Wikipedia:Läschen/Archiv/2024
Ausgesinn
Dat hei ass d'Archiv vun Diskussiounen, déi ëm d'Läsche vun Artikele gefouert goufen an déi am Joer 2024 ofgeschloss goufen.
Déi aktuell Diskussioune fannt Der hei.
Nationalsozialismus
Pro schéngt eng Maschinneniwwersetzung ze sinn / miserabel Sprooch --Les Meloures (Diskussioun) 08:49, 6. Sep. 2023 (UTC)
- ass geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 19:39, 6. Jul. 2024 (UTC)
- Aktiounen an deem Zezummenhank bis elo:
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Redirect deen op falsch Artikele verweist.
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:F998:E9C:62AF:C192 mat der Bemierkung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: Vandalismus vun enger onbekannter IP déi d'Reegelen net respektéiert
Pro Sinn och der Meenung datt Redirecten net op falsch Artikele sollen hiweisen. --Puscas (Diskussioun) 09:36, 14. Mee 2024 (UTC)
Kontra D'Säit Longen huet op den Artikel Long virugeleet, deen d'Organ beschreift, wat meeschtens zweefach virläit an dofir gär an der Méizuel ugeschwat gëtt. Dohier verstinn ech net, awéiwäit de Redirect op „falsch Artikele verweist“ oder „op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn“. Et kéint een a mengen Aen héchstens argumentéieren, datt een am Prinzip kee Redirect vun der Méizuel aus mécht, mee hei kann ee mengetweegen eng Ausnam maachen, well – wéi uewe geschriwwen – meeschtens vun de Longen an der Méizuel rieds ass an ech mer denke kann, datt de potenzielle Lieser dohier och éischter „Longen“ antippt wéi „Long“. --Volvox (Diskussioun) 19:42, 14. Mee 2024 (UTC)
Kontra Wa "Longen" op "Long" verweist (well een dat Organ am Pluriel an am Sigulier lemmatiséiere kann, a "Long" méi geleefeg ass, dofir net deen anere Wee) hunn ech kee Probleem domat.--Zinneke (Diskussioun) 20:24, 14. Mee 2024 (UTC)
- An Tëschenzäit gouf aus Longen en Artikel iwwert eng däitsch Uertsgemeng gemaach, mat Hiweis op den Artikel Long. Domat ass déi virleiend Läschpropos a mengen Ae géigestandslos ginn. --Volvox (Diskussioun) 17:44, 15. Mee 2024 (UTC)
Ana Correia da Veiga
Pro am Ament net relevant --Les Meloures (Diskussioun) 07:52, 4. Jun. 2024 (UTC)
Pro idem | GilPe (Diskussioun) 08:04, 4. Jun. 2024 (UTC)
Pro D'Relevanzkrittäre fir Politiker schéngen net erfëllt ze sinn. --Volvox (Diskussioun) 20:05, 4. Jun. 2024 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:08, 20. Okt. 2024 (UTC)
Kategorie:Gebastels
Pro Et schéngt, wéi wann dës Kategorie net (méi) gebraucht gëtt. Well de Les Meloures se ugeluecht huet, kann hee mir eventuell widderspriechen, fir de Fall wou ech mech ieren. --Volvox (Diskussioun) 21:20, 17. Jun. 2024 (UTC)
- Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 07:17, 18. Jun. 2024 (UTC)
Kategorie:Help
Dës Kategorie gëtt net méi gebraucht a kann dofir geläscht ginn. Robby (Diskussioun) 09:28, 22. Jun. 2024 (UTC)
Pro Hei ass d'Diskussioun doriwwer, ob resp. firwat dës Kategorie geläscht sollt ginn. --Volvox (Diskussioun) 19:45, 6. Jul. 2024 (UTC)
- Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:05, 20. Okt. 2024 (UTC)
Ouermuschel
Pro Dës Säit sollt mat enger gewësser Drénglechkeet geläscht ginn, well se falsch Informatiounen enthält. --Volvox (Diskussioun) 19:31, 6. Jul. 2024 (UTC)
- ass geschitt, war ee vun de sëllechen Invitatiounsartikele vum Kolleeg Geméishändler --Les Meloures (Diskussioun) 19:36, 6. Jul. 2024 (UTC)
Schabloun:Iwwerschaffen 2 a Schabloun:Iwwerschaffen 2/doc
Pro D'Schabloun:Iwwerschaffen 2 gëtt net benotzt an erfëllt dee selwechten Zweck wéi d'Schabloun:Iwwerschaffen, just – a mengen Aen – manner gutt. --Volvox (Diskussioun) 11:33, 13. Jul. 2024 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 16:14, 21. Okt. 2024 (UTC)
RGTR-Linn 310
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 26. Okt. 2024 (UTC)
List of ISO 639 language codes
Pro Dës Säit sollt idealerweis geläscht ginn, well ee jo scho gesäit, datt dës Säit net vun engem Benotzer ugeluecht gouf, dee Lëtzebuergesch kann.
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:46, 26. Okt. 2024 (UTC)