Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:FAQ Lieser

Vu Wikipedia

F. Wéi sichen ech en Artikel an der Wikipedia?

[Quelltext änneren]
Ä. Kuckt Hëllef:Sichen fir all d'Méiglechkeeten, wéi een en Artikel an der Wikipedia siche kann, oder wéi een d'Wikipedia einfach nëmmen "duerchbliedere" kann, ouni elo no eppes Bestëmmtem ze sichen.

F. Wéi gëtt ee gewuer, wéi heefeg en Artikel gelies ginn ass?

[Quelltext änneren]
Ä. Op der Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch gëtt et op all Säit ganz ënnen e Link „Ofruffstatistik“. Wann een do drop klickt, gesäit een d'Statistik wéi dacks d'Säit an de leschten Deeg (d'Optioune kann ee selwer astellen: lescht 10, 20, 30, 60 oder 90 Deeg) ofgeruff gouf.

Et kann een och iwwer pageviews d'Statistike vun anere Säiten op anere Wikië kucken: Lénks ënnert „Projet“ déi Wiki uginn, an där ee siche wëll (z. B. de.wikipedia.org) an iwwert der Grafik ënnert „Projet“ den Numm vun der Säit aginn, z. B. „Groussherzog vu Lëtzebuerg“.

Hei e puer Beispiller aus dem Mount August 2025:

  • D'Haaptsäit: lb → 28.238 Visitten | de → 26.189.503 Visitten | fr → 13.908.050 Visitten | en → 185.570.839 Visitten
  • Artikel iwwer d'Lëtzebuerger Land: lb → 937 Visitten | zh → 13.868 Visitten | fr → 30.525 Visitten | de → 44.780 Visitten | en → 174.758 Visitten

F. Vue datt jiddwereen Artikele verännere kann, wéi kann ech dem Contenu nach trauen?

[Quelltext änneren]
Ä1. „Gitt näischt op dat, wat dir hei liest“. Dat gëllt awer natierlech net nëmme fir d'Wikipedia, mä fir all Enzyklopedien, souguer fir déi renomméiertst.
Ä2. Wéi bei all Experiment, dat sech op d'Fräiheet baséiert, kann een unhuelen, datt d'individuell Interêten op e kollektiven Interêt histeieren. Tatsächlech kéint ee mengen, datt d'Leit, déi sech op Wikipedia connectéieren, wëssbegiereg sinn, a sou ëmmer een do ass fir e Feeler ze verbesseren.
Ä3. Egal wéi soll all Artikel ëmmer op säi Contenu jugéiert ginn, an net no sengem Auteur.

F. Wat kann ech mat externe Linken ufänken, soulaang wéi de Contenu net kopéiert gëtt?

[Quelltext änneren]
Ä. Kee Problem bei den externe Linken. Si droen zum Contenu vu Wikipedia bäi. Déi meescht Wikipedianer sinn trotzdeem der Meenung, datt en Artikel net nëmmen aus externe Linke bestoe sollt, d'Wikipedia soll nämlech keen Internet-Portal ginn… Idealerweis ginn déi Linken um Enn vum Artikel an der spezieller Sektioun "Um Spaweck" ernimmt.

F. Wat sinn d'bibliographesch Referenzen?

[Quelltext änneren]
Ä. Do gëtt et näischt Spezielles ze soen. Internet, Enzyklopedien, Coursen, eegent Wëssen. Jiddereen huet Connaissancen an engem Domaine a kann déi och hei bäidroen.

F. Gëtt et Wikipedia och eemol op Pabeier?

[Quelltext änneren]
Ä. Mir denken doriwwer no.

F. Wisou gëtt et keen Chat, dat géif heiansdo méi séier goen?

[Quelltext änneren]
Ä. Op der Wikipedia selwer gëtt et just d'Diskussiounssäite vun deenen eenzele Benotzer a vun de jeeweilegen Artikelen, fir datt d'Wikipedianer och mateneen diskutéiere kënne, wa se mol net alleguerte gläichzäiteg online sinn (wat souwisou éischter seelen de Fall ass). En Chat gëtt et awer och, just ass deen net op der Wikipedia, mä um Freenode Netzwierk a Form vun e puer IRC-Kanäl (klickt hei fir Detailer).