Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass

Vu Wikipedia

Op dëser Säit ziele mer déi Wierder op, deenen hir Schreifweis onkloer oder ëmstridden ass oder vun deene mer bis elo keng Iwwersetzung fonnt hunn. Hei geet et net drëm fir engem Artikelschreiwer eppes falsch oder richteg ze maachen. Et soll einfach eng Sammlung vun deene Wierder sinn. Kuckt och an eis Verbesserungslëscht, wou déi Wierder stinn, bei deene sech tëscht e puer absolut richtegen Alternative sech fir eng decidéiert gouf déi am beschten ass.

Asteroid oder Asteroïde[Quelltext änneren]

  • Den DFL huet keng Iwwersetzung.
  • D'Grammaire de la langue luxembourgeoise betruecht den oi als Ëmlaut a seet e kéim nëmmen a Moien oder moies vir. Säit 18.

(LOD) Et ass Asteroid. --Cornischong 00:32, 12 November 2006 (UTC)

Bauwerk / Ouvrage[Quelltext änneren]

  • Den DFL gëtt als Iwwersetzung: Bauwierk. Säit 417.

(LOD) Bauwierk

Bensin, Benzin[Quelltext änneren]

  • Den DLW hält zwou Schreifweise gutt: Bensin oder Benzin. Säit 58.
  • Den DFL gëtt nëmmen eng Schreifweis un: Benzin. Säit 225.
  • Eis Sprooch richteg schreiwen vum Josy Braun: Benzin Säit 82 vun der 12. Oplo

(LOD) Bensinn

Empfehlung oder Recommandatioun[Quelltext änneren]

  • Den DFL gëtt Recommandatioun un. Säit 486.
  • Den DLW gëtt och "Recommandatioun" un. Säit 97.

(LOD) Empfielung oder Recommandatioun

Wees oder Weess?[Quelltext änneren]

  • Weesekand / Weessemiel

(LOD) Weesekand
(LOD) Weess / Weessekär

Chef - Chefen oder Cheffen[Quelltext änneren]

  • Den DLW gëtt Chef - Chefen un
  • Den DFL awer Chef - Cheffen.

(LOD) Chef - Cheffe(n)

DLW oder DFL[Quelltext änneren]

Mir stelle fest dass et e puer (oder vläicht esouguer méi) Wierder ginn déi am DLW anescht geschriwwe gi wéi am DFL. Den DLW huet als Editiounsdatum d'Joer 2003, den DFL d'Joer 2006. Kann et sinn dass am DFL, dee jo méi spéit erauskoum, scho verschidde Feeler riicht gebéit goufen? An deem Fall wier den DFL méi korrekt wéi den DLW. Dat freet sech de Pecalux 10:12, 2 Mee 2007 (UTC)

Prëssessioun oder Pressessioun[Quelltext änneren]

Gudde moien:

Den DFL gëtt entweder Pressessioun oni Treema a Prëssioun un. Les Meloures 12:35, 2 Mee 2007 (UTC)

DLW: Prëssessioun (mat Treema) a Prëssioun. --Pecalux 12:25, 2 Mee 2007 (UTC)

Nom LOD ass déi nei Schreifweis ouni Treema, esouwuel bei der Pressessioun wéi bei der Variant Pressioun. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 18:55, 23. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

INFO[Quelltext änneren]

Gudde Moien

Ech hunn emol bei dem Editeur nogefrot duerch wat déi Ënnescheeder ze erkläre sinn, a warde gespaant op d'Äntwert. Les Meloures 13:19, 2 Mee 2007 (UTC)


dat ass jo nawell interessant, mat all deem Gewuerschtels an den Dictionnairen, halen ech mech strikt un de Spellchecker vum Här Lulling aus dem Joer 2000. Dir fannt deen um

Site www.crpgl.lu/cortina Wat ass eigentlech aus dem Här Lulling ginn? An ech hunn och ni verstanen, firwat dee Projet Cortina ofgebrach ginn ass.


Stroph oder Strof[Quelltext änneren]

Den DFL seet Stroph. Wat soen déi aner.? Les Meloures 21:06, 10 Juli 2007 (UTC)

Den DLW seet Strof. Dann emol op Lëtzebuergesch. Wat sinn do mam DLW a mam DFL Vollidioten um Wierk!! Déi selwecht Leit gierksen zwee Wierderbicher banne kuerzer Zäit aus dem Krapp, déi sech a ville Fäll widderspriechen. Wat en aarmséilege Kreemchen! Wat stellt sech d' "Redaktioun: Liette Derrmann-Loutsch" an d'Korrektur: Nancy Petry an Fernand Haupert" fir se mol mam Numm ze nennen, nëmme vir? Hate mer net schonns genuch Folkloristesches an der Geschicht vun der Schreiweis vum Lëtzebuergesche materlieft? --Cornischong 21:17, 10 Juli 2007 (UTC)

Ech hu weder nach, giff awer aus pragmatesche Grënn proposéieren, d'"Stroph" fir de Begrëff aus der Lyrik an d' "Strof" fir déi Béis ze reservéieren. --Zinneke 21:37, 10 Juli 2007 (UTC)

(LOD) Stroph (die Strophe)
(LOD) Strof (die Strafe)

Schäinbar oder scheinbar[Quelltext änneren]

Am DLW gëtt et nëmme "scheinbar". Domat ass warscheinlech gemengt: et schéngt wéi wann ...

Bei eis gëtt den Ausdrock dacks an der Astronomie gebraucht: "Schäinbar Hellegkeet". Dat wëlt awer net soen: " et schéngt e wier helleg " mee et beschreift d'Stäerkt vun enger Liichtquell, sou wéi se vun der Äerd ze gesinn ass. An deem Fall schéngt et eent vun deene Wieder op "...bar" ze sinn, déi et am lëtzebuergeschen net gëtt.

Meng Froen: Gëtt et den Ausdrock ee Mol als "scheinbar" an eng zweete Kéier als "schäinbar" oder ass et eent an dat selwecht? Wann et dat selwecht ass, wéi gëtt et da geschriwwen, mat "e" oder mat "ä"? Wat mengen d'Spezialisten? --Pecalux 07:57, 12 Juli 2007 (UTC)

Salut,
Ech hat schonns Gespréicher met dem Asronom iwwer de quokeleg Ausdréck déi heiansdo an deenen Artikele virkommen. Et ass guer net sou einfach fir do ëmmer dat richtegt Wuert oder souguer eng perfekt Ëmschreiwung ze fannen. Perséinlech géif mir och scheinbar besser virkomme wéi schäinbar. Ech sinn do der Meenung datt et besser ass e Wuert ze gebrauchen wat vläicht méi tranmuselanesch kléngt oder méi aus dem franséische kënnt, wéi ee verkrëppelt Lëtzebuergesch. A wëssenschaftlechen oder technesche Wierder si mer ganz schwaach op der Broscht. Wa bei sou Wierder een eng gutt Léisung huet ass se ëmmer wëllkom. Mer si jo hei op der Wikipedia, an dat ass jo eng Enziklopedie déi d'Chance huet fir méi séier mat der Sprooch weider ze goen wéi d'Bicher. Ech soen dat well ech déi Ausso vun engem Responsable gemaach krut vun der Redaktioun DLW an DLF deen ech op d'Differenzen an den zwee Bicher ugesprach hat. Hei hannendrun déi kopéiert Versioun:
dat kënnt doduerch, datt d'Lëtzebuerger Sprooch sech permanent weiderentwéckelt (cf. par ex. "Eis Sprooch richteg schreiwen" de Josy Braun). Ausserdeem ass deen däitschen Dictionnaire 2003 rauskomm an dee franséischen 2006. An deenen 3 Jar hu scho rëm verschidde Saache geännert.
Mir hunn op der Wikipedia d'Chance, fir dat vill méi séier ze änneren, oni sech awer a Fantastereien ze verrennen. Wa Leit bei deenen en deier Bicher keeft sou Änerunge maachen, oni mol eng Referenz op eng eeler Editioun unzeginn, a firwat dat geännert gouf, da fillt ee sech e bësselchen am Portemonni bedrunn. Hei op der Wiki ass dat gratis an de Volet vun de Leit déi matschaffen an hir Meenung soen ass méi grouss.
Dofir: Kommt mir profitéieren dervun daat déi Lëtzebuergesch Wiki eng Referenz ka fir jidderee ginn op d'Manéier vum Martin Luther King , I have a dream. Les Meloures 12:41, 12 Juli 2007 (UTC)

Eng kloer Nuecht, d'Stäre blénken, d'Ae fonkelen ...

De wëssenschaftlechen Numm fir eis "Hellegkeet" ass Magnitude (m) ([1] [2]). Wann déi eng Magnitude absolut ass, ass déi aner gäre relativ. Duerfir proposéieren ech Relativ Magnitude an Absolut Magnitude. Et ass zwar soss doruechter bal (hei z.B. net) ëmmer nëmme vun Apparent magnitude/Magnitude apparente Rieds, mee ech géif mengen dat wier nach weider net esou schlëmm. Wat mengt eise Mann vum Fach? A jo Les Meloures, a 50 Joer schwätze mer da vläischt scho vun der relativer Magnitéit ;-) Kuck emol hei [3], déi zweetlescht Säit misst dech interesséieren.

--Kaffi 21:58, 15 Juli 2007 (UTC)

(LOD) scheinbar

Geodesie oder Geodäsie[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

A menge gescheite Bichië fannen ech näischt doriwwer. Weess e méi.  ? Les Meloures 18:54, 15 Juli 2007 (UTC)

Equator vs Äquator[Quelltext änneren]

"Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator" Dee Saz liesen ech am Lännerartikel. Tjo, dat kéint engem aliichte wann et net esou "komesch" wier. Den DLW hält sech aus deeër Saach, wéi et ausgesäit, eraus. Den LOD gëtt kloer "dës Insel läit um Äquator" un. A mär si schlecht drun. --Cornischong 10:46, 3. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Den DFL seet Equator.
Wat schonns komesch ass dat eng Kéeir d' Äen als E geschriwwe solle ginn an eng aner kéeier net. Bsp: Ethiopien, Egypten.
Dobäi ass bei deenen Dictionnären wéi et schéngt dach iwwerall déi selwecht Commissioun zoustänneg.

