Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch?

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ?

Geleeëntlech sicht deen Een oder deen Aneren no engem lëtzebuergesche Wuert. Dës Säit soll de Wikipedianer dozou déngen, no Begrëffer ze froen an dobäi vun Anere gehollef ze kréien.
Eeler Ufroë stinn an de respektiven Archiver. Kuckt dofir als éischt do no, op d'Fro net scho gestallt ginn ass.

Aus dem Däitschen[Quelltext änneren]

Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv fir däitsch Begrëffer

Gaube[Quelltext änneren]

Eng ausgebaut Fënster am Daach. Kuckt an der de-Wiki de Lemma "Dachgaube" ; an dësem Fall ass et eng "Giebelgaube". Merci am viraus. --Cornischong 20:24, 16. Jan. 2008 (UTC)

Mansardsfënster? --Z.

Köhler[Quelltext änneren]

De fréiere Beruff "Köhler", deen Holzkuele gemaach huet a sengem "Meiler", an deen nach haut am Spaghettisrayon ze fannen ass "Spaghetti alla carbonara". Et ass mer, wéi wann ech mol "Kieler" begéint hätt. --Cornischong 21:55, 10. Mäe 2008 (UTC)

A méngem Daggislëtzebuergesch ass de Köhler e Kuelebrenner an dovunner ofgeleet de Fuuss deen en donkle Pelz huet, dien dann och Kuelebrenner genannt gëtt.
E Kieler ass dat Stéck Geschirr dat d'Päerd ëm den Hals geluecht kritt, op däitsch Kummet an och Kumt genannt, op franséisch Collier. Les Meloures 22:51, 10. Mäe 2008 (UTC)

Leibeigener[Quelltext änneren]

(am historesch-feudalistesche Sënn): Leifeegenen? Läifeegenen? --Zinneke 11:28, 12. Mäe. 2009 (UTC)

Ee Gléck, datt mer déi lëtzebuergesch Wikipedia hunn. Déi hunn esouguer en eegenen Artikel ( http://lb.wikipedia.org/wiki/Leifeegeschaft ) doriwwer. --Cornischong 11:43, 12. Mäe. 2009 (UTC)
Ee Gléck ;-), Merci! --Zinneke 13:08, 12. Mäe. 2009 (UTC)

Grenziwwerschreitend Wanderweeër[Quelltext änneren]

Schreiten heescht op lëtzebuergesch "goen" oder "schrécken", überschreiten heescht (am DLW) "iwwerschreiden". Ausserdeem gëtt, bis op e puer Ausnahmen, den Adverb net virun de Substantiv gesat. Am DLW, S.144, gëtt grenzüberschreitend mat "iwwer d'Grenzen ewech" iwwersat. Fir dem Gedeessems aus de Féiss ze goe proposéieren ech de Lemma "International Wanderweeër". -- Pecalux 06:35, 9. Feb. 2010 (UTC)

Salut Pecalux, merci fir dëse Verbesserungsvirschlag, ech denken Grenziwwerschreidend Wanderweeër ass dee richtege Begrëff. International gëtt a kenger Sprooch an dem Kontext benotzt. Dofir proposéieren ech dëse Lemma mat dem Adjektiv virdrun ze loossen, grad esou wéi bei Thematesch Wanderweeër. Och wann dës Diskussioun eriwwer ass maachen ech d'Ännerungen. :-) --Christian Ries 07:10, 9. Feb. 2010 (UTC)
Ech hunn d'Säöit elo op Grenziwwerschreidend Wanderweeër geréckelt. --Christian Ries 10:04, 9. Feb. 2010 (UTC)

Färewanderweeër[Quelltext änneren]

(aus dem däitschen: Fernwanderwege)

Et gi Lëtzebuerger déi fueren am Dag mam Fernlaster a kucken owes de Fernseh, deen se mat der Fernsteierung hin- an hirschalten. (Alles Ausdréck, déi am DLW stinn.) Vläicht trëppelen se an der Vakanz e Fernwanderwee, oder vläicht esou guer e Wäitwanderwee? -- Pecalux 06:52, 9. Feb. 2010 (UTC)

Mojen Pecalux, ech wollt u sech d'Wuert korrekt op Lëtzebuergesch schreiwen, do heescht "fern" op lb. "fären". Mä ech hunn näischt dogéint fir se Fernwanderweeër oder Wäitwanderweeër ze nennen. Wann dës Diskussioun eriwwer ass maachen ech d'Ännerungen. :-) --Christian Ries 07:03, 9. Feb. 2010 (UTC)
Moien, Ech hunn den Ausdrock Färewanderweeër och gelies an iergendwéi deet et mer ëmmer erëm wéi an den Oueren. Et kléngt mer no faire Wanderweeër (ewéi fairen Handel) an dat mécht jo kee Sënn. Wäitwanderweeër versteet jiddereen direkt. Dat schéngt mir de beschten Ausdrock. --Sultan Edijingo 11:47, 9. Feb. 2010 (UTC)
Et misst dach Leit (Tourismusministère, Syndicat-du-tourismen, etc.) ginn, déi professionell domatter ze dinn hunn. De Lemma misst sech mMn dono riichten, wéi "déi" dat nennen, och wann eege Kreatiounen "besser kléngen". Huet een en Telefon bei Hand? Ech sinn do e bësse wäit vum Schoss... --Zinneke 16:25, 9. Feb. 2010 (UTC)
Mojen Zinneke, ech hunn d'lescht Woch mat deem Beamte geschwat, deen iwwer 10 Joer laang am Tourissemministär fir d'Wanderweeër zoustänneg war: si hunn ëmmer GR gesot bzw. GRen, wann si vun deene Weeër geschwat hunn. Wäitwanderwee kennt fir hien net a Fro. Firwat beschränke mir d'Kreatioun vu Neologismen op eis Schrëftsteller? Ech sinn nach ëmmer fir Färewanderweeër, well et genee dat ausdréckt, wat gemengt ass. Jidderee misst dat ouni Problem verstoen? --Christian Ries 10:29, 18. Feb. 2010 (UTC)

Moien,

An der däitscher Sprooch gëtt dacks d'Wuert "Weitwanderweg" benotzt, duerfir schéngt mir de "Wäitwanderwee" net total aus der Loft gegraff. D'GRen schéngt mir éischter en Ausdrock fir Insider ze sinn. Dat geet iergend wéi an d'Richtung vum Ausdrock "RMGiste".--Fliedermaus 10:53, 18. Feb. 2010 (UTC)

Ok, merci, dann änneren ech Färewanderweeër op Wäitwanderweeër. --Christian Ries 11:07, 18. Feb. 2010 (UTC)

Moien,
Firwat et einfach maache, wann et et och komplizéiert geet.
Wéi ech GR-Färewanderweeër hei gelies hunn, hat ech den Androck wéi wann dat e Wanderwee wier bei deem een eng Fär misst benotzen.
De GR oder d'GRen, déi wann ech mech net ieren op der topopgraphescher Kaart vum Kadadaster och esou genannt ginn, hunn an der fr:Wiki de Lemma Chemin de grande randonneé. Am Wuert Grande randonnée ass scho méi oder wéineger explizéiert, datt et sech net ëm eng kuerz Streck handelt. E GR ass ëmmer e Fernwanderweg, an dofir fannen ech den Zousaz Färewanderwee, dee mMn souwisou misst Färwanderwee heeschen, iwwerflësseg, well et quasi e Pleonassem ass. Dofir proposéieren ech dee méi einfache Lemma GR-Wanderweeër, oder einfach Wäitwanderweeër ouni GR.
Les Meloures 11:20, 18. Feb. 2010 (UTC)

