Wikipedia:Läschen/Archiv/2018
Dat hei ass d'Archiv vun Diskussiounen, déi ëm d'Läsche vun Artikele gefouert goufen an déi am Joer 2018 ofgeschloss goufen.
Déi aktuell Diskussioune fannt Der hei.
Observatoire de l'Environnement naturel
Pro: copy/paste vun de Statutten, soss net vill Info (zënter 2010 net iwwerschafft)--Bdx (Diskussioun) 14:22, 14. Nov. 2017 (UTC)
Pro --Soued031 (Diskussioun)
- Fazit: Gouf geläscht. --Zinneke (Diskussioun) 22:47, 1. Jan. 2018 (UTC)
National Auszeechnungen an Éierenzeechen ausser Lëtzebuerg
Pro D'Lëscht ass bei wäitem net komplett, a mécht menger Meenung no kee grousse Sënn. Sou wäit wéi ech konnt feststellen, gëtt et och a kenger anerer Wiki iergend eng änlech Lëscht. --Les Meloures (Diskussioun) 10:01, 1. Jan. 2018 (UTC)
Pro Huet esou effektiv wéineg Sënn, an se ze kompletéiere wier och net vill besser. --Zinneke (Diskussioun) 22:08, 1. Jan. 2018 (UTC)
Pro --Soued031 (Diskussioun) 12:27, 3. Jan. 2018 (UTC)
Pro --GilPe (Diskussioun) 15:58, 3. Jan. 2018 (UTC)
- Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:17, 13. Jan. 2018 (UTC)
François Bausch
Esou wéi de Les Meloures dat a sengem Message vum 19. Dez. 2017, 17:05 UTC gesot huet sollte mer d'Läschpropose stoe loosse bis d'Allgemengheet driwwer entscheed huet.
Kontra Och wa mer der Allgemengheet zwar d'Chance gi sollten driwwer ze entscheeden, sinn ech perséinlech géint d'löschen, well de François Bausch ass jo awer bekannt, och wann net onbedengt am Gudden :-) JackSparrowTGP (Diskussioun) 21:07, 1. Jan. 2018 (UTC)
- Wat soll dat do? Hues de déi aner dräi vun der IP verpasst. Oder wëlls de hei e bësselchen onnëtze Wand maachen. --Puscas (Diskussioun) 22:03, 1. Jan. 2018 (UTC)
- Deng Meenung iwwer den F. Bausch steet hei och guer net zur Debatt. Hei ass ke politesche Forum. --Nilrom (Diskussioun) 22:13, 1. Jan. 2018 (UTC)
- Wann s du d'Relevanzcritère wëlls änneren a just selektiv e puer Politiker (nëmmen aus enger Spaasspartei z. B. 🤡?) wëlls behalen da kanns du eis deng Meenung den 20. Januar an der Wiki-Versammlung soen. Natierlech wa mer erausfannen datt deng Meenung net objektiv ass da kënne mer se schlecht a Betruecht huelen. Du kanns och gär déi aner Leit wéi "Heng den Tuddler", "Charles Klein" oder souguer de "Svnee" matbréngen. (X*340)−456=2113548684 WRNA-YBHVF-ROT13 --Soued031 (Diskussioun) 22:30, 1. Jan. 2018 (UTC)
Fazit: Bleift stoen (Et ass ze topeg, iwwerhaapt driwwer ze diskutéieren). --Zinneke (Diskussioun) 22:18, 1. Jan. 2018 (UTC)
Pro net genuch Relevanz --Les Meloures (Diskussioun) 21:46, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Firwat? Wikipedia:Relevanz#Politiker seet kloer datt Generalsekretäre relevant sinn!
Kontra genuch Relevanz --JackSparrowTGP (Diskussioun) 21:55, 21. Dez. 2017 (UTC)
Pro Vizepresident vun enger Partei ass net genuch fir d'Relevanz. --Soued031 (Diskussioun) 22:02, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Hien ass zanter dem leschte Kongress Generalsekretär, net Vizepresident! --Charles Klein (Diskussioun) 09:31, 23. Dez. 2017 (UTC)
Kontra nach genau sou relevant wéi gëschter! --Charles Pleimling (Diskussioun) 22:52, 21. Dez. 2017 (UTC)
- A Wierklechkeet esouguer méi relevant wéi virum 10., well elo ass hie Generalsekretär!