Les Meloures 11:19, 3. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

dem LOD no ass et Ägypten an Äthiopien; hei op der Wiki si mer eis nach net eens…


Departement: M oder S?[Quelltext änneren]

Den DFL seet M/S

Den Online seet S

Wat soen déi aner?

Les Meloures 07:41, 12. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Deen (oder dat) Problem besteet bei relativ ville Substantiver, déi an däitscher Sprooch "sächlech" an a franséischer Sprooch "männlech" sinn. --Pecalux 08:13, 12. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

(LOD) Neutrum (en Departement)


Bezirk / Bezierk[Quelltext änneren]

Moien an 59 Artikelen hu mer Bezierk stoen, a verschiddene schonns méi wéi zwee Joer laang.

An 10 Stéck hu mer Bezirk stoen.

A 5 Stéck steet Beziirk

Den DFL seet Bezierk.

Wat soll op wat geännert ginn? Les Meloures 19:28, 18. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech giff soen dann op Bezierk --Alexandra 13:17, 20. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

(LOD) Bezierk

Famill / Familljen[Quelltext änneren]

Den DFL seet Famill an der Eenzuel, a Famillen oder Familljen an der Méizuel.

Wat soen aner Bicher. Les Meloures 09:14, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Ech hunn dat selwescht am 6000 Wierder:

Den DLW an d'Wörterbuch kenne se natierlech allenzwee: eng Famill oder eng Familljen; an hir Méizuel: vill Famillen oder vill Familljen. --Cornischong 14:19, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Merci Les Meloures 14:23, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

(LOD) Famille(n) oder Famillje(n)

Adler / Aadler[Quelltext änneren]

Den DFL schreift Adler.

Vü datt den A laang ausgeschwaat gëtt misst no der Zweekonsonanntereegel d'Wuert mat engem duebelen A geschriwwe ginn, esou wéi bei Aarbecht. Oder verstinn ech do eppes falsch. Les Meloures 08:42, 8. Mäe 2008 (UTC)

Der Theorie no misst du Recht hunn. Ech hunn am 6000 Wierder awer och Adler mat engem A stoen. --Alexandra 09:08, 8. Mäe 2008 (UTC)

(LOD) Aadler (Variant Adler)


de selwechten / deeselwechten ---- dem selwechten/deemselwechten[Quelltext änneren]

Den DFL gëtt déi zwou Méiglechkeeten un. Wat soen déi aner? Les Meloures 21:26, 8. Mäe 2008 (UTC)

Ech hunn deeselweschten am 6000 Wierder --Alexandra 07:56, 9. Mäe 2008 (UTC)

(LOD) dee selwechten


Cube - Zoppecube - Küb[Quelltext änneren]

Moien,

Den DFL gëtt fir den Zoppecube dat heite Beispill un: dissoudre un cube de bouillon dans l'eau = e Cube am Wasser opléisen.

Soss iwwersetz e Cube mat Wierfel a mat Cube.

D'Grammaire de la Langue Luxembourgeoise (Editioun 2005) seet op Säit 6: ö et ü n'existent que dans des mots empruntés à l'allemand.


Wat soen déi aner gescheit Bicher. Les Meloures 07:46, 18. Abr 2008 (UTC)

Ech weess net, wat an der Bibel doriwwer steet, mee dat, wat den DLW ugëtt, kënnt mer allerhand "praxisno" vir. Dat ass Küb. Datt den "ü" nëmmen a Wierder aus dem Däitsche virkënnt, dovu kënne mer eis scho beim Wuert "Flütt" eng Iddi maachen. Dat däitsch Wuert Broschüre kënnt iwwregens aus dem Franséischen, an eist Wuert Broschür och. --Cornischong 08:39, 18. Abr 2008 (UTC)

Am LOD steet kee "Cube" dran a beim "K" sinn se nach net ukomm. --Fliedermaus 08:53, 18. Abr 2008 (UTC)

Merci fir d'Äntwert a fir bei der Saach ze bleiwen: Wat maache mer heimadder? Cube.


En typeschen Dag op der Lëtzwiki: Deen eenzegen, deen e Saz an en Artikel bäigeschriwwen huet, war eisen treie Mataarbechter den 88.207.200.82. , deen eis verréit, datt den Jimi "doweinst zum Klub 27" gehéiert. Wou bleift de Pecalux mat senge Pefferkären; wou bleiwen d'Gemengen, d'Provënzen, d'Kategoriesännerungen, d'Kantonen, d'Këschten an d'Stamminetstutereien?? freet sech de --Cornischong 09:12, 18. Abr 2008 (UTC)
Gudde Moien. Beim Cube, Küb, .... hunn ech näischt fond bis op dat selwescht an der Grammaire de la Langue Luxembourgeoise. A mat de Gemengen, Provënzen, Kategoriesännerungen, Kantonen, Këschten ... asw fueren ech gläich weider. Et war nach e besse fréi de Moien..... --Alexandra 09:36, 18. Abr 2008 (UTC)


Merci fir d'Äntwert a fir bei der Saach ze bleiwen: Wat maache mer heimadder? Cube.

http://lb.wikipedia.org/wiki/Spezial:Rezent_%C3%84nnerungen Rezent Ännerungen

Ech gesinn datt ons Direktioun sech Suerge mécht iwwer Kantonen, Kategorien a.s.w. Fir se ze berouegen verspriechen der Direktioun héich an helleg datt ech mech direkt derhannert setzen a kucke fir déi Kantonen sou séier wéi méiglech fäerdeg ze kréien. An d'Arrondissementer och. Duerno kommen dann nach d'Artikelen iwwer déi franséisch Departementer, an déi belsch Gemengen. Ech hoffen an 3 Méint fäerdeg ze sinn. Wann dat ze laang soll dueren, bieden ech ons Direktioun mer en aneren Timing ze proposéieren. Ech hat och wëlles mer e puer Deeg onbezuelte Congé unzefroen, a wëll heimadder ufroen ob ons Direktioun do eng Méiglechkeet gesäit. Les Meloures 09:40, 18. Abr 2008 (UTC)
Gutt, wa mer lo nach ee fannen, dee sech ëm déi 583.467 mexikanesch Haciendas këmmert, si mer fir déi nächst 3 Méint beschäftegt. A wéi ass et mat de Stären? Do bleiwen nach e puer Milliarden! --Cornischong 10:03, 18. Abr 2008 (UTC)


Dat soll der Direktioun hir Suerg bleiwen. Les Meloures 10:16, 18. Abr 2008 (UTC)

(LOD) Küb fir Suppenwürfel an och fir Würfel, Kubus mat der Variant Cube


Stärchen contra Stäerchen[Quelltext änneren]

Den DFL seet Stäerchen. Wat soen déi aner ? Les Meloures 12:17, 19. Abr 2008 (UTC)

(LOD) Stärchen

Beweegung oder Bewegung[Quelltext änneren]

Moien,

Den DFL seet Bewegung. Virun e puer Wochen hate mer déi Diskussioun schonns eng Kéier wann ech mech gutt erënneren. Wéi wir et wa mer op dëser Säit géifen eng Tabell uleeën vun deene Wierder déi mer an der verschiddenen Dictionnaire mat verschiddene Schreifweise fannen, dat brauche mer net hei driwwer ze diskutéire wat richteg ass. Mer wäerte jo hoffentlech bei der iwweriwwernächster Regierung e Kulturminister fannen deen amstand ass eng ordentlech Dictionnairskommissioun an d'Welt setzt déi dann endlech en offiziellen Dictionnaire op d'Schinn bréngt. Les Meloures 21:40, 24. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Den DLW seet och Bewegung. Dat ass eng Ausnam, fir kee mat engem par rapport zum Däitschen ongewinntene Schrëftbild ze verkuebelen. Datt Ausname per se och kënne verkuebelen ass natierlech och wouer. Déi ideal Léisung gëtt et also net, d'Sproochecomissioun huet sech ebe fir déi doten aus dem DLW decidéiert (den DLW gouf schliisslech vun der Sproochecomissioun opgesat).

--Otets00:08, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

(LOD) Beweegung

"den DLW gouf schliisslech vun der Sproochecomissioun opgesat"[Quelltext änneren]

Bei de sëllege falsche Behaaptungen, déi a leschter Zäit aus deem Nascht koumen, fält déi kaum op. Déi hei sougenannte "Sproochekommissioun", de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise huet iwwerhaapt näischt mam Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch (neen, dat kritt kee Bindestréch, wéi et am Lëtzebuergesch Dictionnairen steet) ze dinn.
Fir déi aner falsch Behaaptungen, déi mat de Billerlizenzen ze dinn hunn, musse mer eis nach ganz e bësselche gedëllegen. Da wäerten eis sougenannte Lizenzefachleit erkläert kréien, wéi dat esou mat den sa an den nc-Saachen ass. Souguer déi, déi hei Sätz vu sech ginn hu wéi "Massiv géint elementarste Reegele vun der Wiki ze verstoussen ass kee Kannerspill méi" wäerten d'Méiglechkeet gebuede kréien, d'Lizenzreegelen ze verstoen. --Cornischong 07:13, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Dass ausgerechent en Iertum op enger Diskussiounssäit, deen emol näischt direkt mat engem Artikel ze dinn huet, et mat sech bréngt, dass no iwwer zwou an engeer halwer Woche mer neess eppes vun der ze héiere kritt, ass schonns e bësse verwonnerlech, mee bon: schéin, emol nees vun der ze héieren!
Dass de CPLL eenzeg an eleng um LOD schafft, an näischt mat deenen aneren Dictionnairen ze dinn huet, ass natierlech richteg. A wann "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" kee Bindestréch kritt, da wier et méi einfach, dat op deer Säit, déi s de zitéiers, ze verbesseren.
Wat der Rescht vun dengem Commentaire ugeet, sou plënneren ech eng Copie op de Stamminet, well dat hei net d'Plaz dofir ass.
--Zinneke 08:02, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

