Wikipedia:Kontakt

Vu Wikipedia

Dës Säit erkläert Iech, wéi Dir d'Wikipedia an d'Mënschen déi hei schaffe kontaktéiere kënnt. Well de Projet immens oppen ass, gëtt et meeschtens kee fixen Uspriechpartner. Hanner all dëse Méiglechkeete stinn ausschliisslech fräiwëlleg Mataarbechter.

Rondrëm d'Artikelen

Vill Froe goufe scho gestallt an an der FAQ beäntwert.

Froen op der Wikipedia selwer
  • Déi meescht Wikipedianer luussen e puermol am Dag an de Staminee wou mer iwwer allgemeng Saachen am Zesummenkank mat der Wikipedia poteren, a probéiere Konflikter zesummen ze léisen.
  • Bei spezifesche Froe kann ee se och op eiser Froesäit stellen, wou déi aner Wikipedianer engem hëllefe kënnen.
  • Wann et mat der Sprooch happert, an engem dat eent oder anert Wuert op der Zong läit, ass eise klengen Dictionnaire eng Hëllef.
Ufroen un de Bedreiwer

Wikipedia gëtt vun der Wikimedia Foundation bedriwwen, déi hire Sëtz a Kalifornien, USA huet. Si kann ënner follgender Adress erreecht ginn:
Wikimedia Foundation, Inc.

   1 Montgomery Street
   Suite 1600
   San Francisco, California 94104
   United States of America
   Phone: +1-415-839-6885
   Fax: +1-415-882-0495
   Email: info@wikimedia.org
Press

Journalisten, déi sech fir Wikipedia interesséieren, solle sech un de Bürokrat vun der Lëtzebuerger Wikipedia wennen. Dëst ass de Robby. Weider Administrateure kënnen Iech awer och weiderhëllefen.

Eenzel Auteuren uschwätzen

All Benotzer deen ugemellt ass, huet op der Wikipedia eng Diskussiounssäit, wou een him Noriichten hannerloosse kann. Wann de Benotzer eng E-Mail-Adress uginn huet, kann een him selbstverständlech och eng E-Mail schécken.

Technesch Problemer

Wéi ee Feeler an der Software melle kann, gëtt op Phabricator erkläert. Et lount sech natierlech, virdru bei den anere Wikipedianer nozefroen, op e Problem bekannt ass an op vläicht deen een oder aneren de selwechte Problem bei sech doheem huet. Schwéier technesch Problemer kënnen op Englesch och ënner noc@wikimedia.org gemellt ginn. Support-Ufroe ginn hei allerdéngs net beäntwert.