche Lëschten, deenen ech begéint sinn, ass Lëtzebuerg net eng Kéier ernimmt ginn! "Das als Bezugsfläche dienende Geoid sollte weiterhin Normalnull genannt werden. Dieses Höhensystem wurde nur in wenigen Bundesländern umgesetzt und wird dort auch vom DHHN92 abgelöst." Et deet mer Leed, awer "sollte ... genannt werden" an "wurde nur in wenigen ..umgesetzt" an dann "wird abgelöst", dofir sinn ech anscheinend zevill domm. "schéngt d'Maintenance vum Site kéngem sou um Häerz ze leien.": Ech schaffen un enger Léisung. Ganz interessant ass den Artikel an der de-Wiki "Höhe (Geodäsie)" --Cornischong 15:04, 22 Dezember 2006 (UTC)

Ech proposéieren an all eisen Artikel Meter iwwer Mier (m i.M) ze schreiwe mat engem Artikel deen dann erklärt wat dat heesche soll. Dann hu mer wéinsten keng Konflikter mat Länner wou NN net gebraucht gëtt Les Meloures 15:08, 22 Dezember 2006 (UTC)
Ech schléisse mech dem Alexandra unn, datt dat do e Beräich ass, wou ech wierklech net kënneg sinn. Wa Meter iwwer Mier dat "neutralst" ass, wat mer benotze kënnen (wann ech dat elo hei richteg verstanen hunn), da wir ech do derfir. --βρισεισDisk 15:33, 22 Dezember 2006 (UTC)

Wann et esou ass datt "Auf lb:Wiki haben wir das Problem dass Wikifizierungsfanatiker die meisten Höhen auf NN wikifiziert haben ...", wéi een op der de-Wiki schreift, déite mer vläicht gutt drun, einfach nëmmen "Sie liegt 558 Meter über Meer." ze schreiwen; woubäi an hirem (de-Wiki) Artikel "Meter über Meer" dës Definitioun steet: "Meter über Meer (m.ü.M.) ist die offizielle Bezeichnung des Fürstentum Liechtenstein [1] und der Schweiz für Höhenangaben." - Vläicht kënnt awer lo ee vun de Wikifizéierungsfanatiker a behaapt nach, mer wieren hei weder a Liechtenstein nach an der Schwäiz. --Cornischong 18:32, 22 Dezember 2006 (UTC)

Nei Ierbessenzielereien ??[Quelltext änneren]

Vun 20.20 un sinn haut nei Zuele bei de Rezent Ännerungen tëscht der Auerzäit an dem Usernumm. Wann ech alles sollt richteg verstanen hunn, ass e Wonsch vu mär domat an Erfëllung gaangen, deen ech awer hei ni geschriwwen hunn. Weess een do méi?? --Cornischong 21:34, 19 Dezember 2006 (UTC)

Software fir a Fotoen d'Rauschen erauszehuelen[Quelltext änneren]

Huet een Erfarung mat Rausch-Filteren, also mat enger Software, déi d'Rauschen aus den digitale Fotoen kann eraushuelen. Wéi z.B. "Neat Image" oder "Noiseware" oder eng aner? Wa jo, dann ass de Cornischong ganz intresséiert drun ze wëssen, wat déi daachen. Merci am Viraus. --Cornischong 00:01, 23 Dezember 2006 (UTC)

Ech schaffe vill mat PaintShopPro. Do si verschidde Rauschfilteren dran integréiert. --Pecalux 09:00, 23 Dezember 2006 (UTC)

Sinn déi als "Rauschfilter" ("Antinoise") deklaréiert; a wat daache se? --Cornischong 09:06, 23 Dezember 2006 (UTC)

Hei d'Beschreiwung aus dem PaintShopPro. Ech selwer kenne net genug dervun fir ze beurteelen "wat se daachen". Jiddefalls sinn ech zefridden domatt.
"Der Begriff "Bildrauschen" bezeichnet wahllos gefärbte Pixelbereiche eines Bildes, die dem gesamten Bild ein grobkörninges oder texturiertes Aussehen verleihen. Paint Shop Pro beinhaltet eine umfangreiche Palette an Funktionen, mit denen Sie diesen meist unerwünschten Effekt aus einem Bild entfernen können.
Ø Achtung: Diese Korrekturen lassen sich nur auf 24-Bit Farbbilder und Graustufenbilder anwenden. Falls Ihr Bild eine andere Farbtiefe aufweist, müssen Sie die Farbtiefe erhöhen, um auf die einzelnen Effekte und Filter zugreifen zu können.
Wenn Sie einen Effekt nur auf einen bestimmten Bildbereich anwenden möchten, markieren Sie diesen zunächst mit einem Auswahlrahmen und aktivieren anschließend die Effekt-Funktion.
Die Funktionen zur Entfernung eines Bildrauschens
· Bildrauschen > Rauschunterdrückung: Dieser Filter entfernt Bildfehler die nur 1 Pixel groß und entweder schwarz oder weiß sind.
· Bildrauschen > Rauschen entfernen mit Kantenschutz: Diese Funktion beseitigt ein Bildrauschen ohne die Details der Kontrastgrenzen eines Bildes anzugreifen.
· Bildrauschen > Median-Filter: Mit diesem Filter können Sie ein unregelmäßiges Bildrauschen entfernen, dessen Farbflecken sich deutlich von den angrenzenden Bereichen unterscheiden.
· Bildrauschen > Schwarze & weiße Bildfehler entfernen: Falls die Bildfehler größer als ein Pixel sind und hauptsächlich als dunkle Fehler auf hellem Hintergrund oder als helle Fehler auf dunklem Hintergrund vorliegen, verwenden Sie diese Funktion, um das Rauschen zu beseitigen.
· Bildrauschen > Rauschen entfernen mit Texturschutz: Diese Funktion beseitigt ein Bildrauschen ohne die Details der Bildtextur anzugreifen."