"ass schonns e bësse verwonnerlech": Tjo, och am Zäitalter vun den Emaile kann et virkommen, datt Gedold ubruecht ass. Eng Kopie op de Stamminet ze setzen, hunn ech an dësem Fall net néideg fonnt, well et souwisou nach zu Texter op där Säit wäert kommen. Fir déi, deenen dat ze laang dauert: Liest emol d'Texter iwwer de Gebrauch vu Billerlizenzen op de Wikipediaen duerch; da brauche mer eis vun Hitterchesspiller keng Männercher méi virmaachen ze loossen. --Cornischong 08:23, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Dat heiten ass am DFL ze liesen:

Thumb
Thumb
Stëmmt, hat ech verwiesselt, am DLW steet och just "Dabei wurde die Schreibweise verwendet, die durch das Règlement ministériel vom 31. Juli 1999 Vorschrift geworden ist, und durch zusätzliche Änderungen vervollständigt, die letzte Beschlüsse des Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise festgesetzt haben." --Otets11:40, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

De LOD gëtt vum "Dictionnairesgrupp fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch" (en Aarbechtsgrupp vum CPLL) ausgeschafft. Am Artikel 24 vum Gesetz iwwer Reorganisatioun vun de Kultutinstituter (Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat) steet: Il est créé auprès du Centre national de littérature un Conseil permanent de la langue luxembourgeoise qui a pour missions l'étude, la description et la diffusion de la langue luxembourgeoise. Il coordonne les travaux d'élaboration de dictionnaires du luxembourgeois. De LOD huet domat, esouwäit ech dat gesinn, eng gesetzlech Basis, déi aner lëtzebuergesch Dictionnairen net hunn. Wann e Wuert (schonns) am LOD ze fannen ass, soll een sech, menger Meenung no, un deem seng Schreifweis halen. --Fliedermaus 10:11, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Jo en huet wuel eng gesetzlech Basis, déi huet e Projet de Loi och, just datt en däi Zäit wou dru geschafft gëtt et kee Gesetz oder Reglement ass.
Richteg legaliséiert kann en awer nëmme ginn wann e fäerdeg ass, an e Ministerreglement oder e groussherzoglecht Reglement, den LOD an där Form festhällt. Bis dohinner wäert nach vill Waasser d'Musel erofglaf sinn. Les Meloures 11:16, 25. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Théi oder Téi?[Quelltext änneren]

nom däitsche Virbild ouni H oder nom "klassesche" mat H? --Zinneke 22:43, 28. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Den DFL an de Josy Braun soen Téi Les Meloures 23:11, 28. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

(LOD) Téi

Fléissend Waasser contra fléisse Waasser[Quelltext änneren]

Am Lëtzebuergesche gëtt et "am Fong" kee Participe présent (méi), eng al Form iwwerlieft an e puer festen Ausdréck wéi "kache Waasser" oder "fléisse Waasser", "laaches Monns", "stoes Fouss", "eng bleiwe Plaz", asw. (cf.: Robert Bruch: Précis populaire de grammaire luxembourgeoise/Luxemburger Grammatik in volkstümlichem Abriss; 3. Oplo, Luxemburg 1973, S. 78f.).

--Zinneke 10:16, 20. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wéi soll et och anescht sinn? Mer sinn dann erëm am Clinch mat dem DFL. Dee schreift op Säit 187: l'eau courante = d'fléissend Wasser. Les Meloures 20:58, 5. Okt 2008 (UTC)
Rebelotte :-)
D'Grammaire de la langue luxembourgeoise schreift Säit 15:
LE PARTICIPE PRÉSENT (PARTICIPE I)
Il n'existe presque pas en luxembourgeois, sauf pour quelques expressions:
kache Waasser    fléissend Waaaser    stoes Fouss    laaches Monds.
Ze bemierken ass dobäi dann och datt dem Bruch säi Monns an e Monds geännert gouf.
Les Meloures 14:16, 8. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Kategorie:Choreografen oder Kategorie:Choreographen?[Quelltext änneren]

Ech hu leider néierens direkt fonnt ob mir am lëtzebuergeschen elo oc h wéi am däitschen iwwerall ph duerch f ersetzen? --Robby 11:47, 19. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,
Den DFL gëtt déi zwou Méiglechkeeten un. Mer halen d'Choreographen, cf [Schanen / Lulling Säit 45].
Les Meloures 12:25, 19. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

LOD seet Choreograf mat Variant Choreograph; hei op der Wiki hate mer Choreograph festgehalen

Palestina oder Kategorie:Palästina?[Quelltext änneren]

Salut mir hunn dës 2 Schreifweisen woubäi ech eng Preferenz fir déi éischt hunn. Mee wie wees wat méi richteg ass? --Robby 22:41, 6. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

eigentlech hunn ech déi Preferenz och, den DFL deen iwwerall deen e virzitt wéi Pedagog amplaz Pädagog, President amplaz Präsident, Premisse amplaz Prämisse, mécht do d'Ausnahm a seet Palästina.

Dat ass fir de Moment dat eenzegt Iwwersetzungsbuch dat ech zur Hand hunn.

Les Meloures 06:29, 7. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

P.S. Den LOD ass leider eréischt beim H ukomm. Ech proposéieren datt mer ons fir den Ament un den DFL halen ausser et gëtt an engem aneren Iwwersetzungsbuch d'Variant Palestina.

Les Meloures 06:56, 7. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

woubäi de spellchecker.lu mengt et wier Pädagog, mee Palestina a bei President / Präsident gefält him béides...--78.141.150.8 09:08, 7. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

(LOD) Palästina; hei op der Wiki hu mer quasi just Palestina

President vs Präsident[Quelltext änneren]

Am Henri Rinnen sengem DFL vun 1988 ass dat franséischt Wuert "président" mat "President" an och mat "Präsident" op Lëtzebuergesch iwwersat. Huet een e méi rezenten Dictionnaire fir dat nozekucken? Wann näischt dergéint schwätzt, maachen ech d'Propose fir am lëtzebuergeschen Text eenheetlech "President" ze schreiwen. "President" hunn ech iwwregens 1277 mol an der lb-Wikipedia font a "Präsident" nëmmen 8 mol, wobäi "Präsident" 6 mol an engem däitschen Text steet.--Fliedermaus 13:43, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Den DFL vun 2006 seet President, de Luxdico kennt en net, iwwersetzt awer présider mat presidéieren. Den LOD ass nach net sou wäit komm.
Les Meloures 14:22, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

"President", esou gëtt et jo och ausgeschwat. --Zinneke 16:44, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Äntwerten. Et bleift also bei "President". Am eenzegen Artikel wou am lëtzebuergeschen Text nach e "Präsident" stung, hunn ech dësen duerch "President" ersat.--Fliedermaus 17:00, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

(LOD) President, mat Variant Präsident


Notaire vs Notär[Quelltext änneren]

Salut,

Den DFL gëtt Notaire un, de Luxdico Notär. Mer missten ons dann eens gi weem mer d'Virléift ginn. Les Meloures 19:05, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

P.s.

D'Kategorien heeschen allerdéngs och Notären. Perséinlech hunn ech eng Virléift fir déi franséisch Endung. Wa mer ons sollte fir déi décidéieren sinn ech bereet d'Ännerungen ze maachen. Mer hu bei ganz villen esou Ausdréck déi franséisch Endung. wéi Commissaire, Fonctionnaire a.s.w

Les Meloures 19:16, 22. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

An de leschten Artikelen hat ech "Notaire" geschriwwen, hunn awer duerno wéinst dem Numm vun der Kategorie dat an "Notär" ëmgeännert. Obschon ech dat selwer net ëmmer respektéiert hunn, schéngt et mir déi beschte Léisung ze si fir bei enger franséischer Endung "-aire" déi am Lëtzebuergeschen z'iwwerhuelen. Am LOD ginn et déi "lëtzebuergesch" Wieder "Commissaire" a "Fonctionnaire" och nëmme mat der Endung "-aire". Beim "Not..." sinn se am LOD nach net ukomm.

Huet soss nach een eng Meenung zu deem Thema?

--Fliedermaus 08:39, 23. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, manner eng Meenung, wéi e Verweis op d'Orthographiereegelen vu lexikaleschen Transferenzen aus anere Sproochen (CPLL: 2045 5a): "am Prinzip [soll een] de frieme Wierder och déi Schreifweis loossen déi se vun doheem aus hunn". Geet do dergéint d'Verännerung méi 'un d'Substanz', gëtt d'Schreifweis phoneetesch (cf "Enseignant" vs. "Ramplassang"). Deemno bleift den Notaire en Notaire.
(Intressant Lecture zu der Transferenz-Graphie bei F. Schanen/J. Lulling: Introduction à l'orthographe luxembourgeois, Montpellier 2003, S. 94-100. --Zinneke 10:39, 5. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

(LOD) Nottär, mat Variant Notaire

Numero an Nummer an Ofkierzungen Nr an N°[Quelltext änneren]

Nom DFL ass et den Numero oder d'Nummer.

Wann d'Ofkierzung déi der franséischer Schreifweis entsprécht, wier et den N° dee gebraucht gëtt am aner Fall d'Nr. .

De Mémorial numeréiert sech selwer vu datt en op franséisch geschriwwen ass mat der korrekter franséischer Ofkierzung:. Dofir mécht et menger Meenung no kee grousse Sënn fir an deem Fall den op Nr. ze verbesseren.

