Op den Inhalt sprangen

Wikipedia Diskussioun:De Stamminee

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia Diskussioun:De Stamminet)
Leschte Kommentar: viru(n) 8 Méint vum GilPe am Sujet Stam(m)inee

Schreift wgl. all Är Diskussiounen op de Staminee selwer an net heihin!!

Stam(m)inee

[Quelltext änneren]

Mëtteg,

Am Fong feelt en <m> am Lemma (cf LOD)… Well et awer eng Projetssäit ass an ech net weess wat alles do drun hänkt, hunn ech dat emol net g'ännert. Vlt traut jo een anere sech ;-) | GilPe (Diskussioun) 13:54, 26. Abr. 2025 (UTC)Äntweren

Wa mer de Staminee réckele géifen – an ech géif mech net dogéint wieren – misst MediaWiki:Sidebar ugepasst ginn, fir datt dat am Menü lénks verbessert gëtt, a fir de Rescht géif ech mengen, datt dat net vill anescht wier, wéi wann een eng belibeg aner Säit réckelt, just datt ebe knapp 5000 Säiten op de Staminee verlinken (dat sinn allerdéngs gréisstendeels Diskussiounssäiten, wou een näischt z'ännere brauch, soulaang een déi aktuell Schreifweis als Viruleedung stoe léisst, a fir de Rescht gëtt et den Wikipedia:AutoWikiBrowser) an datt se 120 Ënnersäiten huet (mee en Administrateur kann och automatesch Ënnersäite matréckelen).
Wa mer Konsens hu fir de Staminee ze réckelen, géif ech hëllefen. --Volvox (Diskussioun) 14:21, 26. Abr. 2025 (UTC)Äntweren

Pro | GilPe (Diskussioun) 14:28, 26. Abr. 2025 (UTC)Äntweren