Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Läschen/Archiv/2010

Vu Wikipedia

Dat hei ass d'Archiv vun Diskussiounen, déi ëm d'Läsche vun Artikele gefouert goufen an déi am Joer 2010 ofgeschloss goufen.

Déi aktuell Diskussioune fannt Der hei.


Metonymie

Kuckt iech den Aarmut einfach un. Les Meloures 16:18, 1. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Ass scho fort (woubäi kloer sollt sinn, datt et natierlech e Lema "Metonymie" ka ginn, just, 't soll schonn eppes dra stoen. --Zinneke 16:40, 1. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Aktuell Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg

Gutt gesinn. Ass geläscht. --Pecalux 15:31, 4. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

"Der Kampf"

"Der Kampf" ka geläscht ginn. Den Text steet elo ënner dem Lemma Der Kampf.--Fliedermaus 08:19, 15. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Gouf geläscht Les Meloures 07:13, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Am Artikel steet, näischt enzyklopedesch-relevantes drann an zënter dem 18. Oktober 2009 steet e Chantiersschëld drann. -- Pecalux 15:24, 20. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Gouf iwwerschafft Les Meloures 18:37, 20. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Wissenschaft

Gouf geläscht Les Meloures 07:14, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Ken Fitzke

Grond: WP ≠ Giel Säiten. --Zinneke 23:07, 5. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Géint d'Läschen. Den Artikel ass derwäert bestoen ze bleiwen, muss allerdéngs ausgebaut ginn. De Film gëtt hei, hei an hei ernimmt oder beschriwwen. --Pecalux 09:40, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


D'accord mat der Iwwerschaffe-Propose, géif awer en Delai vu 14 Deeg setzen, soss bleiwe mer éiweg drop hänken, an da geet wéi mat der Renkverbindung, bei där och iwwerschaffe proposéiert gouf, et huet just keen et gemaach.
Les Meloures 11:05, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Ps: Ech wëll an deem Kontext nach just bäiflécken datt d'Iwwerschaffe-Schabloun an enger ronn 75 Artikele steet, an deene bis elo nach näischt geschitt ass. Ech mengen dat bleift e fromme Wonsch op der lb:wiki
Les Meloures 11:16, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Géint d'Läschen. A wat d'Iwwerschaffen ugeet, hunn ech einfach mol dermat ugefaang (ass jo eigentlech d'Iddi vun der WP...) Baltshazzar 09:01, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Paul Galles

Dofir:

Gratulatioun fir de Summa cum laude, mee hei steet net vill iwwer dee Mann, ausser den Titel vu senger Thes. Wier et net méi informativ, amplaz dovunner e puer Artikelen iwwer d'Themen, iwwer déi an der Thes rieds geet, ze schreiwen? (Soteriologie, Christologie, Anthropologie, Paul Tillich, Walter Kasper, Universitéit Gregoriana Roum,...? --Zinneke 15:12, 29. Abr. 2010 (UTC)

Ipso factum. Gouf geläscht. --Z.

Dofir:

Zéien dës Propositioun zréck - mat Vue op dem Zinneke säi Commentaire no mengem éischte Post. Fir lëtzebuergesch Verhältnisser relevant. --Roude Leiw2001 12:22, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dergéint:

Dofir:

Zéien dës Propositioun zréck - mat Vue op seng Entrée am Autorenlexikon. --Roude Leiw2001 12:22, 21. Mee 2010 (UTC)

Dergéint:

Thierry Origer (Geschäftsmann)

Fir d'Läschen:

Dergéint:

Fazit: Gouf geläscht. --Z.

Dofir:

Dergéint:

  • Les Meloures, cf säi Commentaire: "Anerer wéi de Burton hunn op grousse Wikien en zimmlech kompletten Artikel, wat op eng Berechtegung hiweist fir en op der lb stoen ze loossen, e misst just ausgebaut ginn (Avis aux Amateurs). "
  • --Zinneke 08:52, 20. Mee 2010 (UTC) : Wa mäi Neveu gewuer géif, Linkin Park wier "net relevant", giff deen ausflippen ;-)[äntweren]
@Zinneke: Ach wat, Linkin Park ass mega! Ech schwätzen hei vun där enger Zeil iwwer hire Batteur. Da schwätz emol mat dengem Neveu - vläicht kréie mir jo dann e schéinen Artikel :-) --194.154.200.108 12:18, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dofir:

Zéien dës Propositioun zréck - fir lëtzebuergesch Verhältnisser relevant. Hunn elo esouguer seng CDen op Amazon fonnt... --Roude Leiw2001 12:27, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dergéint:

