Wikipedia:Technesche Krom
Op dëser Säit kann alles diskutéiert ginn, wat mat techneschen Aspekter vun der Wikipedia-Aarbecht ze dinn huet. Et kënne Froe gestallt ginn, wéi eppes funktionéiert, oder Ufroe gestallt gi fir nei technesch Funktionalitéiten. Et kann een Erklärungen heihinner schreiwen, déi op deenen eenzele Schablounen- oder Moduldiskussiounssäite verluer goe géifen, awer och soss alles beschwätzen, wat villäicht e bëssen ze vill an den techneschen Detail geet fir den „normale“ Staminee. Wann Dir keng Diskussiounssujete verpasse wëllt, kënnt Dir dës Säit einfach op Är Iwwerwaachungslëscht setzen. Fir reegelméisseg d'Tech News vu Meta-Wiki ze liesen, kënnt Dir op d'Säit Wikipedia:Tech News iwwerwaachen. |
Fir emol unzefänken: "Sproochen" a reduzéierter Form
[Quelltext änneren]Moien, op verschiddene Wikien, wéi eiser, gi lénks all Sproochen ugewisen, an deenen et eppes zum selweschten Thema gëtt.
Bei der Haaptsäit ass dat e bësse problematesch, well dat einfach ze laang ass (300+) an d'Säit 3 Mol sou laang mécht wéi den Text deen do steet. Op der Däitschsproocheger schéngen s'en Trick fonnt ze hunn, dat op déi 'Gängegst' ze reduzéieren (déi x Gréisst an all déi europäesch Sproochen, wann ech dat richteg interpretéieren). Kinnt een dat hei och aféieren?
Zinneke (Diskussioun) 17:54, 29. Mäe. 2025 (UTC)
- Wéi?
- Et gëtt ee magic word
{{noexternallanglinks}}
, mat deem een dat automatescht Uweise vun den Interwiki-Linken, wéi se am ggf. verbonnene Wikidata-Element hannerluecht sinn, ënnerdrécke kann (cf. mw:Wikibase/Installation/Advanced configuration#noexternallanglinks). Wann een dat asetzt, kann ee wéi fréier mat manuellen Interwikilinken à la[[de:Wikipedia:Hautpseite]]
all gewënschte Sproochlinken zefouss definéieren. - Op der däitschsproocheger Wikipedia hunn se op der Haaptsäit dofir d'Schabloun {{Wikipedia:Hauptseite/Interwikis}} gesat, an där all hir 51 Interwikilinke vun hirer Haaptsäit opgelëscht sinn, suivéiert vum genannte magic word.
- Firwat (net)?
- Am Prinzip kéinte mir dat ganz einfach och maachen, mee a mengen Ae wier dat eng onnéideg Aschränkung, well guer kee Problem besteet: Ugemellte Benotzer kënnen nämlech an hire Benotzerastellungen ënner „Ausgesinn“ am leschten Abschnitt „Sproochen“ d'Optioun „Benotzt eng kompakt Lëscht vu Sprooche mat deene Sproochen, déi fir Iech relevant sinn“ aktivéieren, fir datt net déi ganz Sproochelëscht ausgeklappt gëtt. A fir net ugemellte Benotzer – déi jo keng sou Astellunge maache kënnen – gëtt d'Standardbenotzeruewerfläch Vector (2022) benotzt, bei där d'Interwikilinken net ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt, mee zesummegeklappt iwwert der Säit (resp. aus engem mir onbekannte Grond op Haaptsäiten drënner) stinn. D. h. fir ugemellte Benotzer ass de Problem mat engem Klick an de Benotzerastellunge liicht léisbar a fir net ugemellte Benotzer besteet de Problem guer net.
- An déi Däitschsproocheg?
- Op der däitschsproocheger Wikipedia ergëtt hir Léisung awer duerchaus Sënn, well bei hinnen d'Standardbenotzeruewerfläch net Vector (2022) ass, mee Vector alt (2010), an do ginn d'Interwikilinken ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt ugewisen, deemno och fir net ugemellte Benotzer. A well net ugemellte Benotzer jo keng Benotzerastellunge maache kënnen an et och fir si „propper“ ausgesi soll, ware se gezwongen eng global Léisung ëmzesetze wéi uewe beschriwwen.
- --Volvox (Diskussioun) 00:01, 30. Mäe. 2025 (UTC)
- P.S.: Witzegerweis hunn ech mäi Kommentar iwwer déi däitschsproocheg Wikipedia dee leschten Dag gemaach, wou en iwwerhaapt nach gestëmmt huet. Den 31. Mäerz 2025 gouf nämlech och op der dewiki Vector (2022) och zum Standard 😉(cf. de:Hilfe:Skin/Vector 2022). --Volvox (Diskussioun) 17:57, 7. Abr. 2025 (UTC)