Mojen Les meloures, leider ass déi Saach nët esou einfach. Et gëtt europäesch Wäitwanderweeër, an et gëtt GR-Wäitwanderweeër, dat sinn 2 ënnerschiddlech Saachen. Ech proposéieren fir dës zwee Begrëffer ze benotzen. --Christian Ries 11:32, 18. Feb. 2010 (UTC)

Beim GR géif ech dann awer de Wäit net am Lemma benotzen well et e Pleonassem produzéiert. GR dee fir Grande randonneé steet seet jo schonns datt et e wäite Wee ass. E Kuerzartikel Wäitwanderwee wier net schlecht fir se vun Ufank un auserneen ze halen. Et gëtt jo bestëmmt och nationaler an internationaler. Les Meloures 11:49, 18. Feb. 2010 (UTC)

Planung[Quelltext änneren]

Mir hunn en Artikel Landschaftsplanung wou och am Text selwer den Ausdrock "Planung" dacks gebraucht gëtt. Gëtt et dofir keen aneren, lëtzebuergeschen, Ausdrock? --Pecalux 05:39, 7. Abr. 2010 (UTC)

Salut,
Mer läit dat Déngen och e bësselchen um Mo, mä anscheinend ass et do net sou einfach fir eppes aneschtes ze fannen. Den DFL iwwersetzt planification, mat Planifikatioun oder dem substantivéierte Verb Plangen. Et schéngt deemno net vill Auswäichméglechkeeten ze ginn, an a Lemmata gi mer schlecht mat Ëmschreiwungen eens.
Eech hu mer och schonns Gedanken driwwer gemaach, a waterenger Rumm een déi Artikelen, Landschaftsplanung a Landschaftsecologie kann ënnerdaach kréien.
Iwwer Resultat vum Plangen d.h. de Landschaftsplang, gi mer natierlech näischt gewuer. Zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer, an Ausféieruengsbestëmmungen dofir. Doriwwer gi mer och leider näischt gewuer.
Awer am Artikel Landschaft verhaspele mer ons op lëtzebuergesch Detailer déi schonns a separaten Artikelen deelweis opgegraff goufen, a mer komme mat der Landschaft net iwwer d'Grenzen eraus. Aner Länner hunn anscheinend keng Landschaften, wann ech mer deen Artikel esou ukucken. Bemierkungen dozou um Auteur senger Diskussiounssäit, an op der Artikeldiskussiounsäit, hu bis elo nach näischt bruecht.
Wann net eng gutt Séil sech erbaarmt, wäert dat dann och alt erëm sou stoe bleiwen. D'Landschaftsecologie brauch och nach eng Botzaktioun.
Wa mer mol Artikelen iwwer den Aménagement du territoire, de Plan d'aménagement général, a säi klenge Brudder de Plan d'aménagement partiel an all déi aner Plangen déi an deem Beräich gesetzlech verankert sinn, hunn, gesi mer vläicht méi kloer.
Les Meloures 06:38, 7. Abr. 2010 (UTC)

Maschinenring[Quelltext änneren]

Kann en dat net "Maschinnerank" oder "-rénk" deefen? Oder ginn et nach aner Alternativen? --Pecalux 06:41, 20. Abr. 2010 (UTC)

Moien,
Ech weess net wéi een et soss soll deefen. Dee Begrëff huet sech zënter en etlech Joer sou an der Lëtzebuerger Landwirtschaft breet gemaach. U sech sinn et landwirtschaftlech Syndicater, déi Déngschtleeschtunge mat Maschinnen ubidden, awer och nach aner Hëllefsleeschtungen. En allgemengen Artikel iwwer Landwirtschaftlech Syndikater wier vläicht méi nëtzlech. An dësem Artikel ass et leider d'selwecht wéi bei der Landschaft, déi anscheinend als Fachbegrëff behandelt gëtt, a bei deem mer awer net iwwer d'Grenzen erausgesinn.
Les Meloures 07:13, 20. Abr. 2010 (UTC)

Fernost[Quelltext änneren]

Wéi en Ausdrock kann een am Lëtzebuergeschen huele fir Fernost oder Ferner Osten? Ech hu gesinn, datt ech bis ewell ëmmer Fernost quasi "adoptéiert" hunn, mee ass dat richteg? --Otets 13:32, 31. Jul. 2010 (UTC)

Den DFL iwwersetz e mat Fären Osten. Les Meloures 14:00, 31. Jul. 2010 (UTC)

Leiterwagen[Quelltext änneren]

Ech hätt eng Tendenz gehat, fir dofir Tëmmer ze soen, bis datt ech am LWB nogekuckt hunn, deen engem Tëmmer anscheinend just zwee Rieder zougesteet. Wat mengt d'Gemeinschaft? --Otets 23:53, 20. Aug. 2010 (UTC)

Moien, Méi einfach wéi hei geet et awer bal net. Einfach dësen Artikel kucken. Den Tëmmer ass en Tombereau op franséisch, Kippkarre op däitsch, an de Leederwonn ass de chariot a ridelles. Les Meloures 09:26, 21. Aug. 2010 (UTC)

Merci! Da froen ech léiwer net no, wat en Huifbed ass. ;-) --Otets 14:54, 21. Aug. 2010 (UTC)

Salut,
En Huifbed ass e Bett dat aus enger Baatsch (fr: bâche nl: huif) besteet déi tëscht zwee Päerd hänkt an déi een e Kranke ka leeën, datt en esou ka spadséiere gefouert ginn. Fir den Ament misst eent souwäit wéi ech informéiert sinn, an Holland zu Valkenswarde an der Maach sinn. (et ass och scho vläicht fäerdeg). Méi geneeës ginn ech den 29. August um Kutschenturnéier zu Barvaux gewuer. Fotoe fir d'Wikipedia kann ech beim Konstrukteur kréien. Les Meloures 17:11, 21. Aug. 2010 (UTC)

Furt oder Fuurt, vläit souguer Fuert ?[Quelltext änneren]

Moien,

Furt, näischt um LOD oder am DLW. --Jwh (Diskussioun) 08:43, 3. Aug. 2016 (UTC)

Mëtteg,
Vläicht eng Fro fir un Infolux weider ze ginn... --GilPe (Diskussioun) 12:21, 3. Aug. 2016 (UTC)
Hu wuel op der falscher Plaz gemoolt, wéi et heecht wësse mir jo, ma wéi gëtt d'Wuert geschriwwen? --Jwh (Diskussioun) 15:59, 3. Aug. 2016 (UTC)

Aus dem Franséischen[Quelltext änneren]

Mojen, wéi seet e korrekt op lb fir thèse: Thes oder Thees. Déi zwee sinn heefeg a Gebrauch op der lb-Wiki. --Christian Ries 09:47, 18. Nov. 2010 (UTC)

Moien, fir mech ass et éischter dat däitscht Wuert These dat sech agebiergert huet. Den DFL iwwersetzt mat Thes
Op der lb:Wikipedia steet et 38:5 zugonschte vun Thes an an dräi Minutten ass et 43:0 Les Meloures 12:25, 18. Nov. 2010 (UTC)
Ech tendéieren och zu "Thes", wa mer déi mat 2 "ee"ën och net esou ofweegeg schéngt. Mer kënnen hei net méi "richteg" sinn wéi d'Orthographieregelen, déi bekannterweis munnech Lacunen hunn, wann et ëm de Widdersproch tëscht de Prinzipien Ethymologie vs Phonetik geet. --Zinneke 13:40, 18. Nov. 2010 (UTC)
Ok merci, dann ass et elo kloer: THES. --83.99.19.209 17:52, 18. Nov. 2010 (UTC). Net ageloggt, --Christian Ries 17:53, 18. Nov. 2010 (UTC)

Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv fir franséisch Begrëffer

Moien alleguer, weess ee vun Iech wéi een op Lëtzebuergesch seet fir "verveine" (fr), also dat Kraut aus deem den Téi gemat gëtt?