Dofir: --Roude Leiw2001 13:40, 12. Mee 2010 (UTC)(kuckt och säin allgemeng Commentaire dozou (an d'Diskussioun dono) déi op Wikipedia:De Staminee geréckelt gouf)[äntweren]

Zéien dës Propositioun zréck - ech hat mech un de Relevanzcritèren um däitsche Wiki orientéiert, déi do ganz streng sinn. Ech sinn awer dem Zinneke senger Meenung, datt hie schonn e Grenzfall ass. --Roude Leiw2001 12:30, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dergéint:

Wantersport

Dofir:

  • Moien,
Et steet keen ee Wuert iwwer de Wantersport an deem Déngen. Les Meloures 08:15, 20. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dergéint:

Gutt Iddi Les Meloures 11:05, 20. Mee 2010 (UTC)[äntweren]
Gouf gemaach a Wantersport gëtt geläscht, datt vläicht een en neien Ulaf kann huelen.

Sint-Lambrechts-Woluwe

ass en eidelen Artikel.

Fir d'Läschen:

Déi goufe mol viru laanger Zäit als Redirecten ugeluecht wéinst der Duebelsproochegkeet vun deene Gemengen. Déi Artikele si juat nach net gemaach. Et ginn der méi dervunner. Ech kucken emol war do mat den Artikelen dran ass. Mol wéinstens en Ulaf. Les Meloures 12:10, 20. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Dësen Artikel gëtt et elo mol. Les Meloures 14:14, 20. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Frantz Heldentstein

Frantz Heldentstein ka geläscht ginn. Den Text vum Artikel steet ënner dem Lemma "Frantz Heldenstein"--Fliedermaus 13:12, 11. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Léon Thys

Léon Thys ka geläscht ginn wéinst enem Feeler am Numm. Den Text vum Artikel steet ënner dem richtege Lemma "Léon Thyes".--Fliedermaus 08:55, 14. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Absolute

Ech proposéieren fir Absolute ze läschen. Wikipedia ass keen Diskekatalog. Souwéisou gëtt den Titel am Artikel Mike Leon Grosch ernimmt. --Pecalux 08:05, 18. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Absolutt déi selwecht Meenung!--Jamcelsus 08:56, 18. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]
idem Les Meloures 10:41, 18. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]
och fir d'Läschen --Cayambe 10:58, 18. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]
Fir d'Läschen --Roude Leiw2001 06:48, 25. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Vakanz am Pazifik

Fir d'Läschen

Gouf geläscht grad ewéi déi aner. Do war een amgaange Reklamssäiten unzeleeën. Les Meloures 11:35, 28. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]


Biker fir Kanner

D'Iwwerschaffeschëld steet zënter annerhalwem Joer dran a bis elo ass nach näischt geschitt.

Ass geschitt. --Zinneke 16:43, 14. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Joe Thein

Kuckt d'Diskussioun:Joe Thein. Do stoung:

Moien,

alt nees eng Diskussioun ëm Relevanz (dat huet näischt mam Här Thein perséinlech ze dinn, mee geet ëm allgemeng Critèren, wat an eng (dës) Enzykliopedie gehéiert, a wat op Facebook oder soss Blog-Säiten):

Ech liesen, seng 'héchste' Positioun bis ewell ass Vizepresident vun enger Jugendsectioun vun enger Partei. Wann ech keng Problemer dermat hunn, datt Parteipresidenten, a menger wärreg och nach déi vun de Jugendsectiounen 'relevant' genuch sinn fir en enzyklopedeschen Artikel, sou ass Vizepresident schonns e bësse vill grenzwäerteg...

Wann deem jonke Mann seng Ambitioune weider unhalen, ass et gutt méiglech, dass e geschwënn eng Kéier d'Relevanz-"hürd" packt. Bis dohinner proposéieren ech, den Artikel ze läschen. Är Meenung? --Zinneke 10:22, 14. Jul. 2010 (UTC)

  • Dergéint:


  • Weder dergéint nach derfir:
    • Ech verweise just an deem Zesummenhank op déi heiten Diskussiounen, a fannen datt déi Artikelen dann och solle geläscht ginn. Déi sinn nämlech net méi relevant

Merci fir d'Erëmfannen. Se stinn nach do, well do näischt beim Ofstëmmen erauskoum (resp. vill diskutéiert, awer näischt gestëmmt gouf). Also stelle mer se nach eng Kéier zur Wiel:

Marco Wehles

Done. --Z.

Dont acte. Bleift stoen, mee méi Info méi wéi wëllkomm.