Kontra als Generalsekretär vun enger Partei ass hie laut Wikipedia:Relevanz#Politiker relevant. --Charles Klein (Diskussioun) 09:27, 23. Dez. 2017 (UTC)
Fazit: Bleift bestoen (Relevanzcritère: Generalsekretär vun enger Partei.--Zinneke (Diskussioun) 22:21, 1. Jan. 2018 (UTC)
Pro net genuch Relevanz --JackSparrowTGP (Diskussioun) 21:51, 21. Dez. 2017 (UTC)
Kontra en huet eng Partei gegrënnt. Ech zitéieren: "Bon, 't ass villäicht net jidderee mat sengen Iddien a senger Art a Weis d'Accord, mä dat mécht hien awer dofir net manner relevant." --Soued031 (Diskussioun) 21:58, 21. Dez. 2017 (UTC)
Kontra Ech hunn iergendwéi de Verdacht hei géing et ganz wuel em politesch Rivalitéite goen, an net wierklech em d'Relevanz cf. den Dall aus der Wiss --Les Meloures (Diskussioun) 22:01, 21. Dez. 2017 (UTC)
- De Mann ass/war och Parteipresident. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 22. Dez. 2017 (UTC)
- wéi kannerech kënne mer dann nach gin...? --Charles Pleimling (Diskussioun) 22:54, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Merci Charles Pleimling dir hutt et erkannt. D'Argumenter vun den zwou Kontrastëmmen sinn nämlech déi selwecht wéi déi vun 2 Kontrastëmmen an der Läschpropose vum Artikel Daniel Frères. D'Sprachwuert Deem enge seng Eil ass dem anere seng Nuechtegäilchen schéngt nach ëmmer ze stëmmen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:29, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Charles Pleimling ech ka schlecht sou eng Läschpropos als seriö huelen. Wann e Parteigrënner a -president net relevant ass da sinn d'Artikelen Daniel Frères, Marc Goergen (Politiker) guer net relevant a mussen dann och geläscht ginn. --Soued031 (Diskussioun) 13:07, 22. Dez. 2017 (UTC)
- wéi kannerech kënne mer dann nach gin...? --Charles Pleimling (Diskussioun) 22:54, 21. Dez. 2017 (UTC)
Fazit: Bleift stoen (Relevanzcritère: Parteigrënner/-president). --Zinneke (Diskussioun) 22:19, 1. Jan. 2018 (UTC)
Pro minimal Relevanz, gesäit no Promotioun fir déi nächst Walen aus. Et gouf an de Referenzen och eng Reklammssäit mat agebaut, déi nees eraus geholl gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 16:55, 19. Dez. 2017 (UTC)
Pro nach net relevant als Politiker. Soued031 (Diskussioun) 17:14, 19. Dez. 2017 (UTC)
Kontra ech géing soen mat 3 Walen, dovunner zweemol als Spëtzekandidat ass hie ganz wuel relevant. Bon, 't ass villäicht net jidderee mat sengen Iddien a senger Art a Weis d'Accord, mä dat mécht hien awer dofir net manner relevant. JackSparrowTGP (Diskussioun) 18:50, 19. Dez. 2017 (UTC)- neutral: Virop eng Erklärung: Meenungen zu Iddien vu Politker hunn hei keng Plaz a si kee Critère, et geet eenzeg an eleng ëm Relevanz. "Spëtzekandidat" heescht an engem Land, wou ee panaschéiere kann, a wou d'Positioun vun engem Numm op enger Lëscht absolut keng Bedeitung huet, net vill. "Relevant" fir d'lëtzebuergesch Wikipedia ass e Politiker (m/f), wann en: en Deputéiertemandat (Chamber oder Europaparlament) oder e Regierungsposten (Minister, Staatssekretär) huet, oder awer Member vum Staatsrot, Buergermeeschter oder Parteipresident ass. Ech stëmmen hei mat "neutral", well een ë.Ë. "Vize-Parteipresident" nach esou just kinnt mat duerchgoe loossen. Ech sinn awer net iwwerzeegt, an Anerer hunn dozou och vläit eng Meenung. --Zinneke (Diskussioun) 21:44, 19. Dez. 2017 (UTC)
Kontra also wann eng Persoun vun 2 Publikatiounen zum Lëtzebuerger vum Joer genannt ginn ass, da kann ee jo wuel schlecht soen e wier net relevant. Ech hunn iergendwéi de Verdacht hei géing et ganz wuel em politesch Rivalitéite goen, an net wierklech em d'Relevanz. WalléeDesPrés (Diskussioun) 21:53, 19. Dez. 2017 (UTC)
- Moien, nach eng Kéier: "Relevanz" ass kee subjektiven mee en objektive Kriterium hei. An wann eng Persoun net als "relevant fir d'Wikipedia" fonnt gëtt, ass dat näischt géint déi Persoun, oder eng Geréngschätzung vun deem wat se mécht oder gemaach huet, ma einfach d'Resultat dovunner, dass se de Critèren hei net entsprécht, déi eng méiglechst eenheetlech Approche zu änleche Sujeten erméiglechen. Well mer net en Artikel iwwer Dausende vu Gemengerotsmembere kënnen hei hunn, ass dee Critère negativ. Dat selwecht gëlt fir all déi Dausende Kandidate bei deene sëlleche Walen (an nach eng Kéier: ech fannen dat perséinlech luewenswäert fir jiddfer Eenzelenen, dee sech fir d'Allgemengheet wëll asetzen. Ma hei ass eng Enzyklopedie, an déi kann nëmme mat Auswielcritèrë fonctionnéieren). Wéi ech uewe schrouf: Vize-Parteipresident kënnt un ee Critère erun, ass awer mMn grenzwäerteg. --Zinneke
- Subjektiv Meenunge wéi "net jidderee mat sengen Iddien a senger Art a Weis d'Accord" oder "Verdacht hei géing et ganz wuel em politesch Rivalitéite goen" hunn hei guer näischt ze sichen.
- Wéi der vläicht net gesitt hutt mir hunn un den Artikel verbessert, well mer schlecht en Artikel jugéiere kënnen deen net d‘Wiki-Critèrë respektéiert.
