Wikipedia:Verifizéierbarkeet
DËS SÄIT ASS NACH AM OPBAU.
ÄNNERUNGE WGL. AM TEXT, MAT – WOU NÉIDEG – ENGER KUERZER ERKLÄRUNG.
IWWERSAT VUN DE: WIKIPEDIA:BELEGE.
Grondsätz
[Quelltext änneren]- An Artikele sollen nëmmen Informatioune stoen, déi een nopréiwe kann an déi aus zouverlässege Publikatiounen hier sinn.
- Aussoen, déi een nëmmen duerch eng Recherche bestätege kann, oder déi a Fro gestallt kéinte ginn, sou wéi och Zitater, musse mat Referenze beluecht ginn. D'Noweisflicht läit am Zweiwel bei deem, deen d'Ausso mécht, net bei deem, dee s'a Fro stellt. Bei ëmstriddenen Aussoen ouni Referenze kënnen dës vun all Mataarbechter geläscht / zeréckgesat ginn, mat Hiweis op d'Flicht Referenzen ze hunn.
D'Glafwierdegkeet vun der Wikipedia hänkt dovunner of, datt hir Inhalter iwwerpréifbar sinn. All net-trivial Aussoe vun engem Artikel musse mat Referenze beluecht sinn, sou datt een s'iwwerpréiwe kann. Dat trëfft ëmsou méi op Artikelen iwwer Sujeten zou, zu deenen et an anere Sproocheversioune keng Artikele gëtt (z. B. Biographië vu Persounen aus Lëtzebuerg).
Bei allgemeng bekannten Tatsaachen (z. B.: D'Äerd ass quasi kugelfërmeg a keng Scheif) brauch ee keng Referenzen, oder och soss Artikelen, déi Wëssen erëmginn, dat op der Hand läit. Am leschtgenannte Fall ass et hëllefräich, wann een déi wichtegst an / oder liicht zougänglech (Fach)literatur zum Theema, déi d'Lieser weiderféiert, ënnen op der Säit ugëtt.
Referenze verweisen op déi Quellen a Materialien, déi gebraucht goufen, fir en Artikel op der Wikipedia ze schreiwen oder inhaltlech ze veränneren. Si sinn do, fir déi Aussoen, déi do stinn, z'ënnerstëtzen.
All Zitater mussen eng genee Referenz hunn, dat ëmsou méi, well dem Copyrightsgesetz no den Auteur ee Recht dorop huet.
Sinn d'Referenze Websäiten, ass et wënschenswäert, wann déi Säit och an enger archivéierter Versioun ugi gëtt, dat, fir och spéiderhin op déi Source zougräifen ze kënnen, wann d'Originalsäit geännert, verréckelt oder geläscht gouf. Dat kann een z. B. ënner https://web.archive.org/save/ (→ Save Page Now) maachen an dann dohi verlinken.
Wat sinn zouverlässeg Informatiounsquellen?
[Quelltext änneren]...