Op anere Plazen gi mer systematesch déi korrekt franséisch Schreifweis asetzen. An dësem Fall gebraucht de Memorial déi, an da gëtt se op déi däitsch Ofkierzung verbessert. Do verstinn ech d'Logik net méi richteg.

Les Meloures 09:53, 5. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

(LOD) Nummer (Femininum) oder Nummero (Maskulinum)

Stater oder stater[Quelltext änneren]

Moien,

Op der Wiki fanne mer déi zwou Schreifweisen. An 124 Artikele steet et kleng geschriwwen, am Rescht (127 Artikelen) grouss geschriwwen, an an e puer Artikele gëtt et déi zwou Varianten.

War hale mer als richteg fest? Et wier flott är Meenung dozou ze héieren an eventuell och Argumenter. Merci am Viraus.

Les Meloures 22:30, 28. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech selwer hu keng Ahnung wat do richteg oder falsch ass.
Ech hunn awer eng perséinlech Meenung: Ech tendéieren zu der Versioun : stater ass en Adjektif an déi gi kleng geschriwwen. A firwat solle mer deene Stad-lëtzebuerger hiren Adjektiv grouss schreiwen an dee vun deenen aneren 11 Lëtzebuerger Stied a den auslännesche Stied net?
Mir bedreiwen hei eng Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch a keng Wikipedia aus Lëtzebuerg. Och am Ausland gëtt lëtzebuergesch geschwat, an op déi dann d'Differenz tëscht "stater Dedeessems" a "Stater Gedeesems" verstin ass net sécher.
Alternativ kinnt ee jo, wa "stater" ëmmer kleng geschriwwe géif, dat wat sech op d'Stat Lëtzebuerg bezitt einfach intern verlinken? Beispill: "De stater Verkéiersplang vu Metz ass besser wéi de stater Verkéiersplang". -- Pecalux 08:26, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

kucke mer mol, wat d'Orthographiereegelen hierginn: Wat d'Grouss- a Klengschreiwung betrëfft, solle mer eis bekanntlech un déi däitsch Rechtschreibung halen. Mäin Duden seet zu "geographischen Herkunftsbezeichnungen": Bezeichnungen auf -er werden großgeschrieben: die Essener Bevölkerung, die New Yorker Rapperszene, der Pariser Charme; adjektivische Ableitungen auf –(i)sch, -haft o. Ä. werden kleingeschrieben: französische Küche, das kopernikanische Weltsystem, die goetheschen Dramen, die platonischen Dialoge.

No deeër Logik misst "Stater" groussgeschriwwe ginn, wann et sech op d'Stad Lëtzebuerg bezitt (wéi Escher Buergemeeschtesch, Dikrecher Geschäftsverband, Iechternacher Stroosseschëld,...) a kleng, wa "stater" reng als Adjektiv vu "Stad" am allgemenge Sënn gebraucht gëtt (wéi am Pecalux sengem Metzer Beispill). An e Link huet nach ni geschuet.

Komplizéiert? Well eis Schlaumeieren am Kultur- an Erzéiungsministère deemools gemengt haten, bei den Diskussiounen ëm d'däitsch Orthographiereform net matmaachen ze mussen, well, wéi se soten, dat Lëtzebuerg näischt ugéing(!), woar och keen do, deen hätt kënne froen, déi Saach méi einfach ze maachen... --Zinneke 09:14, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, Dem Pecalux säi Beispill hippt: Kee Mënsch seet: "De stater Musée vu Léck" mä "De städtesche Musée vu Léck."
Interessanterweis gëtt et fir de Spellchecker och nëmmen "Stater" mat groussem S an d'Adjektiv "städtesch". Hei goufen also schon d'Orthographiereegelen, déi vum Zinneke zitéiert goufen ugewannt.
Op Lëtzebuergesch gëtt et just 1 Stad: d'Stad Lëtzebuerg, soss ass et och nach de Lécker Musée oder den Escher Musée asw. Deemno wier et: de Stater Gemengerot huet iwwer déi städtesch Gaswierker ofgestëmmt.
Ganz konkret Fro: gëtt et an eisem Wiki 1 Beispill an deem "stater" sech net op d'Stad (Lëtzebuerg) bezitt? A wann: Wier et dann net besser dat méi präzis ze formuléieren, esou datt keng Verwiesselung méiglech ass? léif Gréiss --Sultan Edijingo 09:42, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Dat 2. Beispill géif ech esou verbesseren: "De städtesche Verkéiersplang vu Metz ass besser wéi de Stater." Oder wéi sot dir dat anescht? --Sultan Edijingo 09:52, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Eng ganz konkret Äntwert op eng ganz konkret Fro: Wann en Awunner vun Hondeleng, dee nach lëtzebuergesch schwätzt, seet: "Ech ginn an d'Stad", da geet en op Arel a net op Lëtzebuerg. -- Pecalux 10:40, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi konkret Äntwert. Wann den Hondelenger mir Rendezvous an der Stad gëtt, dann hu mer e Problem: hien ass zu Arel an ech an der Stad (Lëtzebuerg). Réckfro: Schwätzt den Hondelenger dann och vun der Stater Gemeng a mengt domat d'Gemeng vun Arel? Seet en net éischter d'Areler Gemeng?
Nach eppes: Op dem dico.lu gëtt citatdin mat Stater (mat groussem S!) iwwersat an urbain mat städtesch oder stiets. Esou gesinn ech dat och.
An eisem Wiki hu mer en Artikel Städtesche_Musée_Simeonstift_(Tréier) a net Stater_Musée_Simeonstift_(Tréier] - Mat léiwe Stater Gréiss --Sultan Edijingo 12:39, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
Den DLW seet städtesch oder stater
Den DFL seet fir le citadin de Stater: citadatin als adjectiv ëmschreift en. Fir urbain gëtt en urban un a Stad.... mat dem Beispil Stadbild.
Den Zinneke gëtt eng Erklärung zu den Orthographiereegelen. Aus deene kann ech just ofleeden datt Lëtzebuerger groussgeschriwwe gëtt, awer net Stater wéi hie méngt. Am Kontext wéi et hei duergestallt gëtt mat der Groussschréiwung fäerten ech datt dat zu Iertëmer verleede kannn, well jo allkéiers wa Stater groussgeschriwwen ass, d'Stad Lëtzebuerg gemengt wier. Wann dat den Zweck ass da solle mer dat an eise Reegele vun der Schreifweis festhalen, a gutt oppasse fir et bei kenger aner Stad a Groussschrëft ze gebrauchen. Par contre wann d'Adjektiv ëmmer kleng geschriwwen ass brauche mer an deem Sënn op näischt opzepassen. Les Meloures 14:39, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Léiwe Kolleg Les Meloures, och wa mer géifen d'Adjektiv ëmmer kleng schreiwen, ass domat net de Sënn gekläert. Da kann den Hondelenger nach ëmmer mer Rendezvous bei der stater Gemeng ginn, hien geet dann op Arel an ech an d'Stad. --Sultan Edijingo 15:26, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Tjo dat mécht en och wann s d'et groussschreifs.
Mä wa mer näischt festhalen, kréie mer vläicht an engem Joer nees déi selwecht Diskussioun, vläicht mat aneren Argumenter, an dann hu mer nach ëmmer näischt op dat mer verweise kënnen. Les Meloures 15:41, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Du hues Recht: mer sollen eppes festhalen, well mer eis jo un déi offiziell Lëtzebuerger Schreifweis hale wëllen. Deemno plädéieren ech fir Stater ëmmer grouss ze schreiwen. 2 Argumenter: 1) déi vum Zinneke zitéiert Orthographiereegelen an 2) de Spellcher.lu, deen och nëmmen 1 Schreifweis kennt: ëmmer mat groussem S. Doriwwer eraus solle mer versichen, datt Stater sech ëmmer op d'Stad (Lëtzebuerg) bezitt. Wa mol net d'Stad (Lëtzebuerg) gemengt ass, solle mer et kloer ëmschreiwen oder d'Adjektiv städtesch gebrauchen. Dat gëtt och keng Revolutioun, well iwwerall, wou am Ament an eisem Wiki S/stater steet, ass och d'Stad (Lëtzebuerg) gemengt a keng aner Stad.
Well ech dat ugestiwwelt hunn, erklären ech mech och gäre bereet, all kleng stater ze verbesseren. Nach e schéinen Owend. --Sultan Edijingo 21:15, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Dat ass eng Propositioun mat där ee liewe kann, lo bräichte mer dann nach just eng Propose a waterenger Form mer dat op eiser Schreifweissäit ënnerbréngen. Les Meloures 21:41, 29. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo mol probéiert dëst alles an eng hoffentlech verständlech Form ze bréngen (an hunn anengems de Begrëff Staat mat derbäigeholl).

Esou kéinte mer et, wann dir averstan sidd, op eis Schreifweissäit iwwerhuelen.

Stad - Stater - Staat ...

  • Stad: Esou bezeechne mer une ville, eine Stadt.

Deemno gëtt et d'Stad Esch, d'Stad Ettelbréck, d'Stad Berlin asw.

D'Stad Lëtzebuerg heescht och einfach d'Stad (mat bestëmmtem Artikel).

  • Stater: Déi geographesch Bezeechnungen op -er gi grouss geschriwwen:

Beispiller: Déi Escher Leit, déi Diddelenger Schmelz, de Stater Gemengerot, de Lëtzebuerger Béier asw.

D'Bezeechnung Stater (ëmmer groussgeschriwwen) bezitt sech nëmmen op d'Stad Lëtzebuerg.

Beispill: Mir kennen den Escher an de Stater Conservatoire. Et gëtt de Stater Theater an den Escher Stadtheater.

  • städtesch: Dat ass de lëtzebuergeschen Ausdrock fir urbain, städtisch.

Adjektivesch Ofleedungen op -(e)sch, -haft asw. gi kleng geschriwwen:

Beispiller: franséische Wäin, lëtzebuergesche Wäin, schmäerzhaft Wierder, städtesch Busser asw.