- Wann ee gären d‘Meenung vun den anere Wikipedianer gewanne wëll da geet dat andeem s een den Artikel ausstafféiert mat relevanten Informatiounen (Gebuertsdatum, Gebuertsplaz, Quellen, aner Aktivitéiten, ...) an net mat Attacken. --Soued031 (Diskussioun) 22:30, 19. Dez. 2017 (UTC)
- Ech hunn iergendwéi de Verdacht hei géing et ganz wuel em politesch Rivalitéite goen, an net wierklech em d'Relevanz
- Fir laangjärege Mataarbechter bei Dausende vum Artikelen sou eppes virzewerfen ass schonn eng haart Noss, an dofir erlaben ech mir och dës Zousazbemierkung:
- Mir schaffen un allen Artikelen hei mat an hu scho wuel eng Ahnung wou d'Relevanz ufänkt a wou se ophält. Sou Diskussioune goufe scho méi wéi eng Kéier hei gefouert, a kaschten ëmmer vill méi Energie wéi dat wat positiv derbei erauskënnt. D'Wikipedia ass politesch neutral a mir halen ons dorun. Wann een engem hei Politik a Subjektitéiet ënnerstelle kéint da wieren et héchstens déi zwéi Leit déi sech hei géint d'Läsche wieren, an déi selwer bis elo nach näischt anescht gemaach hunn, wéi Artikelen iwwer sou Randpolitiker an d'Welt ze setzen a wou ee sech wierklech d'Fro ka stellen op dat net e bësselche politesch Promotioun soll sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:53, 20. Dez. 2017 (UTC)
Kontra hei op der Musel ass hie bekannt. --Klenge Watschelpingouin (Diskussioun) 09:31, 20. Dez. 2017 (UTC)
- Liest w.e.gl wat ech uewe geschriwwen hunn. "Bekannt" ass keen objektive Critère. An dat ännert sech och net wann hei nach eng Dosen nei User optauchen, déi nach ni hei iergend eppes bäigedroen hunn. --Zinneke (Diskussioun) 10:21, 20. Dez. 2017 (UTC)
Pro schingt politisch Promotion ze sinn. --Puscas (Diskussioun) 10:15, 20. Dez. 2017 (UTC)
Pro mMn net relevant genuch, wat, wéi hei driwwer jo scho gesot gouf, kee Jugement iwwer méiglech luewenswäert Aktivitéite vun der Persoun ass. --Cayambe (Diskussioun) 10:47, 20. Dez. 2017 (UTC)
Kontra ech mengen net dat onbedéngt politesch Promotioun muss sinn... --Charles Pleimling (Diskussioun) 14:24, 20. Dez. 2017 (UTC)
Pro Net genuch Relevanz --Pierrenilles (Diskussioun) 17:26, 20. Dez. 2017 (UTC)
Kontra als Vize vun enger Partei ass hie relevant --Kachkéiseschmier mat Moschtert (Diskussioun) 12:06, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Vize ass no onse Critèren net relevant genuch. --Les Meloures (Diskussioun) 13:05, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Wou steet dat, wie leet dat fest? --Kachkéiseschmier mat Moschtert (Diskussioun) 14:57, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Vize ass no onse Critèren net relevant genuch. --Les Meloures (Diskussioun) 13:05, 21. Dez. 2017 (UTC)
Pro eege politesch oder eege Parteipromotioun. Den Jack sollt dat eigentlech wëssen. Et ass och ganz verdächteg datt hei Leit ofstëmmen déi an 12 Joer keen eenzegen Edit gemaach hunn, wat kloer drop hiweist datt hei en Artikel soll gepusht ginn. --Nilrom (Diskussioun) 15:22, 21. Dez. 2017 (UTC)- Op Grond vun den Aussoe wéi se haut am Artikel stinn, hunn ech probéiert déi eenzel Punkten op hir (Ir)Relevanz z'analyséieren:
- lëtzebuergesche Politiker: irrelevant
- Immobilienhändler: irrelevant
- Déiereschutzaktivist; President vum Déiereschutzveräin Give us a Voice: relevant
- Lëtzebuerger vum Joer 2016: relevant
- Kandidat fir Lëtzebuerger vum Joer bei RTL: irrelevant
- Chamberwalen 2013 Spëtzekandidat PID Osten: relevant (op Grond vun op mannst engem Prezedenzfall: Jean Ersfeld)
- Europawalen 2014 Kandidat PID: irrelevant
- Gemengewale Gemengerot zu Réimech: irrelevant
- Piratepartei Vizepresident: relevant (op Grond vun op mannst engem Prezedenzfall: Marc Goergen)
- Chamberwalen 2018 Spëtzekandidat Piratepartei Osten: relevant (cf. 6)
Deemno 5:5 ex aequo; wéinst de genannte Prezedenzfäll hunn ech dann eng Tendenz fir:
Kontra - GilPe (Diskussioun) 21:00, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Ech fannen et net ganz gutt schlecht Artikelen hei als Prezedenzfäll mat a Betruecht ze zéien amplaz se grad sou wéi deen aneren als Läschkandidat ze proposéieren. Wat ech dann elo hei hannendru maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:48, 21. Dez. 2017 (UTC)
- De Jean Ersfeld huet d'Partei Fräi Partei Lëtzebuerg gegrënnt. Datt een als "Lëtzebuerger vum Joer 2016" beim Lëtzebuerg Privat als relevant empfënnt als Wikipedianer naja, jiddwerengem senges. Soued031 (Diskussioun) 21:55, 21. Dez. 2017 (UTC)
- Ech fannen et net ganz gutt schlecht Artikelen hei als Prezedenzfäll mat a Betruecht ze zéien amplaz se grad sou wéi deen aneren als Läschkandidat ze proposéieren. Wat ech dann elo hei hannendru maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:48, 21. Dez. 2017 (UTC)
