Wikipedia:Neutralitéit

Vu Wikipedia

D'Neutralitéit ass ee vun de Grondprinzipie beim Schreiwe vun Artikelen op Wikipedia. Nom engleschen Neutral Point of View gëtt dëst och dacks NPOV ofgekierzt.

Eng universell Enzyklopedie ass eng Usammlung vu "syntheteschem" Wëssen, dat vun engem neutrale Point de vue aus presentéiert gëtt. Den Auteur soll beim Schreiwe souwäit wéi méiglech probéieren neutral ze bleiwen.

Duerch den neutrale Point de vue gëtt versicht, Iddien a Fakten sou ze presentéieren datt souwuel d'Géigner wéi och d'Partisane mat der Beschreiwung vun den Iddien averstane sinn.

Reegele fir d'Neutralitéit[Quelltext änneren]

  • En Artikel vun enger Enzyklopädie soll net versichen, fir de Standpunkt vum Auteur z'argumentéieren. Éischter soll ee soe wéi eng Leit, Gruppen, Reliounen etc. dës Meenung hunn.
  • Vill verschidden an och widderspréchlech Aspekter kënnen an engem Artikel behandelt ginn. Fakten a Meenunge sollen dee Moment kloer vuneneen ofgegrenzt sinn.
  • All Point de vue soll neutral an an engem net emotionalen Toun duergestallt ginn.
  • Wann Dir bei engem Thema emotional involvéiert sidd, ass et eventuell besser, Dir iwwerloosst engem aneren d'Schreiwe vun der Säit. Dat bedeit ë. a. och, datt Artikele zu Biographien net vun de betraffene Persoune selwer solle geschriwwe ginn.

Virschléi zum neutrale Point de vue[Quelltext änneren]

Wat ass Fakt, wat ass Bewäertung ?[Quelltext änneren]

Als Fakten oder Tatsaache kann een Aussoe formuléieren, déi hautdësdaags bei der Allgemengheet vun de Mënschen net ëmstridde sinn. Dozou gehéieren zum Beispill d'Naturgesetzer, mathematesch Thesen oder Daten aus der Statistik (Awunnerzuel asw.).

Oppasse sollt een allerdéngs bei Aussoe wéi "De Picasso ass dee gréisste Moler vum 20. Joerhonnert". Och wann dat vu ville Leit eventuell ugeholl gëtt, sou ass et eng Bewäertung a keng Tatsaach. An dësem Fall kéint een de Saz besser sou dréinen: "De Picasso gëtt als ee vun de gréisste Moler vum 20. Joerhonnert ugesinn".

Meenungen a Bewäertungen (op eegen oder net) sollte wa méiglech mat Fakten ënnermauert ginn. Zum Beispill: "D'Grupp XYZ zielt zu deenen erfollegräichste vun den 80er Joren. Alleng 1985 hu si X Millioune Plakke verkaaft".

Wien denkt wat ?[Quelltext änneren]

Bei de Standpunkten och ëmmer drun denken ze soen ween sou denkt. Amplaz also ze soen "Vill Leit hunn e Problem mat Softwarepatenter" ass et besser ze soen "Vill Programmeuren hunn e Problem mat Softwarepatenter", well, wie si "vill Leit" ?

Onparteiesch sinn[Quelltext änneren]

Bei der Duerstellung vun de verschiddene Point de vuen heescht et onparteiesch ze sinn, also net duerch eng ausgewielt Rhetorik seng eege Meenung duerchblécken ze loossen.

Wat maache wann een Artikel net neutral ass ?[Quelltext änneren]

Hei ginn et e puer Méiglechkeeten:

  • Wann dir genuch Connaissancen hutt, kënnt dir den Artikel selwer änneren.
  • Probéiert op der Diskussiounssäit vum Artikel mat der Gemeinschaft ze diskutéieren.
  • Mellt den Artikel op dëser Säit: Wikipedia:Neutralitéitsproblemer an hannerloosst de Message {{Neutral}} op der Artikelsäit selwer:
Opgepasst: D'Neutralitéit vun dësem Artikel gëtt staark ugezweifelt.