--Pecalux 13:41, 23 Dezember 2006 (UTC)

En décke Merci. --Cornischong 14:56, 23 Dezember 2006 (UTC)

Wou fannen ech d'Sonnerzeechen ?[Quelltext änneren]

Ech brauch e groussen "S" mat engem ëmgedréiten Hittchen, an hunn elo eng Zäitche gesicht, wou ech dat fanne kéint. Merci am Viraus. --Cornischong 21:24, 26 Dezember 2006 (UTC)

Hei zum Beispill: Ŝ Les Meloures 22:02, 26 Dezember 2006 (UTC)

Dat ass also "e groussen "S" mat engem ëmgedréiten Hittchen". Villmols Merci, léif Leit, ech loossen da léiwer deen Artikel fir deen ech e gebraucht hätt, einfach sinn. Dat misst déi einfachst Léisung sinn. Wann ech d'Säit fonnt hunn, schreiwen ech hei weider. --Cornischong 23:33, 26 Dezember 2006 (UTC)

Ech brauch e groussen "S" mat engem ëmgedréiten Hittchen, an hunn elo eng Zäitche gesicht, fir d'Säit mat de Sonnerzeechen ze fannen. Kann ee mer erklären, wéi ech un déi Säit kommen. D'Fro war: "Wéi kommen ech un d'Säit mat de Sonnerzeechen?" --Cornischong 23:47, 26 Dezember 2006 (UTC)

Salut ech hat dat mat dem ëmgedréinten Hitchen net gemierkt soss hätt ech alt esou ee gesicht. Sou wäit wéi ech erausfonnt hunn, huet lb:Wiki keng Säit mat Sonnerzeechen. Les Meloures 00:35, 27 Dezember 2006 (UTC)
Mee fir ze hëllefen hei ass emol den Š Les Meloures 00:38, 27 Dezember 2006 (UTC)
D'Säit ass "an der Maach" => Wikipedia:Sonnerzeechen --βρισεισDisk 08:32, 30 Dezember 2006 (UTC)

Merci am Viraus. --Cornischong 08:53, 30 Dezember 2006 (UTC)

Stäresänger[Quelltext änneren]

Gëtt et de Brauch vun de "Sternsinger" op Dräikinneksdag och iergendwou am Ländchen? --Cornischong 13:29, 10 Januar 2007 (UTC)

Gudden Owend, ech hunn elo erréischt dës Nooriicht gelies a muss der matdeelen, datt zu "Keel" d'Lëtzebuerger Scouten all Joer en Dräikinnékssangen op de 6. Januar an de Stroosse maachen. --SITCK 21:08, 26 Februar 2007 (UTC)

Salut. Dat ass emol gutt ze wëssen. Wat zwar myteriéis ass, wann dat déi eenzeg Plaz am Land wier. Hal emol d'Ouere steif, vläicht kriss de mat, wou dat hierkënnt a wéi laang dat scho leeft. --Cornischong 21:47, 26 Februar 2007 (UTC)

Lëtzebuergesch Duerfkëschten[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Wie kann déi Këscht ëmbauen datt eng Rei fir d'geographesch Koordinate bäikënnt. Les Meloures 20:41, 26 Februar 2007 (UTC)

Koordinaten bäi der Duerfkëscht bäigeprafft --Robby 23:27, 26 Februar 2007 (UTC)

Salut Robby du hues der vill Aarbecht gemaach mee de Link fonktionnéiert net wéinstens net biei mir Les Meloures 23:29, 26 Februar 2007 (UTC)

Ka mol ee mer eng Säit vun enger Lëtzebuergescher Uertschaft linken, wou dat derbäigesat gouf ? Bei der Këscht selwer (:Template:GemengLux) ass keng Ännerung ze gesinn. --βρισεισDisk 09:10, 27 Februar 2007 (UTC)
Ganz einfach: Template:UertschaftLux an fir ze kucken wéi d'Resultat ass zum Beispill bäi Uewerpallen --Robby 22:53, 27 Februar 2007 (UTC)
Bei der Këscht Template:GemengLux ass d'Ännerung elo och gemaach als Beispill kuckt Biekerech~. Robby 18:09, 28 Februar 2007 (UTC)

Piktogrammitis?[Quelltext änneren]