Eisekraut oder och Werbeen --Les Meloures (Diskussioun) 11:23, 13. Aug. 2017 (UTC)

Aus dem Engleschen[Quelltext änneren]

Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv fir englesch Begrëffer

Minor orders[Quelltext änneren]

Minor orders (dt. niedere Weihe) fir Priester ze ginn? Myriam 11:21, 29 Juni 2006 (UTC)

Iwwerhaapt[Quelltext änneren]

"Waasserspäizer"[Quelltext änneren]

  • De "Waasserspäizer" u ville Kathedralen (am Franséischen "gargouille"). Merci. --Cornischong 16:12, 1 September 2006 (UTC)
Déi eenzeg Kathedral, déi zu Lëtzebuerg ass, huet bekanntlech deer Denger keng. Ech perséinlech soe "Gargouille", op Englesch heescht dat jo och bal esou ("gargoyle"). "Waasserspäizer" versteet zwar sécher och jiddereen, dee Lëtzebuergesch versteet, mee d'Wikipedia ass jo leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen, a wieren se nach esou giedelech. Ech roden deemno, déi Creatioun héchstens am Artikel aus stilistesche Grënn, an a Kursiv, ze benotzen. Wa mer 100.000 Artikele beieneen hunn, kënne mer jo e Site opmaache fir déi "stomm" Begrëffer am Lëtzebuergeschen, wou jiddereen nei Virschléi maache kann.  ;-)--Zinneke 19:59, 1 September 2006 (UTC)

Ech giff och hei eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen huelen (Wasserspeier). Wann ee Gargull seet da kéint ee mengen et giff ee vun de Gargullen an den Trottoiren schwätzen. Bei de Fransousen asset zwar esou déi hun deselwechte Numm fir déi zwee. Waasserspäizer schengt mer richteg hei. Les Meloures 20:05, 1 September 2006 (UTC)

Wann d'Wikipedia "leider net déi Plaz, fir Saachen z'erfannen" ass, da loossen ech den Artikel iwwer déi Basilika mat den 123 Dénge léiwer sinn. Dat wäert och de Grond sinn, firwat et der all Dag hei manner ginn. --Cornischong 00:32, 2 September 2006 (UTC)
Dass d'Wikipedia net di Plaz ass fir igenwellech Dommheeten ze erfannen domaat kann ech d'accord sinn mee wann een dann op der Wikipedia Lëtzebuerg op Erklärungssäit liest et kéint een wann et keen typescht lëtzebuergescht Wuert gëtt, eng verlëtzebuergescht Iwwersetzung aus dem däitschen oder franséische gebrauchen da wir trotzdem hei Waasserspäizer dat richtegt. Wann daat engem nit passt da soll och déi aaner Erklärung aus der Wiki verschwannen. 81.243.165.241 07:16, 2 September 2006 (UTC)
Dajee, Cornischong, net esou defaitistesch ;-) Dat mat "Erfannen" hunn ech op d'Lemma selwer bezunn, wou mer nun eemol virsichteg musse sinn. Bei enger Be- oder Ëmschreiwung kann a muss een awer roueg kreativ sinn. Deemno giff ch den Artikel "Gargouille" nennen an ufänken mat: Eng Gargouille (och alt Gargull) ass eng Zort Waasserspäizert, deen, virun allem bei Kathedralen, dozou déngt, d'Reewaasser vun de Grondmaueren ewechzeleeden. Gargouillën hunn oft speziell Formen,..." Natierlech dann e Redirect vu "Gargull" a menger wärreg och "Waasserspäizert".
Ech sinn op däin Artikel gespaant ! --Zinneke 09:31, 2 September 2006 (UTC)
  • Wéi ass d'Méizuel vu Vulkan? Vulkaner oder Vulkanen doer ? (D'Fro stellt sech wéinst eise Kategorien). --Robby 14:44, 7 Oktober 2007 (UTC)
Gudden Owend. Vulkaner. Den "Trend" geet iwwerhaapt a Richtung -er. Vill Wierder, déi soss eng -en Endung an der Méizuel haten, passe sech lues a lues dem "Trend" un. Den DLW, dee jo un der Spëtzt vum fortschrëttleche Progrès steet, ass och mat de Vulkaner mat derbäi :-)) --Cornischong 16:57, 7 Oktober 2007 (UTC)
Ass dat wichteg fir d'Category
Wann déi eng oder aner Schreifweis passt, solle mer dann elo 2 Cats maachen oder wéi?? An eise Categorys ass vill méi ee grousse Kuddelmuddel wéi eng Schreifweis vun de Vulkaner ass dat nachg kengem opgefall.
Mer hunn:
op d'mannst 4000 Biller déi keng cat hunn
7 Cats déi net Kategoriséiert sinn
1001 Schablounen déi net kategoriséiert sinn
74 Artikelen déi net kategoriséiert sinn
3407 Säiten ouni Interwikilinken
Les Meloures 17:21, 7 Oktober 2007 (UTC)

PS: ech hunn och elo zimmlech Zäit gebraucht fir erauszefannen datt déi Fro nëmmen am Zesummenhank vun de Méizuel war, an net datt et esou wichteg wéinst der Kategorie war, déi stoung nämlech an der richteger Méizuel do (no DLW an DFL).

Et wier also schonns gutt wann een d'Froe géif mat den Zesummenhäng alleguer stellen, datt een och wees wou soll verbessert ginn. Les Meloures 18:24, 7 Oktober 2007 (UTC)


An der Tëschenzäit gouf d'Lëscht vun de Vulkanen op Vulkaner geréckelt, d'Linke verbessert an de Lemma mat der falscher Schreifeis geläscht Les Meloures 18:32, 7 Oktober 2007 (UTC)


Lëtzebuergesch Schanken[Quelltext änneren]

  • "Wadenbein"
  • "Schienbeinknöchel"
  • "Wadenbeinknöchel"

--Cornischong 23:37, 21. Nov. 2008 (UTC)

Si "Wued" a "Schinnen" gutt oder mengs de eppes anescht? --Otets 19:34, 26. Nov. 2008 (UTC)


Eist Äis[Quelltext änneren]

  • Gudde Moien. Ma ech hunn hei eppes, un deem ech mer grad d'Zänn ausbäissen. Et geet drëm, welche Saz vun dëssen zwee hei richteg ass: "eis Kanner hunn äis gär" oder "eis Kanner hunn eis gär". Fir mech selwer woar "eis" ëmmer "eis", egal op am Sënn "uns" oder "unsere". "äis" woar fir mech ëmmer gefruerent Waasser oder dat éislecker "eis". De Spellchecker kann een an deem Fall jo aus bekannte grënn net vertrauen (e mecht erwoarterweis näischt dovunner falsch), an hei an der Wiki fannen ech "äis" och nëmmen als Deel vu Wierder wéi "Äisbier" oder "Paräis". "eis" fannen ech dann awer an der gesichter form ("Loosst eis de Wee...", "...fir an eiser Zäit..." etc.). Wéi gesidd dier dat? Woar fir iech den Ënnerscheed schon ëmmer selbstverständlech, hudd dier ni ee gemaach oder gëtt et dat einfach net? merci am virraus --JimHawk 07:36, 10. Dez. 2008 (UTC)

Salut. Fir der d'Liewen net ze schwéier ze maachen zielt eis eist / äis äist DLW Wierderbuch, datt mer "eis" oder "aïs" kënne schreiwe fir dat däitscht "uns". Bass de lo berouegt? --Cornischong 08:58, 10. Dez. 2008 (UTC)

Moien och,
Den DFL an Grammaire maachen en Ënnerscheed
DFL Säit 405:
notre, an nôtre ginn do iwwersat mat eis, eisen, eist mat der Ausnahm il est des nôtres = e gehéiert zu äis.
nous gëtt mat mir an äis iwwersat. Bsp.: Hie sicht äis, a mir gesinn äis muer.


