Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Temporäre Kont

Vu Wikipedia

Op dëser Säit erkläre mer Iech, wat op der Wikipedia en Temporäre Kont ass, wat d'Vir- an d'Nodeeler sinn a wéi eng Donnéeë siichtbar sinn a wéi eng net.

Wikimedia-Projeten erlaben et jidderengem, eppes z'änneren, ob mat oder ouni e Benotzerkont. Wann eng Ännerung vun engem net-ugemellte Benotzer gemaach, da gëtt déi engem temporäre Kont – deen automatesch generéiert gëtt – zougeuerdent an d'Ännerung gëtt mam temporäre Kont an de verschiddene Logbicher an op Säite wéi de rezenten Ännerungen oder den Historiquen ugewisen.

Virbemierkungen

[Quelltext änneren]

Temporär Konte gëtt et op der Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch zënter September 2025. Virdru goufen Ännerungen, déi vun net-ugemellte Redaktere gemaach goufen, hirer IP-Adress zougeuerdent. IP-Adressen enthale sensibel Informatiounen, déi d'Privatsphär an d'Sécherheet vum Benotzer menacéiere kënnen.

Iwwerbléck

[Quelltext änneren]

Fir en detailléierten Iwwerbléck iwwer dës Punkten:

  • Firwat sinn temporär Konten néideg?
  • Wie kann d'IP-Adresse gesinn, déi mat temporäre Konte verbonne sinn?
  • Wéi funktionéieren temporär Konten?
  • Wichteg Aspekter vun temporäre Konten

kuckt wgl. op der Mediawiki-Säit Hëllef: Temporär Konten.

Verglach Benotzerkont / temporäre Kont

[Quelltext änneren]

Dës Tabell gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Ënnerscheeder tëscht Benotzerkonten an temporäre Konten:

Funktioun Benotzerkont Temporäre Kont Normal IP-Adress
(als Verglach)
Benotzersäit a Benotzerdiskussiounssäit disponibel


Ënnersäiten am Benotzernummraum méiglech


Neiegkeeten op der Benotzerdiskussiounssäit uweisen


Astellunge festleeën
Passwuertschutz
Iwwerwaachungslëscht uleeën
Biller eroplueden
Hallef-protegéiert Säiten änneren
Noriichte kréien

„Merci“ kréien

„Merci“ schécken
An e Benotzerkont ëmwandelen

Um Spaweck

[Quelltext änneren]