D’Stad Esch stellt hiren neie städteschen Informatiounssystem vir. Déi städtesch Bibliothéik vun Ettelbréck gëtt vun der Ettelbrécker Bibliothéik a.s.b.l. gedroen. De städtesche Musée Simeonstift vun Tréier.

  • Staat: Esou bezeechne mer l'État, der Staat.

Deemno gëtt et och de Staatsrot, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Staat Alaska asw.

  • staatlech: D'Adjektiv, dat sech op de Staat bezitt ass staatlech.

Beispiller: staatlech Hëllef, de staatleche Pressespriecher, déi staatlech Schoulen asw.


--Sultan Edijingo 14:50, 30. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Gesäit net sou schlecht aus, bis op d'Beispiller vun den Escher Bussen an der Ettelbrécker Muséksschoul. Déi géif ech ewechlossen. Déi Escher fueren nämlech mam TICE wat keng reng Busser vun der Stad Esch sinn, an déi Ettelbrécker hu keng Museksschoul méi, déi hunn elo de Conservatoire du nord mat Dikrech zesummen.

Les Meloures 15:35, 30. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Gären kann een aner oder besser Beispiller fannen. --Sultan Edijingo 15:54, 30. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Staadter: Fir de Lex Roth ass et Staadter, esou steet et an der Sonndeszeitung op RTL vum 29. 1. 2010 Dës Schreifweis iwwerzeegt mech net, se ass onnéideg komplizéiert, och wann se nozevollzéien ass. Op dem Lex Roth seng Schreifweis stäipen sech och d'annALe vum Staadter Kolléisch. Trotzdem plädéieren ech datt mer am lb.wiki Stater festhalen. Bescht Gréiss --Sultan Edijingo 14:07, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, Ech hunn elo déi zwee Beispiller, déi de Kolleg Les Meloures zu Recht kritiséiert huet, duerch neier ersat. --Sultan Edijingo 20:28, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg[Quelltext änneren]

Ass ze fannen ënner:

  • Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg
  • Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg

Wéi heescht déi Saach richteg? Les Meloures 23:42, 30. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, no de Reegele vun der Schreifweis vun de franséischen Noms propres ass déi éischt Variant hei driwwer déi 'richteg'.
Nach besser, nach méi richteg :-) wier:
Publications de la section historique de l'Institut grand-ducal. Also section mat klengem 's'. Ech schloe vir bei der éischter Variant ze bleiwen (kleng Esser si schwéier ze schlécken :-))). --Cayambe 15:56, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Dat ass da sécher hei wéi mer dat schonns dacks haten, datt Leit hire Saachen a falschen Numm ginn. Oder schreiwe si et richteg op hire Publikatiounen. Wann net musse mer dann an esou Fäll net déi Schreifweis déi op der Publikatioun steet bäibehalen. Anscheinend hu mer de selwechte Fall bei anere Publikatitioune wou och Joër geschriwwe steet. Dobäi weess ech just datt dat bei Nos cahiers manifestement e Schreiffeeler op der Wiki ass. Bei anere kann ech net matschwätzen. Ech verbesseren emol déi vun Nos Cahiers da gesi mer wat Rescht bleift, an de kommen ech nach eng Kéier op déi Fro zréck. Eent vun deene Beispiller wou et dacks falsch geschriwwen ass, ass Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. Joër 6 (1985)

PS beis de lëtzebuerger Zätschrëft fir Kultur handelt et sech anscheinend ëm nos cahiers da kann ech och do d'Joër vebesseren, an anengems nos cahiers bäiflecken. Oder gëtt et nach eng déi sou heescht ouni no cahiers ze heeschen?

Am Fall wou et an enger falscher Schreifweis op der Publikatioun falsch steet misste mer déi falsch Schréifweis vläicht bäibehale fir authentesch ze bleiwen, wéi mer dat jo och bei anere Bicher maachen, a bei politesche Parteien. Les Meloures 17:58, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Nos cahiers schreift sech zanter wéinenstens 2007 esou: nos cahiers, kuck hei :-) --Cayambe 18:05, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


PS. Ech hu vun de Les cahiers luxemouergeois eng Parti Linke fonnt mat Les Cahiers Luxembourgois, anerer mat Les Cahiers luxembourgeois an um Heft selwer hunn ech LES CAHIERS LUXEMBOURGEOIS fonnt. Wann eng gutt Séil eppes dovunner weess kréie mer vläicht e klengen Artikelchen dee mer dann och korrekt verlinke kënnen. Merci am Viraus Les Meloures 19:06, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,
Ka vläicht en Exprert dësSchabloun nokucken, fir datt mer déi bei Referenzen op nos cahiers kënnen uniform asetzen.
Merci am Viraus Les Meloures 19:29, 31. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Mäze(e)nen[Quelltext änneren]

(eriwwerkopéiert vun der Säit: Kategorie Diskussioun:Mäzenen)

Mäzenen ...oder awer Mäzeenen ? Vgl. : Wikipedia: Eis Schreifweis! Do steet: "De laang geschwaten e ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt (...)". Salut, Jim

Moie Jim.
ass en da laang gschwat?
Den DFL schreift op Säit 373 Mäzen. An op senger leschter Säit steet: Ce dictionnaire se base sur la nouvelle orthographe luxembourgeoise, telle qu'elle a été codifiée par le réglement ministériel du 31 juillet 1999 et par différentes modifications ultérieures décidées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Les Meloures 18:26, 19. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Informatioun. Mee "Mäze(e)n" gëtt effektiv laan geschwat! Den "accent tonique" ass och op der 2. Silb. Ech mengen, do ass eppes net klor. Salut, Jim

Remoien,
Mer musse vläicht waarde bis mer e lëtzebuergeschen Dictionnaire deen och Phonetik weist (Déi jo dann och misst Phoneetik) geschriwwe ginn. Mat der Arithmetik wier dann d'selwecht. Awer déi schreift souguer den LOD bei deem 37 Linguisten alles kontrolléieren éier et dra kënnt, net met duebelem e. Wann déi mol beim M sinn, da gi mer vläicht eppes weider gewuer. Et däerf een och net verwiesselen ob et just accentuéiert ausgeschwat gëtt oder wierklech laang, an ob et fir oder hanner enger betountert Silb steet oder aleng. Et ass net sou einfach, duerfir hale mer ons hei mol un déi rezent Wierderbiecher, well dat sinn déi eenzeg Quelle bis elo, déi mer hunn, an déi soe si wieren um neiste Stand. Les Meloures 21:59, 19. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

OK, a merci nach eng Kéier! Jim

Nofolger Nofolleger Nofollger[Quelltext änneren]

déi dräi verfollege mech --Jwh 07:52, 29. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

(eriwwerkopéiert vun Wikipedia:Eis Schreifweis)

Wann een d'Reegelen "mer halen eis un d'däitscht Virbild" an "Duebel Konsonaten wa kuerze Vokal" applizéiert, wiren amA "Nolfolger" a "Nofolleger" richteg, "Nofollger" net. 1 an 2 schénge mer Variante vuneneen ze sinn. --Zinneke 09:01, 29. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Nofollger aas op jiddwer Fall dernieft. Ech hunn déi mol verbessert.
Den DFL seet Nofolger. Et ass anscheinend eent vun de Substantiver bei deem de Vokal vum Verb ofgeschléckt gëtt, wéi z. Metzler. (verb: metzelen).
Et gëtt eng ronn 350 Artikele mat Nofolger an eng ronn 50 mat Nofolleger wouvun der eng Partie vun enger Schabloun hierkommen. Ech ginn déi och op Nofolger änneren, fir datt mer eenheetlech bleiwen. Les Meloures 14:25, 29. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Den DLW seet Nofolleger, an den DFL an den DLW soen och nach Successeur. --Pecalux 14:31, 29. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
de spellchecker.lu léisst just Nofolger duerchgoen --Jwh 09:43, 30. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

(LOD) Nofolleg / Nofollger

Fotografie, Lithografie, Serigrafie a.s.w.[Quelltext änneren]

(eriwwerkopéiert vun Wikipedia:Eis Schreifweis)

Gudden Owend, eng Fro éiert bei deenen am Titel vum Kapitel ugeféiert Artikelen hin an hiergeréckelt gëtt. Existéiert eng kloer Reegel oder e Konsens doriwwer wéi déi Lemmae geschriwwe ginn? An dem konkrete Fall schaffen ech mat dem Dictionnaire français-luxembourgeois 1. Oplo 2006 an do ginn déi Varianten mat f als éischt, déi mat ph als zweet ernimmt. Merci am viraus fir eng Kloerstellung, déi ech an dësem Artikel net fond hunn. --Christian Ries 18:25, 24. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche (franséische) Wierder hiert "Gesiicht" bäi: Geographie – Comité - Commissioun – Chouer - Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer…
Ausser bei Wierder, déi am Däitsche schon geännert gi sinn: Foto - Elefant - Telefon.
Serigraphie kann net vum Däitschen ofgeknäipt ginn dat heescht op Däitsch Siebdruck, deemno griichesch-laténgescht oder romanescht Gesiicht. Les Meloures 18:51, 24. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Mir bräichten eng kloer Reegel[Quelltext änneren]

An der follgender Tabell sinn eng Rei Begrëffer opgelëscht, déi op der lb-wiki sou virkommen, wéi si hei geschriwwe sinn.

-grafie -graphie
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 1,8 Gëtt et am Däitsche mat f a mat ph, deemno Wierder, déi am Däitsche schon geännert gi sinn
  2. De Begrëff Serigrafie existéiert och am Däitschen, cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Serigrafie#Serigrafie_.28Siebdruck_und_Kunstgrafik.29

Wann een där Reegel wëll follegen, déi an dësem Artikel am Kapitel "Wierder déi aus anere Sproochen iwwerholl sinn" erkläert ass, misst een déi Wierder an der Tabell hei driwwer, déi eng Referenz hunn, alleguer op d'Schreifweis mat f änneren, well si jo am Däitsche schonns geännert gi sinn.

