Wikipedia:Interface-Administrateuren

En Interface-Administrateur (interface-admin), och kuerz Interface-Admin genannt, ass e Benotzer, deen all JS-, CSS- an JSON-Säiten am MediaWiki-Nummraum an am Benotzer-Nummraum ännere kann. Dat sinn zum Beispill d'Säiten MediaWiki:Common.js, MediaWiki:Common.css oder d'Gadgetssäiten, déi ënner Spezial:Gadgeten opgelëscht sinn, an d'JS-, CSS- an JSON-Ënnersäite vun anere Benotzer.
Well ee mat Interface-Administrateur-Rechter grousse Schued uriichte kann, muss een Interface-Administrateur säi Benotzerkont mat Zwee-Faktor-Authentifizéierung schützen[1].
Hei fannt Dir:
- eng Lëscht vun den aktuellen Interface-Adminen op der lëtzebuergescher Wikipedia
- eng Lëscht vun de Benotzerrechter, déi en Interface-Admin huet
Historique vun den Interface-Adminen
[Quelltext änneren]Déi folgend Tabell lëscht all d'Interface-Adminen op, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gouf oder gëtt, zesumme mam Datum, wéini se den Interface-Admin-Status kruten a wéini se en eventuell verluer hunn[2][3].
| Datum | + Interface-Admin | - Interface-Admin | Gesamtzuel |
|---|---|---|---|
| 12. Mäerz 2020 | Soued031 a | 1 | |
| 12. Mäerz 2020 | Les Meloures a | 2 | |
| 8. Juni 2025 | Volvox a | 3 |
Déi aktuell Interface-Admine si mat engem a markéiert.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Meta:Interface administrators op Meta-Wiki. Gekuckt den 01.01.2026.
- ↑ Fir d'lescht iwwerpréift den 23. Januar 2026.
- ↑ Dës Lëscht gouf zesummegestallt, andeems op der Säit Special:Logs/rights gekuckt gouf, wien d'Interface-Adminrechter kritt huet, an da mam Benotzernumm op https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Benotzernumm nogekuckt gouf, wéini den Interface-Admin-Status eventuell entzu gouf.