Firwat ginn eis Skizzespréchelcher op eemol mat Billie gerëscht? Well ech dat net verstinn, wier et ganz léiw, wann ech dat erklärt krit. Et hat och kee mär Bescheed gesot. Hoffentlech kënnt net op eemol een op d'Iddi, mär bräichte guer keng Biller an den Artikelen, well déi zevill Plaz um Server géifen ewechhuelen. Net datt ech eng Kéier mueres opstinn, a se sinn alleguer "fort". Et traut ee sech net méi, fir an d'Bett ze goen. Wann et awer nëmmen ass, fir d'Zäit erëm ze kréien, da sinn ech berouegt, da war et jo fir e gudden Zweck. --Cornischong 00:47, 3 Mäerz 2007 (UTC)


De Froestellert[Quelltext änneren]

Bonjour,

Datt ech nach net aktiv participéieren, ka mer elo vläicht als Virworf gemaach ginn. Mee wéi ech mech virun enger Zäit ugemellt hun krut ech gesoot ech sollt meng Froe stellen. Éier ech wollt zevill Froe stellen, oni selwer eppes geleescht ze hunn, hunn ech ech mech emol domatter zréckgehalen, awer vill gelies op der Wikipedia, fir ze wëssen wat verlaangt ass fir en Artikel ze schreiwen. Dobäi hunn ech festgestallt wéi haut och erëm datt, oft am Talk eng Kritik ubruecht gëtt déi zwar net onbedingt falsch ass, mee wou ech vläicht de System vun der Wikipedia net richteg verstanen hunn. Ech hu gemengt wann een eppes besser wéisst kéint en dat verbessere goen. Dat gëtt awer anscheinend net ëmmer esou gemaach. Do gëtt dann en Talk gefouert. Wat ass do d'Ursaach dervun.

Eng kloer Äntwert wier mer léif, dat géif mer hëllefen fir mech ze décidéieren méi dacks matzeschaffen. De Froestellert 20:37, 14 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde Moien, léiwe Froesteller. Et ass wéi am Liewen, de Problem sinn net d'Froen, de Problem sinn d'Äntwerten. Virun enger Zäit has de bei de Bierkerecher Hausnimm gefrot, ob et déi Haiser nach gëtt a wou ee se fanne kann. Wars de net zefridde mat der Äntwert? Fuer also roueg weider mat denge Froen, vläicht mellt sech eng Kéier en Neien, deen Den Äntwerer heescht.--Dat Krappegt vu Sëll 23:30, 14 Mäerz 2007 (UTC)


Bonjour

Jo datt d'Äntwerten e Problem sinn mierken ech an dësem Fall hei gutt. Well et ass e Gespréich iwwer d'Problematik vun de Froen an den Äntwerten a keng Äntwert op meng Fro.

Fir op de Fall Bierkerech (ech mengen zwar et wier Biekerech gewiescht) zréckzekommen do kann ech soen datt déi Explicatiounen a Stellungnamen mer alleguer irgendwéi eppes gesot hunn bis op eng déi gesot huet esou eng Lëscht mat Hausnimm oni weider Informatioun Kabes wier. Ech ka respektéieren datt een dat mengt, awer eng Äntwert op d'Fro war et och net. De Froestellert 09:38, 15 Mäerz 2007 (UTC)

Ma da probéieren ech emol fir der eng Äntwert op deng Fro ze ginn:
Du schreiws: Ech hu gemengt wann een eppes besser wéisst kéint en dat verbessere goen. Dat ass richteg. Et gëtt natierlech eng Differenz ob een tatsächlech "eppes besser weess" oder nëmme mengt eppes besser ze wëssen. Am 2. Fall kënnt et dann zu Diskussiounen, heiandsdo souguer zu Urempelungen oder Frechheeten. Et ka natierlech och sinn, dass den 1. Auteur nëmme gemengt hat, eppes richteg ze wëssen. Dat leit an der Natur vum Mënsch: Vill Leit = vill verschidde Meenungen.
Fir deenen eventuelle Streidereien aus de Féiss ze goen, maache verschidde "Correcteure" fir d'éischt op der Diskussiounsäit op en eventuelle Feeler opmierksam a stellen de Problem zur Diskussioun. Dat ass gutt gemengt, mee d'Resultat ass meeschtens dat selwecht.
Dofir: Wanns de eppes "besser weess" an du kanns et beleeën, da verbesser et a schreif am Resumé deng Quell(en) oder Argumenter derbäi. E Rot vum Pecalux 08:06, 16 Mäerz 2007 (UTC)

Doutgeblétzt[Quelltext änneren]

Huet keen eng besser Foto vun dem Mosaik, dat am Lëscht vun de Kinneke vu Sizilien-Artikel ass. War net zoufälleg een zu Palermo an der Chiesa della Martorana?? Fréier goufen déi, déi e Mosaik ugeblétzt hunn, geblennt; haut ginn hir Biller op d'Commona gesat. Merci am Viraus.--Cornischong 16:55, 18 Mäerz 2007 (UTC)

Nonnebréitchen[Quelltext änneren]