Kontra Ech zitéieren "Politiker sief et lokal oder driwwer sollen hei stoe wann se Buergermeeschter waren/sinn oder Deputéierten a méi héich Funktiounen." [] och den Zinneke huet a senger Propose fir Relevanzcritèren "Gemengerot (Lëtzebuerg) & Parteipresident oder -generalsekretär (Lëtzebuerg)" Benotzer:Zinneke/Test:Relevanzcritèren proposéiert. Politesch ass et mer egal ob den Artikel bestoe bleift oder nët. Perséinlech fannen ech datt d'Diskussioun hei och an eng `ad hominem` Richtung ofdrifft amplaz sech als Wikipedia Lëtzebuerg méi grondsätzlech duerchdiskutéiert Relevanzcritèren ze ginn. Et ass jo och bedeitsam, datt et am Géigesaz zur englescher an zur däitscher Wikipedia keen Dokument gett wat dës géif festléeën. Ech editéieren iwwregens esou seelen Wikipedia datt ech nach net eemol faktuell Feeler op der Säit iwwert mech verbessere ginn ;) --Svnee (Diskussioun) 12:40, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Gudde Moie Svnee déi "richteg" Relevanzcritèrë sinn hei ze fannen Wikipedia:Relevanz an net op enger Testsäit vun engem Benotzer. Ass net schlëmm ka jiddwerengem geschéien dee ganz seelen op der Wiki schafft ;). Relevanzcritèrë kënne schlecht vu Leit gemaach ginn déi scho gewielt hunn dowéinst fannen ech dem Zinneke seng Aktioun gutt. Et war souwisou geplangt datt bei der Versammlung Relevanzcritèren definéiert ginn. Wann s du d'Relevanzcritèrë vun den anere Säiten e bësse méi gekuckt häss da géif der opfalen datt een trotzdeem all d'Critèren negéiere kann. Wat awer mer méi wichteg ass, ass datt mer entscheeden ab wéini ee Wikipedianer bei enger Läschpropos wiele kann, 8 Editte sinn definitiv ze wéineg a mengen Aen. Et sinn och eng etlech Sockpuppets hei... mä ech mengen dat brauch ech net d'Leit z'erklären déi un Artikele schaffen déi mam "Champ lexical" Piratepartei schaffen. --Soued031 (Diskussioun) 12:55, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Merci fir de richtege Link deen bei Google erstaunlecherweis mei niddreg gerankt ass wéi déi zwee aaner a fir d'Wiki-Sich hunn ech wuel déi falsch Termini benotzt. Op Basis vun dem Dokument bleiwen ech bei menger Meenung, datt, dës Säit misst erhale bleiwen, well e Vize-President je no Partei-Strukur um nämleschten Niveau wann net iwwert dem Generalsekretär steet. Ceci dit, Ab wéini ass ee wikipedianer? Gutt Fro, do halen ech mech léiwer eraus, well entweder féiert een Diskussiounen an der Ëffentlechkeet an da soll och all Meenung zur Entscheedungsfannung bäidroen, oder et mécht een dat net. --Svnee (Diskussioun) 14:05, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Wikipedianer ass iergendeen deen op der Wiki schreift / hëlleft egal wéi gutt oder schlecht säi Bäitrag ass, an dat wäert och sou bleiwen. Ech stelle just a Fro firwat de Vott vu "Geeschter" genee sou staark ass wéi Leit déi dacks op der Wiki hëllefen a sécher neutral handelen (cf. hir Kontributiounen). Haut goufe schonn nees Konten erstallt wéi Spezial:Kontributiounen/2lena. Sou Aktioune maachen datt mer d'Kontributioune vu verschidde Memberen a Fro stellen. --Soued031 (Diskussioun) 15:42, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Merci fir de richtege Link deen bei Google erstaunlecherweis mei niddreg gerankt ass wéi déi zwee aaner a fir d'Wiki-Sich hunn ech wuel déi falsch Termini benotzt. Op Basis vun dem Dokument bleiwen ech bei menger Meenung, datt, dës Säit misst erhale bleiwen, well e Vize-President je no Partei-Strukur um nämleschten Niveau wann net iwwert dem Generalsekretär steet. Ceci dit, Ab wéini ass ee wikipedianer? Gutt Fro, do halen ech mech léiwer eraus, well entweder féiert een Diskussiounen an der Ëffentlechkeet an da soll och all Meenung zur Entscheedungsfannung bäidroen, oder et mécht een dat net. --Svnee (Diskussioun) 14:05, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Gudde Moie Svnee déi "richteg" Relevanzcritèrë sinn hei ze fannen Wikipedia:Relevanz an net op enger Testsäit vun engem Benotzer. Ass net schlëmm ka jiddwerengem geschéien dee ganz seelen op der Wiki schafft ;). Relevanzcritèrë kënne schlecht vu Leit gemaach ginn déi scho gewielt hunn dowéinst fannen ech dem Zinneke seng Aktioun gutt. Et war souwisou geplangt datt bei der Versammlung Relevanzcritèren definéiert ginn. Wann s du d'Relevanzcritèrë vun den anere Säiten e bësse méi gekuckt häss da géif der opfalen datt een trotzdeem all d'Critèren negéiere kann. Wat awer mer méi wichteg ass, ass datt mer entscheeden ab wéini ee Wikipedianer bei enger Läschpropos wiele kann, 8 Editte sinn definitiv ze wéineg a mengen Aen. Et sinn och eng etlech Sockpuppets hei... mä ech mengen dat brauch ech net d'Leit z'erklären déi un Artikele schaffen déi mam "Champ lexical" Piratepartei schaffen. --Soued031 (Diskussioun) 12:55, 22. Dez. 2017 (UTC)