Nico Walisch

Gouf geläscht. --Zinneke 11:37, 21. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Frank Gerlitzki

Fir d'läschen:

--Les Meloures 09:38, 27. Jul. 2010 (UTC) am Fall wou a kuerzer Zäit sech näischt um Artikel verbessert.[äntweren]
--Pecalux 13:33, 27. Jul. 2010 (UTC) wa mer net méi iwwert den Här Gerlitzki gewuer ginn.[äntweren]

Et enthale sech:

--Otets ♣ 13:14, 27. Jul. 2010 (UTC), dee mat Konscht net vill um Hutt huet.[äntweren]

Files that are duplicates

Examples:

  • Fichier:Charlesmarx4.JPG Duplicate of Fichier:GREG.JPG.
  • Fichier:Kehmen.jpeg No license and a duplicate of Fichier:Syra.gif.jpg.

There are more duplicates here http://toolserver.org/~multichill/dupes.php?language=lb but I'm not sure if it is needed to list all files here or an admin could take a look at the list. Thank you! --MGA73 20:55, 21. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

First - sorry about the "mixup" in the examples. I'm happy that you found out anyway. I also noticed that most of the dupes are now deleted :-) --MGA73 19:55, 22. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Mer ginn zwar gewuer, a wat fir enger Strooss déi Madame gewunnt huet, dass se gär wandert, an och moolt. Dat ass awe zimmlech moer, wa mer net gewuer ginn, ob déi wéinstens Ausstellungen hat, a Kataloge publizéiert oder an Artikele rezenséiert ginn ass. Se huet e Buch geschriwwen, wou gouf dat publizéiert?Falls näischt méi substanzielles nokënnt, sinn ech fir d'Läschen. --Zinneke 21:42, 26. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech perséinlech fannen deen Artikel sympathesch, och wann e vun der Relevanz hir net onbedingt an eng Enzyklopedie gehéiert. Mä vun der Brillstrooss bis an de Kanada, dat ass dach schonns eppes, en Témoignage zum Thema "Emigratioun", deen net oninteressant ass. Wa mer dann nach d'Referenzen (Titel, Uert an Editeur) vun deem ominéise Buch hätten, da géif ech virschloen, den Artikel stoen ze loossen. --Jamcelsus 12:44, 27. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

"Ech perséinlech fannen deen Artikel sympathesch, och wann e vun der Relevanz hir net onbedingt an eng Enzyklopedie gehéiert:" Ma genee dat mengen ech jo och. Vun deem ominéise Buch ass weder am Bibnet-Katalog, nach an deem vun der Library of Congress, nach an deem vun der Kanadescher Nationalbibliothéik eppes ze fannen, 't sief, 't wier ënner engem aneren Numm wéi "Venturi" publizéiert ginn... --Zinneke 13:13, 27. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
hei an do méi iwwer d'Pepi - wosst warscheinlech net dass zu Lëtzebuerg déi grouss Kënschtlerinnen ëmmer een Doubelnumm mussen hunn... --Jwh 13:48, 27. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Elo, wou d'Buch opgetaucht ass, dierft d'Decisioun, den Artikel stoen ze loossen, méi einfach sinn. --Jamcelsus 08:58, 28. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Ok, merci fir d'Recherechen. domat ass d'Saach kloer: Den Artikel ka bleiwen. Zinneke 11:01, 28. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Buuschtel

???

Dat gehéiert effektiv an den Artikel "Plou", an dat Kapitel, wou déi eenzel Deeler (an d'technesch Entwécklung) beschriwwe (solle) ginn. --Zinneke 10:59, 28. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Gutt Iddi. --Otets ♣ 21:04, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Schabloun Diskussioun:Div col end

  • Eidelen Template

Dës Schabloun markéiert de Schluss vun engem Beräich, dee mat der Schabloun Div col ugeet. Net läschen. --Christian Ries 09:20, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Hei dréint et sech ëm Diskussioun vun der Schabloun. Diskussioun an där d'Beschreiwung dra war, gouf eidel gemaach, an d'Beschreiwung op eng Dokumentationssäit gesat. Dofir gouf se duerno geläscht. Les Meloures 12:24, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

El Rolando and the rusty Chevys

Zënter 2 Méint gouf den Artikel, deen, esou wéi en elo besteet, enzyklopedesch näischt ausseet, net verbessert. Dofir:

  • fir d'Läschen:
--Pecalux 13:15, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
--Les Meloures 13:22, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
--Cayambe 22:48, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
--Jamcelsus 14:24, 14. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
  • géint d'Läschen:

JJs

Ass keen Artikel am Sënn vu Wikipedia.