D'Grammaire Säit 94 an 118
Säit 94: Les adjectifs possessifs
Nominatif et accusatif
Possesseur   Masculin   Féminin   Neutre   Pluriel
mir eisen eis eist eis
Datif
Possesseur   Masculin   Féminin   Neutre   Pluriel
mir eisem eiser eisem align="center" eisen


Säit 118 Le pronom réfléchi
Accusatif  /  Datif
Mir wäschen äis  /  Mir wäschen äis d'Féiss


Les Meloures 09:35, 10. Dez. 2008 (UTC)

Moien,

"Eis" an äis" (als Possessiv-, wéi och als Reflexivpronomen) sinn Doubletten. Dem Lëtzebuerger Sproochatlas no (Kaart 84) wier d'"äis"-Form déi méi geleefeg, mee de Fait, dass "eis" drënner steet, weist, dass et keen eendeitegen Ënnerscheed gëtt. "Iis", "ees" an "ons" do dergéint si Lokalvarianten. Deemno: Béid si "richteg". --Zinneke 10:41, 10. Dez. 2008 (UTC)


also merci mol fir déi séier a professionell Hëllef :-) Dat ganzt verwirrt awer leider och e bëssen. Fir e konkrete Fall ze nennen: et geet em den Numm vun enger Initiativ, déi sech "Och fir eis" nennt. Mengt der, dat kann een mat engem rouege Gewëssen, eben well sech d'Dictionnaire net eenz sinn, esou stoe loossen? --JimHawk 11:47, 10. Dez. 2008 (UTC)

Fir däi Gewëssen ze berouegen: Déi zwou Variante si gudd a richteg. Eng praktesch Iwwerleeung: Falls déi Initiativ sollt eng Kéier eng Internetpräsenz kréien (wat haut jo scho bal obligatoresch ass) da giff ech "eis" huelen, well dat méi kloer fir d'Adress wier. "Äis" huet en Trema, an dee ka Problemaer als URL maachen... --Zinneke 11:53, 10. Dez. 2008 (UTC) ¨

Merci Zinneke, ma déi initiativ huet schon eng Websäit (www.och-fir-eis.org). Alleng well sech de "eis" scho besser als Adress ugebueden huet, huet een sech ni missen iwwerleeen, op "äis" méi oder manner korrekt wier. --JimHawk 11:58, 10. Dez. 2008 (UTC)

Öse / oeillet[Quelltext änneren]

Am Artikel Spigelreflexfotoapparat gouf "Öse" (de) / "oeillet" (fr) mat "Zip" iwwersat. Selwer hunn ech dat richtegt Wuert och net font. Weess eventuell een dat Wuert do op lëtzebuergesch?--Fliedermaus 18:31, 12. Dez. 2008 (UTC)

Salut. Dach, du hues et fonnt .... en Oeillet. Dat ass awer nach laang net deen eenzege Probleem mat deem Krätzbild! Do ass bal alles falsch drop. --Cornischong 18:48, 12. Dez. 2008 (UTC)

Tapirulowuerentrennbéngelchen[Quelltext änneren]

  • ... dee Staf, deen een am Supermarché um Tapis-rouleau bei der Keess tëschent d'Wuere vun engem selwer an deene vum nächste Client leet? --Zinneke 12:58, 18. Feb. 2009 (UTC)
Dat ass eng "Séparation clients", wéi ech dat op der "beschtméiglecher Plaz" erkläert krut. --Cornischong 13:52, 18. Feb. 2009 (UTC)

Wéi wier et mat "Wuereseperator" (gemengt war: "Wuereseparator") oder "Wuerentrenner" ? An der de-Wiki hunn se och Problemer fir deem Déngens do en Numm ze ginn, mä ass awer do ënnert dem Lemma Warentrenner ze fannen.--Fliedermaus 14:13, 18. Feb. 2009 (UTC)

Wann ech an engem lëtzebuergesche "ganz" groussen Hypermarché, an deem praktesch jidderee Lëtzebuergesch schwätzt, vun enger lëtzebuergescher Reponsabeler op Lëtzebuergesch gesot kréien, datt dat Déngen "Séparation clients" heescht, an op Nofro, ob kee méi lëtzebuergescht Wuert bei hinne géif gebraucht ginn, an doropshi gesot kréien, datt dat net de Fall ass, da wier et scho speziell, wa bei deenen d'Clienten, a bei eis d'Wuere "getrennt" géife ginn. Dobäi sinn ech guer net der Meenung, mär sollen eis mat Frankophonem an Transmuselaneschen zefriddeginn! Wéi ech viru Joren an engem Fall, deen deem heite gläicht, en neit Wuert an d'Spill bruecht hat, krut ech vun engem Hyperpurist d'Remark gemaach, mär dierfte keng Wierder hei "erfannen", dat wier schliisslech eng Enzyklopedie, déi nëmmen dat géif relevéieren, wat et "gëtt". Wéi gesot, dat ass net meng Meenung! Wa mer där elauter dorëmmer lafen hätten, da géife mer nach mé Preisesch braddelen, wéi mer dat scho maachen. Dat Wuert "Separator" am Ländchen anzeféieren kënnt mer sadistesch vir. A mat deem Dénge ginn och keng Wuere "getrennt". Huel mer et net schif op. Ech hunn an deene Joren op der Wiki scho mat ville Sproochmatesse ze di gehat (ausser dem Alain Atten, leider), mee ech hunn nach keng zwéi begéint, déi sech eens waren. "Affaire à suivre"? Wat wëlls de vun engem Vollek erwaarden, dat seng eege Mammesprooch net schreiwe kann? --Cornischong 15:15, 18. Feb. 2009 (UTC)

Ech hu grad eréischt gelies (merci, Fliedermaus, fir de Link), datt esouguer déi Däitschsproocheg, déi jo soss fir alles e Begrëff hunn, sech net eens ginn. Da loosse mer einfach emol d'Méiglechkeete sammelen, an herno den Tri maachen: Eng Séparation-clients, e Wuerentrenner, e Separator, e Wuereseparator, e Clientstrenner, e Clientsseparator, oder, wa mer eis kreativ Oder ustrengen, en Tapis-rouleaus-Bengel, en Tapis-rouleaus-Staf, en Akafs- oder Kommissiounesënnerblëll, ... <weider Suggestiounen heihinner>.