A sengem Bichelchen ernimmt de Josy Braun och "Nonnebréitchen an -bréidercher". Ech kennen déi net. Weess ee méi? --Cornischong 09:40, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde moien
Dat hie hun ech op der Websäit vu Kerkrade fonnt
Het is een verzamelnaam voor diverse soorten gebak waarvan de oorsprong niet bekend is. Dit, voor zowel de manier van bereiden als voor de naamgeving. De nonnevots komt voor met en zonder vulling, in ronde vorm of in strikvorm. Kenmerkend is echter dat de deeg in olie of vet gebakken wordt. Hierdoor ontstaat het luchtige karakter van het gebak waaraan het in veel streken zijn naam ontleent. Andere namen waaronder het voorkomt is de
  • Berli(j)ner Bol met jamvulling
  • strik
  • poeffel (Zuid-oost Limburg)
  • oliebol met jamvulling (Maastricht)
  • de Nonnenfurz (Duitsland)
  • de Nonnefort (1665, Nederland)
  • de Pets de Nonne (1795, Frankrijk)
  • de Nonnebreitchen en de Nonnenkrapfen (Luxemburg)
  • In Kerkrade komt de nonnevots uitsluitend voor in de strikvorm en de poeffel in de bolvorm.
Gudde Moien
Dat hie hun ech op der Websäit vu Prachuap Khiri Khan fonnt
เว็บไซต์ทั้งหมดของเราปราศจากโฆษณา ผู้เข้าชมไม่เสียค่าใช้จ่ายในการแก้ไข, การอ่าน หรือการใช้เนื้อหาของเรา เราใช้เงินที่ได้จากการบริจาคในการลงทุน
Tjo dann hu mer elo ee Problem
soll ech déi vum Prachuap Khiri Hhan iwwersetze loossen dem Noper séin Dackel versteet dat relativ gutt
Wanns de mengst meng Informatioun op hollännesch wier iwwerflësseg da schreif dat ganz däitlech, a wann net da looss den anere Blödsinn bleiwen. Les Meloures 10:59, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Auslännesches[Quelltext änneren]

Sech hei opzeregen ass eng Saach, en net "ënnerschriwwene" Kommentar op Hollännesch ouni e Link op d'Websäit (et gëtt jo schliisslech de Guggel) ass natierlech eng aner. Ganz däitlech: Et kéint als Hëllef interpretéiert ginn, wann een engem anere bei enger Referenz, déi eppes mam Spaweck ze dinn huet, de Link ugëtt, an deem et op déi Manéier erméiglecht, déi Websäit méi séier ze fannen. An: "soll ech déi vum nonnevots iwwersetze loossen dem Noper séin Dackel versteet dat relativ gutt". Fir d'éischt déi Nues, déi am nosten ass. Merci. --Cornischong 11:21, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Iwwersetzung vun der hollännescher Websäit[Quelltext änneren]

Et ass de Sammelnumm vu verschiddenen Zorte Gebäck deem säin Ursprong net bekannt ass.

Dat gëllt sou gutt fir d'Art a Weis fir en ze maachen wéi och fir den Numm.

Den nonnevots (op lëtzebuergesch:Nonnefascht) gëtt et mat oder oni Gefëlls a ronner Form an a längelzecher Form. Gemeinsam hunn se datt se am gliddege Fett gebak ginn.

Doduerch ensteet déi lëfteg Form vum Gebäck déi em a ville Géigenden den Numm (Nonnefascht, Nonnenfurz, Nonnevots) ginn huet.

Aner Nimm:

  • Berliner mat Gebeess oder Pudding
  • strik (an Holland) wat e Knued oder Stréckel bedeit wat op déi lëtzebuergesch Verwurelter hiweist.
  • poeffel (am Südoste vum hollännesche Limburg)
  • oliebol oder croustillon (mat Gebeess dran: zu Maastricht) oliebol wëllt soen datt eng Bull am Ueleg gebak gouf
  • Nonnenfurz an Däitschland
  • Nonnefort (1665, Holland)
  • Pets de Nonne (1795, Frankräich)
  • Nonnebreitchen an de Nonnekrapfen zu Lëtzebuerg (beim Nonnekrapfen sinn ech net sou honnertprozenteg iwwerzeecht datt dat Lëtzebuergesch sollt sinn)

Ech warden op déi aner Iwwersetzung Les Meloures 12:12, 20 Mäerz 2007 (UTC)

...an och op de Link op déi aner Websäit wéi ech jo recommandéiert krut Les Meloures 12:20, 20 Mäerz 2007 (UTC)


Hei ass mol dee vun deeër déi ech fonnt hunn an d'Websäit déi gefrot gouf Les Meloures 12:18, 20 Mäerz 2007 (UTC)


De Feierstëppeler[Quelltext änneren]

Weess ee wien de "Feierstëppeler" gravéiert huet, deen op den ale Frangstécker an den 10 Sou-Stécker ze fanne war? (Vläicht och nach op aneren) --Cornischong 14:04, 23 Mäerz 2007 (UTC)

