Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Läschen/Archiv/2025

Vu Wikipedia

Dat hei ass d'Archiv vun Diskussiounen, déi ëm d'Läsche vun Artikele gefouert goufen an déi am Joer 2025 ofgeschloss goufen.

Déi aktuell Diskussioune fannt Der hei.


Maria Salles

cf. Läschpropos: "Format, Biographie, Palmarès, gewonnen Tournoien, Nimm vun hire Päerd etc.... Gesäit éischter no enger Publizitéit aus wéi no engem enzyklopedeschen Artikel. Am Netz ass ausser engem Interview näischt ze fannen."

Schabloun:Iwwerschaffen 1

Kategorie:Schëffsschleisen op der Musel an Däitschland & Kategorie:Schëffsschleisen op der Musel a Frankräich

Gare Dippech-Reckeng

Moien,

Wgl. d'Viruleedungssäit Gare Dippech-Reckeng läschen, fir datt ech dee falsche Lemma Gare Dippech-Recken dohinner réckele kann. Merci | GilPe (Diskussioun) 18:27, 1. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Gouf geréckelt --Les Meloures (Diskussioun) 19:02, 1. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Mëtteg,

Wgl. läschen, gëtt net méi gebraucht (ersat mat Schabloun:Infobox Buslinn nei). Merci | GilPe (Diskussioun) 16:49, 29. Mäe. 2025 (UTC)[äntweren]

Pro Mobby 12 (Diskussioun) 12:41, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Volvox (Diskussioun) 21:05, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar Gouf no iwwer enger Woch mat zwou Stëmmen dofir (dorënner meng eegen) a kenger dergéint geläscht.
Iwwregens kéint een d'Schabloun:Infobox Buslinn nei heihinner réckelen, well den „nei“ am Numm lo net méi sou vill Sënn huet. --Volvox (Diskussioun) 21:32, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro, kéint ee maachen, ass jo méi praktesch. Mobby 12 (Diskussioun) 17:52, 2. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar Ass geréckelt. --Volvox (Diskussioun) 09:15, 3. Mee 2025 (UTC)[äntweren]

Nei Datumsschablounen

Hallo, ech hu virun e puer Méint eng Rei Datumsschablounen erstallt, déi awer kee Sënn maachen. Dat war mäi Feeler, an déi Schabloune sollen erëm geläscht ginn:

Ech entschëllege mech bei där Persoun, déi dat läsche muss, fir déi onnéideg Aarbecht! --Bdx (Diskussioun) 10:02, 4. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Kommentar No iwwer enger Woch ouni Stëmmen op Wonsch vum Auteur geläscht. An et war net mol vill Aarbecht, well mer d'Erweiderung Extension:Nuke hunn, mat där een en masse läsche kann 😉 (cf. Spezial:Masseläschung) --Volvox (Diskussioun) 21:24, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Merci Volvox, a gutt ze wëssen, datt et dat gëtt :) --Bdx (Diskussioun) 13:52, 23. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Moien,

Déi Schabloun gëtt op dëser Wikipedia net gebraucht. Dofir zu mir jo d'Schabloun:Infobox Biographie + déi verschidden aner Biographien (Infobox: Biographie (Sportler), etc.) | Mobby 12 (Diskussioun) 14:44, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Pro Dodrunner hänken nach d'Schablounen {{Infobox Biographie2}}, {{Infobox en Lua}}, {{Infobox2}} an d'Modul:Infobox2 samt eventuellen Ënnersäiten. @Soued031 Ginn déi nach gebraucht oder kënne se – der Iwwersiichtlechkeet halber – geläscht ginn? --Volvox (Diskussioun) 21:03, 14. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro, wéi schonn uewe begrënnt. --Bdx (Diskussioun) 13:56, 23. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | GilPe (Diskussioun) 14:01, 23. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar No iwwer enger Woch mat dräi Stëmmen dofir (dorënner meng) a kenger dergéint sinn d'Säiten
geläscht. --Volvox (Diskussioun) 21:23, 25. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Viale Sabotino (Mailand)

Eng Gaass, wéi hirer Dausend. An nach maschinneniwwersat.

-- Gouf geläscht. --Zinneke (Diskussioun) 08:59, 25. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]

Candi Milo

Ee-Saz-Maschinneniwwersetzung voller Feeler iwwer eng amerikanesch Persoun, déi op soss kenger Wiki, net emol der englescher, bekannt ass.

Pro -- Zinneke (Diskussioun) 10:44, 24. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]

-- Gouf geläscht. --Zinneke (Diskussioun) 08:59, 25. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]

David Woodard

Hello, please take a look at en:User:Grnrchst/David Woodard report and consider if this article David Woodard should be deleted.

As you can see on meta: Steward_requests/Miscellaneous#Cross-wiki_self-promotion_campaign and meta:Talk:Wikiproject:Antispam#Cross-wiki_self-promotion_campaign_(David_Woodard) 235 of the spam pages were deleted from smaller wikis by global stewards in one day, and many of the sockpuppets have been globally blocked. Of the remaining 99 articles from larger Wiki editions, 36 have been deleted this week, and "only" 63 remains.

I think it is safe to say that Woordard's future reputation will not be as a composer and conductor, but as the man that used a decade of his life trying to scam Wikipedia for vanity reasons. Bw Orland (Diskussioun) 14:07, 12. Jul. 2025 (UTC)[äntweren]

Bernard Schmit

Gemengerotsmember; erfëllt net d'Relevanzkrittäre fir Politiker.