Dat mécht a mengen Aën kee Sënn, an et misst eng Reegel agefouert ginn, déi zumindest déi Wierder mat -graphie/-grafie eendeiteg ofdeckt.

  1. Aus der Praxis vun der lb-wiki schéngt et mir, wéi wa bis elo prinzipiell déi Schreifweis mat ph benotzt gëtt, sou datt sech follgend Alternativ ofleede leesst:
    Eenheetlech Schreifweis mat ph (-graphie). Ausnam: Fotografie.
    Da misst ee just nach d'Lithografie a Serigraphie réckelen fir datt d'Wiki ouni weider Ännerung konsequent wier.
  2. Eng zweet Alternativ wier eng
    Eenheetlech Schreifweis mat f (-grafie).
  3. Eng drëtt Alternativ:
    Béid Schreifweisen sinn erlaabt, mä eng bestëmmt Schreifweis gëtt fir den Haaptlemma recommandéiert an et gëtt ëmmer eng Weiderleedung vum anere Begrëff ageriicht.
    Z. B. den Haaptlemma ëmmer mat f, mä an den Artikelen ka mat ph geschriwwe ginn (oder ëmgekéiert, wat bei Fotographie zu engem Problem/enger Ausnam féiert).

Perséinlech tendéieren ech zu däer drëtter Variant, well si am beschten der haiteger Realitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch entsprécht. Den DFL schéngt och dëser Logik ze follegen: hie bitt systematesch déi zwou Varianten un, als éischt ëmmer déi mat f.

Ech wier frou fir hei nëmme konstruktiv Avisen vun anere Wikiperiabenotzer ze kréien. --Christian Ries 11:18, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien
Ech weess elo net op dat wat ech elo schreiwen als konstruktiv betruecht gëtt oder net, mä ech soen alt emol wat ech derzou ze soen hunn:
1) Perséinlech ass et mer egal op wat mer ons eenegen.
2) Fir den Duerchernee vun der Schreifweis sou kleng wéi méiglech ze halen, sollen awer d'Wierder an den Artikelen dem Haaptlemma entspriechen. Et sollen sou wéineg wéi méiglech Viruleedunge bestoen.
3) Wann d'Schreifweis vum Lemma g'ännert gëtt, misst déi vun de Kategorien, déi derzou gehéieren an déi a Kategorien agebonne Schreifweisen, och g'ännert ginn, soss fuere mer erëm zweespuereg. Dofir misst och vläicht gekuckt gi wat aarbechtsméisseg am mannsten Opwand mécht. Ech hunn nach net gekuckt wéivill Ännerungen eng Ännerung vu phop f am Ganze mat sech bréngt, mä aleng am Beräich Geographie sinn et de ronn 1.300 dovu 70 an der Kategorisatioun.
4) Dofir stellen ech d'Fro op et net méi einfach ass déi puer mat f op ph ze réckelen datt se der Kategorie gläichen, amplaz ëmgedréint. -- Les Meloures 13:07, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat wat de Benotzer LM hei driwwer schreift ass kee Bäitrag fir déi opgeworfe Fro ze beäntwerten an dréit och net zu enger klorer Reegelung bäi. Ech si gespant op Reaktiounen, déi dozou bäidroen. --Christian Ries 15:34, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat mat der klorer Reegelung ass no menger Meenung zimmlech kniwweleg, well et kee Referenzwierk gëtt, dat vun alle lëtzebuergesche Sproochenexperten unerkannt ass. Et gëtt just d'Reegelen esou wéi se am Memorial publizéiert sinn an dës Reegelen erlaben déi eng oder aner Interpretatioun. Ech well mech awer elo hei net ëm eng Positioun drécken a si fir eng Variant vun der drëtter Alternativ - an zwar dofir fir déi aktuell op der lëtzebuergescher Wikipedia benotzte Schreifweis mat "ph" als Haaptlemma bäizebehalen a vun der Schreifweis mat f Viruleedungen unzelleeën. Dëst och aus dem Grond wëll et aus de Reegelen vun der lëtzebuerger Sprooch net eendeiteg ervir geet wat dann elo richteg ass (déi nei däitsch Schreifweis gouf eben eréischt vill méi spéit agefouert an domat kann een eigentlech net wëssen wéi déi lëtzebuergesch Schreifweis sech zur neier däitscher Schreifweis stellt) f oder ph (menger Meenung no sinn déi zwou gläich gutt an et ass wéi mat "les goûts et les couleurs ...". Mir sollten och bedenken datt all grouss Ëmstellung vun der Schreifweis, wéi mir se op der lb-Wikipedia benotzen, zu enger grousser Erausfuerderung gëtt, wa mir eng eenheetlech Schreifweis hei benotze wëllen. Ech gesinn dobäi d'Gefor datt deen oder déi Leit déi dat da maache wëllen, sollen, mussen (?) op eemol d'Flemm kréien an dann hu mir just e grousse Schantjen. Bäi der drëtter Alternativ mat der Variant ph brauche just Viruleedungen derbäigesat ze ginn an do ass et net esou schlëmm wann der am Ufank e puer feelen. Mir ass och opgefall datt de Spellchecker déi meeschte Wierder (wann e se da kennt) mat ph virschléit An der Hoffnung datt nach e puer weider Meenungen hei derbäi kommen. --Robby 23:23, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Kuckt och w.e.g. an de Lux dico. Dee gouf vun engem Linguist ugeluecht, a féiert alles (sou wäit wéi ech bis elo festgestallt hunn) mat Ausnahm vum Fotograf mat ph. Les Meloures 06:03, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci Robby fir däi konstruktive Bäitrag. Mir ass et nët dorëms gaangen, eng Variant duerchzesetzen, mä eng Léisung méiglechst no un der haiteger Realitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch ze fannen. Da loosse mer einfach déi zwee asetzen: mat ph (Haaptlemma) a mat f (Weiderleedung). Fotografie gëtt domatter eng Ausnam. --Christian Ries 08:58, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech sinn eendeiteg fir d'Variant 1 (Fotograf vs all dei aner Allographen). An de Redirect vun der Variant 3 'kascht' eis just e puer Byten, dofir sollt e bei Wierder, dei zwou Graphië kënnen hunn, och gebraucht ginn.
--Zinneke 09:07, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien,
Ech tendéieren och fir d'Variant 1, ouni d'Redirecten vun der Variant 3 auszeschléissen.
Mir sollen eis awer prinzipiell net géint Verbesserunge stäipen, eleng well se vill Verbesserungsaarbecht mat sech bréngen. Wann eis Virgänger an der Grënnerzäit vu Wikipedia och esou geduecht hätten, hätten se logescherweis guernet dermatt ufänken dierfen. --Pecalux 10:27, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Am Prinzip gefale mir déi 'vereinfacht' Schreifweisen am beschten, dat och well se sech mMn lues a lues wäerten duerchsetzen. An dësem Fall wier dat: alles mat f amplaz ph. Mee dat ass just eng perséinlech Meenung.
Wichteg schéngt mer datt d'Schreifweis an de Lemmaen uniformiséiert ass.
Duerfir schléissen ech mech dem Zinneke un (Variant 1): Alles mat ph, ausser Fotografie (un där Ausnahm erkennt ee mMn wou de Wee higeet).
Dem Pecalux ginn ech awer och Recht. Beschte Gréiss, --Cayambe 10:46, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Konsens erreecht[Quelltext änneren]

Merci un Iech all, d'Situatioun ass elo méi kloer. De Kompromëss schéngt deemno an der 3. Variant ze leien:

  • Béid Schreifweisen sinn erlaabt, mat ph oder mat f
  • d'Schreifweis mat ph gëtt fir den Haaptlemma recommandéiert
  • et gëtt ëmmer eng Weiderleedung vum Begrëff mat f ageriicht, souwäit en hautdesdags existéiert
  • Fotografie ass eng Ausnam.

Grad esou wéi de Cayambe denken ech och, datt den f sech mat der Zäit wäert duerchsetzen, wéi dat an eenzel Dictionnären als Tendenz ze erkennen ass. Ech sinn och d'accord mam Pecalux, datt ee sech net soll géint Neierungen stäipen, wa si Aarbecht mat sech bréngen. De Les Meloures huet richtegerweis drop higewisen, datt eng generell Ännerung op f ënner Ëmstänn vill Aarbecht mat sech bréngt. Déi kënne mir jo elo bewosst an d'Zukunft verleeën, wann emol den f generell d'Reegel ass. Ech maachen deemnächst déi néideg Ännerungen a soen iech alleguerte merci fir är Hëllef beim Opsichen an Erreeche vun dësem Konsens.

--Christian Ries 14:56, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Reegel misst nach ugepasst ginn[Quelltext änneren]

Gudde Mojen, ech hu mir de follgenden Extrait aus der Säit Wikipedia:Eis_Schreifweis nach eng Kéier genee ugekuckt:

Déi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséisechen, Engleschen oder Italiéineschen iwwerholl gi sinn an esou geschwat bleiwen ginn normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch geschriwwen.

Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche (franséische) Wierder hiert "Gesiicht" bäi: Geographie – Comité - Commissioun – Chouer - Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer…

Ausser bei Wierder, déi am Däitsche schon geännert gi sinn: Foto - Elefant - Telefon

No där Reegel missten eis -graphie/-grafie-Begrëffer, déi am Däitsche scho geännert gi sinn, da wierklech all mat "f" schreiwen. Do läit eng Diskrepanz mat dem Konsens aus der Diskussioun.

Ech proposéieren den Text follgendermoossen ze ersetzen:

Déi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséisechen, Engleschen oder Italiéineschen iwwerholl gi sinn an esou geschwat bleiwen, ginn normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch geschriwwen.

Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche (franséische) Wierder hiert "Gesiicht" bäi: Geographie – Comité - Commissioun – Chouer - Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer …

Bei Wierder, déi am Däitsche schonns geännert gi sinn, gëtt deenen hir Schreifweis gewéinlech iwwerholl: Foto - Fotografie - Elefant - Telefon.

Ausnam: Wierder mat der Endung "-graphie", déi am Däitsche schonns op "-grafie" geännert gi sinn, wéi Geographie - Kartographie - Lithographie …: béid Schreifweisen sinn erlaabt, mä d'Schreifweis mat "ph" gëtt fir de Lemma vun Artikelen recommandéiert (inkl. enger Weiderleedung vum Begrëff mat "f"). Fotografie ass vun dëser Ausnam net betraff.

--Christian Ries 09:11, 30. Dez. 2010 (UTC) P.S.: Anescht gedréint (Lemma mat "f") wier méi am Aklang mat der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch gewiecht, a mir hätte net déi "duebel" Ausnahm vum Wuert "Fotografie".[äntweren]


Moien.

Et ass gewosst, datt an de lëtzebuergeschen Orthographiereegelen sou munnech Widerspréch dra stiechen, déi Opfällegst sinn, wéi een um Wuert "Orthographiereegelen" gutt gesäit, bei de Prinzipien a) Ethymologie vs. "däitscht Virbild" a b) Phonetik vs "däitscht Virbild". Déi Saach mat "-grafie/-graphie" fällt ënner a); déi mat "Reegel/reegelen" (de laangen "e") ënner b). Schanen/Lulling hunn déi ewell zanter laangem beschriwwen. Ech ginn emol dervunner aus, beim ILL wëssen se dat och a brucken un enger Léisung. Bis et en neit, reforméiert Sproochereglement gëtt, ass et méisseg, hei wëllen iergend eng Léisung ze forcéieren. D'Säit "Eis Schreifweis" kann nëmmen d'Reegelen erkläre, wéi se sinn, a mir kënnen ënner eis e pragmatesche Konsens fannen, fir zevill Doublonen (an onnëtz "Verbesserungs"aarbecht) ze verhënneren. Dat mat "-graphie, ausser bei Foto" ass esou eng Saach. Iwwerformaliséieren oder -interpretéieren vun RGD 1999 ass dofir amA kontraproduktiv.

--Zinneke 09:31, 6. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Ech gesinn dat och d'selwecht wéi den Zinneke, an dat och nach aus deem Grond well se sech an Däitschland selwer net schéngen eens ze sinn. Kuckt dozou emol d'Artikelen op de:Wiki wou nach eng Partie Lemmata mat ph geschriwwe ginn, an éischter Linn den Haaptartikel Graphie. -- Les Meloures 11:55, 6. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Nei Propos[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Ech wéilt gär eng Propos maache fir eng eenheetlech Schreifweis op der Wikipedia ze hunn bei Wierder déi mat "f" oder "ph" geschriwwe ginn. Wat hält der dervun?

D'Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséischen, Engleschen oder Italieeneschen iwwerholl gi sinn, a mat "ph" oder ënner anerem och mat "ph" geschriwwe ginn, sollen am Lëtzebuergeschen nëmme mat "ph" geschriwwe ginn. Ausnamen, déi mat engem "f" geschriwwe ginn, sinn déi, déi gewéinlech mat "f" am Lëtzebuergesche geschriwwe ginn. Dës Exceptioune sinn an dëser Lëscht erëmzefannen, a solle just mat "f" geschriwwe ginn.

Dat heescht:
Orthographie, orthographesch, Diskographie, Demographie, demographesch, Lithographie, Kartographie, Biographie, graphesch, Lithographie, ...

Ausnamen:
Foto, Fotografie, Fotograf, fotograféieren, fotogen, fotografesch, Telefon, Telefonie, telefonéieren, telefonesch, fantastesch, Fantasie, fantaséieren, Delfin, Elefant.

--Soued031 (Diskussioun) 16:14, 2. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Jäng contra Jeng[Quelltext änneren]

Fir mech wier de Jäng den Dérivé vu Jang oder Jean.

De Jeng ass normalerweis e jonken aus enger Famill, deen net onbedingt muss Jäng heeschen.

Bei ons stinn awer Jangen als Jeng do.

Wat mengt Dir dozou? Les Meloures 21:49, 9. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Ganz richteg; dat sinn "2 Puer Schong". Woubäi d'Fro sech stellt, ob de Jeng net misst Jéng geschriwwe ginn. --Pecalux 07:09, 10. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien och richteg gesinn, well soss géif et awer d'selwecht ausgeschwat.

Fräischaffenden oder fräischafende Kënschtler?[Quelltext änneren]

Mir hun eng Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden, well déi Konscht schafen.

Den däitschen Ausdrock freischaffend hänkt jo och warscheinlech mat schaffen, créer, also schafen zesummen, sou datt eis Fräischaffend jo eigentlech Fräischafend misste ginn. Richteg? --Jwh (Diskussioun) 13:02, 1. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Singel vs. Single[Quelltext änneren]

Fir eng Single, Auskopplung aus engem Musekalbum (oder vläit och fir eng Persoun ouni Frënd(in)), hale mir déi englesch Schreiwweis bäi, oder schreiwe mir et wéi een et seet: Singel? Bis elo ass déi englesch déi heefegst Schreiwweis.--Bdx (Diskussioun) 17:18, 21. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, effektiv déi englesch Schreifweis ass déi heefegst an zwar haushéich 117 zu 3. Déi dräi verlëtzebuergescht Schreifweisen si vum Cornischong, Ralala a Wildmoodswings. Ech gleewe kaum datt déi géint d'Majoritéit wëllen untrieden an sou wäit wéi ech an den Dictionnairë konnt feststellen, sou halen déi sech do ganz eraus, d.h. déi kenne warscheinlech keng Iwwersetzung. Eis Noperen (fr: an de:) hunn och déi englesch Schreifweis iwwerholl deemno dierft déi bei ons och kee Problem duerstellen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:07, 21. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
OK, ass fir mech kee Problem, do passen ech mech un.--Bdx (Diskussioun) 20:00, 21. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

(LOD) fir Alleinstehender: Single (Maskulinum), Méizuel: Singele(n) oder Singles
fir Single [Lied]: Single (Femininum), Méizuel: Singele(n) oder Singles

Weideriibben[Quelltext änneren]

Moien,

Bei LODs ass et geüübt, de Luxogramm bleift bei geübt... --Jwh (Diskussioun) 08:44, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]


Moien och,
A waterengem Kontext gouf dat Wuert op der Wiki gebraucht? --Les Meloures (Diskussioun) 08:54, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Op d'mannst ee vun deenen zwéin huet d'Saach mam laanggezunnenen Ëmlaut net verstanen.
Bei geföhnt wier de Problem de selwechten.
D'Verbebichi (Editioun 2005) seet geübt, geföhnt, gefügt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:08, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat "preventiv" heihi gesat, well et mir bosseg virkënnt --Jwh (Diskussioun) 09:36, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Et ass effektiv bosseg, ech kucken d'Gesetz mol no, op do eppes am Sënn vum LOD ze fannen ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:44, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
D'Grammaire seet op Säit 15, datt de Vokal bei verschiddene Wierder déi mer aus dem Däitschen iwwerholl hunn, ka veduebelt ginn mä net muss. Deemno ass dem LOD säi Beispill schlecht erausgesicht well den LOD et als Feeler duerstellt wann een net verduebelt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:55, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

(LOD) geüübt, geföönt

en duerch d'Eifeler "e" oder "ë"?[Quelltext änneren]

Moien, wéi ass do d'Reegel wann duerch d'Eifeler den "n" ewech fällt? Ech fannen z.B. Froen = Froe/Froë, Annoncen = Annonce/Annoncë, Fotoen = Fotoe, Fraen = Frae/Fraë

Woubäi den "ë" kloer an der Minoritéit ass. Richteg deemno just "e"? Merci! --Jwh (Diskussioun) 12:04, 23. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Den ë trëfft nëmme bei Wierder an der Méizuel zou déi an der Eenzuel mat engem e endegen oder fir e feminin ze markéieren. Dat ass am Prinzip an zu 99,9 % nëmme bei Wierder de Fall déi aus dem Franséische kommen. Et sinn och zu 99,9 % ëmmer déi selwecht Auteuren déi de Feeler maachen. De Roboter kennt déi meescht elo a bei all Durchgank ginn der ëmmer méi eliminéiert grad sou wou déi Wierder wou diakritesch Zeechen an der Mëtt vum Wuert falsch gebraucht ginn. Wann der nach so Saachen opfale mach mer einfach eng Notifikatioun an ech soen dem Bot e soll et verbesseren. Sou gëtt et och besser a menger Lëscht dokumentéeirt a gëtt all Kéeirs ness frësch kontrolléiert. Dat ass am Ament déi eenzeg efficace Meeglechkeet fir no an no all falsch Schreifweisen z'erfaassen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:57, 23. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi kloer Äntwert. Deemno ass dann "Annoncë" richteg, "Fraë" a "Froë" falsch, soss si mir lo keng agefall. Schéine Sonnden nach --Jwh (Diskussioun) 13:07, 23. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Richteg gesinn. schéine Sonden och --Les Meloures (Diskussioun) 15:14, 23. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Kleng Bemierkung: Ech hunn déi Saach met de Fotoen (Fotoë) lo nogekuckt well do scho viru laangem eng Botz gemaach gouf an erausfonnt datt Fotoë nëmmen nach just an Diskussiounssäite virkënnt. An déi geet de Bot näischt verbesseren an do soll och soss näischt verbessert ginn. --17:27, 23. Nov. 2014 (UTC)

Préau contra Preau[Quelltext änneren]

Moien, fir d'Schreifweis vun dësem Wuert ginn d'Meenungen auserneen. Eng Meenung ass: Préau ass e Wuert dat onverännert vum fr. iwwerholl gouf, ouni Accent ass net direkt z'erkennen, wéi et ausgeschwat soll ginn. Perséinlech passt dat Argument mir och, awer deemgéigeniwwer stinn d'Iwwersetzungen aus dem DFL fir follgend Wierder:

  • préalable = prealabel
  • préambule = Preambule
  • préau = Preau
  • préavis = Preavis
  • précaution = Precautioun
  • le précedent = de Prezedenzfall

Gëtt et soss nach Beispiller an Dictionnairen. Den LOD huet keng Informatioun, wat bei deem wéi et schéngt normal ass, soubal wéi et kriddleg gëtt. -- Les Meloures (Diskussioun) 09:42, 11. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Moien, meng Tendenz fir déi richteg Schreifweis ass mat Accent, well een et soss eventuell wéi Pro ausschwätzt. Normalerweis géif ech awer léiwer Schoulhaff soe wéi Préau.--MMFE (Diskussioun) 10:12, 11. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

E Préau ass kee Schoulhaff, eventuell en iwwerdéckte Schoulhaff, an eise Schoulen meeschtens bannen am Gebai selwer. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:08, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Moien kuckt d'"Recommandatiounen, dei no 1999 vum CPLL ausgeschafft goufen" am Artikel 5.1.b steet:

Franséisch Wierder behalen den é just an der Endsilb, an net Stamm.
Zum Beispill: Employé, Comité, Lycée
mee Decisioun, Reunioun, resuméieren
Bei polylexikaleschen Terme gëtt den é bäibehalen.
Zum Beispill: Assemblée générale, Débat parlementaire, Métier à risque.