Kontra Och wann hien "nëmme" Vizepresident vun der Piratepartei ass, ass hien awer schonn eleng duerch seng aner Aktivitéiten (virun allem a sengem Déiereschutzveräin, vun dem hie President ass) eng Persoun vum ëffentlech Liewen, an e gëtt domat ëfters an de Medien ernimmt. An, wéi de Svnee et scho seet, a verschiddene Parteien steet de Vize iwwert dem Generalsekretär! --Charles Klein (Diskussioun) 09:38, 23. Dez. 2017 (UTC)
Kontra Relevant. Den Här soll net "bestrooft" ginn nëmme well seng Partei deen zweetwichtegste Poste Vizepresident nennt an net Generalsekretär. --Heng den Tuddler (Diskussioun) 19:55, 23. Dez. 2017 (UTC)
Fazit Bleift bestoen, wéinst dem Argument dass e mat engem Generalsekretär gläichgestallt ass (a soss kengem). --Zinneke (Diskussioun) 22:24, 1. Jan. 2018 (UTC)
- Perséinlech sinn ech mat sou engem Mitschmatsch net d'accord. D'Wikipedia ass net do fir erauszefanne wéini eng Partei e Poste méi wichteg fënnt, an et dann hei z'applizéieren. Wa mer dat lo sou hei unhuelen misst dat op all Partei iwwerdroe ginn, fir datt mir ons vis-a vis vu jiddwerengem d'selwecht behuelen. Et ass och net der Wikipedia hir Schold wa Parteien d'Rolle schlecht verdeelen. All d'Contrastëmmen an dëser Saach koume vu Parteigänger, wat fir d'Neutralitéit vun enger Wikipediaofstëmmung kee Garant ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:41, 31. Jan. 2018 (UTC)
Handballspillerinnen
Corinne Damy, Jessica Damy, Sharon Dickes, Svenia Gambini, Mara Odile Lisarelli, Joy Mockel, Joy Krier, Claudine Schaffener, Lisa Scheuer, Tania Silvestrucci, Kim Thies, Fabienne Thiry, Sally Tritz, Joy Wirtz, Kim Wirtz
These ladies are amazing but unfortunately irrelevant according to our criteria Wikipedia:Relevanz. I created these pages in vain, but on the other hand I didn't know about some discussions dated 2006-08 (???) and the relevance criteria wasn't accepted. Now I'm creating only relevant pages and there are no other irrelevant ones left in my contributions. --Wolverène (Diskussioun) 21:52, 20. Jan. 2018 (UTC)
- Result: Everything deleted by Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 17:39, 8. Feb. 2018 (UTC)
Cory Ander
Pro : Gespensterschreiwer an och bei Autoritéitskontrollen néirens bekannt. --Les Meloures (Diskussioun) 17:08, 25. Jan. 2018 (UTC)
- En Auteur ënner Pseudonym ass per Definitioun e "Gespensterschreiwert"; dat ass kee Critère. Onbekannt bei Autoritéitskontrollen awer schonn. Ausserdeem:
Pro: cf. Wikipedia:Relevanz: Selbstverlag, ausserdeem (nach) keng bekannt Rezensioun(en), (nach) vu kengem lëtzebuerger Medium beschwat, net am Autorenlexikon: An der Hypothes, dass do nach méi kinnt nokommen ass et nach ze fréi fir en Artikel. Kann nom Läschen nees aktivéiert ginn, wann sech do méi doe géif. --Zinneke (Diskussioun) 22:21, 25. Jan. 2018 (UTC)
Pro: Keng Relevanz. - GilPe (Diskussioun) 08:45, 26. Jan. 2018 (UTC)
Neutral: Ech ginn dem Zinneke Recht. Ech wollt just derbäiflécken, datt en am Amazon Bestseller-Rang op Plaz 36.232 vun eppes méi wéi 80.000 an der Kategorie vun de Krimien a Thriller kënnt, a wann een dorop goe giff da wier d'Buch lit besser wéi den Duerchschnëtt, wat op méi hoffe léisst. Ech hätt deemno bis d'Erschénge vun engem zweete Buch och Pro kënne stëmmen, mee ech hu mäi gudden Dag. --Otets ♣ 10:04, 26. Jan. 2018 (UTC)
Neutral: Ech liesen d'Buch emol, ier ech mech decidéieren. --Jamcelsus (Diskussioun) 21:57, 5. Feb. 2018 (UTC)
Ech hunn d'Buch elo gelies. Ass net uninteressant. Ech proposéieren, den Artikel emol als Kuriositéit beizebehalen. Besser wier et, den Numm vum Auteur an e puer präzis Liewensdate wiere bekannt, esou wéi dat sech fir e "richtegen" Artikel gehéiert. --Jamcelsus (Diskussioun) 13:34, 8. Feb. 2018 (UTC)
Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 20:41, 8. Feb. 2018 (UTC)
Joseph M. Reinhardt
Pro Artikel an deem all elementar biographesch Informatioun feelt. Néirens weider Informatioun ze fannen, a kenger anerer Wiki opzedreiwen, an ëmmer nëmmen als Co-Auteur opgezielt. Op PUBFACTS gëtt en als net vrifiéiert opgefouert. --Les Meloures (Diskussioun) 17:00, 28. Jan. 2018 (UTC)
Pro
Pro: Keng relevant Informatioun mat däer een iergend eppes ufänke kéint. GilPe (Diskussioun) 21:06, 31. Jan. 2018 (UTC)
Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 20:34, 8. Feb. 2018 (UTC)
Steve Duarte
Pro Grond: Relevanz an cf Diskussioun:Huet dee Mann wierklech eng Säit op der Wikipedia verdingt?.--Les Meloures
Pro Ausser, dass e Propagandavideoe mécht oder gemaach huet, an dass en wéi dausende vun Toperten, op d'IS-Verspriechen eragefall ass, an elo a Syrie sëtzt (oder läit) schéngt deen (zum Gléck) net vill Opweises ze hunn (soss wie en als Schwéierverbriecher vläit relevant). Bei esou Typpen ass och ëmmer d'Fro, op een him net domat indirekt hëlleft, en/sech méi wichteg ze maachen, wéi en ass, wat net sielen de But vun hiren Aktiounen ass - deemno ongewollt ënnersctëtzen. Ech si fir d'Läschen.--Zinneke (Diskussioun) 19:50, 31. Jan. 2018 (UTC)
Pro: Keng Relevanz. GilPe (Diskussioun) 21:06, 31. Jan. 2018 (UTC)
