Wiktor Alexandrowitsch Loginow

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wiktor Alexandrowitsch Loginow
Gebuertsnumm Виктор Александрович Логинов
Gebuer 13. Februar 1975
Kemerowo
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Filmschauspiller, Animateur, Televisiounsmoderateur, Disk Jockey, Radiosspeaker, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

De Wiktor Alexandrowitsch Loginow (op Russesch: Виктор Александрович Логинов), gebuer den 13. Februar 1975 zu Kemerowo, ass e russesche Schauspiller[1] an Televisiounsmoderateur[2][3].

Hien huet op der Jekaterinburger Drama-Universitéit studéiert[4]. Virun der Carrière an der Televisioun an am Film war de Wiktor Loginow op Theaterbünen aktiv, a parallel dozou huet hie souguer z. B. als Maschinist, Rettungsschwëmmer a Guide geschafft[5],[6],[7].

A Russland gouf hie mat der Haaptroll als lidderegen a misogyne Schongvendeur Gennadi "Gena" Bukin an der satirescher Sitcom Stschastliwy wmeste (Счастливы вместе, "Glécklech zesummen"), enger russescher Adaptatioun vu Married... with Children bekannt[2][4],[8]. D'Bild vum Bukin war sou beléift, datt zu Éiere vun dësem Personnage d'Monument zu Jekaterinburg (d'"Heemechtsstad" vun der Bukin-Famill) opgeriicht gouf[9],[10]. Seng aner notabel Roll ass d'Haaptroll an der TV-Serie Tschernow (Чернов, 2019)[11],[12]; aner Rollen a Filmer an a Serië si méi niewesächlech a manner bekannt[13].

De Loginow gouf och als Moderateur vu verschiddene lokalen Tëleesemissioune wéi SuperIntuizija[2], Pjatero na odnogo[3], Maschina[14] asw. bekannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.kino-teatr.ru/kino/acter/m/ros/2531/bio/
  2. 2,0 2,1 2,2 http://www.aif.ru/culture/34170
  3. 3,0 3,1 http://www.tele.ru/tv/tvprojects/vedushchiy-shou-pyatero-na-odnogo-viktor-loginov-sudba-dala-mne-podzatylnik-no-ochen-nezhno/
  4. 4,0 4,1 http://www.aif.ru/culture/16237
  5. Archive copy Archivéiert op 2018-12-24. Gekuckt de(n) 2018-12-24.
  6. Archive copy Archivéiert op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 2017-07-24.
  7. https://ru.tsn.ua/lady/zvezdy/interview/viktor-loginov-ya-papa-kseroks-u-menya-pyatero-detey.html
  8. https://www.cosmo.ru/stars/krupnim-planom/viktor-loginov-ne-zhenat-i-s-detmi-04581/
  9. https://sobesednik.ru/shou-biznes/20170821-viktor-loginov-spasibo-chto-ne-nazyvaete-menya-bukinym
  10. https://teleprogramma.pro/tele/series/476203/
  11. https://rg.ru/2019/03/04/chto-ne-propustit-po-tv-na-nedele-s-4-po-10-marta.html
  12. https://teleprogramma.pro/news/526654-viktor-loginov-nakajet-obidchikov-v-ostrosyujetnom-seriale-chernov-na-ntv-3434/
  13. https://rep.ru/articles/18070-kak-sejchas-viglyadyat-i-chem-zanimayutsya-akteri-populyarnogo-seriala-schastlivi-vmeste-spustya-12-let-ih-ne-uznat/
  14. https://www.vokrug.tv/article/show/mashina_anna_semenovich_i_viktor_loginov_obyavili_bitvu_harakterov_44097/