Et gëtt am Lëtzebuergeschen sou wéi an anere Sprooche Wierder wou een einfach muss wësse wéi s'ausgeschwat ginn. Dat ass eng Reegel déi den LOD applizéiert. --Soued031 (Diskussioun) 11:29, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Moien, a merci fir déi Recherchen an Explicatiounen. Zum Aigu op "préau" giff ech bei deenen aneren opgezielte Beispiller just bemierken, datt déi all de Prefix "pre-" hunn, dee vum Latäin "prae-" kënnt, an dofir am franséische "pré-" lexikaliséiert gëtt. Am Lëtzebuergeschen ass dat effektiv einfach "pre-". De "Préau" kënnt awer vu "petit pré", huet demno eng aner Origine. Dofir giff ech deen, "well d'Wuert onverännert vum Franséischen hier kënnt", och mat Accent loossen. --Zinneke (Diskussioun) 13:21, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
An zum definitoreschen Ënnerscheed zu "Schoulhaff": E Préau ass iwwerdaacht, e Schoulhaff net. --Z.
Den Zinneke huet mech iwwerzeegt, ech sinn also och fir de Préau. Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 14:59, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Eegeschaft oder Eegenschaft[Quelltext änneren]

Mir hunn hei ganz vill Artikelen, an deenen d'Wuert Eegeschaft virkënnt, awer nëmmen 3 mat Eegenschaft. Am LOD an och am Spellchecker fannen ech awer nëmmen d'Schreifweis Eegenschaft, déi aner ass do onbekannt. Am Luxdico ass et ëmgedréit, do fannen ech nëmmen Eegeschaft. Wat ass elo richteg?--MMFE (Diskussioun) 08:48, 17. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien. D'Schreifweis mat "n" ass déi richteg. Den "n" fält net ewech wann zum Schluss "schaft" ass z. B.: Wëssenschaft, Leidenschaft, Gemeinschaft, Genossenschaft. --Soued031 (Diskussioun) 09:33, 17. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Informatioun. Da missten awer ganz vill Artikele verbessert ginn.--MMFE (Diskussioun) 10:24, 17. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]
Gëtt an der nächster Korrektur verbessert. --Soued031 (Diskussioun) 20:34, 20. Okt. 2016 (UTC)[äntweren]

(LOD) Eegenschaft

Heeschberech / Heeschbereg[Quelltext änneren]

Moien,

Am Artikel iwwer d'Uertschaft mam offiziellen Numm Hersberg ass de Lëtzebuerger Numm mat Heeschberech uginn. Op der Kadasterkaart an um Stroosseschëld steet awer Heeschbereg. Firwat gëtt hei aus dem däitschen < g > am lëtzebuergeschen en < ch > ?

En änleche Fall hu mer bei der Uertschaft Reimberg, do ass de Lëtzebuerger Numm awer Rëmmereg, den < g > bleift hei bestoen.

Vläicht huet een eng Erklärung. Merci. GilPe (Diskussioun) 07:47, 3. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Secondaire(s)schoul[Quelltext änneren]

Moien,

Ech fanne 16-mol Secondaireschoul (ouni Fouen-s) an 8-mol Secondairesschoul (mam s) op eiser Wiki. Wat solle mer festhalen? Ech perséinlech si fir d'Variant mam s.

Merci fir är Virschléi. GilPe (Diskussioun) 10:41, 19. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]

Secondairesschoul aleng well dat am geschwaten Text kloer seet wat gemengt ass. --2A02:A03F:A199:6C00:8839:2E1E:20F8:4497 10:50, 19. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]
Secondairesschoul (mam S) --Sultan Edijingo (Diskussioun) 13:47, 19. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]


Äquator vs. Equator, Äthiopien vs Ethiopien etc.[Quelltext änneren]

Moien, mir ass opgefall, datt den LOD bei enger ganzer Rei Wieder, déi bei eis mat "E" ufänken, en "Ä" am Ufank stoen huet. Dat wieren (vun deenen, wou et mer opgefall ass):

  • Ägypten
  • Äquator
  • Äquatorialguinea
  • Äthiopien

Dat huet mech perséinlech verwonnert. Hale mer eis do un den LOD? Oder bleift alles beim Alen? Resp. wat fir eng Regel steet hannert där enger oder där anerer Variant? -- Volvox (Diskussioun) 17:29, 23. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]

Mir sinn nach mam LOD am Gespréich doriwer. --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 23. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]

(kuckt och Punkt 13 hei driwwer)

Fond, Fondplaz vs. Fonnt, Fonntplaz[Quelltext änneren]

Wat fir eng Schreifweis wiele mer fir déi däitsch Wierder Fund a Fundort?

  • Fir Fond a Fondplaz schwätzt wuel d'Analogie zu Hund = Hond, Bund = Bond, Mund = Mond, Pfund = Pond, gesund = gesond. D'Luxemburger Wörterbuch kennt och de Fond.
  • Fir Fonnt a Fonntplaz schwätzt wuel datt op där Plaz eppes fonnt gouf, dat ass dann e Fonnt.

Den LOD kennt weeder e Fond nach e Fonnt. Op eiser lb.WP fanne mer bis elo 3 mol Fondplaz an 8 mol Fonntplaz. Wéi gesitt dir dat? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 21:08, 28. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]

Fir Fonnt a Fonntplaz schwätzt wuel datt op där Plaz eppes fonnt gouf.
An deem Fall wier et menger Meenung no eng Substantivéierung vun engem Verb déi aus der Rei géif danzen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:16, 29. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]

Varianten am LOD[Quelltext änneren]

Bei enger Rëtsch Wierder gëtt et am LOD Varianten. Op Nofro beim LOD krut ech dës Äntwert / Informatioun (Mail vum 12.01.2024):

(…) zu Ärer Fro zu de Varianteschreiwungen am LOD.

Dir hutt et richteg erkannt, datt mer anescht verweisen, jee nodeems ob mer d'Haaptvariant oder d'Niewevariant beschreiwen (d. h. bei der Haaptvariant verweise mer mat engem „Kuckt och“ a bei der Niewevariant gëtt „Variant vun“ gewisen).  Allerdéngs heescht dat net, datt déi eng Form méi richteg oder falsch ass ewéi déi aner. Fir Är Fro méi genee kënnen ze beäntweren, musse mer fir d'éischt tëschent zwou Zorte vu Varianten ënnerscheeden:
1) Varianten, déi anescht ausgeschwat ginn: zënter/zanter
2) orthografesch Varianten: extreem/extrem

Beim éischte Fall ass et am Prinzip de Critère vun der Heefegkeet, deen decidéiert, ob eng Variant am LOD Haapt- oder Niewevariant gëtt. Dir kënnt awer esouwuel déi eng ewéi déi aner Form benotzen, jee no Preferenz.

Am zweete Fall entspriechen d'Schreifweisen am LOD den offiziellen Orthografiesreegelen, woubäi déi integréiert (lëtzebuergesch) Schreifweis meeschtens d'Haaptvariant ass. Och an dësem Fall si béid Forme richteg. D'Preferenz gëtt am LOD awer op d'Haaptvariant geluecht.

Bei Friemwierder kann et och virkommen, datt eng orthografesch Variant mat der Zäit ganz verschwënnt. Dëst wier zum Beispill denkbar bei der Grafie extrem, well de laangen e op Lëtzebuergesch an der betounter Silb am Prinzip ëmmer verduebelt gëtt an an dësem Fall déi nativ Form aus dem Däitsche mat engem e ganz kéint verschwannen.

Beispiller:

  • méien (= Haaptvariant) ⇒ Kuckt och: méinen (Niewevariant)
  • iwwer (= Haaptvariant) ⇒ Kuckt och: iwwert (Niewevariant)

GilPe (Diskussioun) 15:26, 12. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Cheemiker oder Chimist[Quelltext änneren]

Gudden Moien,an de meeschten vun eisen Artikelen steet "Cheemiker" an nëmmen an e puer Artikelen "Chimist". Wéi ee Wuert ass besser?--Marko Kafé (Diskussioun) 20:26, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien. Dat hänkt wuel dovun of, ob een éischter zur däitscher oder franséischer Sprooch tendéiert. Fir mech perséinlech kléngt an dësem Fall Cheemiker besser. | GilPe (Diskussioun) 07:17, 20. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien, am LOD stinn déi 2 Begrëffer: https://lod.lu/sich/de/Chemiker. Christian Ries (Diskussioun) 08:12, 20. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]