Salut
D'Enquête leeft am grousse Stil Les Meloures 15:05, 23 Mäerz 2007 (UTC)
Halli, hei steet et (an nach vill méi): http://www.bcl.lu/fr/media/communiques/2002/10/expo/index.html
Et war de Belsch Armand Bonnetain (1888-1973).
--Zinneke 15:18, 23 Mäerz 2007 (UTC)

Merci fir d'Upaken. Nondikass. A wat hunn ech mech elo nees agelooss? Da fänken ech emol lues u mat engem Ulaf an dem 10 Sou-Stéck, dat mech op d'Iddi bruecht huet. Wann dat keen "exzellenten" Artikel gëtt. --Cornischong 15:47, 23 Mäerz 2007 (UTC)

Wien huet en 1 Frang an/oder en 2 Frang Feierstëppeler?[Quelltext änneren]

Fir de Feierstëppeler hunn ech e 50 Centimes-Stéck vun 1930 fir eng Foto. Et wier gutt, wann een deeër aner hätt. Also en "1 Frang" an en "2 Frang-Stéck". Wann een e Problem mat der Makro-Foto huet, da soll e sech mellen. Da fanne mer schonn eng Léisung. --Cornischong 18:02, 31 Mäerz 2007 (UTC)

Mat engem Frang kann ech dingen...
--Zinneke 21:53, 31 Mäerz 2007 (UTC)

Mise en Page[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Wann een den heiten Talk kuckt: Talk Lëscht vun de Kozenzentratiounslager, stelle mer nes eng Kéier fest datt mer Problemer hunn fir d'Mise en Page un déi verschidden Exploreren wéi Microsoft Internet Explorer, Fire-Fox, Opera, a.s.w. unzepassen. Dëst ass och de Fall bei anere Säiten wa Fotoe riets a lénks agebaut ginn. Sou Säite gesinn am Firefox an am Opera passabel aus, och eventuell am Microsoft Internet Explorer fir Leit déi op bredeem Ecran mat enger spezieller Opléisung fueren. Mee wéi ass et fir den Ottonormalverbraucher. Kënne mer do kee gemeinsame Nenner fannen, a waterengem Format d'Säite sollen opgebaut ginn, fir datt datt se vu jidderengem, deen se kucke geet an engem acceptable Format kënne gesi ginn. Les Meloures 12:18, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Gudde Mëtteg,
Och wann dat elo e bësse resignéiert kléngt: Ech gesi keng Léisung fir den do Problem!. Wëll wat a wien ass dann elo Ottonormalverbraucher? Watfir e Betriebssystem (Windows XP, Windows Vista, Mac OS, Linux,...) a watfir e Browser (IE6, IE7, Firefox, Opera, Netscape, Maxthon,...) benotzt hien oder hat?. A wéi ass et mat dem Ecran (800 x 600, 1024 x 768, 1280 x 1024, 1280 x 800, 1152 x 864, ....) ? Also dofir gëtt et ménger Meenung näischt watfir jidferee passt. Dat eent ass bäi dem enge besser, eppes aneres bäi engem aneren. Ménger Meenung no geet et do nëmmen mat dem gesonde Mënscheverstand an wann och emol bäi dem engen oder anere emol eng Säit net suoer ausgesäit dann ass dat ëmmer nach besser wéi doriwwer ze diskutéieren op watfir eng Konfiguratioun mir eis wiki elo optimals ausleeë sollten. --Robby 12:42, 6 Abrëll 2007 (UTC) P.S. An elo dann nach séier e bësse richteg Wiki-arbecht.


Oktav, Mäertchen a Poufascht[Quelltext änneren]

Kann et sinn, datt hei keen Artikel ass iwwer d'"Oktav" an de "Mäertchen"? Majo dann, mengt de Poufascht.

Léiwe Poufascht,
wann's du der Meenung bass, hei géif en Artikel iwwer d'"Oktav" an een iwwer de "Mäertchen" feelen, da soll's de wëssen dass hei keen dech zeréckhällt wann's du déi Artikelen wëlls schreiwen. Meckeren ass gutt, awer besser maachen ass nach besser. --Pecalux 09:12, 2 Mee 2007 (UTC)

Villmols Merci fir déi séier a kloer Äntwert. Besonnesch déi Mentalitéit, datt jiddereen, dee sech wonnert, datt et elementar (an aktuell) Artikelen net ginn, mol als "Meckerer" ofgestempelt gëtt, wäert bestëmmt dozou bäidroen, datt vill Neier sech domat ugesprach fillen, sech hei deen Tounfall bidden ze loossen. An der Tëschenzäit hunn ech mer mol déi däitsch Wikipedia ugekuckt. Do ass en Artikel iwwer d'Oktav ze fannen. Ech huelen un, datt d'Lëtzebuerger, déi Loscht hunn, bei der interessanter Iddi vun der Wikipedia mat ze maachen, léiwer do matschaffen, well et net jidderengem senges as, sech hei beleidegen ze loossen, wann een d'Nues hei erastécht. Iwwerleet Iech vläicht, en anere Gorilla bei d'Dier ze stellen, soss jot der nach anerer fort, mengt de Poufascht.