  • fir d'Läschen:
- Les Meloures 08:36, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
- Zinneke 11:36, 18. Dez. 2010 (UTC), ech treffe mech och hei an sdo mat anere Leit fir"eppes ze maachen, ze feieren, ze kucken, ze lauschteren oder ze hellefen gët". Dat geet awe leider net duer fir en enzyklopedeschen Artikel ze justifiéieren.[äntweren]
- Pecalux 12:02, 18. Dez. 2010 (UTC), obschonn et méiglech ass datt den Artikel, nodeems en ausgebaut gouf, eng Kéier e bestëmmten enzyklopedesche Wäert kinnt kréien. An deem Fall kann e jo rëm agest ginn.[äntweren]
  • géint d'Läschen:

Schabloun:Nobr


Cyrille Horper

Ech proposéieren dësen Artikel ze läschen. Grond: Relevanzdefizit.

Fir d'Läschen:

Géint d'Läschen:

  • Dofir krut en awer 2006 zu Klierf en éischte Filmpräis oder ass ons dat entgaangen.

Diskussioun

  • Firwat just deen an net dësen deen nach dräimol manner relevant ass.
Firwat proposéiers Du deen da net fir ze läschen? --Pecalux 08:50, 11. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech hat en an deen Artikel en Iwwerschaffeschëlt dragesat an der Meenung et kéim eventuell eppes Substantielles derbäi. Dat Schëlt implizéiert datt wann näischt substantielles bäikënnt den Artikel soll geläscht ginn. Ech hat an deem Sënn jo schonns indirekt eng Läschpropose gemaach. Am Artikel ass näischt wesentleches derbäikomm awer d'Schëld ass verschwonn. Du has deen Artikel jo och am Grapp. Fënns de wierklech datt deen Artikel vun engem Beamten dee soss an der Ëffentlechkeet nach guer net opgefall ass méi relevant ass wéi den Cyrille Horper. Duerfir meng Fro fir wat deen een an net deen aneren. Les Meloures 10:10, 11. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Géigefro: Ass de Cyrille Horper da schonn an der Ëffentlechkeet opgefall? Muss e Mënsch iwwerhaapt an der Ëffentlechkeet opgefall si fir hei ernimmt däerfen ze ginn. Ech kennen der vill déi schonn an der Ëffentlechkeet opgefall sinn a wou d'Zeitunge voll dervu stungen, déi mir awer mamm A... an d'Zänn génge sprangen wann ech dat op Wikipedia géif schreiwen. --Pecalux 13:21, 11. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Deen Artikel misst effektiv och geläscht ginn, et steet näischt Relevantes dran. Wa wéinstes eng Publikatioun do wier, oder e Wierk... --Christian Ries 17:58, 11. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Noddeems de Kueder an aner Mataarbechter un deem Artikel (Jo Kox) geschafft hunn, ass en op jidde Fall relevant ginn.--Fliedermaus 08:02, 15. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
D'accord, elo ass den Artikel an der Rei. --Christian Ries 12:12, 1. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Meenung vun der betraffener Persoun selwer >>> Ech méngen dir veraarscht mëch hei!!! Waat schreiwt dir hei en Kaabes um Internet, an daat och nach ouni mëch ze froen!!! Als Erkläerung: ëch SIN den Cyrille Horper, an ëch sin selwer déck verwonnert waat een alles um Internet fënnt, wann een bei Google säin eegenen Numm agëtt. Ëch hun deen Artikel hei op Wikipedia nie selwer geschriwwen, an ausserdeem sin eng Rei Info'en komplett falsch oder hun hei näicht verluer: -ëch sin keen Cameramann an sin och an kénger Ausbildung dofiir -méng "Internetpräsenz" ass keng Billergallerie - also braucht een guer nët den Link dohinner ze schécken. Déi richteg Adress ass www.cyrilleswebsite.net an Punkt. Datt ëch oppen homosexuell zu Bréissel liewen ass dann wuel daat Bescht! Ech dénken, KEEN huet d'Recht esou Saachen um Internet ze schreiwen (sief ët op Wikipedia oder soss enzuerg) ouni déi jeweileg Persoun gefroot ze hun!!! Ëch verlaangeren (nët froen) also dass dësen Artikel geläscht gët, an daat sou séier wéi méiglech. Effektiv, ëch sin nach nie richteg an der Öffentlechkeet opgefall - Vläit ännert sëch daat eng kéier mee bis elo gët ët (nach) näicht "relevantes" iwwert mëch ze zielen. Ween sëch intresséiert brauch jo nëmmen op méng Website ze goen. Cyrille Horper (ween nët gleewt datt ëch ët wieklech sin kann jo roueg eng Mail schécken (Adress op ménger Homepage))

Dës Säit ass elo geläscht et waren 2 Leit fir d'Läschen keen dogéint an et gouf net beluechte Behaaptungen op där Säit. --Robby 22:15, 22. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]