Stëmme mer dann of ;-) --Zinneke 16:55, 18. Feb. 2009 (UTC)


Moien,
Wa mer Separation-client huelen da misst eng Homonymie gemaach ginn, well bei villen Transportgesellschafte gi jo sou Separatioune gemaach, (1. Klass, 2. Klass, Vip, a.s.w)

Les Meloures 19:01, 18. Feb. 2009 (UTC)

Firwat dann op eemol "Separation-client"? Uewe steet "Séparation clients". --Cornischong 21:59, 18. Feb. 2009 (UTC)


Aner Leit entschëllege sech an esou Fäll mat Tasteverhaspeler, ech dann och. Geet Méckegepeils erëm un? Les Meloures 22:27, 18. Feb. 2009 (UTC)

An engem Fernsehquiz war d'Äntwert op déi Fro "WTB", also "Warentrennblock", dat wier anscheinend déi offiziell Industriebezeechnung. Awer wa souguer de Sebastian Sick net mat enger Dudenäntwert kënnt, mee sech "Warentrenner" als gebräichlechst Wuert ergoogelt, da maach et effektiv sinn datt mer momentan nach an der Phas si wou mer live d'Evolutiounstheorie am Sproochendschungel matverfollege kënnen. Wéi gesot mat als bis ewell klorem héidäitsche Favorit de "Warentrenner". Mer sollten eis deemno net dem Wuerentrenner verschléissen, mat oder ouni -block. Ëmmerhi kënne Mon a Fro sech trennen also kann ech och meng Wueren trennen. Sepapipapo kann een op d'fr-wiki schreiwe goen, hei huet dat näischt verluer, net emol als Redirect. --Otets 21:20, 19. Feb. 2009 (UTC)

Verbuet, Verbued, Verbot...?[Quelltext änneren]

Wéi schreift ee fir inderdiction (fr) / Verbot (de) op Lëtzebuergesch ? --Fliedermaus 15:07, 11. Aug. 2009 (UTC)

Moien,

De Luxdico an den DFL sinn enger Meenung Verbuet. Les Meloures 15:26, 11. Aug. 2009 (UTC)

Moien,

Merci fir d'Äntwert.--Fliedermaus 15:36, 11. Aug. 2009 (UTC)

Verkafskiosk oder Verkaafskiosk?[Quelltext änneren]

Ass e Kiosk wou verkaaft gëtt kee Verkaafskiosk? Als Wikipedia-Lemma hu mir elo Verkafskiosk.--Fliedermaus 10:32, 25. Sep. 2009 (UTC)

Moien,

Bei zesummegesate Wierder spillt d'Regel vun der Veduebelung vum Vokal net. Aner Beispiller: Alstad, kalbliddeg, Sakgaass.

Beim Liaisouns - S gëllt datselwecht. Bsp: Schofspelz, Bëschofsmutz.

Les Meloures 10:44, 25. Sep. 2009 (UTC)

Moien,

Merci fir d'Erklärung.--Fliedermaus 12:47, 25. Sep. 2009 (UTC)

Staustuf[Quelltext änneren]

Dat Wuert "Staustuf" geeschtert zënter Kuerzem an Artikelen erëm. Ginn do Stufe gestaut? Oder Staue gestuuft? Villmools Merci am Viraus. --Cornischong 05:49, 15. Okt. 2009 (UTC)

Moien,

Hues de eng valabel Propositioun wéi een dat da soss nenne kéint? Les Meloures 07:01, 15. Okt. 2009 (UTC)

Hydroelektresch Zentralen[Quelltext änneren]

Zënter Kuerzem gëtt et eng Kategorie, déi een esou genannt huet. Dat kléngt komesch! Et wäerte jo net Zentrale gemengt sinn, déi elektresch, respektiv hydroelektresch sinn!? Am Däitschen heeschen déi Zentralen jo net "Elektrische Zentralen", well se jo net elektresch sinn. Mee déi an der Nopeschwikipedia ginn och net eens domatt, well do liest een eng Kéier Elektrozentrale an déi aner Elektro-Zentrale. Villmools Merci am Viraus. --Cornischong 06:02, 15. Okt. 2009 (UTC)

Mer hunn nach Noperen an déi nennen dat centrale hydroélectrique. Wann een eng besser Iwwersetzung derfir huet net zécken an einfach ëmbenennen. Mer missten dann e Koup Saachen an der Wiki änneren déi elektresch sinn. Kuck emol der emol vläicht deen een oder aneren Artikel un deen s de selwer ugeluecht hues. Do hues de der anscheinend déi Gedanken net gemaach. Les Meloures 06:29, 15. Okt. 2009 (UTC)
P.S. Ech maache mer awer gären d'Aarbecht fir déi Dénger änneren ze goen. Ech waarde just op eng valabel Propositioun. Les Meloures 06:31, 15. Okt. 2009 (UTC)

Salut! Hei eng Lëscht vu Wierder, déi keng richteg lb Equivalenter hunn:

  • Abendland - Okzident/Westen
  • Abendmahl (am reliéise Sënn)
  • Aufnahme - Opnam (awer mir huelen op...)
  • Ausnahme - Ausnam
  • Bauschutt
  • Beichtvater
  • Bündnis
  • Bushaltestelle - Busarrêt
  • Fragezeichen
  • Gehorsam
  • Herausgeber - Editeur
  • Keuschheit
  • Kühler
  • lieben
  • Prüfung (an der Schoul)
  • Scheibenwischer - Wischer (mee mir wëschen dach!)
  • Seehund - Mierhond? (die See ass jo net der See...)
  • Seelsorger
  • Staatswerdung
  • Stellungnahme - Positioun (huelen)
  • Tatsache (Tat = Dot) - Tatsaach
  • Wasserrückhaltebecken - Baseng, fir d'Waasser zeréckzehalen
  • Wasserspülung - Chasse
  • Weltanschauung

Kann ee mer hei weiderhëllefen? Merci an e schéinen Dag nach! R.D.

Chamberwale vs Chamberswale[Quelltext änneren]

Am Artikel André Hoffmann (Politiker) gouf "Chamberwale" duerch "Chamberswale" ersat. Ech géif do awer keen "s" schreiwen.--Fliedermaus 16:56, 18. Feb. 2011 (UTC)

Moien,

Et kritt och keen. Les Meloures 17:21, 18. Feb. 2011 (UTC)

PS. Dobäi ass et e Link gewiescht deen duerno rout amplaz blo war. Ass gefléckt. Les Meloures 17:26, 18. Feb. 2011 (UTC)

Moien,

Merci.--Fliedermaus 18:43, 18. Feb. 2011 (UTC)

Méizuel vu Gambit[Quelltext änneren]

Wat ass richteg:

  • Gambiten,
  • Gambiter,
  • Gambitten, oder
  • Gambitter?

Ech froe well mer eng Kategorie:Gambit hunn. D'Kategorië sollen awer am Plural stoen. Wee weess méi? --Pecalux 10:52, 21. Feb. 2011 (UTC)

Ech giff soen, "Gambiten", an zwar a) well <-en> d'Default-Pluralmorphem ass, a b) just mat engem 't', well d'Lemma englesch ausgeschwat gëtt, an esou seng Integritéit bestoe bleift (soss misst ee "Gämbitten" schreiwen, an dat wierkt e bësse barbaresch... --Zinneke 22:51, 1. Mäe. 2011 (UTC)

Leinwand[Quelltext änneren]

Dës Diskussioun gouf vum Benotzer Christian Ries senger Diskussiounssäit heihinnergetässelt fir datt mer och nach aner Meenungen dozou héieren.