Gudde moien dann emol just wéinst der Frendlechkeet déi ëmmer hei bemängelt gëtt.
Ech hunn de Kommentären do emol gelies.
Dann dozou och mei Pefferkär:
Et kann net nëmme sinn dass et déi Artikele net gëtt. Dat ass esouguer doutsécher.
Meckeren ass warscheinlech och net de richtegen Ausdrock. Nofroen ass erlaabt.
Just eng kleng perséinlech Approche zum Sujet (awer ganz perséinlech, jidderee ka maache wéi e wellt)
Ech hu bis elo an der de:Wiki matgeschafft an der fr:Wiki an elo zënter August op der lb:Wiki.
Meng éischt Aktioune waren emol matschaffen, am Ufank duerch kleng Verbesserungen, an duerno mat Artikelen.
Et war esou wéi ech de Wikiprinzip verstanen hunn. Jiddereen däerf wann e mengt, datt een Artikel feelt, a wann en eppes driwwer wees sech un der Wiki bedeelegen, andeems en deen Artikel ufänkt. Et gëtt nach eng Hällewull Artikelen déi feelen.
Dann nach eng perséinlech Info: an Zukunft reagéieren ech perséinlech op keen Talk méi wou net de minimum vu Respekt an Héiflechkeet ze gesinn ass.
Les Meloures 11:52, 2 Mee 2007 (UTC)
Wann ech dech, léiwe Poufascht, sollt beleedegt hunn, dann deet dat mer leed. Dat war net meng Intentioun. Ech hat net gemengt dass du esou sensibel wiers. Erlab mer dës puer Bemierkungen:
  • Dass déi zwee wichteg Artikelen iwwer d'Oktav feelen ass gewosst. Mee et feelen och nach e puer Dausend aner wichteg Artikelen.
  • Fir en Artikel ze schreiwe muss ee fir d'éischt recherchéieren. Sou eppes rëselt sech net aus dem Aarm, et sief, et ass ee Spezialist op deem Gebitt. Leider schreiwen awer op der lëtzebuergescher Wiki nëmme vläicht eng Dosen Auteuren, an déi maachen dat benevole an hirer Fräizäit, sou gutt a sou séier wéi se kënnen. Wann ee bedenkt dass dës puer Auteuren bis elo schonn 14.500 Artikele geschriwwen hunn, dann ass dat, mam Ausland verglach, eng schéi Performance.
  • Et bleiwt dir natierlech fräigestallt fir bei eis oder bei den Däitschen matzeschaffen. Ech perséinlech wier, trotz dem Gorilla, frou wann's du dech kinns iwwerwannen bei eis matzemaachen, zumol wou ech gesinn dass du d'lëtzebuergesch Schreifweis gutt am Grëff hues. A vous de choisir!
  • Ech hunn awer och dat ongutt Gefill wéi wann deng Schreifweis an däin Tounfall mer bekannt virkéimen. Kann et net sinn dass du scho méi laang hei bekannt bass a just ënnert engem anere Numm hei agéiers? --Pecalux 12:12, 2 Mee 2007 (UTC)

Prettytable[Quelltext änneren]

Gudde Moien

An dësem Artikel Finowmooss hun ech e Prettytable agebaut. Wees vläicht ee wat ech muss maachen datt deen no riets réckelt.

Merci am Viraus Les Meloures 15:44, 15 Mee 2007 (UTC)

Rebonjour: De Problem huet sech geléist. Les Meloures 19:41, 15 Mee 2007 (UTC)

Deen éischte gedopte Vëlosdoudegen, e Lëtzebuerger[Quelltext änneren]

"1959 Der Luxemburger Keller stirbt an den Folgen aufputschender Mittel." liesen ech haut am SPIEGEL senger Doping Chronik. Wat war do lass? --Cornischong 21:28, 24 Mee 2007 (UTC)

Hollännesch Lizenzen op Hollännesch[Quelltext änneren]

De "Gebruiker Piero", deen d'nl-Wiki an der Tëschenzäit verlooss huet, huet formidabel Fotoen iwwer historesch Motoen an der nl-Wikipedia. Dobäi steet awer e Kommentar, deem säi Sënn mär net kloer ass. "Gebruik toegestaan met bronvermelding Dit werk is afkomstig van Yesterdays Antique Motorcycles of van het Classic Motorcycle Archive. Gebruik is toegestaan onder voorwaarde van bronvermelding." Ee Beispill steet hei ( http://nl.wikipedia.org/wiki/Afbeelding:Magnat_Debon_Model_BST_350_cc_1929.jpg ). Wie ka mer dee Fall erklären? Wat musse mer derbäi schreiwe fir déi Biller benotzen ze kënnen? Merci am Viraus. --Cornischong 13:45, 2 Juni 2007 (UTC)

Gudde Moien
Dat wëllt heeschen, fräi iwwersat: De Gebrauch ass erlaabt mat Ugab vun der Quell: Dëst Wierk kënnt vu Yesterdays Antique Motorcycles aus dem Classic Motorcycle Archive. De Gebauch ass erlaabt ënner der Conditioun datt een d'Quell ugëtt.
Wanneggelifft gäer geschitt.
Les Meloures 14:06, 2 Juni 2007 (UTC)

