Wikipedia:Wëllkomm

Vu Wikipedia

Häerzlech Wëllkomm op der lëtzebuergescher Versioun vun der Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wat ass d'Wikipedia?[Quelltext änneren]

D'Wikipedia ass eng Enzyklopedie, déi net vun enger bezuelter Redaktioun, mä vu fräiwëllegen Auteure geschriwwe gëtt. Den Numm Wikipedia setzt sech zesummen aus Wiki, dem hawaiianesche Wuert fir „séier“, an Enzyklopedie. E Wiki ass eng Websäit, wou een d'Säite liicht an ouni technesch Virkenntnisser direkt am Browser ännere kann.

D'Lëtzebuergesch Wikipedia ass nëmmen eng vu ville Wikipediaen a ville verschiddene Sproochen. Mat 63.201 Artikele si mer fir eng kleng Sproochcommunautéit gutt dobäi; déi gréisst Wikipedia ass déi englesch, déi schonn iwwer 5,5 Milliounen Artikelen huet (Jan. 2018). Op Wikipedia:Sproochen gëtt et eng Lëscht vun alle Sproochen, an deenen d'Wikipedia existéiert.

Anescht wéi déi meescht Enzyklopedien ass d'Wikipedia fräi. Et gëtt si net nëmme gratis am Internet, mä jiddereen däerf den Inhalt kopéieren a weiderverbreeden, soulaang en d'Source ugëtt. Dofir suergt d'"Creative Commons by-sa"-Lizenz (bis 2008:GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun), ënner där d'Artikele geschriwwe ginn. Méi Informatioun iwwer Wikipedia

Wikipedia-Tour[Quelltext änneren]

Fir jiddereen deen direkt lassleeë wëll, gëtt et eise klengen Tour fir Lieser. Do gitt Dir gewuer, wéi een no engem Artikel sicht, wéi een an der Wikipedia navigéiert a wat déi ganz Linken op der Säit an uewe bedeiten. Zum Tour.

Auteur ginn[Quelltext änneren]

D'Wikipedia huet keng fest oder bezuelt Redaktioun, mä ass d'Wierk vu fräiwëllegen Auteuren. Jiddereen decidéiert fir sech, wéini, wéivill oder iwwer wat hie schreiwe wëll. Ob en Tippfeeler verbesseren, eng Säit periodesch à jour halen, oder zu engem belibege Sujet Artikelen ausbauen oder nei uleeën: fir jiddereen ass eppes dobäi. Fir hei matzeschaffen, braucht Dir keng Hëllefsmëttelen, an d'technesch Ufuerderunge si minimal. Wie méi iwwer d'Wikipedia an hir Funktiounsweis wësse wëll, kann e Bléck op d'Éischt Schrëtt geheien. Do gitt Dir am Detail gewuer, wéi een an der Wikipedia un Artikele schafft.


D'Charta vum Benevolat gouf de 5. Dezember 2014 och vun der Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch ënnerschriwwen. Dës Charta definéiert de Benevolat als e fräien an onentgeldlechen Engagement vu Persoune fir anerer oder fir d'Allgemengheet, deen an enger Struktur iwwer déi einfach Hëllefsbereetschaft eraus geet. De benevolen Engagement spillt eng wichteg Roll an der Zivilgesellschaft an ass komplementar zur bezuelter Aarbecht.

Uewe riets kann ee sech umellen, a sech e Benotzernumm ginn, deen da bei allen Aarbechten un den Artikele gespäichert gëtt. Et ass awer net obligatoresch sech unzemellen. Bis op e puer Ausnamen, z. B. Biller eroplueden, stinn all Funktioune vun der Wikipedia och Benotzer op, déi net ugemellt sinn. Méi Informatiounen.

An elo vill Spaass op der Wikipedia!