Op den Inhalt sprangen

Wikipedia Diskussioun:Schreiffeeler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 14 Joer vum Otets

Moien,

Wat ass de But vun dëser Säit. ?? --Les Meloures 08:11, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Vu datt de Schreifweisniveau an eisem Land éischter eng Katastroph ass, kann ee sech déi Fro leider effektiv stellen. Et geet sécher net drëms fir all Weekend 10 Flyeren heihin ze kopéieren. De But sollt dee sinn dee se déisäit der Musel ënnert Rubrike mat Nimm wéi z.B. "Hohlspiegel" verfollegen, nämlech zum Schmunzelen ureegen all Kéiers wou e Schreiffeeler eng onfräiwëlleg Komik ervirgeruff huet, meeschtens duerch eng Sënnverdréiung. Dat aktuellt Bild an dëser Kategorie passt do just bedingt, ech hu selwer nach iergendwou eent wat deem But mi gerecht gëtt, ech muss et awer als éischt emol erëmfannen. Bon, wann et eng Säit gëtt déi jorelaang broochleie wäert, da kann ee se spéider och nees an den Nirvana schécken, mee vläit ass nach deen een oder deen aneren deem et passéiert datt en a Situatioune kënnt wou en op den Ausléiser giff drécke wann et eng Plaz fir esou onfräiwëlleg Komik giff ginn. Kucke mer emol. --Otets 16:28, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren

Ech verstinn net richteg wat un sou Schreiffeeler soll komesch sinn. Ech ka mech héchstens driwwer iergeren, besonnesch iwwer déi an der lb:Wiki. Et wier vläicht dofir besser äis mat eiser eegener Nues ze huelen amplaz iwwer aneren hir Feeler wëllen ze schmunzelen. --Les Meloures 17:39, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren
Jo, vläit hues de Recht. Mol kucken, wa keen aneren di Iddi gutt fënnt, da geet d'Säit ebe mi séier wi geduet an d'Dreckskëscht. --Otets 19:25, 23. Jul. 2011 (UTC)Äntweren