Pro wéi hei driwwer. --Cayambe (Diskussioun) 21:35, 31. Jan. 2018 (UTC)
Pro : wéi hei driwwer.--Jamcelsus (Diskussioun) 21:39, 5. Feb. 2018 (UTC)
- As you were in fact the initiator of this discussion I'd like to know some another argumentation from you, other than "Per above" or "I don't like the subject". --Wolverène (Diskussioun) 04:05, 6. Feb. 2018 (UTC)
Kontra Ech hu schonn ëmmer komesch fonnt datt soubal en Attentäter vun engem Land Schäiss mécht, da wëll d'Land vu wou e kënnt näischt vun em héiere wéi wann dat de Problem léise géif. En huet awer natierlech ni eppes Sënnvolles gemaach. --Soued031 (Diskussioun) 12:38, 6. Feb. 2018 (UTC)
- Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:34, 5. Mäe. 2018 (UTC)
Pro Luxembourgian missionaries are irrelevant according to the policy. --Wolverène (Diskussioun) 18:48, 31. Jan. 2018 (UTC)
- Perhaps the policy is not complete and may be revisited. --Les Meloures (Diskussioun) 12:20, 1. Feb. 2018 (UTC)
- Better revisite it now, until the voting is over. If this article will be kept, missionaries, religious (non-secular) theologians and representatives of the Church should be included in the criteria. I nominated exactly because of current criteria, I had no wish to show its absurdity, am not anti-Christian and so on. --Wolverène (Diskussioun) 18:03, 2. Feb. 2018 (UTC)
- Perhaps the policy is not complete and may be revisited. --Les Meloures (Diskussioun) 12:20, 1. Feb. 2018 (UTC)
Kontra huet een Artikel an zwou grousse Wikien wou en net kontestéiert gëtt, a soll hei als Geeschtlechen deen als Martyrer kéint gëllen opgefouert sinn.--Les Meloures (Diskussioun) 18:59, 31. Jan. 2018 (UTC)
- The rule about "grousse Wikien" works only for non-Luxembourgers. Criteria for religious persons is limited to bishops and chief rabbis. As a martyr, he's even not beatified by the Church. --Wolverène (Diskussioun) 19:08, 31. Jan. 2018 (UTC)
Kontra: Absënns well en am Artikel Lëtzebuerger am Kongo ernimmt gëtt. GilPe (Diskussioun) 21:06, 31. Jan. 2018 (UTC)
- Sorry but it doesn't sound like a serious reason to keep. --Wolverène (Diskussioun) 21:37, 31. Jan. 2018 (UTC)
Kontra: Huet en Artikel op der frWP. Cf. och de GilPe hei driwwer. --Cayambe (Diskussioun) 21:33, 31. Jan. 2018 (UTC)
Neutral: U sech schéngt mer "e Missionär gewiescht ze sinn" effektiv e kleespere Grond fir en Artikel ze justifiéieren: Leit, déi dorëmmer zéien, Anerer vun hiren Iddien z'iwwerzeegen, ginn et der eng Abberzuel. Dofir géif ech och zécken, dat als Relevanzcritère ze proposéieren, dobäizesetzen. Et steet awer och näischt do, dass en als Auteur, Riedner, oder soss eng Tätegkeet zu Lëtzebeurg opgefall wier. Als besonnege markante Fait schéngt just ze sinn, dass en "dohannnen" ëmbruecht gouf (mat jett aneren). D'Ëmstänn, déi dozou gefouert hunn, a wat genee do geschitt ass, wiere sécher intressant, beschriwwen ze ginn, an da kinnt den Artikel de Kontext fir dës Beschreiwung sinn - wann net an engem eegenen Artikel zum Simbaopstand oder wéi een dat och ëmmer nenne kinnt. Soulaang dat net de Fall ass, kinnt een den Artikel hei toleréieren, als Wénk mat dr Scheierpaart... --Zinneke (Diskussioun) 15:25, 2. Feb. 2018 (UTC)
Kontra: e Puzzle-Stéck an deem, wat een haut Microhistoire nennt. --Jamcelsus (Diskussioun) 21:44, 5. Feb. 2018 (UTC)- Wéi de Les Meloures: d'Relevanzkritären ännere fir datt den Artikel relevant gëtt ouni datt een dofir muss als Critère huelen datt eng aner Wiki en Artikel vun him huet. --Soued031 (Diskussioun) 12:40, 6. Feb. 2018 (UTC)
Pro ausser enger Introduktioun, stinn nëmmmen Opzielungen op dëser Säit --Les Meloures (Diskussioun) 10:27, 3. Feb. 2018 (UTC)
Kontra:trotz allem sinn déi Opzielungen interessant, et huet ee séier en Text geläscht et dauert vläicht laang bis erëm een eppes iwwert déi Garnecher Musek schreift. Johnny Chicago (Diskussioun) 17:13, 3. Feb. 2018 (UTC)
Kontra Ka jo nach komplettéiert ginn. --Jamcelsus (Diskussioun) 21:45, 5. Feb. 2018 (UTC)
- Just zur Info: Mer sollte vläicht net d'Importenze vun den Artikelen verwiesselen, fir net d'Wuert Relevanz ze gebrauchen. Hei gouf viru kuerzem en Artikel vun enger nationaler Institutioun geläscht, well net vill dra stoung, ausser de Statuten. Hei stellt sech lo d'Fro, ass eng Artikel iwwer eng Duerfmusek an deem och just e Link op eng Lëscht an op eng Gemeng steet, méi wichteg wéi eng national Institution. --Les Meloures (Diskussioun) 15:00, 6. Feb. 2018 (UTC)
Pro et sti sou gutt wéi nëmmen Opzielungen dran. --Soued031 (Diskussioun) 14:46, 8. Feb. 2018 (UTC)
Kontra Gutt Aarbecht vum MMFE. --Soued031 (Diskussioun) 16:18, 8. Feb. 2018 (UTC)
Fazit: Bleift stoen --Les Meloures (Diskussioun) 20:39, 8. Feb. 2018 (UTC)
Wikipedia:Relevanz -> Sportler -> "Sportler déi bei Welt- oder Europameeschterschaften ënner den 10 éischte klasséiert goufen" (с).