Moien, Ech fannen a kengem lëtzebuergeschen Dictionnaire den Ausdrock Leinwand. Se soen Ecran, Schierm, a Bildschierm. Projektiounsschierm wier vläicht als lëtzebuergeschen Ausdrock net sou schlecht. Et kéint een dat Ganzt natierlech och op der Wiki op dëser Säit zur Diskussioun stellen. Schonn aleng wéinst engem zukünftege Lemma géif ech dat net schlecht fannen. Wat mengs du dozou? Les Meloures 09:09, 11. Mäe. 2011 (UTC)

Moien, a menger Beruffscarrière , hu mir vill mat deem Geschir geschafft, mit hunn et ëmmer Projektiounswand genannt. --Pepe 09:45, 11. Mäe. 2011 (UTC)
Gudde Mëtteg, dee Begrëff fënnt ee 7 Mol op der lb-Wiki: http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spezial%3ASichen&search=Leinwand. Dir kënnt dee gären änneren, mä et ass op kee Fall e Bildschierm. Schéine WE, --Christian Ries 14:50, 11. Mäe. 2011 (UTC)
Remoien,
Da steet en och do vläicht allkéiers falsch. Dat hei ass dat wat ons däitsch Noperen ënner Leinwand verstinn. Vläicht seet dat genuch firwat deen Ausdrock net grad glécklech ass.
Datt et siwemol op der lb:Wiki steet (dovunner eng Kéier an engem däitschen Text, dat ass jo ok), ass jo och net onbedingt eng Referenz datt et richteg soll sinn.
Ech transportéieren dat Ganzt emol op déi betreffend Diskussiounssäit -- Les Meloures 15:36, 11. Mäe. 2011 (UTC)
Hei dat ass witzeg. An der Zäit vun deene penibelen Diasowenden ass dach ëmmer d'Leinwand opgeriicht ginn - mam Projecteur um Streckbried. Do hu mir gemengt een däitscht Wuert ze benotzen, sou wéi si eppes "Handy" nennen, a mengen dat wier englesch, a sech da wonneren dass puritanesch Amerikaner bei dem Wuert genéiert grinsen... --Jwh 19:13, 11. Mäe. 2011 (UTC)

Wag(g)on[Quelltext änneren]

De Benotzer 78.141.128.88 huet proposéiert mir sollte Waggon mat zwéi "g" schreiwen. Ech sinn dofir, well den a jo net laang ausgeschwat gëtt an well dës Schreifweis am LOD.lu ass. Wat ass awer Är Meenung dozou? --Soued031 (Diskussioun) 18:36, 11. Jul. 2012 (UTC)

Moien, de Luxdico akzeptéiert déi zwou Schreifweisen, den DLW nëmme Wagon, de Spellchecker awer dofir nëmme Waggon, mä wann den Hellege LOD et seet da sollte mir eis och u seng Geboter halen a vun Zäit zu Zäit kucken ob en net seng Meenung geännert huet... --Jwh (Diskussioun) 12:42, 1. Sep. 2012 (UTC)

Staubsauger[Quelltext änneren]

Ass Stëbssuckler e geleefegen Ausdrock oder ass Staubsauger méi geleefeg? --Pecalux (Diskussioun) 16:47, 2. Dez. 2012 (UTC)

Béides gëtt benotzt ech wäert nodeems ech den Artikel fäerdeg hunn dann den däitsche Pendant bäiflécken. --Soued031 (Diskussioun) 17:08, 2. Dez. 2012 (UTC)
Ech denken och dat di zwee Wierder gebraucht ginn, wahrscheinlech ass Staubsauger méi geleefeg, mä Stëbssuckler ass méi schéin. --MMFE (Diskussioun) 19:06, 2. Dez. 2012 (UTC)
Ech sinn der selwechter Meenung wéi de MMFE, wann ee Feeler fënnt am Artikel oder den Opbau vun engem Saz verbessere wëll deen ass wëllkomm ;) --Soued031 (Diskussioun) 19:14, 2. Dez. 2012 (UTC)
Moien, also ech muss soen datt ech bis lo nach nie "Stëbssuckler" héiren a sécher och nach nie gelies hat. Mä kuck hei, de LOD, deen awer och de Staubsauger kennt, schreift och vun esou eppes nennt et awer Stëbssuckeler - misst da lo nees zréckgeréckelt ginn? Stëbsmaschinn as do awer net bekannt.
E puer Leit gefrot no engem Stëbssuck(e)ler, hunn alleguerte Raute gewénkt a sech duerno méi mat dem zweeten Deel vum Wuert befaasst.
Mä, fir datt e benotzt gëtt, muss ech den Apparat (leider) souwiesou aspirateur nennen. --Jwh (Diskussioun) 21:50, 6. Dez. 2012 (UTC)
Stëbssuckler gëtt et, mee Leit déi Wierder wéi "süss" oder "lecker" am Gebrauch hu wäerten et wuel net kennen, et muss een also kucke bei weem een d'Ëmfro mécht))) --Otets 10:40, 7. Dez. 2012 (UTC)
Also meng Generatioun ass net sou kewl. Den Owend vu menger Ëmfro hu mir och béis iwwer den Dësch niewendru gelästert, wou ee gemengt huet säi Gigondas wier lecker, mir sinn eis eens ginn datt dat sécher en Adepte vum Beaujolais nouveau wier ;-) --Jwh (Diskussioun) 11:02, 7. Dez. 2012 (UTC)
Nodeems ech vun engem Stëbsmaschinn gesot krut + an engem Dictionnaire fonnt hunn dee vun Actioun Lëtzebuergesch ( http://laurenzo541.chez-alice.fr/dictionnaire_fr-lu.pdf , ob dat wuel erlaabt ass mam Fichier.... keng Anung) gemaach gouf, hunn ech dat Wuert bäigesat. Dat mam Stëbssuck"e"ler, ... hum et ass a mengen Aen méi schwéier et sou auszeschwätzen + de LOD.lu kennt zum Beispill och "liddereg" an et brauch ee just den Audio nozelauschtere fir ze wësse wéi schwéier dat ze liesen ass. --Soued031 (Diskussioun) 15:43, 7. Dez. 2012 (UTC).

Gerät[Quelltext änneren]

Wéi kann een dësen Ausdrock op lëtzebuergesch iwwersetzen? --Pecalux (Diskussioun) 16:47, 2. Dez. 2012 (UTC)

Apparat? Hunn awer héieren et gëtt en Ënnerscheed tëscht Apparat a Gerät... --Soued031 (Diskussioun) 17:00, 2. Dez. 2012 (UTC)
Gerät ass effektiv kee gutt lëtzebuergesch Wuert. Apparat schéngt mer di beschten Alternativ ze sinn. Et ginn zwar Ënnerscheeder tëschent Gerät an Apparat, mä an dësem Fall spillen déi awer keng Roll. Maschinn wier och nach eng Alternativ, awer och net sou dat Gielt vum Ee.--MMFE (Diskussioun) 19:14, 2. Dez. 2012 (UTC)
An der Rei, dann applizéieren ech dat dann. --Soued031 (Diskussioun) 19:15, 2. Dez. 2012 (UTC)

Kategorie:Haushaltsapparater[Quelltext änneren]

Den Ausdrock Haushaltsapparater kléngt engem Matbenotzer zevill "däitsch". Dofir stellen ech en hei zur Diskussioun.

