Wikipedia:Gadget
Gadgete si speziell Funktiounen, déi beim Liesen an/oder Ännere vun der Wikipedia nëtzlech kënne sinn an iwwer déi normal Funktioune vun der MediaWiki-Software erausginn. Gadgete ginn op all Wiki lokal iwwer JavaScript- oder CSS-Säiten definéiert a kënnen an de Benotzerastellungen eenzel aktivéiert an desaktivéiert ginn.
D'Lëscht vun alle Gadgeten op der lëtzebuergescher Wikipedia fannt Dir ënner Spezial:Gadgeten an d'Zuel vun den (aktive) Benotzer, déi e Gadget benotze fannt Dir ënner Spezial:Statistike vum Gebrauch vu Gadgeten.
Gadgete benotzen
[Quelltext änneren]Fir Gadgete benotzen ze kënne muss een ugemellt sinn (→ Benotzerkont uleeën oder umellen) an et muss jee no Gadget JavaScript am Browser aktivéiert sinn. Fir e konkrete Gadget z'aktivéiere muss een an de Benotzerastellungen op de Menüpunkt → Gadgeten goen an dann ee Kreepche beim entspriechende Gadget setzen (a fir ze desaktivéiere muss een dee Kreepchen einfach erëm ewechzehuelen).
Nei Gadgeten uleeën
[Quelltext änneren]Nëmmen Interface-Administrateure[1] kënnen nei Gadgeten op der lëtzebuergescher Wikipedia uleeën. D'Virgoensweis fir ee Gadget unzeleeën ass déi hei:
- D'Säit MediaWiki:Gadget-scriptname.js[2] an/oder MediaWiki:Gadget-scriptname.css[3] uleeën. Op deene Säite gëtt definéiert, wat de Gadget mécht. Ob een eng .js- oder eng .css-Säit oder béid brauch, hänkt dovunner of, wat de Gadget maache soll.
- Eng kuerz Beschreiwung vum Gadget op d'Säit MediaWiki:Gadget-scriptname setzen[4]. Déi Beschreiwung gëtt herno an de Benotzerastellungen ugewisen.
- De Gadget op der Säit MediaWiki:Gadgets-definition androen[4][5]. Doduerch gëtt de Gadget op der lëtzebuergescher Wikipedia disponibel. De standardméissegen Antrag ass
scriptname[ResourceLoader]|scriptname.js, jee no Gadget kënnen awer nach méi oder aner Konfiguratiounsparameteren néideg sinn.
Wann Dir selwer net déi néideg Benotzerrechter hutt, kënnt Dir bei engem Interface-Administrateur (resp. jee nodeems Administrateur) nofroe fir eventuell en neie Gadget unzeleeën oder Ännerungen un engem bestoende Gadget ze maachen.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- mw:Extension:Gadgets op MediaWiki
- MediaWiki:Gadgets-definition
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Aktuell Lëscht vun den Interface-Administrateure vun der lëtzebuergescher Wikipedia.
- ↑ Brauch d'Benotzerrecht
editsitejs, wat nëmmen Interface-Administrateuren hunn. - ↑ Brauch d'Benotzerrecht
editsitecss, wat nëmmen Interface-Administrateuren hunn. - 1 2 Brauch d'Benotzerrecht
editinterface, wat Interface-Administrateuren an Administrateuren hunn. - ↑ Wann op MediaWiki:Gadgets-definition mat
== title ==en neien Abschnitt fir de Gadget agefouert gëtt, da muss een den Text vun deem Abschnittstitel am Menü vun de Benotzerastellungen op der Säit MediaWiki:Gadget-section-title uginn, an net direkt op MediaWiki:Gadgets-definition. Kuckt z. B. MediaWiki:Gadget-section-editing, wou den Affichage vum Abschnitt mam Titel editing op „Änneren“ festgeluecht gëtt.