Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Homonymiedetekter

Vu Wikipedia

Den Homonymiedetekter (MediaWiki:Gadget-Homonymiedetekter.css) ass e Gadget, mat deem Linken op Homonymiesäiten mat engem roudelzegen Hannergrond markéiert ginn. Dat kann nëtzlech si fir Homonymie-Linke méi séier z'entdecken a s'eventuell mat engem Wikilink op déi richteg Säit z'ersetzen.

Aktivéieren

[Quelltext änneren]

Fir den Homonymiedetekter ze benotze muss een ugemellt sinn (→ Benotzerkont uleeën oder umellen). Well den Homonymiedetekter awer reng CSS-baséiert ass, brauch en am Géigesaz zu deene meeschten anere Gadgete kee JavaScript am Browser.

Fir den Homonymiedetekter z'aktivéiere musst Dir an Äre Benotzerastellungen op de Menüpunkt Gadgeten goen an dann ee Kreepche bei Homonymiedetekter setzen. Fir den Homonymiedetekter ze desaktivéieren, geet et duer fir einfach dee Kreepchen erëm ewechzehuelen.

Upassungen

[Quelltext änneren]

Wann engem d'Standardfaarf vum Homonymiedetekter net gefält, kann een einfach de Code vu MediaWiki:Gadget-Homonymiedetekter.css hei drënner kopéieren an op der eegener Benotzerënnersäit common.css derbäisetzen an den Hexadezimal-Faarfcode fir d'Faarf änneren:

.mw-disambig {
  background-color: #ff9191;
}

Hei kann een d'Faarwe vu verschiddenen Hexadezimal-Wäerter am Virfeld ausprobéieren, andeems een an der Këscht riets[1] mat den dräi Slideren d'Faarf astellt a sech de Beispillwikilink ukuckt, dee live an der entspriechender Faarf ugewise gëtt: Homonymielink.

Wee mengt, datt d'Standardfaarf eng aner sollt sinn, ka sech bei engem Interface-Administrateur mellen.

Soubal een den Homonymiedetekter aktivéiert huet, brauch een näischt méi ze maachen; vun elo u gesinn Homonymielinken esou änlech wéi deen heiten aus:

Screenshot vu „Jeanne-Claude“ vum 26.04.2025 mat faarflecher Markéierung vun enger Homonymiesäit (hei mat der Faarf #ff9191).
  1. D'Këscht riets mam {{RGB-Slider}} gesäit ee just, wann de Gadget Calculator aktivéiert ass.