Wéi heescht dat Déngen?[Quelltext änneren]

Wéi heescht déi Zort Barrière, déi aus dem Buedem kann erausgeklappt ginn, an dann als absolut stabill Autosspär déngt. Virun der Garageneentrée vun der US-Botschaft ass esoueppes montéiert. Merci. --Cornischong 01:22, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Poller op däitsch? --Fliedermaus 12:22, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Salut,
mengs de esou eppes
oder ass et eng ganz Barrière. Gëtt se eropgeklappt oder fiert se vertikal an d'Luucht.
Fir vertikal Barrière soen déi déisäit der Musel Versenk-Tor an Teleskop-Versenk-Tor Les Meloures 13:10, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Villmools Merci. --Cornischong 14:17, 27. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Siderurgie zu Lëtzebuerg|Siderurgiegrupp[Quelltext änneren]

Op Grond vu wat schreiwe mer "Siderurgie" an net "Sidérurgie"? --Cornischong 10:33, 1. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Am DFL steet Siderurgie, firwat wees ech awer och net. Les Meloures 22:49, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Pëtrol oder Pëtroll?[Quelltext änneren]

Kritt Pëtrol een oder zwéin "l" --Cornischong 21:29, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Et kritt nëmmen een "l". --Cornischong 21:30, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Merci. --Cornischong 21:31, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Gär geschitt. --Cornischong 21:32, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Aner Sproochen[Quelltext änneren]

Bitte entschuldigt, daß ich in einer Fremdsprache schreibe. Die Reihenfolge eurer interlanguage links ist laut Meta “by order of alphabet, based on local language”, d. h., daß für die alphabetische Reihenfolge weder die ISO-Codes der Sprachen noch die luxemburgischen Namen der Sprachen zugrundegelegt werden, sonder jeder Sprachenname auf der jeweiligen Sprache (ggf. in Umschrift).

Die derzeitige Reihenfolge auf der Haaptsäit ist aber einfach die der ISO-Codes, genau wie auf de.wikipedia.org üblich. (Die einzige Ausnahme ist bs-bg statt bg-bs.) Falls das so gehört, korrigiert vielleicht einmal euren Eintrag auf o. a. Meta-Seite. Schönen Gruß, de:Benutzer:Wikipeditor 2008-01-19

An elo hunn ech eng Fro: Nodeem datt dat elo op der Meta (“by order of alphabet, based on local language”) geännert ass heescht dat datt eis Interwikilinken op all eise Säiten nei musse sortéiert ginn. ob dat wierklech esou eng ugudd Iddi ass? freet sech de --Robby 09:33, 19. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
"heescht dat datt eis Interwikilinken op all eise Säiten nei musse sortéiert ginn" : Wou ass dann eppes op "by order of alphabet, based on local languageby order of alphabet, based on local language" g'ännert ginn? Ech liesen op där Säit: "By order of alphabet, based on two letter code. .... Default order for most of wikipedias". Wann dat elo eng Staataffär sollt ginn, dann ouni mech. --Cornischong 10:10, 19. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Kuckt och dëst w.e.g. Wikipedia:Bot#InterwikiBoten bedenkt de Robby 10:12, 19. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Soll ech mäint zréckänneren oder net? --Cornischong 12:08, 19. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

No engem Gespréich mam Robby hunn ech dat op der Mediwiki-Säit zréckgesat. Punkt. --Cornischong 12:49, 19. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech zitéieren aus dem Robby sengem Link: "Interwikilinke ... ginn een ënnert deem aneren opgelëscht an dem Alphabet no zortéiert. Et gëtt bäi deem Sënneren awer net den InterMap Prefixen nogefuer, mee dem Numm vun all Sprooch no, wéi en och am Artikel selwer ugewise gëtt. Eenzeg Ausnam: he, ja an zh ginn den InterMap Prefixen no zortéiert." Wann dat also op "by order of alphabet, based on local language" steet, dann ass et richteg, bis op eis dräi Ausnamen eben. --Otets 20:19, 9. Abr 2008 (UTC)

Metaphysesches[Quelltext änneren]

"Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet.": (steet op der Wikipedia:Administrateuren-Säit ënner Rechter a Flichten) Ech hu mer dee Saz e puer Mol op der Zong zergoe gelooss a keng Anung, wat dat bedeit. Op alle Fall huet dee Saz e schaarfe Klank an e beonrouegt mech. Kéint et sinn, datt ech als Administrateur zevill Artikele géif schreiwen? Wien huet e verstanen an ass bereet, mär en an einfache Wierder z'erklären. Villmools Merci am Viraus.--Cornischong 17:36, 20. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat heescht just, datt s de als Admin näischt extraes an denger Geschirkëscht, kee spezielle Reider, keen neie Media Fichier Link an och eng geheim Spezialsäit hues, déi der beim Artikelschreiwe selwer géif hëllefen, an déi en normalen Notzer net och hätt. Et soll dem normalen Notzer just soen, datt e beim Artikelschreiwen net jalous op en Admin ze si brauch, well och en Admin net dem Björk säi Buch huet wou d'Säite sech vum selwe fëllen. --Otets 20:26, 9. Abr 2008 (UTC)