He was never higher than #11. It's unclear if he's ever been Luxembourgian record-breaker or champion. --Wolverène (Diskussioun) 12:17, 6. Feb. 2018 (UTC)
- I think he was Luxemburgian champion in 2012 an 2013. But I'm not shure. --Les Meloures (Diskussioun) 14:47, 6. Feb. 2018 (UTC)
- Yes he was. --Wolverène (Diskussioun) 18:14, 6. Feb. 2018 (UTC)
- I think he was Luxemburgian champion in 2012 an 2013. But I'm not shure. --Les Meloures (Diskussioun) 14:47, 6. Feb. 2018 (UTC)
Fazit: Bleift stoen. --Wolverène (Diskussioun) 18:14, 6. Feb. 2018 (UTC)
Similar to monsieur Osch, but his results at the international competitions are even more depressing. --Wolverène (Diskussioun) 12:27, 6. Feb. 2018 (UTC)
- national champion in 2007 (slalom) ? --Les Meloures (Diskussioun) 14:46, 6. Feb. 2018 (UTC)
Si Bob Biver a été désigné champion du Luxembourg de slalom à Adelboden, il n'a terminé que 2e de cette épreuve derrière l'Italo-Argentin Jordi Argüello. Ce dernier, s'il ne dispose pas d'un passeport luxembourgeois, est licencié à la Fédération luxembourgeoise de ski. Il a reçu le titre fédéral du slalom. (p.13)
- I don't understand champion or not. I can close the nomitation easily (if actually a champion), but how could we formulate this in the article? --Wolverène (Diskussioun) 18:06, 6. Feb. 2018 (UTC)
- national champion in 2007 (slalom) ? --Les Meloures (Diskussioun) 14:46, 6. Feb. 2018 (UTC)
- Designed champion is champion. --Les Meloures (Diskussioun) 20:18, 6. Feb. 2018 (UTC)
Concetta Marchese
Just a local junior athlete. No interwikis, either biggest or even small, no special relations with Luxembourg, i.e. she doesn't meet the relevance criteria. --Wolverène (Diskussioun) 12:05, 8. Feb. 2018 (UTC)
- Result: Deleted by Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 17:38, 8. Feb. 2018 (UTC)
Boxer
Caroline André, Clément Tshinza, Domingos Nascimento Monteiro
None of them are relevant (see Wikipedia:Relevanz#Sportler). Created before the relevance criteria was accepted. --Wolverène (Diskussioun) 18:14, 20. Feb. 2018 (UTC)
- All three are professional boxers. As this is something rather rare in Luxembourg, I propose to keep and add this criterion to the list. Please note thatthe "Relevance" list is not the Bible (yet); as indicated, finetuning is not only possible, but required. --Zinneke (Diskussioun) 16:20, 21. Feb. 2018 (UTC)
Any comment ? --Wolverène (Diskussioun) 18:03, 21. Mäe. 2018 (UTC)
Ersatzspiller
A. Flammang, J. P. Flammang, Eugène Jeanty, Dominique Kelsen, Charles Kieffer, J. Kieffer, J. Michel, N. Weisgerber, Ernie Vogt, Rémy (Foussballspiller)
De Wonsch vum Auteur. --Wolverène (Diskussioun) 16:14, 25. Mäe. 2018 (UTC)
Kontra Och d'Ersatzleit bei den Olympiade ginn als Olympionike consideréiert an entspriechen deemno de Relvanzcritèren. --Les Meloures (Diskussioun) 17:31, 25. Mäe. 2018 (UTC)
- "bei Equippesportler: -> Member vun enger Nationalequipe ." Ersatzspiller si keng Memberen am richtege Sënn. --Wolverène (Diskussioun) 18:06, 25. Mäe. 2018 (UTC)
- Hei geet ëm Leit déi op den Olympiaden derbäi waren an d'Ersatzleit ginn och als Olympionik consideréiert. --Les Meloures (Diskussioun) 18:12, 25. Mäe. 2018 (UTC)
Armorique
Pro falsch Behaaptung --Soued031 (Diskussioun) 12:21, 7. Abr. 2018 (UTC)
Pro idem a soss näischt derhannert. D'Läschpropose gouf gemaach nodeem den Auteur (d'IP 195.46.241.229) 8 Deeg laang net op d'Iwwerschaffeschëlt reagéiert huet. --Les Meloures (Diskussioun) 12:56, 7. Abr. 2018 (UTC)
Neutral: net korrekt formuléiert, keng Quellen an awer e Begrëff deen an esëleschen anere Wikien en duerchaus valabelen Artikel huet (cf iw)Robby (Diskussioun) 14:36, 7. Abr. 2018 (UTC)
Neutral: vläicht fënnt sech jo een deen eng Skizz aus dem (de) oder (fr) Artikel bastelt... GilPe (Diskussioun) 18:29, 7. Abr. 2018 (UTC)
--Fazit:gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 13:42, 15. Abr. 2018 (UTC)
Equippesportler
None of them are or were national team players.
Gilles Duprel, Steve Kuhlmann, Piotr Swideret, René Wolzfeld
(People may be confused about Gilles Duprel, but appearance for 48' in two matches in the BGL Ligue is ridiculously small, playing for some years in a 3rd tier Swiss team is unfortunately not a big achievement as well.) --Wolverène (Diskussioun) 09:27, 20. Abr. 2018 (UTC)
- Ass gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 20:28, 26. Jun. 2018 (UTC)
Gerson Rodrigues (Hollännesche Foussballspiller)
Not relevant as a football player : never been a member of the Dutch national team, and even never played for a high league team. No connection to Luxembourg. Of course big interwikis exist, but in the end I'm the author of the page and the deletion of it, is my wish. --Wolverène (Diskussioun) 15:29, 9. Jun. 2018 (UTC)
- Ass gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 12:54, 18. Jun. 2018 (UTC)
Keng Relevanz (cf. Wikipedia:Relevanz#Persoune vu soss doruechter); ganz kuerz, déi eenzeg Quell ass onkloer.
(At least someone may create an interwiki...).
--Wolverène (Diskussioun) 17:15, 16. Mäe. 2018 (UTC)
Kontra ass e bekannte flämesche Moler, och wann onsen nach Artikel schappeg ass. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 21. Mäe. 2018 (UTC)
Kontra many information available on the internet sometimes mentionned as well as Pierre Paul Aloïs Hunin (Exemples: https://fr.artprice.com/artiste/78883/alouis-pierre-paul-hunin/lots/passes ; https://books.google.lu/books?id=hLkZAAAAYAAJ&pg=PA448&dq=Pierre+Paul+Alouis+Hunin&hl=de&sa=X&ved=0ahUKEwjS-cKfpf7ZAhUDElAKHccvDaEQ6AEIYTAJ#v=onepage&q=Pierre%20Paul%20Alouis%20Hunin&f=false https://www.unicat.be/uniCat?func=search&query=keyword:%22Hunin,%20Alois%22&formQuery=keyword:%22Hunin,%20Alois%22 ) so relevant despite the fact there is not yet another article in the wikipedia world. Another reason to keep the data available on wikidata- Robby (Diskussioun) 20:56, 21. Mäe. 2018 (UTC)
Nancy Weiland
- als Grond gouf uginn: kee Wierk oder Ausstellung bekannt.