Mir hu mol e ganze Koup Wierder aus dem däitsche Sproochgebrauch iwwerholl. Ech denken lo direkt emol un "Auto", "Fernseh", "Tiefkühler", "Müll", "Autobunn", "Flieger", "Tastatur", "Steckdous", "Stecker", "Heizung", "Steierrad", "Atomzentral" asw.. Dass een "Haushalt" op lëtzebuergesch e "Stot" ass, ass gewëss. Fir awer an deem Zesummenhank en "Stootsapparat" z'erfanne sinn ech der Meenung dass et net d'Missioun vu Wikipedia ass fir nei Wierder ze schafen (déi kee Mënsch seet). --Pecalux (Diskussioun) 17:40, 6. Dez. 2012 (UTC)

Entschëllegt mech mä et heescht net datt well keen eppes mécht am Lëtzebuergeschen datt mir och näischt solle maachen. Wann d'Sprooch net evoluéieren "däerf", well hei geet et ëm "däerf", da ka se vu mir aus stierwen... Geet mir och lo kee soen datt Spaweck am Alldag benotzt gëtt fir Internet ze soen, well dat stëmmt sécher net. Dir sidd deenen déi mer verdanke kënnen datt d'lëtzebuergesch Sprooch evoluéiert. An dir hutt bewisen datt ee mam Lëtzebuergesche vill méi ufänke ka wéi déi meeschte Leit et behaapten. Ënnert eis zwee ech respektéieren enorm är Aarbecht, awer wann et ëm "Deutsche Wörter" fërdere geet, do sinn ech awer total dergéint, an dat seet iech en Auslänner. Wat ass dat nächst? D'Benotze vu Wierder wéi anstadt, stattfannen, bedronk an erfahren? De Les Meloures feelt mer wierklech, dee soll séier zréckkommen, well dee géif dat Wuert ouni Problem acceptéieren.Dat Wuert wier senger Meenung no just eng Zesummesetzung vu Stot an Apparat mat engem Rutschbuschtaf-s... --Soued031 (Diskussioun) 18:44, 6. Dez. 2012 (UTC)

Ech widderhuelen: Wikipedia ass eng Enzyklopedie an déi erfaasst Tatsaachen, also Begrëffer déi bestinn. Si huet NET d'Missioun fir d'lëtzebuergesch Sprooch auszebauen a weiderz'entwéckelen. Am Artikel Wikipedia:Wat Wikipedia net ass steet geschriwwen: Wikipedia erfënnt keng Theorien, si stellt Theorien duer. Et solle weder nei Theorien, Modeller oder Konzepter opgestallt ginn, nach nei Begrëffer etabléiert ginn. De But vum Enzyklopedieprojet ass d'Zesummestellung vum bekannte Wëssen. Iwwregens: Den LWB (Luxemburger Wörterbuch) kennt dës Wierder: Haushalt, Haushaltungsschoul, Haushältesch, Haushälterin an haushälteresch.
Iwwert de "Spaweck" ass scho stonnelaang diskutéiert ginn an déi Diskussioun flaamt och ëmmer nees op well och deen net allgemeng acceptéiert ass. --Pecalux (Diskussioun) 06:58, 7. Dez. 2012 (UTC)

Eigentlech hat d'Sprooch jo scho vill Zäit ze evoluéiren, Haushaltsapparate gouf et jo schonn en etlech Joren ier d'Kategorie hei opgemaacht gouf. A wa mir schonn derbäi sinn, da ka meng Stotshälterin, oder misst dat Stoterin sinn, sech och gläich ëm mäi Stotsgeschir këmmeren, woubäi ech mech awer muss froen ob Stotsgeschir net zevill zweedäiteg ass... De LOD nennt souwuel de Stot wéi den Haushalt. --Jwh (Diskussioun) 22:16, 6. Dez. 2012 (UTC)
Wann et just ëm de Stot eleng geet, dann ass dat Wuert ze preferéiren, mee bei zesummegesate Wierder gräife mer dacks op den Haushalts- zréck. Eng Alternativ kéint sinn, einfach vun "Apparater am Stot" ze schwätzen. De Lex Roth nennt den Tiefkühler iwwregends Frazer (edit: Fréiser ass richteg). A Müll ass Dreck. --Otets 10:46, 7. Dez. 2012 (UTC)
A wou kënnt deen dann un de Frazer? Den engleschen ee gëtt en a am Lëtzebuergeschen? Dat erklärt da vläit firwat mäi Fëscherkolleg (och keen vun der cooler Generatioun) vun engem Stiick schwëtzt, wann den Honger e plot. --Jwh (Diskussioun) 11:18, 7. Dez. 2012 (UTC)
Ech hunn et elo endlech erëmfonnt: Link. Et ass eng Verballhornung, esou wéi Rodrigues zur Seeche vun der rouder Geess gouf. Bon, ech perséinlech hunn dat Wuert ausser beim LR nach néierens héieren, mee et schéngt mer sympathesch, also kolportéieren ech dat emol)) --Otets 15:41, 7. Dez. 2012 (UTC)
Ëmmer interessant, Merci --Soued031 (Diskussioun) 15:54, 7. Dez. 2012 (UTC)
Am LWB mierkt een awer dat vill méi am Stotsartikel drasteet wéi am Auschnëtt Haushalt. De LOD.lu als Quell ginn ass heiansdo geféierlech, dat gouf sécher schonn eng Kéier hei besprach. Ech sinn der Meenung, datt wann een "Apparater am Stot" seet dat een och Stotsapparat ka soen, selwecht wéi mam "Numm vum Fichier" a "Fichiersnumm". Dat huet a mengen Aen näischt mat "Wierder erfannen" ze dinn, soss géife jo stänneg am Däitschen an an Lëtzebuergeschen Wierder erfonnt ginn. --Soued031 (Diskussioun) 15:30, 7. Dez. 2012 (UTC)
Mat deenen zesummegesatene Wierder ass dat esou eng Saach, et seet ee "séier", mee awer "Schnellzuch" a "Schnelldëppen". --Otets 16:02, 7. Dez. 2012 (UTC)
Jo an deem Fall kann ee just den "däitsch, lëtzebuergesche" Pendant huelen. Mee a mengem Exempel geet et ëm zwéi Substantiver. --Soued031 (Diskussioun) 16:13, 7. Dez. 2012 (UTC)


Gebühr[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi géif dir eng "Gebühr" op lëtzebuergesch soen (oder ëmschreiwen)? Am Kontext: Musekgruppe mussen eng kleng "Gebühr" bezuelen, éier si beim Kontest XY kënne matmaachen. --Bdx (Diskussioun) 10:01, 28. Feb. 2014 (UTC)


eng Tax --81.246.185.63 10:14, 28. Feb. 2014 (UTC)

Kallekpabeier[Quelltext änneren]

Hei leeft eng Diskussioun iwwer de Gebrauch vum Wuert. Diskussioun:Calquepabeier. Wann een duerch Zoufall weess wou dat Wuert als Kallekpabeier beluecht ass wier et flott fir dat hei matzedeelen.

--Les Meloures (Diskussioun) 09:59, 31. Dez. 2014 (UTC)

Falsch Fro: Wien huet d'Wuert Kallekpabeier nach ni héieren?--Bdx (Diskussioun) 11:55, 31. Dez. 2014 (UTC)

an/op/zu Inselen?[Quelltext änneren]

Moien, bei de Kategorien:

sinn ech net sécher, wéi et heesche soll: Politik an Tonga, Politik op Tonga, Politik zu Tonga? Gëtt et eng Regel, déi ech net kennen? Am Viraus, Merci. --Bdx (Diskussioun) 08:20, 4. Jul. 2015 (UTC)

Moien et ass "op" enger Insel (op Elba, op Gran Canaria). Ass déi Insel gläichzäiteg och e Land, kann ee soen "op" oder "an" (z.B. Barbados). Mee dacks ass d'Land an d'Insel net identesch, d.h. d'Land ass just en Deel vun enger Insel (z.B. Haiti, wat zesumme mat der Dominikanescher Republik op der Insel Hispaniola läit) oder et besteet aus méi wéi enger Insel (z:B. Vanuatu, Cap Verde, etc.). Beim leschte Fall dréit den Numm deem heiansdo scho Rechnung, andeems en an der Méizuel ass (d'Philippinen). Zu deem ginn et Inselen, déi de Suffix "-land" hunn, do seet een daan éischter "an", och wann et net en eegestännege Staat ass (a Grönland).
Well "Politik" mam Staat an net der geographescher Insel zesummenhänkt, wier ech dofir éischter fir "an"; woubäi bei Deckungsgläichheet och "op" richteg wier. "Zu" gëtt ëmmer mat Bezuch op eng Stad, ni op e Staat gebraucht (zu Roum, ma am Vatikan). Eenzeg Ausnam, an net déi mannst: Lëtzebuerg).
--Zinneke (Diskussioun) 13:41, 4. Jul. 2015 (UTC)

PS: Eng aner quokeleg Fro an deem Kontext sinn déi Länner wéi Maili, Niger, etc.: Ass et "A[n] Mali" oder "Am Mali"? An anere Wierder: Ass et "de Mali" oder einfach "Mali" (ouni Artikel)? Sou lues kréie mer hei eng Rubrik fir de Professer Schanen zesummen ;^) --Z.

