Wikipedia:Kategorien

Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikelen a bestëmmten „Tiräng“ ze tässelen. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorië selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdent ginn.
Kategorië kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn, sou kënne se z. B. gebraucht gi fir:
- d'Zortéierung vun Artikelen an eng Klassifikatioun
- d'Zouweise vun Artikeltyppen zu Artikelen
- d'„Verschlagwuertung“ vun Artikelen
- d'Grondlag fir statistesch Auswäertungen iwwer d'Zesummesetzung vun den Artikelen
- d'Markéierung vu Säite fir intern Zwecker (verstoppt a Maintenance-Kategorien)
Grondleeëndes
[Quelltext änneren]D'Kategoriséiere vu Wikipedia-Artikele geschitt mat engem ganz flexibele Procedé, dee multi-hierarchesch opgebaut ass a méifach Zouuerdnungen erlaabt. An der Informatik ass dëse Prinzip als Méifachverierwung bekannt. Prinzipiell kann all Auteur all Kategorie definéieren, d'Hierarchiestruktur änneren asw. Fir datt dës wënschenswäert Fräiheet awer net dozou féiert, datt de Sënn vum Kategoriséieren, dat heescht d'Fanne vun Artikelen a bestëmmte Beräicher souwéi d'Méiglechkeet vu statisteschen Aussoen, schlussendlech net méi ginn ass, well den Nummraum vun de Kategorië komplett chaotesch wuchert, gëllt fir d'Lëtzebuerger Wikipedia follgende Procedé:
Déi graff Struktur vum Kategoriséieren an eenzel Haaptkategorien, Haaptopdeelungen an Artikeltyppe gëtt initial duerch intresséiert Benotzer am Konsens festgeluecht. Séchergestallt muss dobäi ginn, datt d'statistesch graff Analys vun der Wikipedia zu jidder Zäit méiglech sinn. Dofir muss d'Zuel vun den ieweschte Kategorië relativ begrenzt sinn. Weiderhi soll d'Uleeë vun Hierarchiestrukturen, déi net funktionéieren, sou schwéier wéi méiglech gemaach ginn.
Ännerungen an dëser graffer Struktur kënnen nëmme mat engem neie Konsens mam Abezéie vun de méigleche Konsequenze geschéien.
An den Haaptkategorië leeën interesséiert Fachberäicher d'Strukture fest. Wéi dat genee gehandhaabt gëtt, ass dem jeeweilege Fachberäich selwer iwwerlooss.
Grondprinzip
[Quelltext änneren]D'Artikelen op der Wikipedia ginn no dräi ënnerschiddleche Prinzippie kategoriséiert:
- dem „gehéiert-zum-Fachgebitt“-Prinzip (belongs-to)
- dem „ass-en-(Deel vun)-Prinzip“ (is-a)
- mat enger geographescher/zäitlecher Fixéierung.
Den éischte Prinzip gëtt iwwer d'Haaptkategorie gesteiert, den zweeten iwwer d'Artikeltyppen an den drëtten iwwer d'Fixéierungen. D'Kombinatioun aus dësen Eegenaarten definéiert a wéi een Tirang den Artikel gestach gëtt. Sou ass zum Beispill de „Josy Braun“ e „Linguist“ (Artikeltyp), an doriwwer eraus e „Lëtzebuerger Linguist“, wat hie gläichzäiteg an d'geographesch Fixéierung „Lëtzebuerg“ klasséiert.
Hiweiser fir Auteuren
[Quelltext änneren]Auteuren, déi Artikele klassifizéiere wëllen, sollte wgl. op Follgendes oppassen: Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorië gehéieren oder zu enger Ënnerkategorie vun dëser Haaptkategorie. Wann ee sech mat den Ënnerkategorie vun engem Haaptberäich net sou genee auskennt, dann ass et am beschten, den Artikel an d'Haaptkategorie ze setzen, an d'Detailaarbecht deenen z'iwwerloossen, déi sech am Fachberäich auskennen.
Wéi setzen ech mäin Artikel an eng Kategorie ?
[Quelltext änneren]Wann Dir am Quelltext schafft, gëtt en Artikel an eng Kategorie gesat, andeems Dir wgl. ganz um Enn vum Artikel Follgendes hischreift:
[[Kategorie:X]]
Fir Artikelen alphabetesch ze sënneren, wat bei Persoune gerode gëtt, musst Dir Follgendes schreiwen:
[[Kategorie:X|Y]]
Als Beispill:
Den Artikel iwwer de Karl May gëtt z. B. mat dëser Schreifweis an d'Kategorie vun den däitschen Auteure gesat:
[[Kategorie:Däitsch Auteuren|May Karl]]
woubäi den Text hannert der Pipe (|) dofir suergt, datt den Artikel an der Kategorie ënnert dem Familljennumm <May> asortéiert gëtt.
Fir d'Kategorië selwer ënnereneen opzedeelen, musst Dir nom selwechte Prinzip verfueren.
Lëscht vun alle Kategorien
[Quelltext änneren]Dir fannt eng einfach alphabetesch Oplëschtung ënnert dëse Linken:
- Spezial:Kategorien fir all d'Kategorien,
- Spezial:Säiten_ouni_Kategorie fir all Artikelen ouni Kategorie,
- Spezial:Gewënscht_Kategorien fir all Kategorie déi an engem Artikel ernimmt ass, déi awer selwer nach net ugeluecht gouf.
E puer Konventiounen
[Quelltext änneren]- An de Kategorië gëtt d'Méizuel gebraucht (z. B.
Kategorie:Flëssan net „Floss“).
Geographeschen Artikelen
[Quelltext änneren]- Soulaang just e Grapp voll Artikelen an enger Kategorie sinn, muss déi Kategorie net vun Ufank un de Länner oder der Schonggréisst no ënnerdeelt sinn (z. B. muss ee wéinst engem eenzegen Artikel iwwer Bern net direkt eng nei
Kategorie:Stad Bernopmaachen, mä vun enger gudder Dosen un oder sou, mécht dat scho Sënn). - Wann eng Kategorie de Länner no ënnerdeelt gëtt, da gebrauche mir d'Méizuel zesumme mam Numm vum Land hannendrun (z. B.
Kategorie:Flëss an Däitschlandan net "Däitsch Flëss" oder "Flëss (Däitschland)"). - Zu Lëtzebuerg sinn eis Uertschaften kategoriséiert no
Kategorie:Uertschaften zu Lëtzebuerg,Gemengen zu LëtzebuergaStied zu Lëtzebuerg(z. B. fält d'Stad Lëtzebuerg gläich an all dräi Kategorien). - All net-lëtzebuergesch Häipe stinn am Genoss vun engem méi einfache System:
Uertschaften an XxxxxaGroussstied an Xxxxx. Eng Groussstad ass eng Stad mat op d'mannst 250.000 Awunner, woubäi déi doten Zuel keen Dogma ass, mä jee no Land no uewen oder no ënne korrigéiert ka ginn ("grouss" huet jo net an all Land genee déi selwecht Bedeitung). All Groussstad ass och gläichzäiteg eng Uertschaft. Groussstied hunn iwwregens hir eege Groussstadkëscht a soss méi grouss Uertschaften hir och (mä leider den Ament nach net all als Schabloun).