Fribourg - Freiburg[Quelltext änneren]

Wéi solle mer déi schwäizeresch zweesproocheg Stad hei upaken? --Cornischong 01:09, 7. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Propose
zwou Homonymië maachen fir alles wat Freiburg oder Fribourg heescht

Fribourg

Freiburg

  • Freiburg: eng Stad am Bunsdesland Baden-Württemberg
  • Freiburg im Üechtland mat Redirekt op Fribourg (Schwäiz)
  • Freiburg/Elbe: eng Uertschaft an Niddersachsen
  • Freiburg den däitschen Numm fir Świebodzice a Schlesien. (par Analogie zu den anere schlesesche Stied déi mer och mat dem däitschen Numm féieren, ob dat korrekt ass wier nach z'iwwerpréifen)
  • Freiburg den däitschen Numm vu Fribourg am Departement Moselle

Les Meloures 07:18, 7. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Grondsätzlech sinn ech mam Les Melours averstanen, 2 Homonymien ze maachen, z.Deel mat Queeschverweiser. Just bei däitschen Nimm fir loutrengesch Uertschaften zécken ech: do fannen ech, geet et duer, déi ënnert hirem franséischen Numm ze féieren. Déi sinn zënter dem Louis XIV. franséisch - vun 2 Ausnamen ofgesinn... Bei de schlesesche Stied soll den däitschen Numm just e Redirect op deen haidege (polnesche) sinn( "Świebodzice (fréier Freiburg) ass...").
--Zinneke 09:22, 7. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


{{fr} Léger d'Autun / (de)Leodegar von Autun / (nl) Leodegarius / (en) Leodegar

Wéi solle mer de Mann op Lëtzebuergesch nennen Les Meloures 09:51, 23. Mäe 2008 (UTC)

Leodegar vun Autun : No engem hin an hier kënnt dat mer am valabelste vir. --Cornischong 10:08, 23. Mäe 2008 (UTC)

Just zuur Informatioun. Den Artikel vum Christen ass beim WP:de en Läschuntraag gestalt ginn. Ech mengen et geif Zeit ginn dat e puer Leit vun hei sech do zu Wuert mellen. :-D 78.141.147.180 09:32, 9. Abr 2008 (UTC)

Hun d`Info elo mol op der richteger Seit bruecht. Sorry 78.141.147.180 10:18, 9. Abr 2008 (UTC)
Wann een, dee sech als "Ich kenne mich daneben im Bereich Religion und Italowestern recht gut aus" virstellt (!!), dat onbedéngt an der de-Wiki läsche wëll, da kënnen déi vun do sech mat deem zerbalegen. Mat Toperte si mer hei scho gutt agedeckt (Hitler-Spasmen; an deeër méi). Hei bleift de Christen-Artikel natierlech dran. Merci awer fir de Bescheed. Souwisou sinn ech schonns am Clinch mat engem vun den transmuselanesche Fotofachleit, deen no vill Getéins lo mol de Kalzong ausgedoe kritt ( http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Kandidaten_für_exzellente_Bilder ) beim "Felsen-Nabelkraut". Wees een, wéi dat op Lëtzebuergesch heescht? --Cornischong 10:39, 9. Abr 2008 (UTC)

Nee, leider nöt. Zum Italowesternheld haaste vergiess waat do nach steht: Ich kenne mich daneben im Bereich Religion und Italowestern recht gut aus (die Kombination macht's!). Lol. Die Milch macht's! 78.141.147.180 19:54, 9. Abr 2008 (UTC)

Perspektive-Korrektur-Software[Quelltext änneren]

Huet een Erfarunge gesammeltz mat "DigitalCardanCam" oder enger anerer Software, déi Perspektive korrigéiert, da w.e.g. mellen. Uginn, ob Mac oder PC. Merci am Viraus. --Cornischong 00:40, 26. Abr 2008 (UTC)


................................................. Ech probéiere mol hei de System ze verstoen. Beim Läsche vu "Blessed" schreift een " (Kuckt w.e.g. d'Dikussioun op der Läschlëscht)" Ofgesinn dovun, datt op der Läschlëscht keng Diskussioun steet, an d'Läschlëscht keng Diskussiounssäit huet, steet bei der Läschung ""Blessed" gouf geläscht ‎ (Kuckt w.e.g. d'Dikussioun op der Läschlëscht)". Här Gott mat der décker Zéif.

Gudde Moien, Här Gott mat der décker Zéif, fir emol bei der sou oft kritiséierter Héiflechtkeet ze bleiwen.
Ech entschëllege mech datt ech am Kommentar vum Läsche vum Artikel Blessed geschriwwen hat: Kuckt w.e.g. Diskussioun op der Läschlëscht. Dat sollt heeschen: Kuckt w.e.g. Wikipedia:Läschen. Ech hunn dat an deem Sënn um 12.03 Auer nogeholl. Les Meloures 10:22, 17. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]