Merci fir déi Erkläerung! Ech géif da bei den Inselstaaten och éischer bei "an" bleiwen. Wat déi aner Staate betrëfft, halen ech mech generell un déi Versioun, déi am heefegsten am ëffentleche lëtzebuergeschen Discours benotzt gëtt:
Woubäi et och hei deelweis zwou Variante ginn:
Ech hunn iwwregens den Artikel Kap Verde op Cap Vert geréckelt, wéi dat am Lëtzebuergesche gebräichlech ass.--Bdx (Diskussioun) 08:52, 6. Jul. 2015 (UTC)

Venezuelanesch vs Venezolanesch[Quelltext änneren]

Mir hunn d'Kategorien:

Op däitsch ass venezuelanisch net korrekt, et misst venezolanisch heeschent.
Hale mir venezuelanesch oder ännere mir op venezolanesch?
Oder réckele mir op zB d'Kategorie:Persounen aus Venezuela no Aktivitéit, en Doublon deen ech gemaach hunn well ech déi aner net gesinn hunn. Wa mir "Venezuelanesch" halen, da réckelen ech dës lescht Kat. --Bdx (Diskussioun) 10:19, 7. Jul. 2015 (UTC)

Ongresch[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Ech sinn haut an der Rubrik „Kierzlech Verstuerwener“ op en Artikel iwwer den Árpád Göncz gestouss, an deem steet, hie wäer ë. a. en ongresche Schrëftsteller gewiecht. Ech hu mech gewonnert iwwer dësen Adjektiv, dee jo wuel ungaresch heesche soll. „Ongresch“ fënnt een zwar 33 Mol op der Wiki, awer weder am Luxdico nach an de Dictionnairen op Infolux. Och am Artikel iwwer Ungarn steet ëmmer nëmmen „ungaresch“.

Wie weess hei méi driwwer? - Merci. --GilPe (Diskussioun) 03:08, 8. Okt. 2015 (UTC)

Moien,
Ech hu mech och schonn iwwer dat Wuert gewonnert, awer lies emol d'Diskussionssäit vun Ungarn, do steet eng kleng Erklärung. --MMFE (Diskussioun) 15:38, 8. Okt. 2015 (UTC)
Jo napot,
ech hat dat "verbrach" :-) Wéi uewendriwwer geschriwwen, gëtt dat alt als (vläicht liicht vereelzte a manner bekannte) Synonym vun "ungaresch" gebraucht.[1] Dofir, a well et mer iergendwéis vum Klang hier gutt gefält, hunn ech et heiansdo hei op der Wiki doruechter gebraucht. Falls méi Leit wieren, déi dat zevill "exotesch" fannen, hunn ech näischt dergéint, wann een et ëmännere géif. Mee wéi gesot: et ass e valabele Synonym, an ech perséinlech fannen, eis spuersam Energie wier aneschtwous besser agesat. --Zinneke (Diskussioun) 09:35, 9. Okt. 2015 (UTC)
OK, merci emol fir d'Erkläerung; den Artikel am Land hunn ech mëttlerweil och gelies. Ech hu mech duerno nach weider ëmfrot a waarden do awer nach op eng Äntwert. --GilPe (Diskussioun) 10:03, 9. Okt. 2015 (UTC)
Gudden Owend,
Ech hunn elo déi Erklärung kritt, déi ech gefrot hat: De Prof. Dr. Peter Gilles vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft
 op der uni.lu schreift mer dëst:
„'ongresch' oder och 'ongeresch' ass eng al Form fir 'ungaresch'. Dir fannt méi Informatiounen um LWB.
Effektiv entsprécht d'Form mat „o“ éischter dem lëtzebuergesche Lautsystem, wou jo vill al „u“en zu „o“ ofgesenkt goufen (vgl. 'ongär', 'Wonner', 'Hond'). 'Ongeren' kënnt z.B. am Tit Schroeder sengem 'De Scheffe vum ale Maart' vir: si ware Kinnek vu Béimen, vun Ongeren, vu Roum ‒ an esouguer Käser gin.
Ech huelen un, dass d'Wuert net méi vill am Gebrauch ass.“
Hie schreift och nach, datt si um Institut un enger Zort Service op Infolux schaffen, wou een esou Froe stelle kann a si da kucke fir eng Äntwert ze fannen. Dat kléngt dach net schlecht. --GilPe (Diskussioun) 18:12, 6. Nov. 2015 (UTC)
Merci GilPe fir d'Nofroen an un den Här Gilles fir d'Äntwert, absënns d'Informatioun iwwer de Renseignementsbüro-in-spe! Do sinn ech gespant. --Zinneke (Diskussioun) 21:57, 6. Nov. 2015 (UTC)

InfoDesk[Quelltext änneren]

Op infolux.uni.lu/infodesk kann een elo Froen iwwer d'Lëtzebuergescht aus de Beräicher Grammaire, Wuertschaz oder Sproochgeschicht stelle, wa mer hei net weider kommen... --GilPe (Diskussioun) 19:01, 24. Nov. 2015 (UTC)

Stoark! Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:23, 24. Nov. 2015 (UTC)

Stadtmagistrat[Quelltext änneren]

Mëtteg, Wie ka mer soe wéi mer den "Stadtmagistrat" zu der Zäit vun der Festung Lëtzebuerg nennen? --GilPe (Diskussioun) 16:59, 20. Dez. 2015 (UTC)

Dat ass dat wat mer haut de Gemengerot nennen. --81.242.182.246 17:07, 20. Dez. 2015 (UTC)
Merci --GilPe (Diskussioun) 17:09, 20. Dez. 2015 (UTC)
Fir historesch authentesch ze bleiwen kaan ee menger Meenung an deem Kontext och den Numm Stadmagistrat gebrauchen.

Egge?[Quelltext änneren]

Moien, nenen d'Bauere bei eis dat och sou? --Jwh (Diskussioun) 06:57, 8. Sep. 2016 (UTC)

Moien, dem LWB no wier dat eng Éig. --Zinneke (Diskussioun) 08:20, 8. Sep. 2016 (UTC)
Merci! Krut ech och lo gesot. Deemno wou nenne si se och Eet a Pater déi déi méi déif grouwen. --Jwh (Diskussioun) 09:55, 22. Sep. 2016 (UTC)
Pater, meeschtens Exepater oder Extepater gëtt fir de Fiederzant oder de Grubber gesot. --Les Meloures (Diskussioun) 10:03, 22. Sep. 2016 (UTC)


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. den Ausdrock am Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: "Een op ongresch brigelen."; cf. och d'Diskussioun:Strudel.