Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:HotCat

Vu Wikipedia

HotCat (MediaWiki:Gadget-HotCat.js) ass e Gadget, deen et méiglech mécht fir am Liesmodus op enger Säit Kategorien derbäizesetzen, ewechzehuelen oder z'änneren. Wärend dem Tippe proposéiert HotCat méiglech Vervollstännegunge vum Kategoriennumm.

Aktivéieren

[Quelltext änneren]

Fir HotCat ze benotze muss een ugemellt sinn (→ Benotzerkont uleeën oder umellen) an et muss – wéi fir déi meeschte Gadgeten – JavaScript am Browser aktivéiert sinn.

Fir HotCat z'aktivéiere musst Dir an Ärer Benotzerastellungen op de Menüpunkt Gadgeten goen an dann ee Kreepche bei HotCat setzen. Fir HotCat ze desaktivéieren, geet et duer fir einfach dee Kreepchen erëm ewechzehuelen.

Nodeems HotCat aktivéiert gouf, gesäit ee beim Liese vun enger Säit ënne bei de Kategorien zousätzlech Symboler.

  • „(++)“ fir de Multikategoriëmodus z'aktivéieren: Nodeems een eng Kategorie derbäigesat, ewechgeholl oder geännert huet, gëtt net méi automatesch gespäichert, mee réischt nodeems een op ee Späicherknäppche gedréckt huet. De Multikategoriëmodus bitt sech un, wann ee méi wéi eng Kategorienännerung op enger Säit mécht.
  • „(−)“ fir eng Kategorie ewechzehuelen.
  • „(±)“ fir eng Kategorie z'änneren.
  • „(↓)“ fir d'Ënnerkategorië vun enger Kategorie ze weisen.
  • „(↑)“ fir d'Iwwerkategorië vun enger Kategorie ze weisen.
  • „(+)“ fir eng nei Kategorie derbäizesetzen.
  • „(×)“ fir am Multikategoriëmodus eng Ännerung réckgängeg ze maachen.

Nodeems een d'Derbäisetzen, Ewechhuelen oder Ännerunge vun enger Kategorie mat „OK“ bestätegt, gëtt d'Säit normalerweis direkt gespäichert, ouni datt ee fir d'éischt an den Ännerungsmodus kënnt. Dat kann een awer duerch eng vun deene follgende Methode verhënneren:

  • Andeems een op „(++)“ klickt fir an de Multikategoriëmodus ze kommen.
  • Andeems een d'Tast Ctrl oder Strg (resp. Cmd um Mac) gedréckt hält, wärend een op „OK“ klickt.
  • Andeems een op d'common.js-Ënnersäit vun der eegener Benotzersäit déi follgend Zeil schreift:
window.hotcat_no_autocommit = 1;