Pro Relevanzkriterien net erfëllt. GilPe (Diskussioun) 13:36, 30. Jun. 2018 (UTC)
Fazit : gëtt geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 07:33, 15. Jul. 2018 (UTC)
E Foussballspiller vun den Nidderegen-Niveau-Ligaen, an ass keen Nationalequippespiller. D'Relevanz ass onkloer, ausser een Interwiki-Link genuch ass. --Wolverène (Diskussioun) 20:16, 26. Jun. 2018 (UTC)
Kontra: Foussballer vum Joer dierft relevant genuch sinn. Soss bréichte mer déi Lëscht och net. --Les Meloures (Diskussioun) 20:25, 26. Jun. 2018 (UTC)
Kontra Schléisse mech dem Les Meloures un. GilPe (Diskussioun) 13:36, 30. Jun. 2018 (UTC)
Ede Wolf
Pro --keng Relevanz, kee bekannte Bandmember, keng CD, a meeschtens just Optrëtter vun deenen anscheinend léiwer kee schwätzt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:51, 30. Jun. 2018 (UTC)
Pro Relevanzkriterien net erfëllt. GilPe (Diskussioun) 13:36, 30. Jun. 2018 (UTC)
- Fazit gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 08:56, 10. Jul. 2018 (UTC)
Groussherzogtum Belgien
Pro: En Artikel iwwer eppes wat et ni gouf an noch nach just aus eppes sollt entstoen wat nëmmen e puer Méint gehalen hat. Keng geschichtlech Relevanz a gëtt schonn an deem betraffenen Artikel Vereenegt nidderlännesch Staaten breetgetrëppelt. Et gëtt genuch richteg Groussherzogtemer iwwer déi ka geschriwwe ginn --Pierrenilles (Diskussioun) 17:37, 2. Jul. 2018 (UTC)
Pro Ze domm fir driwwer ze debattéieren. PS: 3-2 fir d'Belsch --Soued031 (Diskussioun) 19:25, 2. Jul. 2018 (UTC)
Pro: Redundanz mat den Erklärungen am Artikel Vereenegt nidderlännesch Staaten wou de Fall vum belsche Groussherzog schonn opgefouert ass, an an deem Kontext ausféierlech genuch erkläert ass. An Enzyklopedien ass et net ubruecht Erklärungen duebel oder nach méi dacks ofzeginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:34, 3. Jul. 2018 (UTC)
- Fazit:gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:01, 10. Jul. 2018 (UTC)
No content except the birthdate, nationality and occupation (the last was not correct until now). It's not normal to keep such articles for years. The author is probably the famous Atlanta spammer who's blocked globally for the time of 1 year. Although if someone would expand it I will not protest. --Wolverène (Diskussioun) 21:04, 3. Jul. 2018 (UTC)
Pro gouf op en etleche wikie vun dem selwechte Benotzer ugeluecht an op ville scho geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 08:11, 4. Jul. 2018 (UTC)
Kontra Text mat Filmographie vergréissertJohnny Chicago (Diskussioun) 12:00, 4. Jul. 2018 (UTC)
- Gëtt gehalen --Les Meloures (Diskussioun) 12:52, 4. Jul. 2018 (UTC)
Luxembourg Summer League
Pro keng Relevanz, enzyklopedeschen Impakt = 0 --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 9. Aug. 2018 (UTC)
Pro idem. --Zinneke (Diskussioun) 15:39, 1. Aug. 2018 (UTC)
Stéphanie Baldinucci
Pro A tennis player with no either international or inner-Luxembourg success. --Wolverène (Diskussioun) 11:40, 9. Aug. 2018 (UTC)
Pro keng Relevanz --Les Meloures (Diskussioun) 11:56, 9. Aug. 2018 (UTC)
Pro no 7 Joer Gepiddels nach ëmmer nëmme just eng flaach Introduktioun mat wéineg bis guer kenger enzyklopedescher Resonanz. De Rescht Iwwerschrëfte mat vill roude Linken. --Les Meloures (Diskussioun) 13:17, 20. Aug. 2018 (UTC)
Kontra En Artikel "Geschicht vun der Belsch" ass nun eemol relevant a wichteg. Dass hei (nach ëmmer) net vill steet, ass kee Grond, dass guer näischt do stoe soll. Wikipedia ass per Definitioun work in progress. --Zinneke (Diskussioun) 13:16, 27. Aug. 2018 (UTC)- I'd like to remove the list of historical outline and write a short stub instead. Can it be enough or in this case it will be just merged with Belsch#Geschicht? --Wolverène (Diskussioun) 14:17, 27. Aug. 2018 (UTC)
Marché culinaire vu Munneref
Pro Mikroskopesch Relevanz; WP ass kee Veranstaltungskalenner; hire Site ass dout; Google späitzt näischt méi Rezentes wéi vu viru 5 Joer eraus. --Zinneke (Diskussioun) 13:13, 27. Aug. 2018 (UTC)
- Fazit:gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 19. Sep. 2018 (UTC)
Entente des sociétés Izeg
Pro Wikipedia ass keng Lëscht vu Veräiner an Ententen. Enzyklopesche Wäert = 0 --Les Meloures (Diskussioun) 10:35, 27. Nov. 2018 (UTC)
- PS:Kee vun de Veräiner, déi am Artikel opgezielt sinn, steet op där Entente hirer Memberslëscht. (Cf. lescht Publikatioun am Handelregester (2016) --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 27. Nov. 2018 (UTC)
Geläscht vum Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 14:01, 29. Dez. 2018 (UTC)
Tennis Izeg
Pro entsprécht net de Relevanzcritèren --Les Meloures (Diskussioun) 11:16, 27. Nov. 2018 (UTC)
Geläscht vum Les Meloures. --Wolverène (Diskussioun) 14:01, 29. Dez. 2018 (UTC)