Wikipedia:MiniEdit
MiniEdit (MediaWiki:Gadget-MiniEdit.js) ass e Gadget, mat deem ee séier einfach Ännerunge maache kann, ouni d'Säit ze verloossen. Wann ee MiniEdit aktivéiert huet, gesäit een um Enn vun all Abschnitt ee Bläistëft. Wann een op dee Bläistëft klickt, gëtt op der Plaz vum Abschnitt ee Wikitext-Editeur op. Doduerch kann ee Quelltext-Ännerungen vun engem Abschnitt maachen, ouni de Liesmodus ze verloossen.
Aktivéieren
[Quelltext änneren]Fir MiniEdit ze benotze muss een ugemellt sinn (→ Benotzerkont uleeën oder umellen) an et muss – wéi fir déi meeschte Gadgeten – JavaScript am Browser aktivéiert sinn.
Fir MiniEdit z'aktivéiere musst Dir an Ärer Benotzerastellungen op de Menüpunkt → Gadgeten goen an dann ee Kreepche bei MiniEdit setzen. Fir MiniEdit ze desaktivéieren, geet et duer fir einfach dee Kreepchen erëm ewechzehuelen.
Benotzen
[Quelltext änneren]- MiniEdit-Demonstratioun am Desktop-Modus.
- MiniEdit-Demonstratioun am mobille Modus.