Wikipedia:Läschen/Archiv/2022
Dat hei ass d'Archiv vun Diskussiounen, déi ëm d'Läsche vun Artikele gefouert goufen an déi am Joer 2022 ofgeschloss goufen.
Déi aktuell Diskussioune fannt Der hei.
Entrée d'Artistes
Gëtt net méi gebraucht, et gëtt Entrée d'artistes. --Bdx (Diskussioun) 14:00, 8. Dez. 2021 (UTC)
- gouf geläscht
Merci! --Bdx (Diskussioun) 11:17, 5. Jan. 2022 (UTC)
REEL Stroossbuerg 2006
- Ech gesinn d'Relevanz net. Et ass éischter eng Iwwersiicht vum Programm vun deemools, mee et steet net do, wat aus dem Treffen erauskomm wier dat och spéider nach vun Interessi war. Ech proposéieren, en ze läschen, oder zumindest an den Artikel Réunion européenne des étudiants luxembourgeois anzebauen. --Bdx (Diskussioun) 11:17, 5. Jan. 2022 (UTC)
Pro, wéi Bdx. --Zinneke (Diskussioun) 14:16, 5. Jan. 2022 (UTC)
Pro, schléisse mech deem un. -- GilPe (Diskussioun) 16:42, 5. Jan. 2022 (UTC)
Pro wéi de Bdx. --Cayambe (Diskussioun) 22:36, 5. Jan. 2022 (UTC)
- - Gouf geläscht.
Bouneweger Stuff
Pro, minimal Relevanz, wann iwwerhaapt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:20, 14. Jan. 2022 (UTC)
Pro, idem --Bdx (Diskussioun) 10:22, 17. Jan. 2022 (UTC)
- Fazit, gouf geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 21:41, 6. Mäe. 2022 (UTC)
Kategorie:Pornofilm
- Hunn d'Artikelen déi do waren hei hi gesat Kategorie:Pornofilmer, wéi bei deenen anere Filmkategorien. --Bdx (Diskussioun) 10:22, 17. Jan. 2022 (UTC)
- ass gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 10:32, 17. Jan. 2022 (UTC)
Adopekid
Pro: Relevanz, schéngt nëmme bei ons bekannt ze sinn. Ee vun de ville Comicsartikelen déi bal alleguer nëmme sou vu Feeler strotzen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:28, 28. Feb. 2022 (UTC)
--gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 14. Nov. 2022 (UTC)
Eng Viruleedung op Mëlass; d'Säit Daggi ass 2008 schonn eng Kéier geläscht ginn. Kuckt d'Diskussioun:Sirop de Liège.
Pro GilPe (Diskussioun) 21:13, 23. Jun. 2022 (UTC)- Op der Diskussiounssäit huet een deen hei Link gepost: http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB/wbgui_py?lemid=HJ00329, do steet "lok. im Wiltzer Raum: Daggi". Komme net vu Wolz, mee wann dat e lokal gebräichlechen Numm ass, an et sech souwisou nëmmen ëm e Redirect handelt, kënnen mir en och halen? --Bdx (Diskussioun) 14:29, 25. Jul. 2022 (UTC)
Pro Ech wollt deen Artikel aktualiséieren mee fannen näischt Konkretes. Ech si mir net sécher, ob déi Persoun d'Relevanzkrittären erfëllt. Et steet zwar do, si hätt eng eegen CD erausbruecht, mee ech fannen se net.
D'Optrëtter sinn och e bësse komesch: et ginn de just fir 4 Joer gelëscht, an et steet net do wou genee se waren (Concertshal), mee wat gesonge gouf.
Deen Artikel schéngt net wierklech op Wikipedia ze passen. Ech proposéieren, en ze läschen.--Bdx (Diskussioun) 14:24, 25. Jul. 2022 (UTC)
Kontra: Déi Sopranistin war bis zu hirem Doud op alle Bühnen a Wallounien aktiv a bei vill méi Leit bekannt wéi eng ganz Parti vun deene ville lëzebuergesche pipapos-banden déi och en Artikel op dëser Wiki hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:30, 25. Jul. 2022 (UTC)
- Ginn et iergendeng Quell fir déi Behaaptungen? Am Artikel steet net emol, datt d'Fra dout ass. Et geet jo net dorëm, datt ech se net kennen - ech kennen déi meescht Persounen op Wikipedia net a jiddwereen huet en Artikel verdéngt, wann en de Relevanzkrittären entsprécht. Mee esou wéi den Artikel elo do steet misst en zumindest iwwerschafft ginn. Dat wollt ech maachen, mee wann ech keng Informatiounen baussent der lëtzebuergescher Wikipedia iwwer d'Josyane Lemaître ass dat schwiereg. Ech hunn elo gesinn, datts du deen Artikel erstallt hues. D'Propose en ze läschen ass keng Attack géint dech, a wanns du den Artikel aktualiséiere kéints an e puer Referenzen dra setzen dann wier da géif e vläicht schonn der Wikipedia-Qualitéit entspriechen. --Bdx (Diskussioun) 08:33, 26. Jul. 2022 (UTC)
