Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Helferlein/Vandalismus

Vu Wikipedia
Geschierkëscht vu MediaWiki
  • D'rezent Ännerunge sinn eng Méiglechkeet vu MediaWiki, fir Vandalismus ze entdecken. Do soll ee besonnesch op IPen a Benotzer mat rouden, eidele Benotzersäiten oppassen.
IRC
  • De Wikimedia-IRC-Server weist déi lescht Ännerunge fortlafend unn. Do gesäit een och, wéi vill Bytes derbäikoumen oder ewechgeholl goufen - nëtzlech, fir d'Läsche vu kompletten Artikelen z'erkennen.
Speziell Programmer
  • Vandal Fighter ass en Open-Source-Programm, deen d'rezent Ännerungen (RC) iwwerwaacht a verschidden Hëllefsmëttel zur Verfügung stellt. De Bot schafft op alle Sprooche vun der Wikipedia, verschidde Features sinn awer nëmme fir déi englesch Wikipedia verfügbar (kuckt den Changelog).
  • Den IRC Bot "computer2" ass en Open-Source-Skript fir mIRC, deen d'RC iwwerraacht, a verdächteg Ännerunge markéiert. D'komplett Kommandolëscht ass op all Kanal verfügbar, op deem de Bot ageloggt ass; einfach "computer help" am Channel soen. Ausserdem gëtt et nach den engleschen CVU.
  • Lupin's Anti-Vandal Tool iwwerwaacht d'RC an iwwerpréift s'op gängeg Vandalismen.
  • De Java-Programm Rcbirds analyséiert déi lescht Ännerungen.
Aner Geschierer
  • D'Websäit http://apper.de/wiki/ gëtt vu ville Wikipedianer fir d'kollaborativ Kontroll vun den anonymen Ännerunge genotzt. Ännerungen, déi schonn iwwerpréift goufen, ginn aus der Lëscht erausgeholl, sou datt eng onnéideg Duebelaarbecht verhënnert gëtt. IPen, déi fir Vandalismus verdächteg sinn, gi markéiert. Weider Informatioune fannt Dir ënner IP-Patrol.