Wikipedia:Tour

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Tutorial)
Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Wat ass eigentlech eng fräi Enzyklopedie ?

Als Enzyklopedie gëtt de Versuch bezeechent, d'komplett Wëssen zu engem bestëmmten Thema oder allgemeng d'Wësse vun der Mënschheet vollstänneg duerzestellen. Domat ass eng Enzyklopedie zum Beispill méi ëmfankräich wéi e Lexikon.

Wat bedeit an dësem Zesummenhang " fräi " ?

Wikipedia wëll alle Mënschen de fräien Zougank zu Wësse bidden. Aneschters wéi klassesch Enzyklopedien steet Wikipedia gratis am Internet jidderengem zur Verfügung. Wikipedia ass awer net nëmme fräi zougänglech, mee och fräi fir ze benotzen. Jiddereen däerf Artikele kopéieren, veränneren a weiderverbreeden, soulaang hie sech un d'Bestëmmunge vun der Creative Commons by-ca Lizenz (bis 2008 GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun) hält.


Den Tour ufänken