Pro Artikel iwwer d'Liewe vun engem Privatmoler. Am Artikel steet keng Informatioun, déi d'Relevanz vum Mann bestätegt (fir Wikipedia). --Bdx (Diskussioun) 14:24, 25. Jul. 2022 (UTC)
Kontra: De Prix de la reine Astrid dierft als Critère duergoen. Mer hunn ech Parti lëtzebuergesch Artisten hei stoen déi kee Präis an deem Niveau kruten. --Les Meloures (Diskussioun) 21:16, 25. Jul. 2022 (UTC)
- Dee Präis schéngt keng Renommee ze hunn; ass et e Präis fir Kanner? Konnt näischt erausfannen. De Mann krut en am Alter vu 14 Joer. "Mer hunn ech Parti lëtzebuergesch Artisten hei stoen déi kee Präis an deem Niveau kruten." Ech verstinn déi Argumenter net. Wann een Artikel net soll hei stoen, da soll en nominéiert gi, fir ze läschen. Ech kucke just op et där Säit hei entsprécht: Relevanz. Do steet als Krittär "Laureate vu Konschtpräisser". Wa mir als Communautéit wëllen, datt iergendee Konschtpräis, egal wéi bekannt oder net, duergeet, da super. Mee wa mir den Artikel vum Alphonse Halleux am Allgemenge kucken, da steet do näischt dat iergendeng Relevanz rechtfäerdegt. Menger Meenung no. Wann déi Aner eng aner Meenung hunn dann tant mieux. Mee fir mech liest et sech wéi wann do een en Artikel iwwer e Kolleg geschriwwen huet.--Bdx (Diskussioun) 08:42, 26. Jul. 2022 (UTC)
- Deen Artikel gouf geschriwwen well ech dee Mann an engem Lécker Artistekrees an op sengem Ausstellungen ë. a. an der Maison du Piqueur zu Hamoir begéint hunn an hien iwwer säi Liewen e bësselchen ausgefrot hunn. Grad sou wéi dee vum Valère Gustin a vum Pierre Renoy an nach e puer anerer iwwer belsch Persounen.
- PS: wat verstees du ënner engem Privatmoler? --Les Meloures (Diskussioun) 10:17, 26. Jul. 2022 (UTC)
- Mee an deem Fall soll den Artikel jo sécher geläscht ginn well op Wikipedia soll keng eege Recherche dokumentéiert ginn wann et keng aner Quellen dofir gëtt. Cf Wikipedia:No original research. --Bdx (Diskussioun) 11:54, 26. Jul. 2022 (UTC)
- Ech mengen du interpretéiers dat Wuert Recherche falsch dat do an engem ganz anere Kontext steet. Ech waarden awer nach op eng Äntwert op meng Fro vum Privatmoler. --Les Meloures (Diskussioun) 12:11, 26. Jul. 2022 (UTC)
- Mee an deem Fall soll den Artikel jo sécher geläscht ginn well op Wikipedia soll keng eege Recherche dokumentéiert ginn wann et keng aner Quellen dofir gëtt. Cf Wikipedia:No original research. --Bdx (Diskussioun) 11:54, 26. Jul. 2022 (UTC)
Lafayette Mittelstand Capital
Pro Op lb.wikipedia sinn d'Artikelen op Lëtzebuergesch. GilPe (Diskussioun) 16:49, 13. Aug. 2022 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 14. Nov. 2022 (UTC)
Ilavska Vuillermoz Capital
Pro Keng Relevanz --Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 28. Okt. 2022 (UTC)
- Ilavska Vuillermoz Capital, mat dräi sougenannten "Unicorns" am portfolio -> www.ivc.fund geheiert zu den greißten FinTech Investoren an Europa. Zudem sinn prominent Memberen aus Politik an Wirtschaft am Bäirot.
- https://www.wort.lu/de/business/serge-de-cillia-schliesst-sich-ilavska-vuillermoz-capital-an-61e83454de135b9236228528
- https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/1978819.html
- https://www.capital.de/wirtschaft-politik/wer-ist-der-neue-fintech-fonds-mit-n26-und-penta-im-portfolio ----- 14:21, 28. Okt. 2022 (UTC)
Pro Baséiert op deem wat am Artikel steet, ass un där Firma näischt Aussergewéinleches, Besonnesches oder Eenzegaarteges, wat eng Presenz an enger Enzyklopedie justifiéere géif. Dofir stëmmene ech fir d'Läschen. --Zinneke (Diskussioun) 12:55, 28. Okt. 2022 (UTC)
- D'Firma as dei eenzeg Private Equiy Firma vu Letzebuerg dei vun Letzebuerger gegrennt gouf. ----- 14:18, 28. Okt. 2022 (UTC)
Pro Net relevant --Jamcelsus (Diskussioun) 08:38, 3. Nov. 2022 (UTC)
Renert:Éischte Gesank
Pro De ganze Reenert steet op Wikisource a sollt hei op der Wikipedia geläscht ginn. GilPe (Diskussioun) 17:37, 14. Nov. 2022 (UTC)
Pro --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:21, 16. Nov. 2022 (UTC)
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 10:44, 16. Nov. 2022 (UTC)
Pro --Zinneke (Diskussioun) 21:42, 8. Dez. 2022 (UTC)
- Fazit: gouf geläscht